Lijiang
Mir si géint Mëtternuecht zu Lijiang geland. Um Flughafen huet ee frëndleche Guide, den Jack, eis ofgeholl an an den Hotel bruecht. Hien huet englesch geschwat an eis erzielt, dass zu Lijiang 22 Minderheite liewen, vun deenen di meescht hir eege Gebräicher an eege Sprooch nach méi oder wéineger bäibehalen. Di eenzel Volléksgruppen erkennt een un hire, meeschtens wonnerbar faarwegen, Truechten. Lijiang läit op 2500 Meter, wat ee richtege Genoss war: Wéi mer aus dem Fliger geklomme sin, hu mer direkt di frësch, kloer Biergloft gespuert. Mir sin definitiv keng Stadmënschen!
Am Hotel sin d’Sophie an de Yann neess an d’ Bett gefall. Mir haten erëm ee schéine Courtyard Hotel, wou d’Zëmmeren ronderëm ee Bannenhaff verdeelt sin, an deem d’ Kanner flott gespillt hun a wou mer 3 Nuechte bliwwe sin.
Lo ware mer 5 Deeg alléng, ouni Guide ënnerwee an dat war heiansdo eng Erausfuerderung! Souguer an den Hotelen schwätzt keen englesch, d’Stroosseschëlder oder d’Stadpläng sin oft nëmmen op chinesesch oder esou glungen op englesch iwwersat, dass een meeschtens”lost in translation” ass. Fir op eege Fauscht een Dagesausfluch ze plangen, huet sech als bal onméiglech erausgestallt: Et gëtt alles just fir Gruppen an net fir Eenzelpersounen organiséiert, an dat sin natierlech chinesesch Gruppen mat chineseschem Jäiz-Guide. Sou ass dem David säi Plang, fir d’Tiger-Sprong-Schlucht kucken ze goen, leider an d’Waasser gefall.
Mee d’Alstad vu Lijiang huet eis nawell ganz gutt gefall. Et ass effektiv, wéi meng Mamm gemengt huet, e bësse wéi Monschau, also immens touristesch, mat klenge Kanäl a Gässelcher voller Butticker. An iwwerall Blummen!!! Herrlech schéin! Opgefall ass, dass all d’Blummen a Blummendëppe waren an um ale Pavé vun der Stad, schéin arrangéiert, stoungen.

Zu Lijiang hu mer eis dunn 2 relax Deeg gemaach. Mir haten herrlecht Wieder! Mir sin erop op de view point vum Elephant Mountain gekraxelt (2800m) an haten eng schéi Vue op Lijiang an op den Jade Mountain vis-à-vis (5500 m). A mir si gemittlech duerch d’Gaasse vun der Alstad flanéiert… Hei waren d’Leit iwwregens vill méi frëndlech, et krut een mol ee Lächelen an och wann se net verstanen hunn wat ee wollt, hu se sech awer oft Méi gin, engem ze hëllefen.

Dali
Vu Lijiang si mer mam Bus op Dali gefuer (4 Stonnen). Ech erspueren iech di detailléiert Beschreiwung vun den Toiletten op der Busgare zu Lijiang…ech soe just: Dem Tessy säin Alpdram gouf wäit iwwertraff!!
Op enger Raststätt goufe mer aus dem Bus geschäicht, well de Bus huet misste gewäsch gin, an de Yann huet 2 Yuan um Buedem fonnt a war glécklech an all d’chinesesch Madammen aus dem Bus hu sech futti gelaacht. No enger weiderer Stonn Fahrt si mer dunn matzen op der Schnellstrooss an der Pampa erausgehait gin. A wéi kënnt ee lo op Dali? Kee Probleem, ee jonke Mann huet eis fir 6 Euro iwwert eng hallef Stonn weider bis an den Hotel gefouert. Gottseidank hate mer d’Adress vum Hotel op chinesesch, soss géife mer lo nach op der Autobunn stoen…
Dali war zimlech ähnlech wéi Lijiang, mat enger schéiner Alstad, mat deene selwechte Butticker, just ouni Blummen. Mir hun eng däitsch Bäckerei fonnt, mat richtegem Brout an “normalem” Iessen an d’Sophie an de Yann waren déck zefridden.
Dali läit um Erhai Séi, op 1972m. Mat vill Méi hate mer et fäerdeg bruecht eng “Croisière” um Séi ze organiséiren. Mir si 4 Stonnen mat engem risegen Schëff an iwwer 600 Passagéier iwwert de Séi geschippert an hun 2mol op klengen Inselcher ugeluecht.

D’Landschaft ronderëm war schéin an huet un de Garda Séi erënnert, mee virun allem neess dat tippescht chinesescht Treiben u Bord war interessant ze kucken. A mir waren di eenzeg Laangnuesen u Bord an natierlech neess eng Attraktioun…zum Sophie a Yann hirem Leidweesen…


D’Invasioun!

No 2 Nuechten zu Dali si mer mam luesen Zuch a knapp 6 Stonnen op Kunming getuckert. Mir sin am Dag gefuer an haten trotzdeem ee Compartiment mat Couchetten, wat am Fong ganz kamoud a gemittlech war, och wann d’Sophie an de Yann di 6 Stonnen nëmmen op de Better geturnt hun…
Zu Kunming, wou mer just 1 Nuecht bliwwe sin, stoung een Ausfluch mat Guide an de “Steen-Bësch” um Programm. Mir si bal 2 Stonne vu Kunming aus dohi gefuer, mee et war wierklech dowäert!!

Herrlech Kallékfielsen, do huet et eis an de Fanger gekribbelt!!

No e puer flotte Stonnen, no deenen eis Guide gesot huet, si hätt d’An wéi vum ville Gekloters vum Sophie a Yann nokucken, si mir op de fuschneien Flughafen vu Kunming gefouert gin, wou mer owes de Vol eraus aus der Provenz Yunnan, fir op Guilin, an der Provenz Guangxi geholl hun. An um Flughafen: Di üblech Glotz-Attacken a Photoshootingen mam Sophie a Yann…