Kathmandu, Bhatktapur City an eng kleng Liebesgeschicht zum Schluss…

Zréck zu Kathmandu fir eise läschten Dag am Nepal, huet de Ram, vun Alpine Eco Trek, eis mat Bhaktapur geholl, wou mer eng kuerz Visite Guidée haten.

20161012_122028
Di gréisste Pagoda aus dem Nepal, 32m héich

Wéi Kathmandu Durbar Square ass Bhaktapur eng Anlag vun Tempelen, Pagoden a Paläst, di eelst Deeler dovun sin 1200 Joer al. Et ass neess eng Plaz déi éischter vun der Hindu-Kultur geprägt ass, mee och vu Buddhisten veréiert gëtt, wat de Ram och net erstaunlech fënnt, well schliesslech waren dem Buddha (also dem Siddharta) seng Elteren, Hinduen. De Buddha gouf iwwregens am Nepal gebuer, säin Heemechtsduerf Lumbini ass eng Pilgerstätt am Süd-Westen.

20161012_123208
De Palast vun de 55 Fensteren.
20161012_121513
Pottery Square. De roude Lehm gëtt e puer Meter nierwendrun aus dem Buedem geholl, divers Keramik-Utensilien gin op rustikalen Dréischeiwen geformt an dann an d’Sonn geluecht fir unzedréchnen. Dono gi se am Uewe gebrannt.
20161012_121419
Lehm-Uewen

 

 

 

 

 

Lunch mat vue op eng Pagoda. Wann een déi géif an der Mëtt duerchschneiden, géif een iwwregens di speziell Form vum nepalesesche Fändel kréien.
Lunch mat vue op eng Pagoda. Wann een déi géif an der Mëtt duerchschneiden, géif een iwwregens di speziell Form vum nepalesesche Fändel kréien.

De Ram an d’Sangita♥♥♥

Sou. An elo nach eng kleng romantesch Geschicht, wéi Bollywood se net besser kéint schreiwen! All Bouwen an onromantesch Männer kënnen hei ophale mat liesen.

Also beim Lunch huet de Ram eis e bëssen aus sengem Liewen erzielt. Sai Cousin Ramsey, eise Guide am Himalaya, hat eis erzielt, dass hie selwer een “arranged marriage” hat. D.h. de Ramsey huet seng Fra virum Bestiednis net kannt, mee déi 2 Familjen haten de Partner  erausgesicht, “suitable” fonnt an di Saach arrangéiert. Ech wosst net, dass dat nach ëmmer usus wier an den Hindu Familjen, mee scheinbar ass dat ganz normal. Et ass wichteg, dass een a senger Kast (op kee Fall ënnert sengem Stand) bestued gëtt an och d’Mitgift fir d’Braut ass net onerheblech.

Abee, beim Ram a Sangita war dat anescht.

De Ram kënnt aus engem klengen Duerf an de Bierger. Seng Famill gehéiert zu enger Mëttel-Kast, déi et sech awer net leeschte konnt, hire Jong op de College op Kathmandu ze schécken. De Ram huet dat awer iergendwéi, mat Prêten asw., fäerdeg bruecht. Am College zu Kathmandu huet hien d’Sangita getraff, ee Meedchen aus guddem Haus aus dem Flachland. D’Sangita huet zur Famill vun de Brahmanen gehéiert, also där allerhéichster Kast. Di zwee hu sech gutt verstanen, mee ausser heiansdo telefonéiren an smsen ass näischt geschitt. Och nom College si si sou a Kontakt bliwwen. De Ram huet missten direkt nom College schaffe goen, fir seng Studien zréck ze bezuelen, hien huet sech als Porteur a Guide kromm geschafft. D’Sangita hat eng Aarbecht als Rezeptionistin am Hyatt Hotel ***** zu Kathmandu fonnt.

Bis enges Dags, d’Sangita dem Ram geschriwwen huet, seng Famill hätt ee passende Mann fir hatt erausgesicht an hätt géif deemnächst bestued gin. De Ram huet net laang gezéckt an dem Sangita gesot, hie wéilt sech och deemnächst bestueden, ob hatt sech dann net léiwer géif mat him bestueden. D’Sangita war direkt d’accord, mee hatt huet natierlech missten seng Famill froen.

Dem Sangita seng Mamm war averstanen, mee säi Papp a seng Bridder waren zimlech opbruecht: Ee frieme Mann, aus enger méi niddreger Kast, iwwert dee si guer näischt wossten an och nach aus enger ärmlecher Regioun! Si waren dogéint. Och dem Ram seng Famill war skeptesch.

Also sin de Ram an d’Sangita ganz alleng enges Dags bei een Tempel gaangen. An der Entrée vum Tempel huet de Ram dem Sangita roude Pudder an d’Mëtt vum Kapp geträufelt an dat war d’Zeechen dass si bestued waren. D’Götter aus dem Tempel waren hir Zeien.

No der ufänglecher Roserei hu sech d’Familjen awer berouegt, an haut hun di 2 Familjen ee schéint Verhältnis a jiddereen ass frou a souguer houfreg iwwert de Ram an d’Sangita. Si hun 2 schéi Kanner kritt, e Meedchen an ee Jong. A wa se net gestuerwe sin…

20161012_122510
De Ram ass iwwregens dee léiwe Mann lénks ënnen…

Aaaaah! (Schued dass ech keng Foto méi hun vun engem kitschegen Sonnenënnergang…)

Dat war dach mol ee schéinen Ofschloss fir eise Bericht aus Nepal. Mir haten eng wonnerbar Zäit hei a sin zimlech sécher dass mer net fir d’läscht hei waren. Merci Ram, Ramsey, Amid, Rajees an all deenen aneren léiwen a frëndlechen Leit, déi mer hei kenne geléiert hun!!

Leave a Reply