Mir haten nach e puer Deeg Zäit am Nepal an de Ram, de Chef vun Alpine Eco Trek, huet eis proposéiert nach spontan een Ausfluch vu 4 Deeg an den Chitwan Nationalpark ze maachen. Good choice!
Mam klenge Fliger si mer vu Kathmandu op Bharatpur an de Süden un di indesch Grenz geflunn (20 Minutten ouni Rousekranz, mee ganz kuerz Pist!). Mir waren di eenzeg Bleechgesiichter u Bord.

Vum Flughafen goufe mer mat engem stattlechen Auto an eisen Hotel Parkland gefouert. Mir waren neess an enger anerer Welt: Et ass ganz flaach am Terai, mat Räisfelder sou wäit ee kucke kann! Mir sin no kuerzer Zäit duerch kleng Dierfer komm, wou d’Haiser nach traditionnell gebaut sin, mat Elefantegras-Maueren, déi mat enger Mëschung aus Lehm an Koudréck verbotzt sin.
Den Daach ass mat Gras gedeckt. Di Häiser bleiwe bannen schéi kill, wat och net vu Muttwëll an där Géigend ass, well mir haten wäit iwwer 30 Grad! Op der Strooss si mer am Zick-Zack laanscht Inten, Geessen, Waasserbüffelen, Veloen, Mënschen, Motoen, Hinger an ELEFANTEN gefuer! Genial!


Eisen Hotel war ganz schéin mat engem immense Gaart dobäi. D’Sophie an de Yann hu stonnelaang do gespillt a geturnt a sin op Beem geklommen.
Mir haten ee flotte Programm am Nationalpark, mat eisem lëschtege Guide Babu. Heiansdo ware mer alleng mat him, heiansdo mat aneren Touristen aus Kanada, Däitschland an Australien, ee flotte Grupp!
Deen 1. Dag war ee klengen Trëppeltour duerch d’Duerf Sauraha geplangt. Mir kruten di traditionnell Haiser gewisen an erkläert, déi natierlech och hei um Ausstierwe sin.
Dat ass schued, mee och verständlech, well d’Zäit bleiwt jo och hei net stoen an et kann een de Leit net verdenken, dass se léiwer an engem Zillenhaus wunnen mat Stroum, Klimaanlag, fléissendem Waasser an anerem Confort. An all Duerf gëtt zur Festival-Zäit eng riseg Klunsch opgeriicht aus Bambus gebaut a mat engem décken Afeseel als Schaukel. Mir hu vu moies Kanner op deene Klunsche gesinn schaukelen, laachen, sprangen an turnen. Mir hu se natierlech och eemol dierften ausprobéiren.


Dono si mer bei d'”Police-Elefante” gaangen. D’Arméi ass omnipräsent hei am Nationalpark a si hun 5 Elefante-Bullen fir duerch den Dschungel ze patrouilléiren an no Braconnéier ze sichen, déi nach ëmmer Nashörner fir hiirt Har op der Nues ofschluechten a mengen si kéinten doraus eng wäertvoll Medizin maachen. D’Elefanten sin di eenzeg Méiglechkeet duerch den dichten Dschungel ze kommen. D’Bullen (also d’Elefanten, an net d’Polizisten…) si méi grouss a méi onberechenbar wéi di weiblech asiatesch Elefante-Kéi. Si hun am Normalfall Stousszänn an d’Weibercher net. De Babu huet virgeschwärmt wéi gutt d’Elefanten hei alleguer behandelt gin, all Elefant huet seng 3 perséinlech Pfleeger, si gi mam Iesse richteg verwinnt, si schaffe just 2-3mol an der Woch an all di aner Deeg hu si stonnelaang Ausgang an den Dschungel fir sech sat ze friessen, si gin all Dag liebevoll gebued a geschrubbt asw. Trotzdeem hat ech kee sou ee gutt Gefill, wéi ech se un hire kuerze Ketten um Fouss ugestréckt gesinn hun. Mee si sin hei eeben een Notzdeier, wéi bei eis och Dausende vun Déiren, déi iergendwou a Ställ stinn.
Mir sin dono bei de Floss getrëppelt fir de Sonnenënnergang ze kucken an dun zréck an den Hotel.
Den Dag drop si mer scho moies fréi nom Kaffi bei de Floss gefuer an hun een Tour mam Einbaum gemaach, dee wierklech nach aus 1 Bamstamm erausgeschnidde gëtt. Si huelen dofir d’Holz vun engem Bam (weess den Numm net méi) dee ganz séier wiisst a ganz mëllt Holz huet. Di Kanue si ganz schmuel an et ass eng wackleg Geschicht, virun allem wann een zu 12 gedrätscht dra sëtzt. Hannen steet ee Mann mat enger laanger Bambusstaang, deen d’Boot weiderdréckt. De Floss ass net déif an de Fong ass ganz bullizéch.

Et war eng herrlech roueg Atmosphär, just de Floss huet e bësse geplätschert an et huet een d’Geräischer vum Dschungel nierft dem Floss héiren: Villercher, Afen..
Mir hu schon no e puer Sekonnen di éischt Krokodillen am Floss an um Ufer gesinn: Di relativ heefeg Mugger- crocodile an och Freshwater-crocoldile (Gavial) déi extreem selte sin a vum Ausstierwe bedroht. Si erkennt ee gutt un hirer schmueler Schnëss.



Mir hun och Honnerte vu Villercher a Storche gesinn.


Dono hate mer eng Visite vum Elephant Breeding Center. Hei gin Elefante-Kéi mat hire Klengen gehalen. No ca. 2 Joer gin di Kleng vun der Mamm getrennt an entweeder neess ausgewëllert (ech denken virun allem Bullen) oder trainéiert fir ze schaffen oder Touristen ronderëm ze kutschéiren. Di kleng Elefanten si wierklech fir ze Friessen!!


Nomëttes war dunn ee vun den Highlights: Den Elephant-Riding tour. Ok, dat war zwar immens touristesch, mee trotzdeem eng ganz flott Erfahrung! 2 1/2 Stonn um Elefanteréck duerch den Dschungel.

De Mahout (de “Chauffeur”) huet eisen Elefant Basanthi duerch de Floss guidéiert an do hu mer direkt een Nashorn erbléckst! Direkt um Ufer! Mir sin dohi geridden a well mer d’Kéier um schmuelen Ufer net méi kruten, hu mer missten direkt laanscht d’Nashorn goen, wat awer net beandrockt war a weider gefriess huet.

Weider ass et duerch den Dschungel gaangen, oft krut een Äscht an d’Gesiicht oder d’Schong vum Gestrüpp ënnert eis bal ausgedoen. Eise Mahout sot, hie géif scho säit 10 Joer mam Basanthi schaffen an d’Elefante-Kou hätt 35 Joer (si gin zwësche 60 an 80 Joer al).
A mir hate scheinbar ee gudden Dag erwëscht: Mir hun IMMENS vill Nashörner gesinn, Mammen mat Klengen, Eenzelgänger, riseg Badettien, di ausgesinn, wéi wann se aus verschiddene Stécker uneneengebitzt gi wieren. Mir sin onfassbar no erukomm an d’Rhinoen hu sech iwwerhaapt net doru gestéiert. Souguer eise Mahout huet missten oft laachen, well mir sou eng Chance haten a sot ëmmer neess: “You very lucky. We come many, many times, not see rhino!”


De läschten Dag zu Chitwan si mer moies d’Elefante buede gaangen. Ech hun aus sécherer Distanz nogekuckt a Photoe gemaach an d’Sophie, de Yann an den David sin an der Schwammbox mam Elefant an de Floss gaangen.

Ei, dat war flott! De Yann war richteg rosen, wéi et eriwwer war. Hie wollt nach am Floss schwammen an et huet vill Iwwerzeechung kascht hien dovun ofzebréngen. Grad sou gutt, well just 50 Meter ewech, huet deen hei op eng gutt Schlabäitzche gewaart:
Nomëttes si mer op Jeep Safari duerch den Dschungel gaang. Et hat kräfteg an der Nuecht gereent, well d’Monsunsaison ass hei nach net grad eriwwer, an de Yann an d’Sophie ware begeeschtert vun de Bullislächer duerch déi mer mat eiser oppener Jeep gebraust sin.
Mir hun neess eng Rei Afen, Krokodilen a Réi an Hirsche gesinn an eng hellewull Villercher a Papageien bei klenge Séien am Dschungel.
Domatt ass eis Rees op Chitwan och sou lues op en Enn gaangen an deen nächsten Dag si mer zréck vu Bharatpur op Kathmandu geflunn. Et war een Ausfluch deen sech wierklech gelount hat!