Uff, eis Zäitreess war ee Succès: Den 20. November si mer gutt zu Auckland fort komm an den Dag virdrun zu Tahiti geland… Wie erklär ich’s meinem Kinde?? Ass och eegal well hei ass et einfach nëmme paradisesch!
Mir hun 1 Nuecht zu Papeete an engem schéinen Hotel geschlof, hu moies nach gutt vun der Schwämm profitéiert a sin nomëttes op Huahine geflunn. Laut Lonely Planet vill méi schéin an authentesch wéi Bora Bora.

Zu Huahine hate mer een Haischen op enger klenger Insel virun der Insel Huahine fir 8 Deeg gelount. D’Proprietärin vum Plantation House, déi mer awer ni ze gesi kruten, hat iwwregens vun hiren häerzlosen Elteren een äusserst ondankbaren Numm kritt: Tetua Degage…
Um Flughafe goufe mer vun enger jonker Madamm, hirem Mann an hirem Brudder ofgeholl an op eise Motu gefouert. Si huet eis gewarnt, et wier zimlech wäit bis op eis Inselchen. Ech hu bal misste laachen, well no knapp 30 Minutte ware mir schon do (mir waren an der Läscht eeben aner Distanze gewinnt) a mir sin am Schleekentempo dohinner gekriibst, wat ganz agreabel war, no deene ville geckegen Taxi-Chauffeuren, déi mir bis elo schon op eiser Reess hu misste erdroen. Sou konnte mer och schon een éischte Bléck op di schéi Landschafte geheien.
Huahine sin am Fong 2 Inselen, si gehéiren zu deene gréissten vu Franséisch Polynesien, a sin duerch eng kleng Bréckelchen mateneen verbonnen. Eise Motu gehéiert zu der Südinsel, zu Huahine Iti (Kleng Huahine).

Fir op dëse Motu ze kommen hu mir eist eegent klengt Motorboot.

A mir hun och een ale verraschtene Pick-up wou d’Bremsen net wierklech gutt gin a wou d’Ressorten vum Sëtz aus dem Polster erausluussen an an den Hënner piiksen. Well keng Plaz fir eis all virdran ass, ass hannen op der Ladefläch eng ural, wackelech a komplett futtiss Holzbänk. Do sëtzen d’Kanner mam David drop a schnëssen non-stop a laachen a jiipsen wann ech ëm d’Kéier fueren. Doheem géif ech mech mol net trauen esou iwwert de Schéckelt bis op Bëschrued ze fueren, hei fanne mir dat ganz normal. Op de Stroosse si vill Hénger an Hënn ënnerwee a vill Erwuessener a Kanner mam Velo, déi wénken a laachen oder Saache (Frechheeten??!) ruffe wann ee laanscht fiert.
Eis Inselchen ass ca 4km laang an 200m breet an et wunne just e puer Familjen hei. Op ganz Huahine wunnen och nëmmen 6000 Leit an d’Haaptstad Fare ass nach méi kleng wéi Steesel. Touristesch ass et hei guer net, mee onvirstellbar schéin!! Et gin e puer kleng Pensiounen a komescherweis ass all gréisseren Hotel (z.B. Sofitel) oder Resort, dee probéiert huet sech hei ze etabléiren, schon no kuerzer Zäit faillite gewierscht. Et läit vläicht un de Mousticken, déi hei wierklech eng Päscht sin, eng besser Erklärung hun ech och net…

Wéi mir op eiser Insel an eisem Bungalow ukomm sin, hun den David an ech di ganzen Zäit missten domm laachen, well et genee sou war wéi mir eis dat erdreemt haten! Praktesch ganz alleng an enger Lagun, mat onglaubleche Faarwen am Waasser: Transparent um Bord, hellturquoise 100m weider an dann hellblo bis blo an der Mëtt vun der Lagun. Mir kommen eis fir wéi de Robinson Crusoe.

Eis Hütt ass zimlech al an delabréiert, de Frigo geet net an duerch d’Lächer an de Moustikären an duerch d’Ritzen am Foussbuedem hätte souguer Nilpäerd doduerch gepasst, mee et ass ganz propper a mir hu souguer waarmt Waasser an et gefällt eis wonnerbar. Mir sin dee ganzen Dag an der Schwammbéchselchen oder plakech!
D’Kanner si begeeschtert, endlech kënne si och de Lego neess auspaken, am Mier rollzen, an der Hängematt turnen an an der Palmeplantage, déi zu eisem Haus gehéiert, spillen. Ee Genoss no eisem “confined space” am Camper…

Vum Ufer aus kann een ca. 100m duerch dat transparent Waasser eraus spadséiren, da gëtt et lues a lues méi déif. Mir hun ee Kayak, mat deem den David an d’Sophie all fräi Minutt eraus fueren fir schnorchelen ze goen.



D’Wieder war leider fir polyneesesch Verhältnisser net immens, mat vill Loft, Reen a selte bloem Himmel. Mee natierlech immens waarm, och am Wasser an an der Nuecht.
An der Mëtt vun eiser Lagun ginn et wonnerschéi Korallen a Fësch an alle Faarwen, vun deenen d’Sophie all Numm kennt. D’Stréimung ass hei awer zimlech staark.


Well de Yann sech mat där Stréimung net sou à l’aise fillt, si mer e puermol eng 10km bis op Avea Plage gefuer, eng vun deene schéinsten an accessibelsten Plazen a Polynesien fir schnorchelen ze goen. Phantastesch!



E puer Meter vun eisem Haus ewech war ee Feld mat Melounen wou Leit heiansdo dra geschafft hun an eis e puer Meloune geschenkt hun.

De Raphaël, de Gardien vum Haus an der Kokosplantatioun, koum eemol laanscht fir eist Boot ze flécken an nach eemol fir eis ze weisen an ze erklären wéi een Kokosnëss opmécht a verwäerte kann.
Huahine war leider eng deier gin, wat d’Technik ugeet: Nodeems eise Laptop scho méi laang futti ass, hu main Handy an dem David sai Kindle Bekanntschaft mam Salzwaasser gemaach. Säitdeem gin di meescht Knäppercher um Handy net méi an dem David sai Kindle ass net méi ze gebrauchen. Zu allem Iwwerfloss ass dem David seng Go-Pro den Dag dono fir ëmmer an den ewigen Abgründen vun eiser Lagun verschwonnen. Gottseidank (oder MasterCardGold sei Dank…) sin d’Leit hei definitiv net komplizéiert an no e puer Telefonaten, gouf den Dag drop eng fuschnei Kamera vun Tahiti op Huahine geschéckt, déi den David ganz onbürokratesch um Flughafe konnt ofhuelen.

Den David war 2mol mat de Fläschen tauchen an total begeeschtert vu sengen Decouverten! Vill ze schnell waren di 8 Deeg eriwwer an ech war ganz melancholesch wéi mer fir d’läscht mat eisem Motorboot eriwwer op Huahine gefuer sin, wou de Raphaël op eis gewaart huet, fir eis op de Flughafen ze féiren.


Mee de Verdross huet net laang ugehalen, well op eis huet di magesch Destinatioun mam Numm BORA BORA gewaart!!