Namche Bazar

Zu Namche Bazar sin d’Kanner an ech eng Rei Deeg alleng bliwwen, während den David mam Ramsey a mat eisem klenge Porteur Norbu op Expeditioun op den Island Peak (oder Imja Tse) gaangen ass. Wéi laang dat genee géif daueren wosste mer net, well dat eeben och vill vum Wieder ofhänkt. Mir waren awer ganz gutt zu Namche opgehuewen, an engem schéinen Hotel, mat Vue erof op Namche. Mir haten och 2 Babysitter dogelooss kritt: Den Amid an de Rajees si bei eis bliwwen. Och do ass d’Hierarchie allerdéngs héichgehale gin: Virdrun huet just de Ramsey mat eis um Dësch dierften iessen. Lo huet de Rajees déi Plaz ageholl an den Amid huet weiderhin missten an der Kichen iessen. Dat ass fir eis iergendwéi schwéier ze verstoen, mee bei hinnen ass dat einfach sou. Jiddereen soll sech eropschaffen. A bis dohinner dierf een eeben net zevill pipeg sin.

p1070406

Yaken lafen d’Trap op an der “Haaptstrooss” zu Namche

Namche ass eng kleng Stiedchen, déi offensichtlech op Touriste spezialiséiert ass, déi do während der Saison en masse defiléiren. Et kritt een ALLES zu Namche: Vum Toilettepobeier, iwwert Mutzen, Toblerone a souguer NUTELLA!!! Deen ass zwar e puer Deeg méi spéit ofgelaf, a war och zimlech grimmeleg, mee dat war ganz eegal!

 

 

20160930_112255
Mam Rajees an dem Amid op engem Ausfluch mat Vue op Namche Bazar erof.
20160930_122245
D’Sophie an de Yann raschten bei engem Fiels mat tibetaneschen Gebieder

Mir hu séier eng kleng Routine zu Namche entwéckelt, mat moies homeschooling, mëttes Lunch zu Namche an engem klengen Ausfluch entweeder an d’tibetanescht Klouschter, an de Musée oder einfach een Trëppeltour. Mir ware bal di ganzen Zäit di eenzeg Gäscht am Hotel a goufe schéi verwinnt!

Am Endeffekt ware mer guer net sou laang alleng zu Namche wéi gemengt. Ech hat mat ca 10 Deeg gerechent, déi den David fir säi Sommet aller-retour géif brauchen, mee am Endeffekt hat hien a Rekordzäit de Sommet erreecht a war schon no 6 Deeg frou a monter neess bei eis. Bis dohinner haten d’Sophie a virun allem de Yann sech ganz gutt mat eisen 2 Guiden amséiert. Virun allem den näischnotzegen Amid war wierklech witzeg. Hien huet zwar bal kee Wuert englesch geschwat, mee trotzdeem sin de Yann an hien stonnelaang Hand an Hand do getrëppelt an hu mateneen geschnësst an Dommheete gemaach. 100 000mol hun de Rajees an den Ahmid de Kanner missten op ee klenge Fiels erop noklammen oder si hu sech mat Bängelen bekämpft.

Owes beim Nuechtiessen huet de Rajees mer a gefilltener Echtzäit di ganz geo-politesch Situatioun vum Nepal vun de läschten 200 Joer erzielt. War ganz interessant! Deen eenzegen klengen Hoken war, dass de Rajees (an och de Ramsey an den Amid) Hinduen vu Kathmandu sin, a wierklech alles iwwert di interessant Hindu-Kultur wossten, mee leider net grad sou vill iwwert d’Géigend hei, d’Sherpa-Kultur an de Buddhismus aus dëser Regioun wossten.

Leave a Reply