Sou, mir sin endlech fort!!
De Bopa huet eis op de Findel gefouert, vun do aus si mir mam Flibco op Frankfurt op de Flughafen gefuer. Do si mir dunn éischt Zweifel komm, ob mer net awer e bësse vill Gepäck hätten, well mir hun eis futti geschleeft zu Frankfurt: Aus dem Flibco vum Terminal 2 mam Bus op den Terminal 1, vun do aus war et onméiglech ee Shuttle fir an eisen Hotel ze fannen an ausserdeem ware mer ëmzingelt vu verschweesstenen a granzegen Leit. Méi spéit hu mer erausfonnt, dass een Terminal evakuéiert gi war wéinst enger Aart Terror-Alarm an dowéinst hu ganz vill Leit hire Vol verpasst, wat déi schrecklech Stëmmung erklärt huet… Mee dono war alles ok a mëttlerweil si mer besser organiséiert mat eisem Gepäck an et geet am Fong.
Den 1. September, um David sengem 44. Gebuertsdag (an um Colline sengem 1. Gebuertsdag!!) si mir dun op Hong Kong geflunn mat Cathay Pacific. Et war ee laange Vol vun iwwer 10 Stonnen, mee d’Kanner waren super!
Den 2. September moies si mir zu Hong Kong ukomm a waren direkt begeeschtert. De Flughafen ass super modern a richteg futuristesch, et ass iwwersiichtlech a gutt organiséiert, wéi alles zu Hong Kong, den Taxi huet eis a kuerzer Zäit bis an eisen Hotel op Kowloon bruecht. Den David ass sech ës net zoukomm wéi changéiert Hong Kong ass. Hie war fir d’läscht viru 27 Joer do an deemools hu ganz Quartieren nach net bestanen a sin elo aus dem Buedem geschoss: D’Mier gouf verdrängt, de Buedem opgeschott an onzähleg nei Wolkenkratzer si bäikomm. Mir haten ee wonnerbaren Hotel zu Kowloon an aus eisem Hotelszëmmer um 10. Stack hu mer flatsch op d’Victoria Bay gesinn an Hong Kong City vis-à-vis.
Mir hun eng kleng Mëttesrascht gehalen a well et gereent huet, si mer nierft dem Hotel an den 3D-Kino gaangen an dono si mer nach e bëssen laanscht d’Promenade an duerch d’Nathan Road spadséiert an de Yann an d’Sophie hun iwwert di 100000 Bijouterien an Auerebutticker gestaunt. Owes um 8 Auer ass ëmmer Son et lumière iwwer Hong Kong City, wat mir vun eisem Hotelszëmmer aus gekuckt hun.
Deen aneren Dag hate mer nach bis 4 Auer Zäit éier mer hu missten op de Flughafe goen. Mir sin mat der legendärer Star Ferry (fir 1 Euro pro Persoun, et war Samschdeg an dofir méi deier wéi an der Woch 🙂 ) vu Kowloon op Hong Kong City gefuer.
Et war fierchertlech waarm mat ganz héicher Loftfiichtegkeet a mir sin haaptsächlech duerch klimatiséiert, endlos grouss a schick “Belle-Etoilen” getrëppelt bis praktesch virun den Zuch, mat deem een op Victoria Peak erop fiert. Et war eebe Weekend a vill Leit ënnerwee an och beim Zichelchen laang Schlaangen. Mee et war dowäert, well d’Vue war wierklech schéin an dat bescht war, dass mer uewen an där Statioun SUSHI giess hunn, de Yann war am Himmel an dem Sophie hat et och exzellent geschmaacht!!
Dono hu mer eis e bësse missten hetzen fir op de Flughafen a waren liicht an d’Schweesse komm. Am Check in souz eng schnësseg Hong Kong-Chinesin, déi eis laang a breed in schwer verständlichem Englisch erkläert huet, si wier och eemol zu Lëtzebuerg gewierscht. Si huet vun de Kasematten erzielt, mee ob se lo dra gaange war oder net konnt well se keng Mënz hat (???) wäert fir ëmmer ee Mysterium bleiwen, mir sin net ganz no komm bei hirer Story. Op alle Fall huet déi Tootz wéinst hirem Geschnëss vergiess eis Etiquetten op eis Valissen ze pechen. An esou ass et komm dass mir ouni eis 4 Valissen am Fliger op Auckland geflunn sin, grrrrr. Mir haten awer mat Zäit gemierkt, dass do eng Louche wier, well mer festgestallt hun, dass d’Ketti am Check in eis keng kleng Etiquetten matgin hat, mam Code barre, fir eist Gepäck ze tracken. Den David huet sech dunn dohannert geklemmt, ech hun alt e bëssen gepinscht an d’Ketti verbotzt, wat lo beim Gate souz an esou si mer als allerläscht an de Fliger geklommen, wou mer och nach net déi Plazen haten, déi ech reservéiert hat, mee dat war dunn och eegal. D’Stewardessen vun Air New Zealand ware ganz léif an hu sech dru gin a konnten eis schon ënnerwee matdeelen, dass eis Valissen zu Hong Kong erëmfonnt gi waren an eis géifen nofléien. De Vol war neess laang, mat 10 Stonnen, an d’Sophie an de Yann haten hir Been ganz midd a wéi an hun net vill geschlof. Ech och net, well et schléift sech net besonnesch wann een di eng Säit Féiss um Schouss leien huet an di aner Säit ee Kapp op der Schëller an engem dobäi och nach den Hënner aschléift (jo, deen huet wéinstens geschlof!).
Zu Auckland ukomm si mer dunn mit leichtem Gepäck erausgeklommen. Mee d’Areess an New Zealand ass net sou einfach: Mir wosste schon, dass ee keen Iessen dierf importéiren, mee dass eis Biergschong, wou nach e bëssen (Heemechts)Buedem dru war, ee Probleem wieren war awer e bëssen iwwerdriwwen. Mir goufen ausgesënnert a goufe verhéiert: Wou waart dir mat deene Schong? Weist se mol heihinn! Wou wunnt dir dann? Wat maacht dir dann am Bësch? Gin et Déiren an deene Bëscher? Ech hun e bëssen ongleewech gekuckt an di rabiat Madamm huet gefrot, ob ech si iwwerhaapt géif verstoen. Mee du konnte mer awer mat eise Bullis-Schong areesen. Auckland hu mer lo nach net gesin, well mer am Hotel bliwwe sin a gerascht hun an op d’Valisse gewaart hun, déi och tatsächlech an der Nuecht iwwer Ëmweeër ukomm sin!! Dem Yann säin Highlight war, dass hien eng GANZ knaschteg Ënneschtbox ënnert sengem Bett am Holiday Inn erausgefëscht huet (an ech halen drop ze preziséiren, dass se kengem vun eis gehéiert huet!!)