Zu Tengboche huet et di ganz Nuecht wéi mat Eemere gereent. Dat war net grad gutt dir d’Stëmmung, virun allem, well mer dun dem David äddi gesot hun, deen sech frou gemutt zesumme mam Ramsey an deem aarme klenge Porteur op säi Wee Richtung Imja Tse (Island Peak) gemaach huet.
De Rajees an den Ahmid si mam Sophie, Yann a mir neess zréck ca. 4 Stonnen op Namche Bazar getrëppelt. An dat war eng kleng Erausfuerderung, well mir ware knapps zum Hotel eraus, du ware mer wierklech scho bis op d’Haut naass a kal, trotz Händschen, Mutz, Schal a Reegezei.
Eise léiwe Päerdsmann

hat och dës Kéier neess matgeduecht an ee Plastik organiséiert fir iwwert de Kanner hir Been ze leeën wa se geridde sin, well si um Päerd nach méi naass gi sin, wéi beim Goen. Trotzdeem hu si no e puer Minutte scho vu Keelt geschlottert. Si sin dun ee groussen Deel biergop zu 2 um Päerd geridden an ech war erliichtert wéi mer ee groussen Deel vum Wee hannert eis haten an endlech an engem Teahouse Mëttespaus gemaach hun.
D’Kanner hun allenzwee vu Keelt gekrasch an ech hätt mech kënne verrauen, well hir Reejacketten (am Géigesatz zu menger) kee Fatz waasserdicht waren, obwuel ech se doheem nach eemol traitéiert hat an zu allem Iwwerfloss waren och nach bal all d’Ersatzkleeder, déi ech fir si a mengem Rucksak hat, naass.

Am Teahouse waren se immens léif an hun direkt den Uewen fir eis ugefaangen, Decken a waarmen Téi bruecht. De Yann krutt vun der Sherpa Madamm, déi mech zwar e bësse virwurfsvoll bekuckt huet, seng äiskal Féiss masséiert, hien hat richteg den Neelchen. Di naass Saachen hu mer bei den Uewe gehaangen, wat zwar och net vill bruecht huet. Mee wéi dat bei de Kanner gottseidank sou ass, war noch ca 15 Minutten neess alles gutt. Si haten sech erkritt an hunn neess Topechkeeten gemaach. No enger gudder Stonn Rascht a waarmem Iessen, wosste mer dass d’Yak-Autobunn an Namche Bazar net méi wäit ewech wieren, de Reen hat e bëssen nogelooss a mir sin ness voll motivéiert di läscht Kilometeren gaangen. Mee ech muss gestoen, dass ech wierklech frou war, wéi mer zu Namche an eisem Super-Deluxe-Hotel (no nepaleseschem Standard) ukomm sin (mat Heizdecken an heiansdo wootlechem Waasser).
