
Di ganz Everest Regioun ass kulturell einfach immens!
Di Leit di hei wunnen si bal all Sherpaen, déi virun e puer Jorhonnerten aus dem Tibet eriwwer an den Nepal komm sin an do sesshaft gi sin.
Si hun hir ganz Kultur matbruecht, d.h. si si Buddhisten, si hun hir eege Sprooch an och an eisem Zäitalter ass hir Traditioun an hir Liewensaart nach bal intakt: Obwuel och all Sherpa-Boomchen am traditionelle Gewand op der Strooss haart an hiren Handy bläert, iwwerall den Internet a Wifi ugebuede gëtt an all Porteur d’Kopfhörer un huet a sech (traditionnell nepalesesch!) Musék eranzitt, bleiwt hir al Kultur omnipräsent.
D’Gebietsfändelen, d’Kléischter, d’Chorten, d’Gebietsrullen a Gebietstafelen gin net fir d’Touristen ausgestallt, mee gehéiren zu hirem Alldag. Och Ritualer zur Gebuert, zum Bestiednis an zum Begriefnis gin nach ëmmer zelebréiert. Iergendwéi packen si dee Spagat.

Ech muss soen, dass
d’Sherpa-Vollek mech immens beandrockt: Och wann ee gesäit dass d’Everest Regioun zu deene räichste Géigenden am Nepal zielt, well d’Touristen gären vill Suen hei hänke loossen, hun ech mech oft an der Zäit zeréckversat gefillt an hun méi wéi eemol un den Neye Jang an d’Betty an hir schéin Thillenvogtei geduecht: D’Felder gin hei nach vun Hand bestallt, all klenge Bauer ka frou sin, wann en nach e puer Kéi an Hénger huet, d’Wäsch gëtt nach ëmmer um Wäschbuer gewäsch, waarmt Waasser gëtt et nëmme fir d’Touristen, an och just wann d’Sonn geschéngt huet.

An d’Sherpaen si fläisseg. Beim Äerdbeeben viru just 1 1/2 Joer war ganz vill futti hei an der Géigend. Haut gesäit ee praktesch guer näischt méi vun där Katastroph: D’stengen Haiser goufe gefléckt oder neess opgebaut, si si schéin an der Rei, mat faarwegen Fënsteren a faarwegem Wellblech-Daach. An de Gäert, ronderëm déi stenge Maueren sin, stinn Blummen, déi och bei eis bléien: Ringelblumen, Dahlien, Schwertlilien, Kapuzinercresson a sténkegen Houfert. Felder gin et op all Quadratzentimeter deen net zevill géi ass. Wéi bei eis goufen de Moment d’Gromperen erausgeholl, dat läscht Hee nach mühsam vun Hand a sou Schlaange gedréint an ënnert eng Baatsch getesselt an d’Stécker fir de Wanter prett gemaach, mat engem Spezial-Dünger aus Bëschbuedem, animaleschen a mënschlechen Exkrementer a kleng geschniddenem Farn oder aneren Planzen. Ech hun de Sherpaen hir Léift zum Detail an hire Sënn fir Ästhetik ganz erfrëschend fonnt, virun allem no deem zimlech delabréierten an iergendwéi desillusionéierten Tonga.
Et war och interessant fir d’Sophie an de Yann, fir ze gesinn, dass et eeben Plaze gin, wou een d’Waasser aus dem Krunn net kann drénken, wou d’Haiser net geheizt sin a wann een deen aneren Dag keng fiicht a kal Kleeder well hun, dann hält een se un fir ze schlofen oder leet se ënnert seng fiicht Decken. A westlech Toiletten sin eng Ausnahm. An déi Toiletten dierf een och kee Pobeier geheien, dat geet alles an een Eemer nierwendrun. All Colasfläsch, all Fënster, all Schrauw, all Gasfläsch, all Këssen, all Frigo an all Fotell gouf mühsam vun engem Yak oder engem Mënsch op iwwer 3000m eropgedroen, meeschtens just fir de Confort vun iergendengem Tourist, deen sech dann nach beklot, wann d’Elektresch erëm ausfällt oder d’Waasser am Guesthouse net waarm ass. Dat setzt dach mol rëm alles a Proportioun a léisst een e bëssen deemüteg gin.
Sou, elo zum Yeti.
Mir haten eis vun Namche Bazar aus ca. 2 Stonnen op Khumjung op de Wee gemaach. Well do ass en! Dem Yeti säi Schädel! Dach, wierklech, doudeescht, hei gëtt net doriwwer gelaacht a mol net geschmunzelt!

De Wee op Khumjung ass vill biergop gaangen, laanscht den Everest View Hotel, wou mer een exzellente Schocki gedronk hun, mee leider neess keen Everest gesinn hun. Dono ass et biergof gaangen a mir haten eng wonnerbar Vue op dat klengt Duerf wat an enger relativ flaacher Senk läit, vu Wisen a stenge Maueren ëmgin.
Do si mer dun bei d’Klouschter getrëppelt an e bëssen erféiert, well d’Klouschter war ganz futti gewierscht nom Äerdbeeben a si ware grad am Gaangen et neess opzeriichten. War de Wee ëmsoss??
Nee, een ale Mann huet eis eng Dir opgemaach, do stoung eng riseg Gebietsrull an een alen onscheinbaren metallenen Schaf dran, dee fir mech wéi eng elektresch Këscht ausgesinn huet. Dunn hu mer missten 500 Nepalesesch Rupien bezuelen a kruten een offiziellen Entréesticket, an deen deen ale Mann nach gewëssenhaft mat engem Locher Lächer drageknipst huet. Et kéint jo mol een op d’Iddi kommen fir 2mol mam selwechten Ticket dem Yeti säi Kapp kucken ze goen! Dunn huet hien ganz onzeremoniell dee komeschen Metallschaf opgemaach: “There. Yeti skull.”
Eppes steet fest: De Yeti sténkt! Ech weess net wat fir ee Pelz se an di gliese Këscht getesselt haten, mee si huet anstänneg gemëffelt. Ech hat de Verdacht, dass et sech ëm ee Geessepelz gehandelt huet. D’Sophie an de Yann ware guer net beandrockt a hu léiwer 100mol un der riseger Gebietsrull gedréint. De Mann huet de Schaf, knapps hate mer e puer Fotoe gemaach, neess zougespaart an dat war et dunn.
Dee ganze Yeti (mam Kapp) steet iwwregens zu Pokhara, an der Anapurna Regioun, an engem Musee. De Rajees hat en do scho gesinn an huet mer mat verstengerter Minn eng Photo dovu gewisen. Dee Yeti huet verdächteg deene groussen Afen geglach, déi bei eis op der Schueberfouer virun de Geeschterbunne stin: Grad sou verfilztenen Pelz an rëffeg Schnëss a Patten. Ass vläicht ee Cousin…