Am neien Dreamliner vu Boeing fir op d’Ouschterinselen hu mer ee surreal schéine Sonnenopgang gesinn: Den Himnel war fuchsia bis mauve a mir hun eng ganz Rei Fotoe geholl, bis et mir e bësse louche firkomm ass, dass dee Sonnenopgang e puer Stonne laang gedauert huet. An eigentlech war et dach och scho Mëtteg?! Dun hu mer eréischt kapéiert, dass d’Fënstere vum Fliger sou eng Téinung hat, déi een och selwer konnt mat engem Knäppche regléieren…
De Flughafen zu Hanga Roa huet eng aussergewéinlech laang Pist, fir dass am Noutfall all Tipp Fliger kann drop landen, schliesslech ass d’Isla de Pascua wierklech matzen am Pazifik, dausende vu Kilometer vum nächste Festland ewech. Leider huet de Flughafen och een aussergewéinlech klengen Terminal mat aussergewéinlech wéineg Personal an aussergewéinlech strenge Kontrollen, sou dass mer hu missten aussergewéinlech laaaang an der Schlaang waarden. De Christophe, vun eiser Cabaña, dee virun der Dir op eis gewaart huet, war bal versauert… Hie war ee sympateschen, onkomplizéierte Fransous, deen zimlech speedy war an dee scho säit 23 Joer op der Ouschterinsel wunnt. Hien huet eis am Eilverfahren di kleng Haaptstad gewisen. Eise Bungalow war tiptop a grouss genuch fir eng läschte Kéier de Lego auszepaken! Mir kruten dem Christophe seng Jeep geléint a ware sou ganz flexibel fir d’Insel op eege Fauscht auszekundschaften.
Mir hun eis direkt op de Wee gemaach an hun eis éischt Moaïen direkt zu Hanga Roa gesinn.

Deen hei Moaï ass speziell, well hien nach seng An huet. D’An haten ee ganz besonnesche Wäert bei de Rapa Nui: Wann d’Statuen aus dem Fiels geschloe goufen, war eng Plaz fir d’An firgesinn. Awer eréischt nodeems si op hir definitiv Plaz geschleeft gi waren, kruten si d’An opgemaach, d.h. An aus Korallesteen goufen agesat. Dann eréischt konnte si an d’Land erakucken an op hir Leit oppassen.
Op der ganzer Insel fënnt een al Grafsteng, bal ëmmer bei der Küst, a Moaïen a méi oder wéineger guddem Zoustand. E puer Plaze sin méi berühmt an och vill besicht, well een hei wierklech impressionant Moaïen gesäit, déi an enger Rei op engem “ahu” stinn. Villes weess een net iwwert di zimlech primitiv fréier Zivilisatioun vun de Rapa Nui. Et gëtt vill Theorien an dat mécht dat Ganzt zimlech mysteriéis.

Op deene grousse Siten mat de risegen, starre Statuen ass eng ganz besonnesch Stëmmung. Fir mech hu se eng gewësse Rou ausgestrahlt, awer och iergendwéi eng Melancholie vun enger Zivilisatioun déi scheinbar op zimlech dramatesch Aart a Weis verschwonnen ass. Ech hat di ganzen Zäit Zeile vum Gedicht “Ozymandias” am Kapp: “Look on my works, you mighty, and despair…”
Zwee Siten haten eis besonnesch beandrockt: D'”nursery” vun de Moaïen zu Rano Raraku, also déi Plaz wou d’Statuen aus dem Fiels geschloe goufen, an Anakena, wou d’Moaïen bei enger Sandplaasch stinn.
Rano Raraku
Op deem ganze Site si Skulpturen a verschiddenen Fertigungsstadien verspreet. Bei verschiddene gesäit et aus, wéi wann de Skulpteur einfach de Meessel fale gelooss hätt, fir ze Mëtteg iessen ze goen an dann ni méi erëm komm wier. Anerer si beim Transport gebrach a goufen dofir einfach leie gelooss. An anerer sin am Fong fäerdeg a sti lo do, wéi bestallt an net ofgeholl.

Um Site ass ee Krater mat engem Séi vun engem erläschte Vulkan. De Buedem ass ocker a sandeg. Schéinbar ass et Lava, déi ni haart gouf, en eenzegaartegt Phänomen a kee weess firwat.
Anakena

Wéi d’Ouschterinsel zoufälleg virun 300 Joer vun engem hollännesche Seefahrer op Ouschtersonndeg entdeckt gouf, stoungen di beandrockend Skulpturen op hire Sockelen beim Mier. D’Insel hat eng grouss Populatioun déi a Clanen agedeelt war an alles huet friddlech geschéngt. Mee just 50 Joer méi spéit, wéi den James Cook op d’Insel koum, waren d’Bewunner am Gaangen ze verhéngeren an sech ze zerkrichen. D’Ressource vu Rapa Nui waren opgebraucht an d’Moaïen ware vun hire Sockele gestouss gin a louchen zerbrach a mam Gesiicht no ënnen um Buedem. Och do gin et vill Theorien wat deemools geschitt ass.
Réischt am spéiden 20. Jorhonnert gouf sech méi fir d’Ouschterinsel interesséiert. Nodeems 1960 ee schrecklechen Tsunami di meescht Statuen nach méi beschiedegt a verschleeft, z.D. souguer an d’Mier gespullt hat, goufe kuerz drop eng Rei Moaïen neess zesummegefléckt an erëm opgeriicht.





Leider hate mir ganz schlecht Wieder zu Rapa Nui, mat ongewéinlech vill Reen a Wand, sou dass mir net konnten op deen héchste Vulkan erop reiden fir di spektakulär Vue iwwert di ganz Insel ze genéissen, an och de Site vun Orongo war zou…
Mat Rapa Nui goung eis Reess eigentlech op en Enn. Net ze gleewen dass mir lo bal 4 Méint ënnerwee waren! Den David an ech wären nach gäre weider gereest. Mee d’Sophie an de Yann ware sou lues saturéiert a konnten et net méi erwaarden heem ze kommen. De Yann hat oft geübt, a wéi mir vun der Ouschterinsel fortgeflu sin, huet hie gesongen: “Coming home, coming home. I say goodbye. Coming home.”
Mir sin op Santiago de Chile geflunn, wou mer eng Nuecht geschlof hun a nach e bësse sight-seeing gemaach hun. Iwwer Madrid a Frankfurt si mer dun no 24 laange Stonnen zu Lëtzebuerg geland.


