Tahiti an Äddi Polynesien…

No eiser onvergiesslecher Woch zu Fakarava, waren eis Deeg a Polynesien gezielt a mir si fir d’läscht mat Air Tahiti op Tahiti zréck geflunn.

img_20161216_233559Hei hu mer nach 2 an 1/2 Nuechten an deem selwechten Hotel geschlof wéi e puer Woche virdrun. An do huet et eis no eiser Rou a Fräiheet op deenen anere polyneseschen Inselen net méi richteg gefall.

Mir wossten net, dass eisen Hotel scheinbar sonndes den Treffpunkt fir d’ganz “ex-pat” Schickeria vun Tahiti ze si schéngt. Während d’Sophie an de Yann stonnelaang am “infinity-pool” geturnt hun, waren den David an ech richteg genervt vun deem ganzen kënschtlechem Gedeessems! Di Leit do ware sou extra schiel, dass et bal net ze erdroe war!! Et war einfach too much: Zevill Make-up, zevill Silikon, zevill Gelift a Botox, zevill schrillt Gelaachs (oder war ech just jalous?!) an haart an topech Musék. Anerer louchen a verschiddenen Garungsstadien (vu kriibsrout iwwer medium rare a well done) platscheg an de Ligestill. Den David an ech hun d’An verdréint a sin a Gedanke schnell op eis einsam Inselen vun Huahine a Fakarava zréck geflunn…

p1130654
Den Jetset vu Papeete…

Gottseidank war deen aneren Dag dee Spuk eriwwer a mir haten d’Schwämm nees fir eis.

img_20161216_233337
Vum Pool aus hat een eng ganz schéi Vue op d’Insel Moorea.

Ech wollt mer d’Insel nach e bëssen ukucken, mee leider gouf main Ausfuch 2mol annuléiert an du sin ech just e puer Stonnen an d’Haaptstad Papeete gefuer. Net wierklech dowäert, et gesäit ee ganz vill Strummerten, et gëtt keng wierklech schéin Architektur a vill knaschteg a gro Ecken, déi zum Gléck vun zimlech gudde Graffiti-Kënschtler e bësse verschéinert gin.

Den Hafe vu Papeete.
Den Hafe vu Papeete.
An der Maarthal vu Papeete kritt een alles: Vum frësche Fësch iwwert all méiglech Souvenire bis zum Uebst a Geméis a Kleeder...
An der Maarthal vu Papeete kritt een alles: Vum frësche Fësch iwwert all méiglech Souvenire bis zum Uebst a Geméis a Kleeder…

img_20161221_131007

img_20161221_130908
D’Mairie

 

De Bus vum Hotel huet mech am Nomëtteg neess zu Papeete ofgeholl an do hun ech d’skurril a witzeg Bekanntschaft mam Jack aus Las Vegas gemaach. Hie souz schon am Bus, eng knaddereg, verkniwwelt, eeler Versioun vum Hugh Heffner. Zum groussen Iergernis vun der gestresstener Taxi-Chauffeuse, huet seng Fra awer nach gefeelt. Si hat sech verlaf, ee Phänomen, wat dem Jack awer scho méi wéi bekannt war. Scheinbar stoung seng Fra Tonga dee Moment, wou räimlecht Denken vum Härgott verdeelt gouf, ganz hannen an der Rei, oder hat de Wee guer net bis bei den Härgott fonnt, well “she gets lost all the time. She’s terrible with directions!” Den Jack huet erzielt, dass si eemol zesummen op Paräis waren, an do war dat gutt Tonga ganzer 2 Deeg verschwonnen, bis hien hatt erëmfonnt hat.img_20161221_130713 D’Buschauffeuse huet eppes vun “femme très jeune, asiatique, si vous comprenez ce que je veux dire, n’a pas l’air très brillante” gegrommelt an den Jack an ech hun eis op d’Sich gemaach a kuerz drop d’Tonga erëm fonnt. Den Jack hat mer schon alles iwwert seng Fra erzielt: Si koum aus der Mongolei, hat awer och e puer Joer an Däitschland gewunnt an huet elo mat him zesummen di ganz Welt bereest. Ausser dass d’Tonga eebe kee GPS agebaut hat, war hatt awer ganz léif an huet a gebrachenem Däitsch erzielt, dass eng mongolesch Frëndin vun him zu Iechternach eng Pizzeria hätt. Jo, d’ Welt ass kleng. Den Jack sot zum Schluss mat senger knaarzeger Stëmm a sengem breeden amerikaneschen Accent: “Well, Ann Marie from Luxembourg, mörssi bouku. I don’t know what that means, but it sounds nice.”

img_20161221_130854
Es weihnachtet och e bëssen zu Papeete…
img_20161221_135435
Di kleng, schlicht Kierch vu Papeete gëtt haaptsächlech vu sans-abris opgesicht fir eng gutt Mëttesrascht ze halen.

Um 2.30 Auer an der Nuecht si mer  ganz verschlofen op de Flughafe gefuer fir eise Fliger fir op d’Ouschterinsel net ze verpassen, well et geet just all Dënschdeg ee Vol vun Tahiti op Rapa Nui!

img_20161221_130928

Polynesien war een Héichpunkt vun eiser Reess a wäert eis an immens gudder Erënnerung bleiwen!

Leave a Reply