Bora Bora

Bora Bora. D’Pärel vum Pazifik.

img_20161203_132327

Do hat ech mech scho laang drop gefreet a mir goufen net enttäuscht! Hei hate mir d’Luxus-Variant gewielt. Ech wollt wéinstens eemol a mengem Liewen a sou enger Hütt op Stelzen iwwert dem turquoise Mier schlofen. Am Pearl Beach Resort zu Bora Bora gouf deen Dram méi wéi erfëllt!

Dem David war dat alles scho bal too much, mee d’Kanner an ech hun di 2 Deeg immens genoss a mir wäre gären nach e bësse méi laang do bliwwen.img_20161203_132629

Schon d’Approche mam Fliger op Bora Bora gehéiert zu deene schéinsten Andréck vun der Reess:img_20161203_132842 Den zerklüften Vulkan an der Mëtt, d’Lagun an deene schéinste Faarwen a ronderëm di wäiss Koralleketten un där sech d’Wellen aus dem Pazifik briechen… Den Accueil um klenge Flughafen mat der Blummeketten war den Tëppelchen um i.

Eise Resort war esou schéin, et war scho bal surreal! An trotzdeem war et net pupeg. Och d’Personal war onkomplizéiert a léif, wéi bis elo all d’Leit hei op den Inselen. D’Clientèle huet natierlech haaptsächlech aus Honeymooners bestanen oder aus Koppelen an der Boma a Bopa hirem Alter.img_20161201_031804

img_20161201_031656

img_20161205_012737

img_20161203_133046

Dem Sophie an dem Yann si bal Schwimmhäute gewuess, well si waren ouni Paus an der Schwämm.img_20161203_223921 Mir haten ee relaxe Programm mat Mini-Golf, Kayak, Schnorchelen an hirem Koralle-Gaart, di eemoleg Aussiicht genéissen a Cocktaile schlürfen. Ech hat di ganzen Zäit dat dämlecht Lidd “Do you like Piña Colada?” am Kapp…

img_20161203_135821

img_20161203_223819

img_20161130_212023
Ee Manta-Rochen-Weibchen, bal 3m grouss! Si schwammen no enger Nuecht op der Juegd ëmmer erëm laanscht Korallen, wou kleng Fëschelcher drop waarden fir si ze botzen.

Mir haten scho laang am Viraus vun doheem aus ee private Schnorchelausfluch gebucht. Eise Guide, den Tuaiva, huet eis Erklärunge gin an eis op di schéinste Plazen erausgeféiert. An an deenen knapp 4 Stonnen si mir ronderëm di ganz Insel gefuer a mir hun alles gesinn wat d’Mier bei Bora Bora ze bidden huet! Nierft Dausende vu wonnerschéine Korallen a Fësch hu mir Delfinen, Pointe-Noire-Haifësch (di de Yann ze kleng fonnt huet, an dobäi waren se sou grouss wéi ech…), Muränen, ee Grupp vun 23 Leopardrochen an ee Manta-Rochen entdeckt. Dat war neess een absoluten Highlight vun eiser Reess.  Mir ware wierklech beandrockt!

img_20161130_073137
De Yann mam Tuaiva op Manta-Juegd.

img_20161203_134811

img_20161130_045508
De Yann mat engem Schwaarz-Spëtzt-Hai

img_20161130_051439

img_20161130_045611

img_20161203_134734
Dësen Hai ass op Bora Bora ganz bekannt, well him d’Réckefloss feelt. Kee weess firwat.

img_20161130_051526

img_20161203_134753

img_20161203_135601
Wéi an engem Aquarium!

img_20161203_135637

DCIM100GOPROGOPR1021.JPG

DCIM100GOPROGOPR0965.JPG
Eng granzeg Murän.

 

img_20161130_001019
23 Leopardrochen fléien graziéis ënnert eis.

DCIM100GOPROGOPR0982.JPG

img_20161203_231514

img_20161203_132745

D’Wieder war zwar net ëmmer paradisesch, mat heiansdo Stuerm a Reen, mee fir eis war dat net sou schlëmm. Hei ass d’Zäit definitiv ze schnell vergaangen, de Yann hat mol keng Zäit fir ze Verlaangeren. Dun hu mer schon neess missten d’Valiss paken fir op Rangiroa ze fléien…

img_20161203_133407

img_20161201_032353

Vu weegen Boring Boring, ech kommen op alle Fall nach eemol zréck!

img_20161203_133339

Leave a Reply