Provenz Guangxi

img_20161026_021613

Vun der Stad Guilin hu mir net vill matkritt, well mer réischt an der Nuecht am Hotel waren an deen nächste Moien fréi erausgehait goufen, a mat eisem Guide eng Flosscroisière vu Guilin op Yangshuo gemaach hun. Et war liicht niwweleg an immens waarm.

img_20161026_160623

Di Streck um Floss Li, déi 63 km laang ass, fir déi mer bal 5 Stonne gebraucht hun, ass berühmt fir hir Kegel-Bierger aus Muschelkallék, déi a wonnerschéinen a bizarre Formatiounen lénks a riets vum Floss ze bewonnere sin. A well et do sou schéin ass, ware mir och net di eenzeg, déi dëst Naturspektakel wollte gesinn: Alleng zu Guilin waren 200 Schëffer à la Marie-Astrid prett, fir d’Touristen opzelueden, e puer Kilometer virdrun louchen der anscheinend nach eemol 150. De Floss ass nëmmen ongeféier sou breed wéi d’Sauer a grad sou déif. Wéi Pärelen un enger Ketten sin all di Schëffer zur selwechter Zäit de Floss erof gekroch, an sou huet d’Ëmgéigend vill vun hirem Charme agebéisst. Virun allem well op eisem Boot bal nëmmen Däitscher waren, déi sech géigesäiteg bal zerfleischt hun, wann een ze laang un Deck op der beschter Plaz wollt d’Landschaft genéissen: “Das ist doch kein Dauerparkplatz!!!” An da fanne mir d’Chinesen heiansdo onhéiflech!

img_20161025_102728img_20161026_021649

Dem Sophie a Yann war d’Zäit um Schëff och e bësse laang gin a mir waren eigentlech frou wéi mer zu Yangshuo ukomm sin.

img_20161026_021249

Mir sin net an der Stad bliwwen, mee eisen Hotel louch ausserhalb an do war et wonnerschéin!!

img_20161029_110310
Hausaufgabekontroll vun engem Hunn
20161025_170107
Eisen Hotel Moondance Resort
Yangshuo
Yangshuo

De Moondance Resort war iergendwéi guer net chinesesch, all d’Personal huet gutt englesch geschwat, mir goufe léif empfaangen, si hate chinesesch an och westlech Kichen a bal all d’Gäscht waren Europäer (vill Fransousen, och mat Kanner), also uff, kee Geglotz während 2 Deeg! An et gouf eng Schwämm dobaussen!!! D’Kanner sin natierlech direkt dra gesprongen fir sech ofzekillen, mir haten iwwer 30 Grad. D’Sophie schéngt awer vill Schluppe kritt gehat ze hun, well him war et an der Nuecht immens schlecht an hatt huet sech missten iwwergin. Deen aneren Dag war awer schon neess alles tiptop an hatt ass ronderëm gebëselt wéi ëmmer. Gottseidank. Dat war och fir d’éischt, dass ee vun eis e bësse krank war, pake mer Holz un dass dat sou weider geet.

img_20161026_161006

Mir hu moies eng Bambusfloossfahrt op engem Niewefloss vum Li Floss gemaach, och sou eng Touristefal, awer ganz witzeg!! Ech hat de Kanner Sprëtzrevolveren um Ufer kaaft a mir ware kuerz drop zappnaass! Leider huet dat Ganzt just eng déck hallef Stonn gedauert.

img_20161026_065456img_20161026_065307

Nomëttes si mer mam Guide eraus op d’Land gefuer. Eise Guide, den John, deen eis di nächst Deeg begleed huet, huet eis direkt gutt gefall: Hien hat a China Däitsch geléiert, mee huet den Rrrr liicht gerullt, well hien een éisterräichesche Professer hat. Hie konnt een alles froen, hien huet och eis Kultur gutt kannt, hat ee speziellen an agreablen Humor a wosst immens gutt iwwer vill Themen Bescheed. Hien huet probéiert eis verschidden chinesesch Marotten ze erkläeren (z.b. hiirt Virdrécken, wat mech oft immens béis gemaach huet) an huet och versicht politesch Usiichten vun eis ze relativiséiren an an de Kontext ze setzen. Hien huet eis endlech och e bëssen di “off-beaten-tracks” gewisen, wou eeben net schon 50 Touristebusse geparkt hun an Onmasse Leit duerchgeschleist gin. Di Leit di net vum Tourismus liewen, si kleng Baueren.

Tarzan country
Tarzan country
img_20161028_001159
Den John huet eis gesot, dass de Waasserbüffel dat eenzegt Déier ass, wat d’Chinesen net iessen. Schliesslech ësst ee jo net sain Aarbechtskolleeg!

Den John huet eis d’Felder an d’Planze gewisen an eis d’Landwirtschaft a China a graffen Zich erkläert. A China ploen sech d’Leit nach ëmmer eenorm op hire klenge Felder. Et gëtt nach alles vun Hand gemaach.

Den John huet eis och de chinesesche BMW gewisen: ee schmuele Plou aus Holz dee vun engem Waasserbüffel gezunn gëtt (Bauer Mit Wasserbüffel). “Eine Schale Reis, 3 Liter Schweiss”, huet hie verschmitzt gesot.

img_20161026_160916

p1100332
Brauchs de nach sou eng, Jang??

img_20161027_092238

p1100283

Owes stoung dunn nach eng grouss Show zu Yangshuo um Programm. Scho säit 9 Joer gëtt all Owend 1 bis 2mol, de Weekend souguer 3mol all Owend, eng bombastesch Show mat iwwer 600 Akteuren um Li Floss opgefouert. Den John huet eis virdrun e bëssen iwwert d’Handlung erzielt: Fëscher, Baueren, Liebesgeschicht, Frisör, Joreszäiten… Frisör?! Vun deem huet hien zimlech oft geschwat an ech souz op der Leitung an hu réischt spéit verstanen, dass hien eigentlech wollt “Regisseur” soen… Also et war dee selwechte Frisör, deen d’Eröffnungsfeier vun der Olympiad zu Beijing kreeéiert hat.p1100386

img_20161027_235028

p1100390
Super beliichte Bierger bei der Show. Bal grad sou hell hun 3800 Handien geliicht, déi eifreg gefilmt a photographéiert hun, obwuel dat natierlech strengstens verbuede war!

Also dat chinesescht Geséngs huet eis lo net sou gefall, mee soss war et wierklech phantastesch! D’Kuliss mat de beliichte Bierger ronderëm war atemberaubend an och di eenzel Choreographien um Waasser waren immens! Obwuel d’Kanner e bësse midd waren no deem laangen Dag, hat et och hinne ganz gutt gefall!

Den Dag drop ass de David moies mat engem Guide klotere gaangen an d’Kanner an ech hu misste léieren an hu vun der Schwämm an deem schéinen Hotel profitéiert. An d’Sophie an de Yann hu mol erëm de Lego ausgepaakt an ee risege Flughafe gebaut.

img_20161027_084151
Dem David sai Kloterfiels

Zu Yangshuo huet et eis am allerbeschte gefall a mir waren e bësse verdrësslech, dass mer net méi laang do bleiwe konnten, well do hätte mer nach ganz vill flott Saache maache kënnen…

Mee den John ass eis den 3. Moien fréi an den Hotel siche komm a mir sin zréck op Guilin gefuer, wou mer nach Schilfrohr-Flöten-Hiel kucke gaange sin. An déi war genial schéin: Si gouf réischt 1959 entdeckt an zitt sech iwwer 3 Etagen, wouvu mir just konnten dee mëttelste Stack besichen. Eenorm, mat ganz villen Zorten “Drëpssteng” a scho bal kitscheg schéin beliicht. Mir haten ee gudde Moment erwëscht, well knapps ware mer eraus, gouf et eng Bus-Invasioun, inklusive Jäiz-Guide an der Hiel.

img_20161028_151902
Chinesesche Schwanensee an der Hiel. Too much fir eise Goût, an awer…
img_20161028_151949
Dës Formatioun hun d’Chinesen ganz treffend “Theaterrido mat Bühn” genannt.
img_20161028_152113
Den David hällt drop ze preciséiren, dass dës Photoen net retouchéiert sin!

Lo ware 15 Deeg a China bal eriwwer. Mam TGV si mer op Guangzhou gefuer an den Dag drop mam Fliger op Hong Kong. Dorop huet de Yann scho säit Wochen ongedëlleg gewaart: Hien huet iwwermuer Gebuertsdag a mir hate scho viru Wochen, bei all Passage zu Hong Kong potentiell Gebuertsdagskadoen um Flughafen erausgesicht an all di Wochen gouf doriwwer geschwat an diskutéiert an dovu gedreemt. An elo, endlech, endlech, endlech…!!!

Eis Zäit a China ass awer iergendwéi versöhnlech op en Enn gaangen, obwuel eis éischt Impressiounen jo net immens waren. Virun allem dank dem John hu mer d’Chinesen mat all hire Macken an heiansdo nervegen Gewunnechten besser kenne geléiert a konnten och Aspekter vun deem risegen a vielfältegen, z.D. wonnerschéine Land wierklech appréciéiren.

Sou an elo freeën mer eis immens op Neiseeland!!

 

 

 

 

Leave a Reply