Zu Bora Bora hate mer et jo richteg kraache gelooss, abee Rangiroa war éischter ernüchternd.
Rangiroa ass deen zweetgréissten Atoll op der Welt. Et gesäit een net vun där enger op di aner Säit. Während Tahiti, Huahine a Bora Bora zu de Gesellschaftsinselen gehéiren, sin Rangiroa an och Fakarava een Deel vun de Tuamotuinselen.


Vum Fliger aus gesinn, sin d’Atollen wierklech beandrockend: E schmuelt, wäisst, méi oder manner rond Band am bloe Mier, mat e puer Passen, wou d’Waasser aus dem Ozean eran an d’Lagun fléisst an och neess eraus. E puer Palmen, wa se bewunnt ass nach e puer Hütten a wann et ee groussen Atoll ass, da passt och nach iergendwou eng Fligerpist drop et voilà!

Um klitzegklengen Aérodrome huet dat gutt gelauntent Rosine op eis gewaart, fir eis bei eis Pensioun ze féiren. Ënnerwee huet hatt d’Sehenswürdegkeeten bei deene mer laanscht komm sin erkläert an huet dobai sou vill gelaacht a gekickelt dass et ee Genoss war! Do waren: D’Elektizitéitswierk (mat Mazoutscamionen an -tanken), de Coiffeur, d’Pärelefarm (!), d’Pension Obélix (“C’est ici que Obélix a trouvé sa Falbala! Kickel, kickel!!” De Yann huet iwwregens all di Deeg doriwwer misste grübelen, well hie konnt sech net virstellen wéi, oder firwat d’Falbala sollt ausgerechent op Rangiroa komm sin???!), d’Tankstell, di 2 Kierchen, 2 kleng Supermarchéën, e puer verstopptenen Pensiounen an dat war et och schon. Et huet mech e bëssen un Tonga erënnert, alles zimlech delabréiert an net extra schéin.


Eis Pensioun, déi vum Léa, enger ganz sympatescher Madamm mat vill Wuppes an Initiativ gefouert gouf, war natierlech am krasse Kontrast zum Luxus vu Bora Bora: 2 minuscule, stéckeg Zëmmeren mat Maueren sou dënn wéi Pobeier. Et war ee Restaurant dobäi wou hire Mann gekacht huet a si war fir d’Pâtisserie zoustänneg. D’Leit si vun der ganzer Insel laanscht komm fir hei hir Desserten ze kafen. Mir waren direkt op der stengener Plage wou eng Rei Ligestill stoungen, déi schon 100mol gefléckt waren.
D’Wieder war net gutt, gro mat Stuerm a schmeier, sou dass deen éischten Androck wierklech net immens war.
Mee dun hun ech mer mol iwwerluecht: Mir sin um aneren Enn vun der Welt, op engem Atoll, wou et praktesch keng Aarbecht gëtt, wou nëmmen 3000 Leit wunnen, wou näischt um sandege Buedem wiisst, ausser Palmen, et gëtt mol kee richtegt Drénkwaasser, alles, alles, alles muss mam Fliger oder Schëff importéiert gin an trotzdeem bréngen Leit wéi d’Léa et fäerdeg hei eng Existenz opzebauen an alle Widdregkeeten ze trotzen. An dobai och nach gutt gelaunt, frëndlech, onkomplizéiert an hëllefsbereed ze sin! Ganz grousse Respekt!
Eis 3 Deeg zu Rangiroa waren éischter roueg.
Den David war ee ganzen Dag tauchen an déck zefridden! Hei sin e puer Biller vu senger Plongée, déi zoufälleg deen Dag vun engem professionelle Kameramann gefilmt gouf.







D’Sophie, de Yann an ech hu mol neess e bësse Gas gin mam homeschooling.
Mir haten al, raschteg Veloen, mat deenen ee konnt akafe fueren (dat ass iwwregens a ganz Polynesien guer kee Probleem, d’Supermarchéën hu wierklech alles wat ee brauch, franséischen Afloss eeben) an ech hat eemol een aller-retour iwwert eise Deel vum Atoll gemaach, dee vun der Nord- op d’Südspëtzt 10km laang ass.


De Yann an den David waren och mam Velo bis bei de Coiffeur gefuer, wou de Yann anscheinend d’Haaptattraktioun war, “Le beau petit garçon!!”, sou dass esouguer d’Leit aus den Nopesch-Hütten eriwwergelaf koumen fir sech deen aartleche Männchen unzekucken!

Virun eiser Pensioun ware schon direkt Korallen, déi mer erschnorchelt hun an ech war deen éischte Moment e bëssen erféiert, wéi ech roueg do geschnorchelt sin, a ganz onverhofft 2 richteg grouss Haifësch laanscht mech geschwomme sin. Mir hu si all Dag do gesinn, si hate sécher hei d’Juegd gepacht. Och eng Murän huet hei gehaust an den David huet e puermol Roche gesinn laanscht schwiewen. Rangiroa ass leider och vun der Korallenbleiche staark betraff, wat mir hei gutt gesinn hun: D’Koralle verléiren hir Faarw a gesinn aus, wéi wann ee Beton driwwer geschott hätt. ?
D’Sophie, de Yann an ech waren dann och nach d’Visite guidée vun der Pärelefarm maachen. Polynesien ass jo berühmt fir hir schwaarz Pärelen. D’Produktioun vun deene wonnerschéine Pärelen ass wierklech eng Konscht fir sech. Et gëtt och just 1 Schoul op der Welt fir d’Handwierk vum “Bepärelen”, oder wéi soll een dat nennen, ze léiren, an dat ass hei zu Rangiroa.

Leider huet och dëse Business säit der Kris immens gelidden an zu Rangiroa ass och just nach 1 Farm iwwreg bliwwen mat enger Handvoll Employeeën, wat natierlech fir sou eng kleng Inselchen eng wirtschaftlech Katastroph ass! De Yann huet d’Explicatiounen vun der Visite op mengem Schouss verschlof, mee d’Sophie huet gutt nogelauschtert. Dono war natierlech (wéi och schon a China) d’Visite vum Buttick, wou ech mer ee schéine Krëschtkado erausgesicht hun, deen mai gudden David mer zwee Deeg dono kaf gaangen ass…
No 3 Deeg si mer dunn zefridden neess vun der kickeleger Cousine Rosine op de Flughafe bruecht gin fir weider Richtung Fakarava ze fléien.