Eng läschte Kéier ora te vun Tonga!
Gëschter hu mer een Island Tour gemaach, mat eisem lokale Guide Vea, deen eis direkt opgekläert huet wat di 2 wichtegste Saachen hei zu Tonga sin:
- Kee Mënsch huet eng Auer un, well Zäit ass onwichteg. (Dat hate mer scho gemierkt…). A wann een eng Auer unhuet, ass se meeschtens futti a just als Bijou oder fir unzeginn.
- “Good food” ass alles! (Dat hate mer och scho gemierkt!) “You eat good tongan food, you become skinny like me!” huet hien ëmmer erëm betount a sech op säi ronne Bauch geschloen.
De Vea war wierklech witzeg. Hie wosst op all Fro eng Äntwert, heiansdo waren et zwar ganz eegesënneg Interpretatiounen, déi mir Owes beim Patt mam Paula an Tim vun eisem Guesthouse zimlech relativisiéiert kruten. Trotzdeem war et immens interessant wat hien sou iwwert d’Leit erzielt huet. Wat d’Sehenswürdegkeeten vun Tonga ugeet, huet ee wierklech an engem kuerzen Nomëtteg alles gesinn. Mee et ass unzeroden, mat engem Guide ze goen, well ee soss di puer Attraktiounen einfach net fënnt: Et gi keng Schëlter a fir ze wëssen bei wéi engem klengen Dirt-track ee muss ofbéien, muss een sech gutt auskennen.
Hufangalupe Land Bridge oder Coral Bridge
Obwuel Tonga sou platt ass wéi ee Sou, huet et beandrockend steil an héich Fielsküsten.



Fishing pigs
Un der Ost-Küst ass dat een heefegt Bild: Virun allem bei Ebbe wullen d’Schwäin am Miersand an iessen alles wat se erwëschen: Muschelen, Fësch, Algen, Kriibsen asw. Et heescht, dass dëst Schwéngefleesch och ee besonnesche Goût hätt…
Three-headed coconut-tree
Jo, hei bleiwen di puer Touriste stoen a mussen eng Foto maachen! Anscheindend déi eenzeg Kokospalm op der GANZER WELT mat 3 Käpp… sensationnell 😉

Ha’amonga Trilithon
Och Stonehenge aus dem Pazifik genannt. Di déck Steng goufen virun iwwer 3500 Joer vun enger anerer Insel op klenge Booter importéiert an aneneen gesat. Wéi, weess keen, well zu deem Zäitpunkt hun d’Menschen zu Tonga als häertsten Material Walschanken a Muschelen kannt. De Vea sot, den 21. Dezember, also op hirem längsten Dag, géif d’Sonn op een Zeeche schengen, wat dem VW Symbol gläicht a wat anscheindend uewen um horizontale Steen drop ass.
Tsunami Rock
Jo, wou kënnt deen décke Fiels do hier?? War et een Tsunami virun dausende vu Joren, deen de Fiels vun der Küst lass gerappt an op d’Festland geheit huet? Oder awer der Legend no ee Ris, deen Honger hat an dunn ee Steen vun der Nopesch-Insel Eua geholl huet fir ee Poulet ze fänken. Leider war en ausgerëtscht an de Steen ass heihinner gefall. De Vea huet awer och virsiichteg ze bedenken gin, dass een d’Aliens nimools ganz kann ausschléissen…



Flying Foxes

Soss Impressioune vun der Insel









