Tongatapu Island Tour

Eng läschte Kéier ora te vun Tonga!

Gëschter hu mer een Island Tour gemaach, mat eisem lokale Guide Vea, deen eis direkt opgekläert huet wat di 2 wichtegste Saachen hei zu Tonga sin:

  1. Kee Mënsch huet eng Auer un, well Zäit ass onwichteg. (Dat hate mer scho gemierkt…). A wann een eng Auer unhuet, ass se meeschtens futti a just als Bijou oder fir unzeginn.
  2. “Good food” ass alles! (Dat hate mer och scho gemierkt!) “You eat good tongan food, you become skinny like me!” huet hien ëmmer erëm betount a sech op säi ronne Bauch geschloen.

De Vea war wierklech witzeg. Hie wosst op all Fro eng Äntwert, heiansdo waren et zwar ganz eegesënneg Interpretatiounen, déi mir Owes beim Patt mam Paula an Tim vun eisem Guesthouse zimlech relativisiéiert kruten. Trotzdeem war et immens interessant wat hien sou iwwert d’Leit erzielt huet. Wat d’Sehenswürdegkeeten vun Tonga ugeet, huet ee wierklech an engem kuerzen Nomëtteg alles gesinn. Mee et ass unzeroden, mat engem Guide ze goen, well ee soss di puer Attraktiounen einfach net fënnt: Et gi keng Schëlter a fir ze wëssen bei wéi engem klengen Dirt-track ee muss ofbéien, muss een sech gutt auskennen.

Hufangalupe Land Bridge oder Coral Bridge

Obwuel Tonga sou platt ass wéi ee Sou, huet et beandrockend steil an héich Fielsküsten.

p1050759
E puer Schrëtt duerch d’Elefantegras fir bei d’Coral Bridge ze kommen
p1050762
Voilà! An drënner donneren d’Wellen.
p1050792
D’Vue vun der Steilküst an dem raue Mier drënner.

 

 

 

 

 

Fishing pigs

Un der Ost-Küst ass dat een heefegt Bild: Virun allem bei Ebbe wullen d’Schwäin am Miersand an iessen alles wat se erwëschen: Muschelen, Fësch, Algen, Kriibsen asw. Et heescht, dass dëst Schwéngefleesch och ee besonnesche Goût hätt…

p1050823

p1050831

p1050818

Three-headed coconut-tree

Jo, hei bleiwen di puer Touriste stoen a mussen eng Foto maachen! Anscheindend déi eenzeg Kokospalm op der GANZER WELT mat 3 Käpp… sensationnell 😉

Wow.

Ha’amonga Trilithon

Och Stonehenge aus dem Pazifik genannt. Di déck Steng goufen virun iwwer 3500 Joer vun enger anerer Insel op klenge Booter importéiert an aneneen gesat. Wéi, weess keen, well zu deem Zäitpunkt hun d’Menschen zu Tonga als häertsten Material Walschanken a Muschelen kannt. De Vea sot, den 21. Dezember, also op hirem längsten Dag, géif d’Sonn op een Zeeche schengen, wat dem VW Symbol gläicht a wat anscheindend uewen um horizontale Steen drop ass.

p1050843

Tsunami Rock

Jo, wou kënnt deen décke Fiels do hier?? War et een Tsunami virun dausende vu Joren, deen de Fiels vun der Küst lass gerappt an op d’Festland geheit huet? Oder awer der Legend no ee Ris, deen Honger hat an dunn ee Steen vun der Nopesch-Insel Eua geholl huet fir ee Poulet ze fänken. Leider war en ausgerëtscht an de Steen ass heihinner gefall. De Vea huet awer och virsiichteg ze bedenken gin, dass een d’Aliens nimools ganz kann ausschléissen…

p1050878
Den David um Tsunami Rock
p1050892
D’Sophie an de Yann waren och ganz bis erop geklotert. Fir si war dëse Fiels den Highlight vun eisem Tour.
p1050914
Ech war net mat erop, well schliesslech huet dëst Monster vun ca. 15 Zentimeter uewen op mech gelauert… Si huet dem Tessy, dem Julija an dem Fabienne ee schéine Bonjour matgin!

Flying Foxes

p1050901
Oder Fruitbats

p1050907

 

 

 

 

 

 

Soss Impressioune vun der Insel

p1050923
Eng vun deene sëlleche Kierchen
p1050582
Ee vun deene villen Bible-Colleges mat engem geniale Bam virdrun
p1050556
De Maart vun Nukualofa
p1050924
De Cactus. An all Duerf stinn e puer sou Butticker, di haaptsächlech vu Chinese bedriwwe gin. Wéi gesot, de Renner ass hei Corned Beef a Crackeren. Mee och Mëllech (z.D. aus Däitschland importéiert!) a latschegt wäisst Brout kritt een hei.
p1050926
Ee klengt Wunnhaus, mam obligatoreschen Hond virdrun. Gottseidank loossen all d’Hënn een a Rou.
p1050585
An di obligatoresch Schrottkëscht am Gaart. Wier vläicht eppes fir de Mëffi?!

 

p1050928
Eist Guesthouse beim Paula an Tim Holty
p1050916
Chillen doheem
p1050754
Eis Plage Ha’atafu. Di schéinste Plage fir ze schnorchelen… Grandios!

 

 

 

 

 

20160914_154843
De Svea. Strong man!!!

 

 

 

 

Ha’atafu, Nuku’alofa, ‘Atata a patati a patata

  Ora te! 

Endlech si mer gutt zu Tonga ukomm, eiser 1. eegentlecher Etapp vun eisem Tour du Monde, wou mer 10 Deeg bleiwen.

p1050109

Firwat dann hallef ronderëm d’Welt an ausgerechent DO ufänken??  (“Schlecht organiséiert!” géif mai léiwe Frënd Jaki aus der Steekaul soen!) Ganz einfach: Vu Juli bis Ufank Oktober gi sech hei all d’Bockelwalen Rendez-Vous fir “mate and breed” a si bleiwen mat hiren klenge Kaalwer hei, bis déi am Oktober grouss a staark genuch sin fir d’Reess weider no Süden an d’Antarktis unzetrieden. An hei zu Tonga ass eng vun deene ganz wéinege Plazen op der Welt, wou een dës riseg Déiren net nëmme ka gesinn, mee och nierwt hinne ka schnorchelen, wann ee Chance huet, an déi hate mer!! (Steet nach méi am Deel: Whale swimming)

Eis éischt Impressioune vun Tonga: Hei ass et anescht wéi doheem. Schon aus der Loft, virun der Landung huet ee gesinn, dass d’Insel zimlech flaach ass, mat Kokospalmen sou wäit wéi ee kucke kann! Mir sin op der Haaptinsel Tongatapu, mee et gehéiren nach vill aner Inselcher zum Kinnekräich Tonga, am ganzen huet d’Land awer just eppes iwwer 100 000 Awunner. Um Flughafen si mer vun enger Band, mat traditionneller tongaëscher Musik ëmpfaange gin, dat war schon zimlech flott! Mir si mam Taxi vum Flughafen bis op Ha’atafu am Nordwesten bei eist Guesthouse Holty’s Hideaway gefouert gin. Ënnerwee hu mer oft missten Muppen, Hinger an och groussen a klenge Schwäin tuten an auswäichen, déi hei iwwerall iwwert d’Strooss lafen.p1050399

Tonga ass relativ aarm: Di meeschte Leit hu keng Aarbecht a ganz Familjen, mat ville Kanner wunnen a klengen Hütten, méi kleng wéi eis Garage. Am Gaart viru bal all Haischen, leit immens vill Schrott a futtis Autoen an alles ass zimlech delabréiert. Mee d’Leit hun ëmmer ee léift Lächelen a soe ganz frëndlech moien, och d’Kanner kommen extra virun d’Dir gelaf fir ze wénken an Hello! ze ruffen, wann ee laanscht geet.

Mir wunnen hei zu Ha’atafu an engem klengen Haischen, just ca. 70 Meter vum Mier an enger herrlecher Plage ewech an et héiert een Dag an Nuecht d’Wellen donneren, déi sech méi wäit dobaussen um Riff briechen. An dat schéinst hei zu Tonga ass, dass d’Sophie an de Yann endlech konnten hire Lego auspaken!! Ganz Landschaften an all méiglech Haiser si schon opgeriicht!

p1050113
Jo, d’Hausaufgaben zu Tonga sin och net méi interessant wéi doheem…
p1050114
Eise Bungalow “Garden Fale”
p1050455
BBQ!

BBQ um Sonndeg bei eis doheem, well Sonndes ass Tonga am Dornréische-Schlof: Alles ass zou, schaffen ass laut Gesetz verbueden, mat Ausnahm vun der Tourismus-Branche. Deen Dag fiert och keen öffentlech Transport an de Flughafen ass och zou. Sonndes fizen d’Leit sech eraus a gin an d’Kierch. An där gin et der hei an all klengem Duerf bal nach méi, wéi an der Gemeng Wahl! Et sin och di eenzeg Gebaier, déi richteg gutt ënnerhale sin. D’Männer an och oft d’Fraen sin hei nach ëmmer traditionnell gekleet, mat enger bloer oder schwaarzer Jupe, mat enger Zort geflechtenen Teppech ronderëm d’Hëften, heiansdo och mat engem richtegen Bast-Räckelchen.  Dat gesäit flott aus. Opfalend ass, dass praktesch di ganz Populatioun relativ opulent ass, nom Motto vun engem fréieren Kinnik: Big is beautiful. Mir hun och schon Madammen erwëscht di getuschelt a gelaacht hun, wa mir mat eise Fixspéins-Been laanscht getrëppelt sin.

p1050746
The “Flying Fox”…

p1050398

Bei eis zu Ha’atafu ass d’Surfer-Paradies vu ganz Tonga, mee näischt fir Ufänger… D’Welle briechen sech a wonnerschéinen turquoisen Tuben méi wäit dobaussen um Riff. Op der Plage selwer si bal keng Wellen an et ass flott do ze spillen. D’Sophie an de Yann hun direkt eng ganz Korallestad um Sand gebaut. Wann een de Kapp an d’Waasser streckt gesäit ee scho beim Ufer onendlech vill Fësch vun allen Zorten a Faarwen, déi do ganz beschäftegt ronderëm schwammen an un de Koralle knabberen. Et ass een absolut Schnorchel-Paradies an et kënnt een sech net zou, wéi schéin et ass, kristallkloert Waasser, helle Sand a Korallen a Fëschelcher wou een hikuckt! Et mengt een et géif een an engem risegen Aquarium tauchen! D’Sophie an de Yann gin och begeeschtert mat schnorchelen, deen eenzegen Hoken ass, dass d’Waasser zimlech kal ass, an och mat Neopren hält een et keng stonnelaang aus, v.a. wann een sou wéineg Speck huet wéi d’Sophie an de Yann.

p51-1

corraux

DCIM100GOPROGOPR0362.
Den Nemo a säi Kolleeg bei hirer Anemon

diodon

serpent-de-mer-1
Ee vun deene gëftegsten Déieren vun der Welt: Eng Séischlaang!
carl-1
De Carl aus dem Nemo sengem Aquarium
poisson-marrant-2
Deen am beschte geschminkstenen Fësch

ange-2

 Virun  e puer Deeg si mer op Nuku’alofa gefuer, fir e bëssen anzekafen, well dat ass hei zu Tonga net sou einfach. Wann ee frou as mat Breakfast-Crackers a Corned beef, huet een et gutt hei, do gin et an all klengem Buttick an all Duerf 100 verschidden Zorten, Formen a Faarwen. De Räscht vun de gängegen Liewensmëttel ass méi schwéier ze fannen ausser Uebst a Geméis, dat kann een einfach um Bord vun der Strooss kafen.p1050229

Lunch zu Nuku’alofa, am Friends’ Café. Et huet kee gestéiert dass een décken Hunn mat séngen Dickelcher do iwwert d’Terrass gelaf ass.

Nuku’alofa ass ganz kleng an huet wierklech kee besonnesche Charme…

p1050126
Blow holes

Um Wee fir op Nuku’alofa si mer bei de Blow holes stoe bliwwen, eng vun den Haaptattraktiounen vun der Insel. Zimlech spektakulär! D’Welle briechen sech ënnert Fielsen, wou ronn Lächer dra sin an d’Waasser strutzt dann uewen zu de Lächer fontainenaarteg eraus.

p1050120

Gëschter ware mer mat engem klenge Boot een Dagesausfluch op d’Insel ‘Atata maachen, wou mer ee relaxen Dag haten. Déi Insel ass bekannt fir hir Rise-Muschelen a mir si mam Boot nach ee Stéck méi wäit erausgefuer fir ze schnorchelen an hun der tatsächlech och vill gesinn! Di meescht waren op, d.h. doud, mee verschiddener waren nach lieweg, an déi hun ee phantastescht Muster zwëschen deenen 2 Muschel-Halschechten! Di gréisste Muschelen déi mer gesinn hun, waren ongeféier sou grouss wéi eng Buedbidden!!

p1050407
Ënnerwee fir bei d’Rise-Muschelen

 

Eng lieweg Rise-Muschel mat deem schéine Muster bannendran.

Whale swimming!

Vu Wahl bei d’Walen…

Mir sin un 2 verschiddenen Deeg mat dem klenge Motorboot vu “Whale swimming” erausgefuer.

U Bord war de Skipper an den George, eise Guide, dee mat an d’Waasser gaangen ass. Di 1. Kéier hate mer nach eng australesch Madamm dobäi, déi scho ganz oft mat erausgefuer war (an 2 zimlech kitscheg Bockelwal-Tatooen hat) Si selwer hat och schon eng gewëssen Ähnlechkeet mat engem Wal, zum David sengem grousse Verdross, well praktesch op all Ënnerwaasser-Film oder -Photo di den David vun de Walen wollt huelen och d’Madamm en gros plan ze gesinn ass… Di 2. Kéier hate mer nierft dem Skipper an dem George eng eeler däitsch Koppel vu München dobäi, déi sech awer net getraut huet an d’Waasser ze goen, mee vill schéi Fotoe gemaach huet. De Mann hat zwar direkt ee gudden Androck gemaach, well hie war relativ onelegant flatsch an d’Boot eragefall wéi hie wollt eraklammen… Mee eigentlech ware si eng gutt Gesellschaft.

Mir haten 2mol Chance: D’Mier war roueg, d’Wieder ok an d’Bockelwalen waren tatsächlech um Rendez-vous!! Mir si kilometerewäit erausgetuckert an dun huet een an all Himmelsrichtung Wal-Aktivitéit gesinn: Iwwerall huet een hir Fontäne gesinn, wa se opgetaucht sin fir Loft ze huelen. Heiansdo huet een och ee Schwanz oder eng Bauch-Floss gesinn erausluussen. Mir waren dunn awer nach wäit ewech vun den Déiren an dofir hu mer probéiert sou no wéi méiglech bei eng Grupp (bis zu 7 Walen) oder eenzel Déiren erunzefueren. Réischt wa mer ganz no waren, hat et ee Wäert an d’Waasser ze goen. Mir si laang hin an hier gefuer, mee d’Walen haten anscheinend keng Loscht op Besuch an hu sech ëmmer erëm aus dem Stëps gemaach. Mee op eemol hat et awer geklappt: “Get ready!” huet den Skipper geruff. “Go, go, go!” Séier, séier Neopren, Flossen, Taucherbrëll a Schnorchel undoen, a schon sin d’Sophie an de Yann an d’Waasser gepucht gin, eise Guide den George, den David an ech hannendrun a séier mam Kapp ënner Waasser an da waren se do!! Mir waren immens beandrockt. Si si riseg grouss, awer net bedrohlech. Si beweegen sech schwerelos a scheinbar an Zeitlupe.whale-swimming-7

Um éischten Dag waren d’Bockelwalen nach relativ wäit ewech, mee d’Waasser war deen Dag ganz kloer an et huet een all Detail erkannt. 4mol si mer deen Dag mat verschiddene Wal-Gruppen an d’Waasser gaangen. Et waren all Kéier kleng Gruppe vu Männercher oder jonke Walen. Wat mir awer ënnerschat haten, ass d’Vitesse, mat där di gentle giants sech beweegen: Eemol kuerz mat der Bauch- oder Schwanzfloss gewibbelt a scho ware se am endlose Blo verschwonnen. Mir haten och e puermol Mammen mat hire Bébéën gesicht, mee d’Mammen sin natierlech virsiichteg a loossen net gären een ze no erun.  Mir hun awer héiren, wéi de Bébé-Wal mat senger Mamm geschwat huet a wéi seng Mamm geäntwert huet. Ganz flott!!family-whales

whale-swimming-1

whale-swimming-2

whale-swimming-5

whale-swimming-4

whale-swimming-3

Di 2. Sortie, 3 Deeg méi spéit, war fir eis awer den absoluten Highlight! Mir haten ee jonke Männchen fonnt, dee geschlof huet. Hien ass gemittlech op der Plaz bliwwen an just vun Zäit zu Zäit eropgetaucht fir ze ootmen. Den George, den David an ech konnten sou no un hien eruschwammen, dass mer et bal net gleewe konnten!! (D’Sophie an de Yann waren um Boot bliwwen, well et hinne kal war no engem éischten Schwammen mat enger Grupp vun 3 Walen). Mir ware just nach ca. 4 Meter vum risegen Déier ewech. All Detail war ze gesinn, obwuel d’Waasser vill méi dréif war wi 3 Deeg virdrun. Mir hun all Fal a senger Schnuff, all “barnacle” (di Muschelen op hirem Kierper), all Muster op sengem Kierper a senge Flossen a seng An gesinn, déi zou waren, well hie jo geschlof huet. Hien ass e puermol just virun eis erop an erof getaucht an zu engem Moment huet hien sech säitlech gedréit an d’An opgemaacht fir ze kucken wien dann do géif iwwert him paddelen. Et war absolut phantastesch!! Mir waren iwwert 1/2 Stonn am Waasser mam Wal, bis deen ëss dunn awer genuch hat a sech mat enger eleganter Beweegung duerch d’Bascht gemaach huet. Wat eng eemoleg Erfahrung! Eis laang Reess op Tonga huet sech definitiv gelount!!

Mëttes sin d’Sophie, de Yann an ech op d’Insel Fafa gefouert gin, et war dem Sophie ee Moment net sou gutt am mir waren zimlech ënnerkillt. Mir hun eis do ee gemittlechen Nomëtteg op der paradisescher Plage gemaach an den David ass nach eemol mam Boot erausgefuer.breaching-1

Hie konnt zwar net méi mat de Walen an d’Waasser goen, mee si hu vill Gruppe vu Wale gesinn, déi gespillt hun a mam ganze Kierper aus dem Waasser gespronge sin, an ee Panzschlag nom anere gemaach hun. Dat war och zimlech spektakulär.

(All d’Fotoen sin iwwregens ouni Zoom gemaach…)

wo-si-mer-2

 

vlcsnap-2016-09-12-07h26m06s966

whale-4

whale-8
Och wann een et vläicht net direkt erkennt: Den David an ech straaaaahlen!! Hannert eis ze gesinn, de Bockel vum Bockelwal.

 

 

 

 

whale-7

Frankfurt – Hong Kong – Auckland

Sou, mir sin endlech fort!!

P1030756

De Bopa huet eis op de Findel gefouert, vun do aus si mir mam Flibco op Frankfurt op de Flughafen gefuer. Do si mir dunn éischt Zweifel komm, ob mer net awer e bësse vill Gepäck hätten, well mir hun eis futti geschleeft zu Frankfurt: Aus dem Flibco vum Terminal 2 mam Bus op den Terminal 1, vun do aus war et onméiglech ee Shuttle fir an eisen Hotel ze fannen an ausserdeem ware mer ëmzingelt vu verschweesstenen a granzegen Leit. Méi spéit hu mer erausfonnt, dass een Terminal evakuéiert gi war wéinst enger Aart Terror-Alarm an dowéinst hu ganz vill Leit hire Vol verpasst, wat déi schrecklech Stëmmung erklärt huet… Mee dono war alles ok a mëttlerweil si mer besser organiséiert mat eisem Gepäck an et geet am Fong.

Den 1. September, um David sengem 44. Gebuertsdag (an um Colline sengem 1. Gebuertsdag!!) si mir dun op Hong Kong geflunn mat Cathay Pacific. Et war ee laange Vol vun iwwer 10 Stonnen, mee d’Kanner waren super!

Den 2. September moies si mir zu Hong Kong ukomm a waren direkt begeeschtert. De Flughafen ass super modern a richteg futuristesch,  et ass iwwersiichtlech a gutt organiséiert, wéi alles zu Hong Kong, den Taxi huet eis a kuerzer Zäit bis an eisen Hotel op Kowloon bruecht.p1030781 Den David ass sech ës net zoukomm wéi changéiert Hong Kong ass. Hie war fir d’läscht viru 27 Joer do an deemools hu ganz Quartieren nach net bestanen a sin elo aus dem Buedem geschoss: D’Mier gouf verdrängt, de Buedem opgeschott an onzähleg nei Wolkenkratzer si bäikomm. Mir haten ee wonnerbaren Hotel zu Kowloon an aus eisem Hotelszëmmer um 10. Stack hu mer flatsch op d’Victoria Bay gesinn an Hong Kong City vis-à-vis.

P1030888

P1030845

Mir hun eng kleng Mëttesrascht gehalen a well et gereent huet, si mer nierft dem Hotel an den 3D-Kino gaangen an dono si mer nach e bëssen laanscht d’Promenade an duerch d’Nathan Road spadséiert an de Yann an d’Sophie hun iwwert di 100000 Bijouterien an Auerebutticker gestaunt. Owes um 8 Auer ass ëmmer Son et lumière iwwer Hong Kong City, wat mir vun eisem Hotelszëmmer aus gekuckt hun.

P1030904

P1030857

P1030963

P1030975

Deen aneren Dag hate mer nach bis 4 Auer Zäit éier mer hu missten op de Flughafe goen. Mir sin mat deP1050021r legendärer Star Ferry (fir 1 Euro pro Persoun, et war Samschdeg an dofir méi deier wéi an der Woch 🙂 ) vu Kowloon op Hong Kong City gefuer.

 

Et war fierchertlech waarm mat ganz héicher Loftfiichtegkeet a mir sin haaptsächlech duerch klimatiséiert, endlos grouss a schick “Belle-Etoilen” getrëppelt bis praktesch virun den Zuch, mat deem een op Victoria Peak erop fiert. Et war eebe Weekend a vill Leit ënnerwee an och beim Zichelchen laang Schlaangen. Mee et war dowäert, well d’Vue war wierklech schéin an dat bescht war, dass mer uewen an där Statioun SUSHI giess hunn, de Yann war am Himmel an dem Sophie hat et och exzellent geschmaacht!!

 

 

 

P1050056

Dono hu mer eis e bësse missten hetzen fir op de Flughafen a waren liicht an d’Schweesse komm. Am Check in souz eng schnësseg Hong Kong-Chinesin, déi eis laang a breed in schwer verständlichem Englisch erkläert huet, si wier och eemol zu Lëtzebuerg gewierscht. Si huet vun de Kasematten erzielt, mee ob se lo dra gaange war oder net konnt well se keng Mënz hat (???) wäert fir ëmmer ee Mysterium bleiwen, mir sin net ganz no komm bei hirer Story. Op alle Fall huet déi Tootz wéinst hirem Geschnëss vergiess eis Etiquetten op eis Valissen ze pechen. An esou ass et komm dass mir ouni eis 4 Valissen am Fliger op Auckland geflunn sin, grrrrr. Mir haten awer mat Zäit gemierkt, dass do eng Louche wier, well mer festgestallt hun, dass d’Ketti am Check in eis keng kleng Etiquetten matgin hat, mam Code barre, fir eist Gepäck ze tracken. Den David huet sech dunn dohannert geklemmt, ech hun alt e bëssen gepinscht an d’Ketti verbotzt, wat lo beim Gate souz an esou si mer als allerläscht an de Fliger geklommen, wou mer och nach net déi Plazen haten, déi ech reservéiert hat, mee dat war dunn och eegal. D’Stewardessen vun Air New Zealand ware ganz léif an hu sech dru gin a konnten eis schon ënnerwee matdeelen, dass eis Valissen zu Hong Kong erëmfonnt gi waren an eis géifen nofléien. De Vol war neess laang, mat 10 Stonnen, an d’Sophie an de Yann haten hir Been ganz midd a wéi an hun net vill geschlof. Ech och net, well et schléift sech net besonnesch wann een di eng Säit Féiss um Schouss leien huet an di aner Säit ee Kapp op der Schëller an engem dobäi och nach den Hënner aschléift (jo, deen huet wéinstens geschlof!).P1050088

Zu Auckland ukomm si mer dunn mit leichtem Gepäck erausgeklommen. Mee d’Areess an New Zealand ass net sou einfach: Mir wosste schon, dass ee keen Iessen dierf importéiren, mee dass eis Biergschong, wou nach e bëssen (Heemechts)Buedem dru war, ee Probleem wieren war awer e bëssen iwwerdriwwen. Mir goufen ausgesënnert a goufe verhéiert: Wou waart dir mat deene Schong? Weist se mol heihinn! Wou wunnt dir dann? Wat maacht dir dann am Bësch? Gin et Déiren an deene Bëscher? Ech hun e bëssen ongleewech gekuckt an di rabiat Madamm huet gefrot, ob ech si iwwerhaapt géif verstoen. Mee du konnte mer awer mat eise Bullis-Schong areesen. Auckland hu mer lo nach net gesin, well mer am Hotel bliwwe sin a gerascht hun an op d’Valisse gewaart hun, déi och tatsächlech an der Nuecht iwwer Ëmweeër ukomm sin!! Dem Yann säin Highlight war, dass hien eng GANZ knaschteg Ënneschtbox ënnert sengem Bett am Holiday Inn erausgefëscht huet (an ech halen drop ze preziséiren, dass se kengem vun eis gehéiert huet!!)

P1050087