Nach eemol gi mir schlofen…

P1030743 P1030749Säit Enn Juli hu mir mam Enseignement à domicile ugefaangen. D’Sophie an de Yann kooperéiren ganz gutt, och wann et net grad hir Lieblingsbeschäftegung ass an dee schéinste Moment ass ganz sécher wann no 90 Minutten den Wecker schellt!

P1030747

Endlech hun ech mech un d’Valissen erugetraut.  Aaargh!! An dat do ass nach net alles!! Ech mengen mir mussen definitiv mat der Cargolux fléien!! An dobäi huele mer dach just de Minimum an dat Allernéidegst mat, oder?? De Probleem ass, dass mer wierklech fir all Klimazon eppes brauchen, souwuel fir d’Tropen wéi fir den Himalaya… Ganz vill Plaz huele komescherweis eis Plage-Saachen ewech: Vu wegen just Bikini an Taucherbrëll!! D’Flossen a virun allem d’Neoprenen sin net grad handlech… Dem Sophie an dem Yann hir Schoulsaachen huelen och vill Plaz an och vill Gewiicht an, mee iergendwéi musse mer alles an eis Poschen an Rucksäck gedrätscht kréien! Den Equipement deen den David am Nepal brauch kafe mer réischt zu Kathmandu.P1030745

Di läscht Deeg lo si geprägt vun Äddi-Soen: Mir hu verschidde Frënn nach eemol gesinn an dat war schéin! Gëschter hu mer zu Heeschdrëf dem Diederich-Clan Äddi gesot an dat war mat e puer Tréine verbonnen.  Ech si frou wa mer muer dem Räscht vun der Famill Äddi gesot hun, well dat ass schwéier, och wann et just fir 4 Méint ass. An di riseg Virfreed mëscht sech eeben och eng gewëssen Melancholie an och e bësse Schiss…

Sou lo gëtt de Räscht gepaakt, di läscht Wäschen mussen nach gestreckt gin, am Gaart ass och nach e bëssen ze wurschtelen, an da gi mer op Randschelt an d’Kierch eng Käerz ufänken, dat schued jo sécher näischt. A muer maache mer eis op de Wee mam Bus op Frankfurt op de Flughafen. Do schlofe mer 1 Nuecht éier et dann definitv den 1. September lass geet. Mir fléien op Hong Kong, do schlofe mer 1 Nuecht. Den Dag dono fléie mer weider op Auckland wou mer och eemol schlofen. An den Dag drop fléie mer virun op Tonga, u sech eis 1. Etapp, wou mer 10 Deeg bleiwen. Also a 5 Deeg bis hallef ronderëm d’Welt… Mee dat erziele mer iech dann!

Gläich ass et sou wäit!!

Gläich ass et sou wäit! Di läscht Deeg vun de Preparatiounen fir eis kleng Weltreess lafen!

P1030737

Lo plange mer schon ee Joer un där Reess an trotzdeem sin et elo di läscht Momenter wou mer wierklech vill ze denken an ze maachen hun. Duerch d’ganzt Haus verdeelt leien To-do-Lëschten an hallef agepaaktent Geschier. Mee di wichtegst Saache si gereegelt: D’Congéeën sin ugefrot an accordéiert, den enseigenement à domicile leeft schon säit 3 Wochen, d’Fliger-Billjeeën an d’Reservatiounen vun de verschiddenen Destinatiounen si prett, d’Visaen fir an den Nepal a fir a China sin an der Rei, d’Impfungen erleedegt, d’Zeitung ass of- an d’Post ëmbestallt asw, asw…

Den 31. August maache mer eis dann op de Wee.