South Island

p1110505D’Südinsel gëtt och “the magic island” genannt, hat eng neiseelännesch Koppel eis virun der Traversée gesot, si wier nach vill méi schéin wéi d’Nordinsel. Scho virun eiser Arrivée zu Picton hu mer dat och scho gegleewt.p1110578

D’Landschafte si ganz ënnerschiddlech: Küsten, Steppen, Fjorden, Fielsen, ronn, gréng Koppen mat Dausende vu Schof, Flëss, Wüsten, Séien, mat d.D. onglaubleche Faarwen an natierlech d’Alpen, mam Schnéi op de Sommete, déi bal omnipräsent sin … fir all Goût ass eppes dobäi!

Och hei hu mer einsam Plaze mam Camper gesicht a fonnt.

Et ass eis just e bësse schwéier gefall ee Choix ze treffen, well eigentlech wollte mer alles gesinn an entdecken, mee op där anerer Säit ass d’Insel einfach ze grouss an d’Distanzen einfach ze laang mat de Kanner, fir an 3 Wochen alles ze man. Mir wollten net all Dag viru fueren an haten an engems Angscht eppes ze verpassen. Wat ee Stress!! ? Dowéinst ware mer heiansdo e bësse planlos ënnerwee an hun oft vun Dag zu Dag geplangt.

Wann ee sou laang mam Camper op enkstem Raum ënnerwee ass, spillt d’Wieder natierlech och eng wicheg Roll. Mir hate meeschtens zimlech Chance an d’Sophie konnt, wéi doheem och, moies nach am Pyjama d’Dir oprappen an direkt eraus spille goen oder Velo fueren. Hatt brauch seng Fräiheet. Och den David huet profitéiert fir Velo ze fueren an ech war lafen, mee no där laanger Paus ass d’Form natierlech am Eemer.

Wann d’Wieder net extra ass, kann mol séier d’Barackenfieber ausbriechen, eng Erfahrung, déi mir, trotz alle gudde Virsätz, natierlech awer och gemaach hun… Mee dat huet sech dann alles och neess séier berouegt.

De Yann huet ugefaangen richteg ze verlaangeren. Vun Ufank un huet hien an der Nuecht vill vun doheem gedreemt, dee schéinsten Dram war, dass hien zoufälleg d’Boma an de Bopa am Cactus zu Réiden am Gedrénksrayon begéint hat. Mee du war nach alles spannend an nei an hie war zefridden, eegal wou mer grad dru waren.

Lo wou sain highlight, also sai Gebuertsdag, laanscht ass, huet hien et méi schwéier. All Dag seet hien e puermol ganz wehmühteg: “Wéini si mer neess doheem?” “Oh, wat wier ech lo gären doheem oder zu Heeschdrëf!” Hien huet ugefaangen d’Deeg ze zielen. Virun allem d’Boma, de Bopa, de Jonas, den Arno an d’Anna feelen him.  Och vum Jenny an all deenen aneren Monnien, Tattaen a Cousinen dierf een net zevill schwätzen. Den David kann dat net verstoen, d’Sophie an ech kënnen et wuel novollzéien, mee ech muss soen, ech verlaangeren nach guer net. Beim Sophie weess ech et net richteg, hatt seet zwar, hatt géif net verlaangeren, mee ob dat sou ass…?!

Mir freeën eis sécher fir herno neess heem, ech liesen och mat Interesse a Freed all Mail, WhatsApp oder Message vu Famill, Frënn an Aarbechtskolleegen, mee ech hun nach guer net d’Bedürfnis zevill un doheem oder d’Aarbecht ze denken, hehehe…p1110254

Hei verschidden Etappen an highlights vun der Südinsel:

Kaikoura an e puer Deeg mi spéit… d’Äerdbeeben!

p1110249

Kaikoura ass eng flott kleng Touriste-Stiedchen un der Ost-Küst.p1110253 Si ass virun allem bekannt wéinst hirem whale-watching. Jonk Pottwal-Bullen sin d’ganzt Joer do ze fannen, well et bei der Küst virun Kaikoura direkt e puer Kilometer déif ratschteg erof geet. Perfekt Konditiounen fir d’Pottwalen fir 2-3km erof ze tauchen an no Kraken, hirem Lieblingsschmaus ze sichen. 20161105_180827

Mir hun decidéiert, dëse whale-watching aus der Loft ze maachen. Den Helikopter, deen dat normalerweis mécht, war futti, dofir goufe mer bei Air Kaikoura geschéckt.20161105_130143-1 D’Piloten hun eis gesot, et géif dee Moien zwar net gutt ausgesinn; bei hire Vole virdrun hate si “just” Delfine gesinn. Mir waren trotzdeem interesséiert. Ganz onkomplizéiert konnten d’Sophie, de Yann an den David dunn eng knapp Stonn mat engem Piper PA28 iwwert d’Mier dréien. Wéi de Pilot héiren huet, dass den David am selwechte Metier wier, huet hien insistéiert, dass den David op der Chef-Plaz sollt sëtzen a selwer sollt fléien.img_20161108_021009 Hien huet dat och souverain gemaach, obwuel hien nach ni op deem Tipp Fliger geflu war an och seng läscht Stonnen op der Cessna si schon eng Zäit hier… Leider waren tatsächlech keng Walen um Rendezvous, trotzdeem sin di 3 ganz zefridden dono aus dem klenge Fliger geklommen!

Eng Woch mi spéit war Kaikoura jo och bei eis doheem an de Schlagzeilen, wéinst deem staarken Äerdbeeben vu 7,5 vum 14. November. Mir hate weeder vum Äerdbeeben, nach vun Tsunami-Warnungen a scho guer näischt vun der grousser Opreegung doheem wéinst eiser eppes matkritt, well mir grad dunn déck 2 Deeg vun der Baussewelt ofgeschnidde waren a gemittlech, ouni Radio, Réseau oder Internet am Milford Sound ënnerwee waren… Et deet eis sou Leed, dass v.a. eis Famill a Geschwëster bal 2 Deeg wéi op waarme Kuele souzen, well mir eis net gemellt haten!

Et huet eis och zimlech erféiert, well mir effektiv genau do wou et am meeschte gerabbelt hat ënnerwee gewierscht waren: Mir haten direkt nierft dem Mier an nierft där Strooss, déi duerch Äerdrutschen komplett zerstéiert gouf, geschlof. Et hat eis wonnerbar do gefall. Dem Sophie sain éischte Gedanken, wéi hatt vum Äerdbeeben erfuer huet, huet de Séihënn vu Kaikoura gegollt: Et goufen do riseg Séihënn-Kolonien, déi effektiv vum Bieben betraff waren, well d.D. hir Fielsen vum Bulli an de Steng begruewe goufen. Wéivill Déiren dobäi gestuerwe sin ass schwéier soen, Spezialiste mengen, dass zu deem Moment, also Punkt Mëtternuecht, vill Séihënn am oppene Mier op der Juegd waren.

Och Deeg nom Äerdbeeben souzen nach ëmmer iwwer 1000 Touristen zu Kaikoura fest, ouni Stroum a fléissend Waasser. D’Situatioun huet sech och laang net verbessert, well d’Wieder di Deeg dono ganz schlecht war, mat extreemem Reen a Stuerm. Och Wellington war zimlech betraff, awer éischter wéinst engem Stuerm deen zäitgläich mam Äerdbeeben iwwert d’Stad geblosen a vill Schued gemaach huet.p1110224

Gottseidank hu mir no eisem Tour op der Südinsel net méi missten op d’Nordinsel zréck fueren, mee just bis op Christchurch, wat südlech vu Kaikoura lait an accessibel war. Eisen Timing war alt erëm richteg gutt!

Ashburton

20161106_180358
Dem Sophie sai Fräiliicht-Musée

Also Ashburton selwer, südlech vu Christchurch, ass keen Ausfluch wäert… Mee mir haten do op enger Plaasch geschlof, wou mer deen anere Moien dem neiselänneschen Kinniksjang begéint sin: Engem frëndlechen, schnëssegen Hobby-Fëscher a senger Schwëster, eeeh nee, senger Madamm.

Hien huet eis erkläert wat mer nach alles vu sight-seeing missten an der Géigend maachen, wiem wéi eng Roulotte um Camping vu Mount Somers gehéiert, dass do een Deel vu Lord of the Rings gedréint gouf, dass dem Dichter, deen do an der Kéier, bei de Schinnen, hannert der Stad riets vun XY wunnt, maja, deem seng Fra, also seng 2. Fra, déi heescht och Anne Marie an huet eis alles iwwert d’Fëscherei erzielt.

20161107_093016
De Kinniksjang lénks, de powerful fisherman an der Mëtt a “my partner Gaye” riets

An dun huet seng Aangel gewibbelt an et hat een ugebass! De Kinniksjang huet insistéiert, dass den David de Fësch sollt eraus zéien. Och dat huet den David souverain gemaach an esou säin 1. Fësch u Land gezunn: Ee klengen Haifësch ouni Zänn!

img_20161108_021128
D’Sophie an de Yann sin zu Ashburton souguer e puermol an d’Mier gesprongen. Ech stoung mat Fleece-Jackett a Mutz nierwendrun an den David huet och just di déck Zéif dra gezappt an hat direkt den Neeeeelchen!

Lake Tekapo a Lake Pukaki an de Wee weider no Süden

20161107_134614
Deen eenzegen Observatoire aus Neiseeland beim Lake Tekapo

p1110452img_20161108_021527An dëser Géigend huet et eis extra gutt gefall. Et war zimlech waarm a schéint Wieder.20161107_145713 Um Lake Tekapo ware mer erop bei een Observatoire gefuer, wou een am Dag eng herrlech Vue op d’Géigend ronderëm huet an an der Nuecht dee klore Stärenhimmel ka bewonneren, well d’Loft net dréif vu Luuchten ass, well et wäit a breed keng Stied ronderëm gëtt.

20161107_142548
Duerch den Teleskop konnte mer Eruptiounen op der Sonn erkennen.

img_20161110_235536

p1110446
Mir hun öfter den David eng Rei Kilometeren virun eiser Destinatioun erausgeheit an hien ass dann de Räscht mam Velo gefuer.

p1110443

Um Lake Pukaki hu mir 2 Nuechte geschlof. Den David huet profitéiert fir Velo ze fueren an d’Kanner hu flott gespillt!

20161107_161626

D’Waasser vun dëse Séien ass komplett turquoise, well um Fong iergend een hellt Sediment ass, wat dem Waasser dës Faarw gëtt.

p1110444

p1110499

20161107_180923
Bei eiser Campplaz um Lake Pukaki war souguer ee Minigolf (à la Sophie ? )

p1110497

p1110512

Mount Cook
Mount Cook
img_20161108_021746
Herrlech Vuen vun eiser Schlofplaz op d’Alpen an de Mount Cook a Mount Sefton

Vun do aus si mer weider Richtung Süde gefuer…

p1110654

img_20161114_220919

p1110672
Neiseeland – d’Land vun de Schof.

p1110629

Bei Cardona: Out of the blue hounge lauter “Buseverstopper”, wéi d’Sophie an de Yann ëmmer soen, vun alle Gréissten, Formen a Faarwen un engem Zonk. Witzeg Aktioun, mat awer eeschtem Hannergrond: Et kann een net nëmme sai Soutien do ophänken, mee och e puer Dollar an eng Béchs fir d’breast-cancer-foundation geheien. (Ech hun di zweet Optioun gewielt, well wann ee just 2 Soutienen op der Reess dobäi huet…)p1110651

20161111_175033
Obelix

Bei Wanaka hu mer 2 Nuechte bei engem klenge Floss geschlof. Net wäit ewech war ee flotte klenge Musée “Puzzling World” voller optëscher Illusiounen, witzegen Experimenter an engem onméigleche Labyrinth, wou awer just d’Sophie an den David den Ausgang fonnt haten. De Yann an ech sin no iwwert enger Stonn heemlech zum Noutausgang erausgeschlach, soss géife mer lo nach dran ronderëm irren…

p1110660
Honey, I shrunk my dad!

p1110581

Bei Queenstown hate mer eng phantastesch Campplaz beim Séi fonnt. Mee schon no enger Stonn si mer geflücht, well et eng Invasioun vu Sandflies gouf. Dës lästeg Zäitgenossen, wahrscheinlech Cousinen vun de schotteschen midgets, hun eis d’Liewen méi wéi eemol schwéier gemaach. Si stinn moies bei Sonnenopgang op a gi mat der Sonn schlofen, also gëtt et keen Entrinnen!

p1110580

p1110554

Meeschtens sin ech gefuer, mee heiansdo hu me eis och ofgewiesselt…

p1110541

Milford Sound, dat 8. Weltwonner!img_20161114_022039

Mir hate laang hin an hier iwwerluecht, ob mer wierklech sollten dee groussen Ëmwee fir op Milford Sound woen.img_20161114_022123 Mir hun eis dofir entscheed an dat war di beschten Decisioun déi mer huele konnten!! Et ass magesch do, och wann een natierlech dat Naturspektakel net alleng erliewt, mee mat enger Rei aneren Touristen zesummen…

D’Strooss fir dohinner ass scho phänomenal!img_20161114_022843

Thei Divide
The Divide
img_20161114_022414
Dem David säin éischte Bléck op de legendäre Mitre Peak!
img_20161114_022520
Juhuu, just nach 8km biergop bis bei den Homer Tunnel! Dono biergof bis op Milford Sound.

Virun allem den David huet richteg gutt dovu profitéiert, well hien ass genau 100km mam Velo vun Te Anau, vun eisem Camping aus, dohinner gefuer. Dat war sain absoluten Highlight an Neiseeland an hie war glécklech an euphoresch wéi hien ukoum. (Ech war och erliichtert, well ënnerwee gëtt et ee gräisslechen Tunnel an ech hat mer awer e bësse Gedanke gemaach, v.a. well ech réischt um Camping vu Milford Sound gemierkt hun, dass een am Ëmkreess vu méi wéi 100km keen Handysnetz huet…)img_20161114_022441p1110758

Ech hat gemengt, dat leegendäert Milford Sound wier eng gréisser Uertschaft, mee neen, et ass sou grouss wéi Randschelt, ouni Kierch mee dofir mat Hafen a Flughafen. Di meeschten Touristen – an dat sin der vill – komme mam Bus moies dohinn a fueren no hirer 2-Stonne Croisière neess mam Bus zréck.img_20161114_022323

img_20161114_023036
Moies fréi…
p1110898
Vue op dat wëllt an onberechenbaart Tasmanescht Mier, war um 45. Breedegrad läit, déi Breedegraden si gefaart a gi vun de Séimänner “roaring 40ies” genannt.

Mir hun eng Nuecht um latzege Camping do geschlof an deen anere Moien eng wonnerschéin Kreuzfahrt duerch de Fjord gemaach, mat interessanten an agreablen Erklärungen vum Kapitän. D’Wieder war ok, et huet net gereent, wat am Milford Sound éischter schued ass, well beim Reen entstinn spontan op alle Säite vum Fjord beandrockend Waasserfäll.img_20161114_021822

img_20161114_021800
Kayakfuerer ënnert de Fielsen

img_20161115_014745
Mir haten awer immens Chance, well mir hu vill Delfinen vu ganz no erbléckst, déi ronderëm eist Schëff gespronge sin. Déi gesäit een do éischter selten.img_20161114_021647

img_20161114_021726
Bottlenose Delfinen
img_20161115_005349
An d’fur seals waren och neess um Rendezvous

img_20161114_022226

p1120029
152m Gletscherwaasser

20161114_102340

20161114_102334
Mir sin ënnert dee Waasserfall gefuer. Dat war cool!
img_20161115_001032
Mystesch Ambience. An ëmmer dominéiert am Hannergrond de Mitre Peak, dee sai Numm senger Form ze verdanken huet, en erënnert tatsächlech e bëssen un eng Kleeschensmutz.
p1120079
Um Wee fir zréck, virun deem gräisslechen Homer-Tunnel, wou ee laang bei enger rouder Luucht waarde muss, laueren d’Keaen. Si schrauwen engem de Velo méi séier auserneen wéi ee kucke kann!

p1120110

Nom Milford Sound hu mer eis neess op de Wee no Norde gemaach. Mir sin duerch d’Land an dunn laanscht d’Ostküst eropgefuer. Mir sin duerch verschlofe kleng Uertschafte komm, wou mer guer keng aner Camperen begéint hun.img_20161115_204949

Alldag am Campervan:

p1120122

20161107_084319

p1120421

img_20161119_190200
Eng super Campplaz bei der Surfer Plaasch vu Port Chalmers.

img_20161119_190225

p1120358

Oamaru

Eng interessant Decouverte war di kleng Stad Oamaru, “Capital of Steampunk”. Hei huet et vu skurile Personnagen, Vehikelen a Kreatiounen nëmme sou gewimmelt!

p1120313
Steampunk HQ, ee genialen, verréckte Musée!

p1120242p1120347

img_20161117_230136

img_20161117_230057
Born to be wild!

p1120288

p1120286
Souguer d’Spillplaz war net alldeeglech!

p1120316

 img_20161117_230629

p1120166
Moeraki boulders, ronn Steng op der Plaasch…

img_20161119_193323

An dunn waren eis 3 Wochen Neiseeland eriwwer. Mir hun eise gudde Campervan zréck op Christchurch bruecht (mat enger riseger Schréips laanscht di ganz Säit; keng Ahnung wéi oder wéini dat soll passéiert sin, ech war et net. Éierlech net.), a si mam Fliger zréck erop op d’Nordinsel, op Auckland geflunn.

p1100641

Fazit: Wonnerschéin! D’Leit alleguer immens frëndlech a “laid back”. Mir si schon um Plange fir eemol zréck ze kommen!

p1120371

Mee haut maache mer eis lo mol op eng kleng Zäitreess: Mir fléien de Mëtteg op Tahiti a komme gëschter owend un. HÄÄÄH????

Leave a Reply