No eisem resting day hu mer eis op Tengboche erop gemaach, déi schwéierst Etapp ca. 5 Stonnen, mat vill biergof an dono leider nach méi biergop bis op 3800m.
Eise léiwe Päerdsmann hat matgeduecht a sécher meng Bedenken iergendwéi gespuert, well hien hat ee klenge Baudrier organiséiert fir de Yann an d’Sophie um Suedel vum Päerd festzestrécken, sou dass si net méi konnten eroffalen. A wann d’Päerd mat de Kanner drop an eng Schlucht fällt oder d’Trapen eroffällt oder op der Hängebréck stolpert, oder ausrëtscht, oder….??! Aaargh, et ass net schéin wann een zevill eng lieweg Phantasie huet…!

D’Wieder war neess net extra. Mir hun haaptsächlech Wolleken gesin, dotëschent waren och Opklärungen an da waren d’Vuen eemoleg!
Am Ufank war de Wee immens breed a mir hun eis éischt richteg Yake gesin. Wann déi kommen muss een sech séier ewech maachen, well déi sin e bësse beschränkt (grad sou wéi d’Hybrid-Yaken) a gin einfach ëmmer stur weider, eegal op do een oder eppes an de Féiss steet oder net. Mir hun dee breeden a kamoute Wee “Yak-Autobunn” genannt.
Mir hun wéi di Deeg virdrun am Fong keng Pause gemaach, ausser fir d’Mëttegiessen. Dat hu mer bei der läschter Hängebréck gemaach an dono goung et zimlech steil 600 Héichtemeter erop. De Yann, aka Billy the kid, war zefridden um Päerd an ass de ganze Wee erop geridden. Ënnerwee hun d’Leit sech all no him ëmgedréint a gelaacht, Fotoen vun him gemaach oder Kommentare gemaach, wéi “Where can I get a horse like that?” “Can I ride?” “Hey little boy, take me with you!!” Et sin am Fong keng Kanner hei op den Trekken ënnerwee, dofir fale mir wierklech zimlech op.
Mee eigentlech war d’Sophie de Star! Hatt huet eis all absolut beandrockt!! Hatt ass de ganze Wee wéi eng Bierggeess eropgelaf. Ausser Otem? Nö. Been midd? Nö. Flemm? Nö. Ech hat d’Gefill, wat mir méi héich erop komm sin, wat hatt besser a Form war. An dee ganze Wee geschwat!!! Ech hat wierklech Krämpes nach matzehalen. Hatt ass dotëschent nach op Fielse ronderëm geklotert, ronderëm gesprongen an huet steil Ofkierzungen geholl, wou de Ramsey dunn hannendrun huet missten laatschen a bestëmmt e puermol geflucht huet. Mir hun neess vill midd Leit iwwerholl, déi net méi konnten. A si hun all ongleeweg gekuckt, wann d’Sophie do gespronge koum. Ech war sou houfreg, dass ech bal geplatzt sin!! Hatt krut di ganzen Zäit Komplimenter a souguer Applaus vun aneren Trekker an ech hun alt neess heemlech eng Tréinchen verdréckt, dës Kéier vu stolz a vun Erliichterung, dass alles sou phantastesch geklappt huet!

D’Arrivée zu Tengboche, wou mer extra higekraxelt waren fir dat berühmtent Klouschter an di legendär Vue ze gesinn, war net wierklech beandrockend, well mir hu vu lauter Niwwel just schemenhaft d’Klouschter gesinn a vun der phänomenaler Vue war natierlech och näischt ze gesinn. Schued. Oder wéi d’Sophie et formuléiert huet: “Firwat si mer iwwerhaapt heihi komm, wann ee souwisou näischt gesäit?” 20 Minutten vun Tengboche ewech war eise léiwe klengen Hotel (mat Heizdecken ;-), wou mir eemol geschlof hun.