Namaste aus dem Nepal!
Mat enger gudder Stonn Avance si mer am spéiden Owend zu Kathmandu geland. Mir haten eng Tëschelandung zu Dhaka am Bangladesh gemaach, wou den David ganz frou driwwer war, well hien als Kand e puer Joer do gewunnt huet. Hie war iwwregens och entzückt iwwert di schéi Stewardessen vun Dragonair, déi wierklech ganz virdeelhaft Uniformen hun, net wéi bei verschiddenen Low-costen an Europa… De Yann huet de Bangladesh allerdéngs ganz verschlof.

Zu Kathmandu goufe mer fürstlech vum Ram, vun Alpine Eco Trek empfaangen an duerch di eidel Stroossen bis bei en onscheinbaart Gebai gefouert, mee wéi d’Paart opgemaach gouf, huet sech ee richtege Bijou vun engem Hotel dohannert verstoppt. Absolute Luxus, mat wonnerschéinem tibeteschen Dekor a super Holz-Schnëtzereien.

Deen aneren Dag ass den David mam Ram op Thamel nach fir seng Expeditioun shoppe gefuer an ech si mam Sophie a Yann di grouss Stupa kucke gaangen, déi just e puer honnert Meter vun eisem Hotel ewech war. Mee déi puer honnert Meter haten et a sech! Ech war schon op ville Plazen an der Welt an och schon a ville Groussstied, mee dat do…!!! Onfassbar! Dee Verkéier!! Absolut liewensgeféierlech: Net vill Autoen, just e puer kleng Tata-Taxien, mee vill kleng Bussen, Tuk-Tuken, nach méi Motoen a Veloen an dotëschent Leit, Hënn a Kéi matzen op der Strooss, wou an all Richtung 2-, 3-, 4- oder och mol 5-spuergeg gefuer gëtt, heiansdo och mol à contre-sens. Mir hun eis bal net getraut iwwert d’Strooss ze goen, mee haten et dun awer gepackt a sin bei der Stupa eragelooss gin. Do war et wesentlech méi roueg. Vun der Stupa selwer war net vill ze gesinn, well si ass nach amgaange renovéiert ze gin, nom Äerdbeeben. Et muss een clockwise ronderëm goen. Ronderëm ware kleng Souvenirs-Butticker di ganz schéi Saache verkaaft hun. Ee Guide wollt eis eng Visite guidée ubidden, hien huet souguer Lëtzebuerg kannt an huet sech zimlech drugehalen, mee et war esou eng Afenhëtzt, dass d’Kanner net vill Loscht haten…
Owes si mer dun mam Ram a mat engem vun eise Guiden, dem Ramsey, wat dem Ram säi “brother-cousin” ass, an ee spezielle Restaurant gefuer, wou souwuel Nepalien, wéi och Touristen traditionnell nepalesesch Musek an Dänz kënne gesinn a gutt lokal Spezialitéiten kënnen iessen. Mir hun eis Plazen bei niddregen Dëscher erausgesicht, wou een op Tapisen um Buedem sëtzt an dat war och eng gutt Iddi, well d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si sech direkt um Tapis ausgestreckt hun an direkt ageschlof waren. Mir hu giess an du koum den Héichpunkt mat hirem berühmten Peacock-dance, wou een Dänzer (oder eng Dänzerin?) als risegen, e bësse rëffegen a grujelegen Pohunn verkleed ronderëm danzt. De Schniewel ass eng Zort Klamer an d’Spectateuren musse sech dann e puer Geldschäiner op de Kapp leeën, déi deen onheemleche Pohunn da mat sengem Schniewel ewechpickt a séier sengem Kolleeg an d’Täsch stécht. Och dat hun d’Kanner leider verschlof.