Nihao aus China!
Mat enger Tréin am Knapplach si mer vu Kathmandu, via Hong Kong op Beijing gejet.
Eise Laptop huet an Tëschenzäit de Geescht opgin an et ass zimlech mühsam op der Tablet ze tippen, dofir faassen ech mech vläicht deemnächst méi kuerz…
Also d’Arrivée zu Beijing war net flott. Mir ware ganz pünktlech, mee stoungen dunn an enger kilometerlaanger Schlaang fir duerch eng Onmass vu Kontrollen ze goen, grad dat Richtegt, well d’Sophie hat Mokrämp (war zum Gléck zwar e puer Minutte méi spéit erëm gutt!).
Bei der Sortie huet ee muffegen chinesesche Guide op eis gewaart, dee komescht Däitsch geschwat huet, wat e bësse befremdlech war. Mir haten déi 14-Deeg-laang Reess organiséiert gebucht, bei der éisterräichescher Agence Travelkid. De Bao, Ufank 50, hat an engem crash-course zu Dortmund Däitsch geléiert. Eenzege Sympathie-Punkt deen hie lo vu ville Frënn doheem kritt: Hie war grousse BVB Fan!
Mam Taxi hu mer iwwert 1 1/2 Stonn bis an eisen Hotel gebraucht, de Verkéier zu Peking ass nach 100mol méi schlëmm wéi eng journée noire op de franséischen Autobunnen! Di éischt Impressiounen vu Beijing: gro an trostlos. A leider ass déi Impressioun och di nächst Deeg bliwwen.


Eisen Hotel par contre war immens schéin: Een tippeschen ale Bau, iwwer 400 Joer al, mat Bannenhäff a roude Lanteren. Den Hotel war matzen an den hutongs, klenge verwénkelte Gaassen mat traditionelle Wunnhaiser, Butticken a “Friess-Stänn”.
Di Gaassen, oft Foussgängerzon, awer och mat Elektro-Motorrieder an E-Bikes déi ee bal net héiert wa se sech vun hannen eruschläichen, ware sou vollgestoppt mat v.a. jonke Leit, dass mer mat eisem Gepäck bal net doduerch komm sin. An 90% vun deene Leit waren am gaangen eppes ze knätschen.

Et ass onfassbar wat mir bis elo un “Iesswueren” hei entdeckt hun! Hei just eng kleng Kostprobe: Schildkröten, Fräschen, allerlee Geträips, Schwéngsrüsselen, Schwéngsféiss (minimum 1-2mol d’Woch ze consomméiren, dir Dammen, well déi maachen eng schéin Haut. Aha.), Jelliskäpp, agemaachen Lotuswuerzelen, Seegurken, faul Eeër, Hënn, Kazen, Héngerféiss, Intenzongen. Um Spiess gëtt och vill Exotesches ugebueden, dat ass sou praktesch fir an der Strooss während dem Goen ze verschléngen: Fritten um Spiess, glaséiert Schleeken, frittéiert Tëntefësch, Mueden, Heesprénger, Libellen, déck Beien, allméiglech ondefinéierbar creepy crawlies, Skorpiounen an nach Villes méi. Et gëtt natierlech och di méi normal Saachen, wéi beim Saui am Préizerdall! Mir sin sou langweileg, dass mir bis elo éischter bei deene Klassiker bliwwe sin…
Op alle Fall si mer deen nächsten Dag mam ondynamesche Bao, duerch vill Stauen, bei d’chinesesch Mauer gefuer.

Hien hat awer eng gutt Iddi, well hien huet eis bei een Abschnitt bruecht deen net vill besicht ass. Et war neess gro an niwweleg, de Bao sot, dat wier effektiv Smog, a mir hu scho gefaart, mir géifen d’ Mauer guer net ze gesi kréien. Dat war awer net de Fall: Op eemol war se do a si huet sech lénks a riets vun eis impressionant géi iwwert Bierg an Dall geschlängelt!
Mir sin Dausende vun Trapen eropgeklotert. Deelweis war et wierklech immens steil, mee lénks a riets kann ee sech u Glänneren unhalen. Am Ufank waren nach méi Touristen drop, mee wat mer méi héich komm sin, wat mer manner Leit begéint hun a wat d’ Wieder an d’ Vue ëmmer besser gi sin. Et war wierklech beandrockend! Mir sin iwwer 300 Héichtemeter erop gaang, laanscht eng Rei Wuechttierm an et konnt een sech gutt virstellen wéi virun Honnerte vu Joren d’Wiechter do patrouilléiert sin fir hiirt Dall virum Dschingis Khan sengen Horden ze verteidegen. D’Mongolen sin op dëser Plaz zwar ni opgetaucht. No iwwert enger Stonn trap-op war et dunn eng Belounung all di Trapen neess erof ze lafen.

Nodeems mer moies schon eng Jade-Fabrik kucke waren, si mer no der Mauer fir d’Mëttegiessen an eng Vase-Fabrik kutschéiert gin. Mir wossten iwwerhaapt näischt vun deem Programm, mee scheinbar ass dat sou ee Marketing Trick: Et gesäit ee wuel wéi di Saache vun Hand gemaach gin, an dat ass wierklech interessant, mee u sech ass et eng Zort Butterfahrt oder Verkaufsveranstaltung.
Gottseidank war dat dee läschten Dag mam onsympathesche Bao, deen Dag drop si mer op eege Fauscht Beijing exploréire gaang.


Mam Taxi hu mer eis op d’Tiananmen Plaz féire gelooss. Et war neess grot Wieder, wat gutt zu der steriler, groer Tiananmen Plaz gepasst huet. Et huet een direkt missten un d’Biller vun der Studenterevolutioun denken, un déi iwwerfëllte Plaz an un d’Panzeren. Wéi och schon den Dag virdrun ass eis di grouss Police- a Militärpräsenz a ganz Beijing opgefall. E puer mol hu mer missten eis Päss weisen an eis Poschen a Rucksäck sin duerchsicht gin.
Direkt bei der Tiananmen Plaz steet dem Mao sai risegt Mausoleum, wou ee sain abalsaméirte Kierper ka kucke goen – nee merci – an op der anerer Säit ass d’ Entrée fir an di Verbuede Stad, wat eist Zil war. A contrairement zur grousser Mauer den Dag virdrun, ware mir net alleng an der Verbuedener Stad: Onmasse vu chineseschen Touristegruppen hu sech eragedréckt, virdrun ass ee Guide mat Fändel gelaf an huet an ee Megaphon gebläert. Richteg ongemittlech.
An der Entrée huet een iwwerdimensionale Portrait mam Mao senger ellener Binett meng Laun nach weider gedréckt.
Ech muss zouginn dass d’Bauwierker vun der Verbuedener Stad wierklech bombastesch a beandrockend sin. Mee di vill, a virun allem haart Leit dobannen, hu vill vum Charme ewech geholl. An ech hun neess missten drun denken, dass dës total iwwerdimensional grouss Anlag just fir 1 Mënsch, de Kaiser, opgeriicht gouf. Während Jorhonnerten huet de Kaiser aus der Qin-an dono Ming-Dynastie, wéi an engem Elfenbeinturm an dëser Stad an der Stad gewunnt, an déi kee vu baussen huet dierfen eran.
Wéi 1911 dee läschte Kaiser verdriwwe gouf, ass de Persounekult an der Persoun vum Mao praktesch riicht viru gaangen.
A wat fir een onvirstellbare Misär dat mat sech bruecht huet ass gewosst. Dofir ass et fir eis ganz schwéier ze verstoen an ze akzeptéiren, dass de Mao nach sou omnipräsent zu Beijing (an a ganz China) ass. Den David huet probéiert Erklärungen dofir ze fannen, mee mech huet dat einfach nëmme schrecklech depriméiert.
Soit, net nëmmen d’Paläst vun der Verbuedener Stad goufe vun de chineseschenTouristen vill fotographéiert (ganz vill ganz dämlech Selfien…), mee eng Haaptattraktioun deen Dag waren… d’Sophie an de Yann! Wéi schon am Nepal hu si missten enorm oft mat säuerlechem Lächelen fir Chinese poséiren, déi eis Laangnuesen (sou nenne si eis westlech Leit) anscheinend immens witzeg fonnt hun. Deelweis weisen d’Leit an de Stroosse wierklech mam Fanger op eis oder ruffe séier hir Kanner fir sech di kurios Mënschen ukucken ze kommen. Westlech Touriste falen op.
No e puer Stonnen an der riseger Verbuedener Stad hate mer ëss genuch an hun eis bei der Sortie eng Rikscha gefrot, fir eis bei den Trommeltuerm féiren ze loossen. Ech hun haart misste verhandelen a krut de Präis fir eis Fahrt ëm d’Halschecht gedréckt. Jo, ech gi sou lues knallhaart am Feilschen! D’Rikschaen si klapprech E-Bikes, mat e puer Sëtzplazen fir Touristen hannendrop. Et ass keng Sklaventreiberei, well eise Rikscha-Mann huet keng eenzeg Kéier pedaléiert! Duerch d’hutongs si mer – natierlech mat Arrêt beim Schäiss-Mao sengem Haus – bis an d’Géigend vum Trommeltuerm gefouert gin. Ech war den Dag virdrun schon alleng dohinner gaangen. Mir sin den Tuerm eropgeklommen, wou ëmmer um halwer eng Trommelvirféirung ass. Dës Trommen hate jorhonnertelaang di selwecht Funktioun wéi eis Kiercheklacken. 7 Leit hu rhythmesch op di riseg Trommelen agehummert, zimlech cool!


Den Dag dono war eis Zuchreess op Shanghai geplangt an den David an ech ware richteg frou aus dem groen, strengen an onfrëndlechen Beijing eraus ze kommen. Leider behale mer kee schéine Souvenir un dës Stad… Wa mer vläicht e puer Deeg méi laang hei gewierscht wären, hätte mer eis Meenung nach eventuell geännert, schliesslech hu mer just ee Brochdeel vun där riseger Stad erkundschaft.
Mat engem TTTGV (train très, très, grande vitesse) si mer mat iwwer 300km/h a knapp 5 Stonnen déi iwwer 1000km bis op Shanghai gedüst. Ënnerwee huet d’Landschaft enttäuscht: Platt, gro an trostlos.
Zu Shanghei, op der ultra-moderner Gare, huet eisen neie Guide, de Reo, eis empfaangen. Hie war jonk an dynamesch an huet och zimlech gutt verständlecht Däitsch geschwat. Hien huet eis erkläert, Shanghai wär Shanghai, an net China. Bei hinne géif weeder d’Vergaangenheet, nach d’Politik eng Roll spillen, mee eenzeg an alleng d’Zukunft a virun allem d’Suen. Si wéilten eng modern, westlech Stad sin an “wenn Chinesen kommen zu uns, aus andere Städten, wir verachten!” Hmmm, sympathesch. Och als westlech Touristen hate mir di 2 Deeg zu Shanghai (scho wéi zu Beijing) net d’Gefill wëllkomm ze sin: Kee Lächelen, kee Moien, keen Äddi oder Waschglift.
De Reo huet ALLES comptabiliséiert: Mir wësse lo wivill d’Chinesen an der Stad an um Land verdéngen, mir wësse wivill een importéierten Auto a wivill eng chinesesch Copie dovu kascht, een Nummereschëld fir op der Shanghai-Autobunn an der rush-hour ze fueren kascht 10 000 Euro (!), mir wësse wivill Yuan Steieren ee muss bei Aktie-Kaf a -Verkaf bezuelen, frot eis wann der wëllt wëssen wivill Punkten um Führerschäin a wivill Yuan ee verléiert bei engem Prottekoll, wéivill de Quadratmeter an der City an ausserhalb kascht, asw. asw. asw. Mir stoungen neess laang am Stau, dofir war alles ganz am Detail. An d’Sophie an de Yann déi Zäit? Si haten sech et neess hannen am Taxi gemittlech gemaach an hu geronkt. Zu Shanghai wunne momentan ca. 23 Millioune Leit. Dat ass eng Zuel déi eenorm schwankt, well Millioune Wanderaarbechter do hausen, déi bleiwen soulaang si Aarbecht op engem Chantier hun a wann hire Chantier ofgeschloss ass, an di nächst Stad zéien. Fir d’Weltausstellung hu méi wéi 30 Milliounen (an eng Gëlle Fra) zu Shanghai geliewt, well do riseg Baustellen ee ganz neie Quartier aus dem Buedem entstoe gelooss hun. An ca. 10 Joer rechne se domatt, dass “just” nach en Populatioun vun ca. 17 Millioune Leit ze erwaarden ass, well Shanghai ass net méi an Expansioun an d’Chantieren gin ëmmer méi rar.

De Reo huet erzielt, dass d’Regierung decidéiert, wéi eng Stad oder Géigend a China wuesse soll an da gëtt extreem investéiert a massivst gebaut, och wann et net wierklech ee Grond dofir gëtt an d’Leit dat net gefrot hun oder brauchen. Mam Resultat dass Geeschterstied an eidel Quartieren entstinn.

Am Hotel ukomm, sin d’Kanner an ech do bliwwen an den David ass e bëssen op Entdeckungstour gaangen.

Deen nächste Moien si mer mam Reo an d’Waasserduerf Zhujiajiao, mam Stau iwwer 2 Stonne vum Hotel ewech, gefuer. Dës touristesch Stiedchen gëtt och Venedeg aus dem Osten genannt, mat Kanäl, Bréckelcher a “Gondelen”.

De Reo huet eis verschidden “Delikatessen”, déi an den enke Gaasse verkaaft goufen, gewisen an erkläert. A verschiddenen Gässelcher huet et ganz eeeeekleg no Sténk-Tofu gemëffelt!

Bei der “Freilassungsbrücke” krut ee Goldfësch a Schildkröten ze kafen, déi engem Gléck bréngen, wann een se do um Ufer fräi léisst. Leider verpflicht een sech domatt och, während dem Räscht vu sengem Liewen déi Zort Fësch oder Schildkröt net méi ze iessen, well dat logescherweis d’Gléck géif zerstéieren. De Reo huet geroden Koi-Fësch fräi ze loossen, déi schmaachen net gutt. Hmmm, lo fällt mer an, dass hie vergiess huet eis ze soen, wat sou ee Fëschelche kascht!
D’Seidenspinnerei (neess sou eng Verkaufsveranstaltung) hu mer si gelooss a si fir d’Mëttegiessen zréck op Shanghai gekroch an d’Sophie an de Yann hun rëm eng Ronn am Taxi geschlof.

Nom Iessen an engem tippeschen Shanghai-Lokal, wou mer dem Reo äddi gesot hun, si mer alleng viru gaangen.
Duerch d'”Groussgaass” si mer bis bei de Bund getrëppelt, di berühmste Plaz vu Shanghai, wou di eng Säit vum Floss Huangpu al Gebaier am Kolonial- a Art-déco-Stil stinn an di aner Säit di nei, blénkeg an impressionant Wolkenkratzer.
Den David hat dee Parcours iwwregens schon den Owend virdrun gemaach a krut do vu villen Dammen matzen am Gewulls op der Strooss zimlech eendäiteg Angeboter gemaach: “Helloooo, are you alone?” “If you want, you can have very beautiful, young woman to accompany you!” A wat sot dee gudden David?! “No, thank you.” Tjo, déi Chance kënnt ni méi rëm.
Um Bund si mer neess mat engem hop-on, hop-off Bus gefuer, wou mer kamoud d’Stad a groussen Zich gewisen an neess a schwäbeschem Däitsch iwwer Kopfhörer erkläert kruten. Onerkläerlech war just di extreem haart kubanesch Musék tëschent den Erklärungen, déi sou iwwerhaapt net gepasst huet!
D’Dämmerung huet ugefaangen an d’Liichtercher sin iwwerall ugaangen. Beim Busticket war eng Bootsfahrt vun 1 Stonn dobäi. Mir ware just zu 12 a sin bei engem Ponton an e klengt luxuriéist Motorboot geklommen. D’Fahrt am Däischteren iwwert den Huangpu war herrlech! Mir konnten eis sat kucken!
Dono war et spéit a mir hun eis gutt zerstruddelt a sin no relativ kuerzer Zäit mam Metro zréck beim Hotel ukomm. Et war ee laangen an intensiven Dag an d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si mat de Kleeder an d’Bett gefall sin.
Deen Dag drop si mer moies am Hotel bliwwen, hu gerascht, e bëssen geléiert a gepaakt a sin um 12 Auer op de Flughafe gefouert gin. Och dëst Gebai war fonkelnei a blénkeg. Mir hu ganz pünktlech geboard fir eise Vol op Lijiang, ganz am Weste vu China. An du souze mer 3 1/2 Stonn am sténkeg, waarme Fliger um Buedem a kee sot firwat et net lass gaangen ass. Ech war zimlech granzeg, mee d’Kanner hu sech beschäftegt an dat net sou wëll fonnt. Endlech si mer fort geflunn a réischt géint Mëtternuecht zu Lijiang geland.