Trek Lukla – Phakding

Zu Lukla huet et wéi mat Eemere gereent a mir waren deen éischten an och dee läschte Fliger, deen sech dee Moien getraut huet zu Lukla ze landen.

Mir sin zimlech aus dem Flughafen erausgehetzt gin an direkt ass eisen Trek ugaangen. Um Programm stoungen ca 3-4 Stonnen relativ einfachen Trek bis op Phakding. Mir hu wéi gesot 3 Guiden, déi zum Deel awer och Porteur waren. De Ramsey ass definitif de Chef a geet och mam David virun op den Imja Tse (Island Peak) während d’Sophie, de Yann an ech mam Rajees an Ahmid zu Namche Bazar bleiwen.  Dann hate mer nach ee Jong dobäi, dee mir ëmmer richteg Leed gedoen huet, well hien als Porteur an der Hierarchie spürbar näischt ze radetten huet an och nach 2 vun eise Kierw huet misste p1060687schleefen, während den Amid just 1 gedroen huet.

p1060727

Dunn hu mer eise “Päerdsmann” an eist Päerd kennegeléiert, wat mer eis extra fir dësen Trek gefrot haten a wat mat Sécherheet eng ganz gutt Decisioun war. Et war ee rouegt hellbrongt 3/4 Päerd wéi si dat nennen. Ronderëm den Hals hat et lauter kleng Schellen hänken, et huet ee gemengt de Kleeschen géif mat senge Renndéire kommen. D’Wieder huet sech lues a lues verbessert a mir si gedréchent.

p1060851

De Yann an d’Sophie sin ca. 1 Stonn gutt matgaangen, d’Weeër sin zwar stengeg, awer breed an net geféierlech, mat herrleche Vuen, wou een och hikuckt! Dunn hat de Yann liicht d’Flemm an d’Päerd koum fir d’éischt an den Asaz. Stolz wéi Oskar souz de Yann ganz sécher um Päerd an hat verstanen wéi een sech misst beim biergop oder biergof unhalen. Ech war net sou relax, well ech ëmmer gefaart hun, hie géif hannerzéch erofkippen, wann d’Päerd d’Trapen eropgelaf ass. Jo, dat kënnen d’Päerd p1060731hei vom Feinsten! An Trap erof ass och kee Probleem. Zum Gléck ass d’Päerd sou schnell gaangen, dass ech souwisou net no koum, a wat een net gesäit fäert ee bekanntlech jo och net.

Mir sin engem Dall nogaangen, ëmmer erëm si mer duerch kleng Dierfercher komm, mat Teahouses a Guesthouses, mat schéine stengenen Haiser, mat faarwege Fënsteren. Gebietsfändelen sou wäit ee kucke kann, Chorten, wou ee muss lénks laanscht goen (mir sin ëmmer erëm un den Tintin au Tibet erënnert gin), Gebietsrullen, Waasserfäll an alles gréng, gréng, gréng. Wann mol d’Wollekendecken opgaangen ass, dann huet een wäiss Bierger iwwert deem Gréng gesinn, sou héich uewen, dass ech ëmmer neess ganz erstaunt war. An den Alpen brauch een de Kapp ni sou héich ze hiewen.

Du koum di 1. Hängebréck. Eng zimlech wackeleg Geschicht. D’Kanner ware begeeschtert. Ech net sou, mee ech konnt mer jo näischt umierke loossen. White-knuckled, sin ech mam Yann un der Hand driwwer gaangen. Dono sin der nach méi komm an et ass awer bal Routine gin, zum Schluss hun ech mech souguer getraut erof an de räissende Flooss oder no lénks an no riets ze kucken an hun net nëmmen all di Plaze gesin, wou de Maschendrot futti war, deen op de Säiten d’Bréck sollt méi sécher zou maachen.

Ënnerwee sin eis Herden mat schwéier bepaakten Hybrid-Yaken entgéint komm: D’Mamm ass eng Kou (jo, jo, immens witzeg, haha.) an de Papp ass ee Yak. De Yaken ass et op dëser Héicht vun ca. 2500m nach ze waarm an déi hu merp1060665 réischt méi spéit, op knapp 4000m gesinn, zum Yann senger grousser Freed (déck Beess an den Zikkel 1 op Bëschrued!! 😉 ).

A mir hu Leit gesin, déi onfassbar schwéier Saachen um Bockel geschleeft hun, dat kann een sech guer net virstellen.

No e puer Stonnen si mer zu Phakding ukomm. Do hate mer ee relativ spartaneschen Hotel, wou d’Sophie an ech an engem Zëmmer waren an op där enger Säit vun der Mauer dem David a Yann hir Topechkeeten héiren hun an op der anerer Säit vun der Mauer de Schnarchconcours vun de Porteuren konnten nolauschteren. An der Nuecht an och moies war et äiskal, mir hu voll ugedoen a mat Mutz a Schal geschlof, mee dat huet de Kanner guer näischt ausgemaach!

Leave a Reply