Ganz pünktlech si mer den 19. Dezember um 23.00 Auer erëm zu Lëtzebuerg geland. De Bopa war eis op de Findel siche komm an de Yann ass him an d’Äerm geflunn! Mir ware wierklech frou eis erëmzegesinn!
Mir sin heem an d’Réngbaach gefuer, wou d’Boma ongedëlleg op eis gewaart huet an alles ganz schéin fir eise Retour gemaach hat! Eis nepalesesch Gebietsfändelen hun eis wëllkomm geheescht, iwwerall hu Käerze gebrannt, d’Haus huet vu Wäitem schon heemeleg geliicht. Mir ware ganz geréiert!
Wéi mer erakomm sin, war et, wéi wa mer di éischte Kéier géifen erakommen: Alles nei an awer vertraut. A grouss!!! Wat vill Plaz! D’Sophie an de Yann sin nach bis no 2 Auer an der Nuecht ganz frou an opgedréit ronderëm gebëselt, hun hir grouss Legoskëschten ausgepaakt a sech 10mol anescht verkleed.
De Moien hun ech och nach alles heiheem mat ganz aneren An gesin: Sou vill Telleren am Tirang! Eis Douche geet richteg gutt! Moment, ech kann d’Krunnewaaser roueg drénken! An ech stoung eng hallef Stonn virum Kleederschaf bis ech mech decidéiert hat eng Jeans an ee Plover unzedin…
Mir hu mat eise Geschwëster telefonéiert a freeën eis fir si an deenen nächsten Deeg ze gesinn. De Mëtteg koume meng léif Frëndinnen Claudine a Betty spontan op Besuch fir op eise Retour ze prosten an dat war schéin! Ech sin och ganz frou meng aner Frënn a Kolleegen geschwënn erëmzegesinn fir deen neitsten Klaatsch und Traatsch gewuer ze gin!
Ech wollt awer och nach séier enger Rei Leit MERCI soen: All deenen, déi eis encouragéiert hun, eisem Dram ze realiséiren a mat eis geféiwert hun virun a während der Rees. Merci och menger Inspektesch, déi mir ganz selbstverständlech mai Congé an den enseigenement à domicile fir d’Kanner accordéiert huet. Merci menge léiwen Aarbechtskolleegen, déi heiheem d’Stellung gehalen hun, mir sin eng flott Equipe ?! Merci der Aktiounsschmëtt fir all topech Photo a Kommentar dee si geschéckt hun ?, ech war ëmmer live dobäi! Dee gréisste Merci geet awer u meng Geschwëster a virun allem meng Elteren: Si hun eis sécher net sou gär gesi fortgoen, mee si hun heiheem eis sou vill ënnerstëtzt, dass mir eis Zäit wierklech konnte genéissen! Si hu ganz selbstverständlech all di ondankbar Aufgaben iwwerholl, hu sech ëm d’Haus bannen a baussen bekëmmert, hu lästeg Paperassen, Korrespondenz a Rechnungen gereegelt an, an, an, an! Mir hu Chance iech ze hun! Hun iech gären! ?
Den Alldag wäert eis gläich zréck hun, mee trotzdeem wäert eis Reess ee markant Erliewnis an eisem Liewe bleiwen. Wat d’Sophie an de Yann dovu wäerte mathuelen weist eis d’Zäit. Mir brauchen sécher nach eng ganz Zäit fir di vill Andréck ze verschaffen.
Ëmmer erëm tauche Biller vun eisen exotesche Destinatiounen a mengem Kapp op an ech ka bal net gleewen dass mir di Saache wierklech gesinn an erliewt hun, an ech kann och bal net gleewen, dass eis Reess lo schon eriwwer ass. Mee sou ganz eriwwer ass se jo net, well mir wäerten nach laang dovun hun.
Lo fänkt dat un, fir dat den David ee schéint Wuert erfonnt huet: Nachfreude.
Am neien Dreamliner vu Boeing fir op d’Ouschterinselen hu mer ee surreal schéine Sonnenopgang gesinn: Den Himnel war fuchsia bis mauve a mir hun eng ganz Rei Fotoe geholl, bis et mir e bësse louche firkomm ass, dass dee Sonnenopgang e puer Stonne laang gedauert huet. An eigentlech war et dach och scho Mëtteg?! Dun hu mer eréischt kapéiert, dass d’Fënstere vum Fliger sou eng Téinung hat, déi een och selwer konnt mat engem Knäppche regléieren…
De Flughafen zu Hanga Roa huet eng aussergewéinlech laang Pist, fir dass am Noutfall all Tipp Fliger kann drop landen, schliesslech ass d’Isla de Pascua wierklech matzen am Pazifik, dausende vu Kilometer vum nächste Festland ewech. Leider huet de Flughafen och een aussergewéinlech klengen Terminal mat aussergewéinlech wéineg Personal an aussergewéinlech strenge Kontrollen, sou dass mer hu missten aussergewéinlech laaaang an der Schlaang waarden. De Christophe, vun eiser Cabaña, dee virun der Dir op eis gewaart huet, war bal versauert… Hie war ee sympateschen, onkomplizéierte Fransous, deen zimlech speedy war an dee scho säit 23 Joer op der Ouschterinsel wunnt. Hien huet eis am Eilverfahren di kleng Haaptstad gewisen. Eise Bungalow war tiptop a grouss genuch fir eng läschte Kéier de Lego auszepaken! Mir kruten dem Christophe seng Jeep geléint a ware sou ganz flexibel fir d’Insel op eege Fauscht auszekundschaften.
Mir hun eis direkt op de Wee gemaach an hun eis éischt Moaïen direkt zu Hanga Roa gesinn.
Ahu Tahai
Deen hei Moaï ass speziell, well hien nach seng An huet. D’An haten ee ganz besonnesche Wäert bei de Rapa Nui: Wann d’Statuen aus dem Fiels geschloe goufen, war eng Plaz fir d’An firgesinn. Awer eréischt nodeems si op hir definitiv Plaz geschleeft gi waren, kruten si d’An opgemaach, d.h. An aus Korallesteen goufen agesat. Dann eréischt konnte si an d’Land erakucken an op hir Leit oppassen.
Op der ganzer Insel fënnt een al Grafsteng, bal ëmmer bei der Küst, a Moaïen a méi oder wéineger guddem Zoustand. E puer Plaze sin méi berühmt an och vill besicht, well een hei wierklech impressionant Moaïen gesäit, déi an enger Rei op engem “ahu” stinn. Villes weess een net iwwert di zimlech primitiv fréier Zivilisatioun vun de Rapa Nui. Et gëtt vill Theorien an dat mécht dat Ganzt zimlech mysteriéis.
Wéi et schéngt stammen d’Rapa Nui vun de Polynesier of. Erstaunlech ass dann dës Konstruktioun, déi staark Ähnlechkeet mat de Bauwierker vu Cusco a Machu Picchu am Peru huet.
Op deene grousse Siten mat de risegen, starre Statuen ass eng ganz besonnesch Stëmmung. Fir mech hu se eng gewësse Rou ausgestrahlt, awer och iergendwéi eng Melancholie vun enger Zivilisatioun déi scheinbar op zimlech dramatesch Aart a Weis verschwonnen ass. Ech hat di ganzen Zäit Zeile vum Gedicht “Ozymandias” am Kapp: “Look on my works, you mighty, and despair…”
Zwee Siten haten eis besonnesch beandrockt: D'”nursery” vun de Moaïen zu Rano Raraku, also déi Plaz wou d’Statuen aus dem Fiels geschloe goufen, an Anakena, wou d’Moaïen bei enger Sandplaasch stinn.
Rano Raraku
Op deem ganze Site si Skulpturen a verschiddenen Fertigungsstadien verspreet. Bei verschiddene gesäit et aus, wéi wann de Skulpteur einfach de Meessel fale gelooss hätt, fir ze Mëtteg iessen ze goen an dann ni méi erëm komm wier. Anerer si beim Transport gebrach a goufen dofir einfach leie gelooss. An anerer sin am Fong fäerdeg a sti lo do, wéi bestallt an net ofgeholl.
Dës Statue ass nach am Buedem. De Réck gouf nach net skulptéiert.
Um Site ass ee Krater mat engem Séi vun engem erläschte Vulkan. De Buedem ass ocker a sandeg. Schéinbar ass et Lava, déi ni haart gouf, en eenzegaartegt Phänomen a kee weess firwat.
Anakena
Hei ass nach ee Beispill vu Moaïen, déi vum Sockel gestouss goufen a verstreet um Buedem leien.
Wéi d’Ouschterinsel zoufälleg virun 300 Joer vun engem hollännesche Seefahrer op Ouschtersonndeg entdeckt gouf, stoungen di beandrockend Skulpturen op hire Sockelen beim Mier. D’Insel hat eng grouss Populatioun déi a Clanen agedeelt war an alles huet friddlech geschéngt. Mee just 50 Joer méi spéit, wéi den James Cook op d’Insel koum, waren d’Bewunner am Gaangen ze verhéngeren an sech ze zerkrichen. D’Ressource vu Rapa Nui waren opgebraucht an d’Moaïen ware vun hire Sockele gestouss gin a louchen zerbrach a mam Gesiicht no ënnen um Buedem. Och do gin et vill Theorien wat deemools geschitt ass.
Réischt am spéiden 20. Jorhonnert gouf sech méi fir d’Ouschterinsel interesséiert. Nodeems 1960 ee schrecklechen Tsunami di meescht Statuen nach méi beschiedegt a verschleeft, z.D. souguer an d’Mier gespullt hat, goufe kuerz drop eng Rei Moaïen neess zesummegefléckt an erëm opgeriicht.
D’Landschaft ass karg.
Op der ganzer Insel lafe Päerd fräi ronderëm.Wat cool ass op der Ouschterinsel: Iwwerall leie Schanke vu Päerd a Kéi. Interessant Studien-Objekter fir de Professer Yann a seng Assistentin Sophie… Leider konnte mer se net all matheem bréngen fir de Jonas, den Arno an d’Anna…
Och impressionant: Dee grousse Site vun Tongariki.
Tongariki mat am Virdergrond deem klenge “maoï voyageur” deen eemol mam Schëff op Tokyo gereest war, fir de Japaner merci ze soen, dass si gehollef hun, hien a seng Kolleegen neess opzeriichten.
Leider hate mir ganz schlecht Wieder zu Rapa Nui, mat ongewéinlech vill Reen a Wand, sou dass mir net konnten op deen héchste Vulkan erop reiden fir di spektakulär Vue iwwert di ganz Insel ze genéissen, an och de Site vun Orongo war zou…
Mat Rapa Nui goung eis Reess eigentlech op en Enn. Net ze gleewen dass mir lo bal 4 Méint ënnerwee waren! Den David an ech wären nach gäre weider gereest. Mee d’Sophie an de Yann ware sou lues saturéiert a konnten et net méi erwaarden heem ze kommen. De Yann hat oft geübt, a wéi mir vun der Ouschterinsel fortgeflu sin, huet hie gesongen: “Coming home, coming home. I say goodbye. Coming home.”
Mir sin op Santiago de Chile geflunn, wou mer eng Nuecht geschlof hun a nach e bësse sight-seeing gemaach hun. Iwwer Madrid a Frankfurt si mer dun no 24 laange Stonnen zu Lëtzebuerg geland.
Santiago de ChileMir sin ze Fouss erop bei eng Marie-Statue gekraxelt.
No eiser onvergiesslecher Woch zu Fakarava, waren eis Deeg a Polynesien gezielt a mir si fir d’läscht mat Air Tahiti op Tahiti zréck geflunn.
Hei hu mer nach 2 an 1/2 Nuechten an deem selwechten Hotel geschlof wéi e puer Woche virdrun. An do huet et eis no eiser Rou a Fräiheet op deenen anere polyneseschen Inselen net méi richteg gefall.
Mir wossten net, dass eisen Hotel scheinbar sonndes den Treffpunkt fir d’ganz “ex-pat” Schickeria vun Tahiti ze si schéngt. Während d’Sophie an de Yann stonnelaang am “infinity-pool” geturnt hun, waren den David an ech richteg genervt vun deem ganzen kënschtlechem Gedeessems! Di Leit do ware sou extra schiel, dass et bal net ze erdroe war!! Et war einfach too much: Zevill Make-up, zevill Silikon, zevill Gelift a Botox, zevill schrillt Gelaachs (oder war ech just jalous?!) an haart an topech Musék. Anerer louchen a verschiddenen Garungsstadien (vu kriibsrout iwwer medium rare a well done) platscheg an de Ligestill. Den David an ech hun d’An verdréint a sin a Gedanke schnell op eis einsam Inselen vun Huahine a Fakarava zréck geflunn…
Den Jetset vu Papeete…
Gottseidank war deen aneren Dag dee Spuk eriwwer a mir haten d’Schwämm nees fir eis.
Vum Pool aus hat een eng ganz schéi Vue op d’Insel Moorea.
Ech wollt mer d’Insel nach e bëssen ukucken, mee leider gouf main Ausfuch 2mol annuléiert an du sin ech just e puer Stonnen an d’Haaptstad Papeete gefuer. Net wierklech dowäert, et gesäit ee ganz vill Strummerten, et gëtt keng wierklech schéin Architektur a vill knaschteg a gro Ecken, déi zum Gléck vun zimlech gudde Graffiti-Kënschtler e bësse verschéinert gin.
Den Hafe vu Papeete.An der Maarthal vu Papeete kritt een alles: Vum frësche Fësch iwwert all méiglech Souvenire bis zum Uebst a Geméis a Kleeder…
D’Mairie
De Bus vum Hotel huet mech am Nomëtteg neess zu Papeete ofgeholl an do hun ech d’skurril a witzeg Bekanntschaft mam Jack aus Las Vegas gemaach. Hie souz schon am Bus, eng knaddereg, verkniwwelt, eeler Versioun vum Hugh Heffner. Zum groussen Iergernis vun der gestresstener Taxi-Chauffeuse, huet seng Fra awer nach gefeelt. Si hat sech verlaf, ee Phänomen, wat dem Jack awer scho méi wéi bekannt war. Scheinbar stoung seng Fra Tonga dee Moment, wou räimlecht Denken vum Härgott verdeelt gouf, ganz hannen an der Rei, oder hat de Wee guer net bis bei den Härgott fonnt, well “she gets lost all the time. She’s terrible with directions!” Den Jack huet erzielt, dass si eemol zesummen op Paräis waren, an do war dat gutt Tonga ganzer 2 Deeg verschwonnen, bis hien hatt erëmfonnt hat. D’Buschauffeuse huet eppes vun “femme très jeune, asiatique, si vous comprenez ce que je veux dire, n’a pas l’air très brillante” gegrommelt an den Jack an ech hun eis op d’Sich gemaach a kuerz drop d’Tonga erëm fonnt. Den Jack hat mer schon alles iwwert seng Fra erzielt: Si koum aus der Mongolei, hat awer och e puer Joer an Däitschland gewunnt an huet elo mat him zesummen di ganz Welt bereest. Ausser dass d’Tonga eebe kee GPS agebaut hat, war hatt awer ganz léif an huet a gebrachenem Däitsch erzielt, dass eng mongolesch Frëndin vun him zu Iechternach eng Pizzeria hätt. Jo, d’ Welt ass kleng. Den Jack sot zum Schluss mat senger knaarzeger Stëmm a sengem breeden amerikaneschen Accent: “Well, Ann Marie from Luxembourg, mörssi bouku. I don’t know what that means, but it sounds nice.”
Es weihnachtet och e bëssen zu Papeete…Di kleng, schlicht Kierch vu Papeete gëtt haaptsächlech vu sans-abris opgesicht fir eng gutt Mëttesrascht ze halen.
Um 2.30 Auer an der Nuecht si mer ganz verschlofen op de Flughafe gefuer fir eise Fliger fir op d’Ouschterinsel net ze verpassen, well et geet just all Dënschdeg ee Vol vun Tahiti op Rapa Nui!
Polynesien war een Héichpunkt vun eiser Reess a wäert eis an immens gudder Erënnerung bleiwen!
Eise kuerze Vol vu Rangiroa op Fakarava war zimlech cool, well d’Sophie an de Yann hun dierfte ganz laang am Cockpit sëtzen; an Europa wier dat jo ondenkbar!
Ech mengen vun alle Plazen wou mer a Polynesien waren, huet Fakarava eis bal am beschte gefall! No Rangiroa war ech e bësse skeptesch, ob eng ganz Woch op engem Atoll net awer ze laang géif gin fir d’Kanner a mech, well hei wollt den David oft tauche goen. Mee dat war definitiv net esou!
Um Flughafen huet een eeleren, franséischen Här op eis gewaart an di éischt Impressioun vum Jacques war éierlech gesot net immens: Mumble, mumble, grumble, ech hun am Ufank guer näischt verstan an hu gemengt hie wär een ale Granzsak. Mee wann ee sech u seng schlecht Artikulatioun gewinnt hat, war hien eigentlech ganz ok an interessant, wann och speziell.
Fakarava ass deen zweetgréissten Atoll vu Polynesien an huet eng komesch rechteckeg Form. Zu Fakarava wunne mol keng 800 Leit. Touristesch ass et och hei nach net, obwuel dat am Gaangen ass sech lues ze änneren. Et gëtt just e puer Pensiounen oder kleng Hotelen. Et gëtt eng Strooss vun 20km, déi an impeccablem Zoustand ass, sou wéi iwwerhaapt di ganz Insel (ganz anescht wéi zu Rangiroa), ee Genoss! D’Haiser sin all an der Rei, mat Beem voller Blummen am Gaart. Autoen gin et der net vill, d’Leit fuere mam Velo a ruffen ia orana a laache léif.
D’Haaptstrooss – an di eenzeg richteg Strooss.
De Jacques huet eis fir d’éischt mat op Sight-seeing vum “Zentrum” geholl.
Hei zu Fakarava kënnt d’Post natierlech net mat der Bréifdauw oder der Postkutsch, mee mam schnelle Fësch.Kriminalitéit ass definitiv kee Probleem hei: Wann een eng stiicht, huet sécher iergendeen e gesinn a well all Mënsch sech kennt, weess ëmmer direkt di ganz Insel wien et war.E Krëschtbeemchen à la Fakarava.
Ee klengen Hafen, ee Police-Büro an engem winzegen Container, eng Schoul, eng Kantinn, eng Mairie, eng Post, 2 Supermarchéën wou een neess erstaunlecherweis alles krut, 2 Kierchen, 2 centres de plongée an nach e puer Snacken a Restauranten wou een awer ni genee wosst wéini déi op wieren, well dat all Woch je nach Lust und Laune vum Besëtzer wiesselt. Du si mer bei de Relais Marama gefuer wou mer 2 Bungalowen fir 1 Woch gebucht haten. An do war et immens flott!
Eis BungalowenWéi mir do waren huet de Jacques säin 9. Bungalow opgeriicht, dee ganz traditionell gedeckt gouf, mat Palmeblieder, déi speziell geflecht gin. D’Aarbechter hun zimlech laang gebraucht, well si vill Béier-Pausen bei där Hëtzt gebraucht hun. Bei der Aarbecht hu si traditionell tahitianesch Schnulzen gelauschtert an haart matgesongen. Wéi ech di hei Foto gemaach hun, ass grad eng méi schmasseg, tahitianesch Versioun vum “Akropolis adieu” gelaf! Genial!
Eis 2 Bungalowen hun eraus op den Ozean gekuckt, Dag an Nuecht hu mer héiren d’Wellen donneren, déi sech um Riff gebrach hun. An eisem Haischen, wat ganz flott mat faarwegem Stoff un de Klapplueden dekoréiert war, war just ee Bett mat enger Moustiquaire an ee klengt Regal dran a soss näischt. Virun der Dir war eng kleng “porch” mat 2 Still. Kichen a Sanitär ware “commun”. Alles immens propper a ganz gutt an der Rei, grad sou wéi di faarweg Veloen déi eis zur Verfügung stoungen. Ausser eis waren net vill Leit do an di läscht Deeg ware mir souguer alleng.
Dem Jacques seng Kollektioun u Veloen. All Joer kritt hien tatsächlech ee geklaut, deen hien da kuerz drop aus dem Mier fësche ka goen, well de Velosdéif schéngt net ganz clever ze sin a versenkt seng gestuele Veloen ëmmer op där selwechter Plaz am Mier…
Vue aus dem HausVue an d’Haus eran.
D’Kanner hun neess voller Begeeschterung de Lego op hirer klenger Terrass ausgebreet an een Zoo an dono d’Spillplaz vun Heischent gebaut. Si hate richteg gutt Plaz fir dobaussen ze spillen, am Schied vun de Palmen a Beem. D’Wieder war herrlech, di ganz Woch.
Beim Relais Marama war ee geheimnisvollen ale Liichttuerm…
Den David war 4mol tauchen, hei ass een absolut Taucher-Paradis!
Mana our dive master. He was very knowledgeable and very funny!
Mir hu profitéiert fir nach e bëssen ze léiren a soss hu mer genee dat gemaach wou mer Loscht drop hate. Mir si vill mam Velo gefuer an de Jacques huet eis op eng magesch Plaasch gefouert, wou mir ganz alleng waren. Do huet et wierklech ausgesinn wéi op enger Postkaart! Den Himmel knallblo mat e puer dekorative Wollécken, d’Mier transparent, Palmen a wäisse Sand, esou reng, dass ee wéi op Watt gaangen ass!
Och op engem einsame Strand fënnt een ëmmer eppes ze din! De Yann ass am gaangen ee Kokosnoss-Kalenner ze bauen: Hie leet eng Kokosnoss fir all Dag, dee si nach mussen op der endloser Reess sin an dat Netz, wat hie fonnt huet, an deem normalerweis d’Pärelenausteren am Mier opgehaange gin…
Mir sin 3mol dohinner zréck gaangen, hun eis Hängematt opgehaangen, gepicknickt a si schnorchele gaangen, well hei goufen et och nach di schéinste Korallen déi ech bis elo gesinn hun a mir hun all Kéier vill Fësch an zolitt Haifësch gesinn. Een Dram! Nuets hate mer all d’Diren an d’Klapplueden vun eisen Haisercher grouss opstoen an di douce Loft huet een zwar net wierklech ofgekillt, mee huet awer gutt gedoen. De Stärenhimmel war gigantesch. Aaah, ech komme guer net méi eraus aus dem Schwärmen….!
Bei eiser Lieblingsplaasch goufen et al Iwwerräschter vun éischten polynesesche Siedlungen.
Bei all Schnorchel-Sortie hu mer Haifësch gesi gemittlech laanscht eis schwammen.
De Kanner huet et wuel ganz gutt do gefall, mee si hun nierwelaanscht awer d’Deeg gezielt bis mer heem gin… An op eemol waren et just nach 9 Deeg an et war Zäit Fakarava äddi ze soen an zréck op Tahiti ze fléien. Den David an ech ware schwermüteg a sin iwwerzeecht dass mer iergendengkéier zréck kommen (wann ech och mäin Tauchschäin an der Täsch hun!).
Ee requin pointe noire.
Op sou Plazen gesäit een extra gutt, dass et wierklech ee schmuelen Atoll ass, deem seng Uewerfläch nëmme just aus ofgestuerwene Koralle besteet.
Zu Bora Bora hate mer et jo richteg kraache gelooss, abee Rangiroa war éischter ernüchternd.
Rangiroa ass deen zweetgréissten Atoll op der Welt. Et gesäit een net vun där enger op di aner Säit. Während Tahiti, Huahine a Bora Bora zu de Gesellschaftsinselen gehéiren, sin Rangiroa an och Fakarava een Deel vun de Tuamotuinselen.
Arrivée um Rangiroa an um AérodromeNee et ass net Heathrow!
Vum Fliger aus gesinn, sin d’Atollen wierklech beandrockend: E schmuelt, wäisst, méi oder manner rond Band am bloe Mier, mat e puer Passen, wou d’Waasser aus dem Ozean eran an d’Lagun fléisst an och neess eraus. E puer Palmen, wa se bewunnt ass nach e puer Hütten a wann et ee groussen Atoll ass, da passt och nach iergendwou eng Fligerpist drop et voilà!
Um Flughafen
Um klitzegklengen Aérodrome huet dat gutt gelauntent Rosine op eis gewaart, fir eis bei eis Pensioun ze féiren. Ënnerwee huet hatt d’Sehenswürdegkeeten bei deene mer laanscht komm sin erkläert an huet dobai sou vill gelaacht a gekickelt dass et ee Genoss war! Do waren: D’Elektizitéitswierk (mat Mazoutscamionen an -tanken), de Coiffeur, d’Pärelefarm (!), d’Pension Obélix (“C’est ici que Obélix a trouvé sa Falbala! Kickel, kickel!!” De Yann huet iwwregens all di Deeg doriwwer misste grübelen, well hie konnt sech net virstellen wéi, oder firwat d’Falbala sollt ausgerechent op Rangiroa komm sin???!), d’Tankstell, di 2 Kierchen, 2 kleng Supermarchéën, e puer verstopptenen Pensiounen an dat war et och schon. Et huet mech e bëssen un Tonga erënnert, alles zimlech delabréiert an net extra schéin.
Eis PensiounDi Herrschaften beim Lunch op der Plaasch.
Eis Pensioun, déi vum Léa, enger ganz sympatescher Madamm mat vill Wuppes an Initiativ gefouert gouf, war natierlech am krasse Kontrast zum Luxus vu Bora Bora: 2 minuscule, stéckeg Zëmmeren mat Maueren sou dënn wéi Pobeier. Et war ee Restaurant dobäi wou hire Mann gekacht huet a si war fir d’Pâtisserie zoustänneg. D’Leit si vun der ganzer Insel laanscht komm fir hei hir Desserten ze kafen. Mir waren direkt op der stengener Plage wou eng Rei Ligestill stoungen, déi schon 100mol gefléckt waren.
D’Wieder war net gutt, gro mat Stuerm a schmeier, sou dass deen éischten Androck wierklech net immens war.
Mee dun hun ech mer mol iwwerluecht: Mir sin um aneren Enn vun der Welt, op engem Atoll, wou et praktesch keng Aarbecht gëtt, wou nëmmen 3000 Leit wunnen, wou näischt um sandege Buedem wiisst, ausser Palmen, et gëtt mol kee richtegt Drénkwaasser, alles, alles, alles muss mam Fliger oder Schëff importéiert gin an trotzdeem bréngen Leit wéi d’Léa et fäerdeg hei eng Existenz opzebauen an alle Widdregkeeten ze trotzen. An dobai och nach gutt gelaunt, frëndlech, onkomplizéiert an hëllefsbereed ze sin! Ganz grousse Respekt!
Eis 3 Deeg zu Rangiroa waren éischter roueg.
Den David war ee ganzen Dag tauchen an déck zefridden! Hei sin e puer Biller vu senger Plongée, déi zoufälleg deen Dag vun engem professionelle Kameramann gefilmt gouf.
Lots of sharks and lots of fish!Grey Reef Shark
Barracuda!Stopping to watch a Napoleon WrasseThe Napoleon Wrasse wedged itself into a narrow crack for a rest!A Whitetip Reef Shark
Drifting in the strong inward going current of the Tiputa Pass
D’Sophie, de Yann an ech hu mol neess e bësse Gas gin mam homeschooling.
Mir haten al, raschteg Veloen, mat deenen ee konnt akafe fueren (dat ass iwwregens a ganz Polynesien guer kee Probleem, d’Supermarchéën hu wierklech alles wat ee brauch, franséischen Afloss eeben) an ech hat eemol een aller-retour iwwert eise Deel vum Atoll gemaach, dee vun der Nord- op d’Südspëtzt 10km laang ass.
Am Hannergrond ee grousst Kreuzfahrtschëff wat vun de lokalen Artisans sehnsüchteg erwaart gëtt. Et ass éischter selten dass sou grouss Schëffer hei Escale maachen.De Pass vun Tiputa, deen eise Wutz vum Atoll vum nopesch-Wutz trennt. Fraen mat deene wonnerschéine Blummekrounen gehéiren hei tatsächlech zum Alldag.
De Yann an den David waren och mam Velo bis bei de Coiffeur gefuer, wou de Yann anscheinend d’Haaptattraktioun war, “Le beau petit garçon!!”, sou dass esouguer d’Leit aus den Nopesch-Hütten eriwwergelaf koumen fir sech deen aartleche Männchen unzekucken!
De Yann huet vill Aarbecht! Leider krut hien seng Kokosnoss kuerz drop vun engem Hond geklaut. Mee net schlëmm, et louchen nach schätzungsweis 100 Kokosnëss just nierwendrun.
Virun eiser Pensioun ware schon direkt Korallen, déi mer erschnorchelt hun an ech war deen éischte Moment e bëssen erféiert, wéi ech roueg do geschnorchelt sin, a ganz onverhofft 2 richteg grouss Haifësch laanscht mech geschwomme sin. Mir hu si all Dag do gesinn, si hate sécher hei d’Juegd gepacht. Och eng Murän huet hei gehaust an den David huet e puermol Roche gesinn laanscht schwiewen. Rangiroa ass leider och vun der Korallenbleiche staark betraff, wat mir hei gutt gesinn hun: D’Koralle verléiren hir Faarw a gesinn aus, wéi wann ee Beton driwwer geschott hätt. ?
D’Sophie, de Yann an ech waren dann och nach d’Visite guidée vun der Pärelefarm maachen. Polynesien ass jo berühmt fir hir schwaarz Pärelen. D’Produktioun vun deene wonnerschéine Pärelen ass wierklech eng Konscht fir sech. Et gëtt och just 1 Schoul op der Welt fir d’Handwierk vum “Bepärelen”, oder wéi soll een dat nennen, ze léiren, an dat ass hei zu Rangiroa.
Et gesäit ee scho vu baussen, dass dës Farm scho besser Zäite gesinn huet.
Leider huet och dëse Business säit der Kris immens gelidden an zu Rangiroa ass och just nach 1 Farm iwwreg bliwwen mat enger Handvoll Employeeën, wat natierlech fir sou eng kleng Inselchen eng wirtschaftlech Katastroph ass! De Yann huet d’Explicatiounen vun der Visite op mengem Schouss verschlof, mee d’Sophie huet gutt nogelauschtert. Dono war natierlech (wéi och schon a China) d’Visite vum Buttick, wou ech mer ee schéine Krëschtkado erausgesicht hun, deen mai gudden David mer zwee Deeg dono kaf gaangen ass…
No 3 Deeg si mer dunn zefridden neess vun der kickeleger Cousine Rosine op de Flughafe bruecht gin fir weider Richtung Fakarava ze fléien.
Do hat ech mech scho laang drop gefreet a mir goufen net enttäuscht! Hei hate mir d’Luxus-Variant gewielt. Ech wollt wéinstens eemol a mengem Liewen a sou enger Hütt op Stelzen iwwert dem turquoise Mier schlofen. Am Pearl Beach Resort zu Bora Bora gouf deen Dram méi wéi erfëllt!
Dem David war dat alles scho bal too much, mee d’Kanner an ech hun di 2 Deeg immens genoss a mir wäre gären nach e bësse méi laang do bliwwen.
Schon d’Approche mam Fliger op Bora Bora gehéiert zu deene schéinsten Andréck vun der Reess: Den zerklüften Vulkan an der Mëtt, d’Lagun an deene schéinste Faarwen a ronderëm di wäiss Koralleketten un där sech d’Wellen aus dem Pazifik briechen… Den Accueil um klenge Flughafen mat der Blummeketten war den Tëppelchen um i.
Eise Resort war esou schéin, et war scho bal surreal! An trotzdeem war et net pupeg. Och d’Personal war onkomplizéiert a léif, wéi bis elo all d’Leit hei op den Inselen. D’Clientèle huet natierlech haaptsächlech aus Honeymooners bestanen oder aus Koppelen an der Boma a Bopa hirem Alter.
Dem Sophie an dem Yann si bal Schwimmhäute gewuess, well si waren ouni Paus an der Schwämm. Mir haten ee relaxe Programm mat Mini-Golf, Kayak, Schnorchelen an hirem Koralle-Gaart, di eemoleg Aussiicht genéissen a Cocktaile schlürfen. Ech hat di ganzen Zäit dat dämlecht Lidd “Do you like Piña Colada?” am Kapp…
Ee Manta-Rochen-Weibchen, bal 3m grouss! Si schwammen no enger Nuecht op der Juegd ëmmer erëm laanscht Korallen, wou kleng Fëschelcher drop waarden fir si ze botzen.
Mir haten scho laang am Viraus vun doheem aus ee private Schnorchelausfluch gebucht. Eise Guide, den Tuaiva, huet eis Erklärunge gin an eis op di schéinste Plazen erausgeféiert. An an deenen knapp 4 Stonnen si mir ronderëm di ganz Insel gefuer a mir hun alles gesinn wat d’Mier bei Bora Bora ze bidden huet! Nierft Dausende vu wonnerschéine Korallen a Fësch hu mir Delfinen, Pointe-Noire-Haifësch (di de Yann ze kleng fonnt huet, an dobäi waren se sou grouss wéi ech…), Muränen, ee Grupp vun 23 Leopardrochen an ee Manta-Rochen entdeckt. Dat war neess een absoluten Highlight vun eiser Reess. Mir ware wierklech beandrockt!
De Yann mam Tuaiva op Manta-Juegd.
De Yann mat engem Schwaarz-Spëtzt-Hai
Dësen Hai ass op Bora Bora ganz bekannt, well him d’Réckefloss feelt. Kee weess firwat.
Wéi an engem Aquarium!
Eng granzeg Murän.
23 Leopardrochen fléien graziéis ënnert eis.
D’Wieder war zwar net ëmmer paradisesch, mat heiansdo Stuerm a Reen, mee fir eis war dat net sou schlëmm. Hei ass d’Zäit definitiv ze schnell vergaangen, de Yann hat mol keng Zäit fir ze Verlaangeren. Dun hu mer schon neess missten d’Valiss paken fir op Rangiroa ze fléien…
Vu weegen Boring Boring, ech kommen op alle Fall nach eemol zréck!
Uff, eis Zäitreess war ee Succès: Den 20. November si mer gutt zu Auckland fort komm an den Dag virdrun zu Tahiti geland… Wie erklär ich’s meinem Kinde?? Ass och eegal well hei ass et einfach nëmme paradisesch!
Mir hun 1 Nuecht zu Papeete an engem schéinen Hotel geschlof, hu moies nach gutt vun der Schwämm profitéiert a sin nomëttes op Huahine geflunn. Laut Lonely Planet vill méi schéin an authentesch wéi Bora Bora.
Plantation House
Zu Huahine hate mer een Haischen op enger klenger Insel virun der Insel Huahine fir 8 Deeg gelount. D’Proprietärin vum Plantation House, déi mer awer ni ze gesi kruten, hat iwwregens vun hiren häerzlosen Elteren een äusserst ondankbaren Numm kritt: Tetua Degage…
Um Flughafe goufe mer vun enger jonker Madamm, hirem Mann an hirem Brudder ofgeholl an op eise Motu gefouert. Si huet eis gewarnt, et wier zimlech wäit bis op eis Inselchen. Ech hu bal misste laachen, well no knapp 30 Minutte ware mir schon do (mir waren an der Läscht eeben aner Distanze gewinnt) a mir sin am Schleekentempo dohinner gekriibst, wat ganz agreabel war, no deene ville geckegen Taxi-Chauffeuren, déi mir bis elo schon op eiser Reess hu misste erdroen. Sou konnte mer och schon een éischte Bléck op di schéi Landschafte geheien.
Huahine sin am Fong 2 Inselen, si gehéiren zu deene gréissten vu Franséisch Polynesien, a sin duerch eng kleng Bréckelchen mateneen verbonnen. Eise Motu gehéiert zu der Südinsel, zu Huahine Iti (Kleng Huahine).
Mai Mann, mai Boot an am Hannergrond main Haus…
Fir op dëse Motu ze kommen hu mir eist eegent klengt Motorboot.
Eise coolen Auto!
A mir hun och een ale verraschtene Pick-up wou d’Bremsen net wierklech gutt gin a wou d’Ressorten vum Sëtz aus dem Polster erausluussen an an den Hënner piiksen. Well keng Plaz fir eis all virdran ass, ass hannen op der Ladefläch eng ural, wackelech a komplett futtiss Holzbänk. Do sëtzen d’Kanner mam David drop a schnëssen non-stop a laachen a jiipsen wann ech ëm d’Kéier fueren. Doheem géif ech mech mol net trauen esou iwwert de Schéckelt bis op Bëschrued ze fueren, hei fanne mir dat ganz normal. Op de Stroosse si vill Hénger an Hënn ënnerwee a vill Erwuessener a Kanner mam Velo, déi wénken a laachen oder Saache (Frechheeten??!) ruffe wann ee laanscht fiert.
Eis Inselchen ass ca 4km laang an 200m breet an et wunne just e puer Familjen hei. Op ganz Huahine wunnen och nëmmen 6000 Leit an d’Haaptstad Fare ass nach méi kleng wéi Steesel. Touristesch ass et hei guer net, mee onvirstellbar schéin!! Et gin e puer kleng Pensiounen a komescherweis ass all gréisseren Hotel (z.B. Sofitel) oder Resort, dee probéiert huet sech hei ze etabléiren, schon no kuerzer Zäit faillite gewierscht. Et läit vläicht un de Mousticken, déi hei wierklech eng Päscht sin, eng besser Erklärung hun ech och net…
Eist Haischen
Wéi mir op eiser Insel an eisem Bungalow ukomm sin, hun den David an ech di ganzen Zäit missten domm laachen, well et genee sou war wéi mir eis dat erdreemt haten! Praktesch ganz alleng an enger Lagun, mat onglaubleche Faarwen am Waasser: Transparent um Bord, hellturquoise 100m weider an dann hellblo bis blo an der Mëtt vun der Lagun. Mir kommen eis fir wéi de Robinson Crusoe.
D’Vue vun eisem Haus aus
Eis Hütt ass zimlech al an delabréiert, de Frigo geet net an duerch d’Lächer an de Moustikären an duerch d’Ritzen am Foussbuedem hätte souguer Nilpäerd doduerch gepasst, mee et ass ganz propper a mir hu souguer waarmt Waasser an et gefällt eis wonnerbar. Mir sin dee ganzen Dag an der Schwammbéchselchen oder plakech!
D’Kanner si begeeschtert, endlech kënne si och de Lego neess auspaken, am Mier rollzen, an der Hängematt turnen an an der Palmeplantage, déi zu eisem Haus gehéiert, spillen. Ee Genoss no eisem “confined space” am Camper…
Schule unter Palmen. Jo, souguer am Paradies mussen Hausaufgabe gemaach gin.
Vum Ufer aus kann een ca. 100m duerch dat transparent Waasser eraus spadséiren, da gëtt et lues a lues méi déif. Mir hun ee Kayak, mat deem den David an d’Sophie all fräi Minutt eraus fueren fir schnorchelen ze goen.
Den Nemo a sai Papp bei hirer Anemone.Pufferfish, oder wéi d’Sophie an de Yann verstanen hun: Coiffeur-Fish
Kapitän Yann
D’Wieder war leider fir polyneesesch Verhältnisser net immens, mat vill Loft, Reen a selte bloem Himmel. Mee natierlech immens waarm, och am Wasser an an der Nuecht.
An der Mëtt vun eiser Lagun ginn et wonnerschéi Korallen a Fësch an alle Faarwen, vun deenen d’Sophie all Numm kennt. D’Stréimung ass hei awer zimlech staark.
D’Sophie a sengem Element!
Avea Beach
Well de Yann sech mat där Stréimung net sou à l’aise fillt, si mer e puermol eng 10km bis op Avea Plage gefuer, eng vun deene schéinsten an accessibelsten Plazen a Polynesien fir schnorchelen ze goen. Phantastesch!
Eenzege Minuspunkt vun Avea Plage: Scho vir, beim Ufer, louchen Honnerten vu ganz grousse Seegurken op déi ee bal huet missten trëppelen wann een an d’Waasser wollt. D’Sophie huet sech schrecklech virun deenen eeklegen Déiren gegrujelt. Dofir ware mer frou dass ee Ponton do war, vu wou aus mer direkt a méi déift Waasser koumen.
De Melounenexpress féiert Fässer voller Meloune bei d’BootDe Melonentransporter vu bannen…
E puer Meter vun eisem Haus ewech war ee Feld mat Melounen wou Leit heiansdo dra geschafft hun an eis e puer Meloune geschenkt hun.
De Raphaël mécht mat geübter Hand Kokosnëss op.
De Raphaël, de Gardien vum Haus an der Kokosplantatioun, koum eemol laanscht fir eist Boot ze flécken an nach eemol fir eis ze weisen an ze erklären wéi een Kokosnëss opmécht a verwäerte kann.
Huahine war leider eng deier gin, wat d’Technik ugeet: Nodeems eise Laptop scho méi laang futti ass, hu main Handy an dem David sai Kindle Bekanntschaft mam Salzwaasser gemaach. Säitdeem gin di meescht Knäppercher um Handy net méi an dem David sai Kindle ass net méi ze gebrauchen. Zu allem Iwwerfloss ass dem David seng Go-Pro den Dag dono fir ëmmer an den ewigen Abgründen vun eiser Lagun verschwonnen. Gottseidank (oder MasterCardGold sei Dank…) sin d’Leit hei definitiv net komplizéiert an no e puer Telefonaten, gouf den Dag drop eng fuschnei Kamera vun Tahiti op Huahine geschéckt, déi den David ganz onbürokratesch um Flughafe konnt ofhuelen.
Den Nationalsport a Polynesien ass sécher Paddelen. D’Kayake si ganz schmuel an hun 2 Coquen. Impressionant wéi schnell di jonk, schéin a muskuléis Polynesier domatt viru kommen!
Den David war 2mol mat de Fläschen tauchen an total begeeschtert vu sengen Decouverten! Vill ze schnell waren di 8 Deeg eriwwer an ech war ganz melancholesch wéi mer fir d’läscht mat eisem Motorboot eriwwer op Huahine gefuer sin, wou de Raphaël op eis gewaart huet, fir eis op de Flughafen ze féiren.
Huahine heescht d’Geschlecht vun der Fra. An hei ass de männleche Pendant: De Zizi vun hirem gréisste Krieger, zum groussen Amüsement vun de Kanner.Mat Sak a Pak geet et virun op Bora Bora. A wéi ëmmer dat éiwegt Gewulls an der Posch!!
Mee de Verdross huet net laang ugehalen, well op eis huet di magesch Destinatioun mam Numm BORA BORA gewaart!!
D’Südinsel gëtt och “the magic island” genannt, hat eng neiseelännesch Koppel eis virun der Traversée gesot, si wier nach vill méi schéin wéi d’Nordinsel. Scho virun eiser Arrivée zu Picton hu mer dat och scho gegleewt.
D’Landschafte si ganz ënnerschiddlech: Küsten, Steppen, Fjorden, Fielsen, ronn, gréng Koppen mat Dausende vu Schof, Flëss, Wüsten, Séien, mat d.D. onglaubleche Faarwen an natierlech d’Alpen, mam Schnéi op de Sommete, déi bal omnipräsent sin … fir all Goût ass eppes dobäi!
Och hei hu mer einsam Plaze mam Camper gesicht a fonnt.
Et ass eis just e bësse schwéier gefall ee Choix ze treffen, well eigentlech wollte mer alles gesinn an entdecken, mee op där anerer Säit ass d’Insel einfach ze grouss an d’Distanzen einfach ze laang mat de Kanner, fir an 3 Wochen alles ze man. Mir wollten net all Dag viru fueren an haten an engems Angscht eppes ze verpassen. Wat ee Stress!! ? Dowéinst ware mer heiansdo e bësse planlos ënnerwee an hun oft vun Dag zu Dag geplangt.
Wann ee sou laang mam Camper op enkstem Raum ënnerwee ass, spillt d’Wieder natierlech och eng wicheg Roll. Mir hate meeschtens zimlech Chance an d’Sophie konnt, wéi doheem och, moies nach am Pyjama d’Dir oprappen an direkt eraus spille goen oder Velo fueren. Hatt brauch seng Fräiheet. Och den David huet profitéiert fir Velo ze fueren an ech war lafen, mee no där laanger Paus ass d’Form natierlech am Eemer.
Wann d’Wieder net extra ass, kann mol séier d’Barackenfieber ausbriechen, eng Erfahrung, déi mir, trotz alle gudde Virsätz, natierlech awer och gemaach hun… Mee dat huet sech dann alles och neess séier berouegt.
De Yann huet ugefaangen richteg ze verlaangeren. Vun Ufank un huet hien an der Nuecht vill vun doheem gedreemt, dee schéinsten Dram war, dass hien zoufälleg d’Boma an de Bopa am Cactus zu Réiden am Gedrénksrayon begéint hat. Mee du war nach alles spannend an nei an hie war zefridden, eegal wou mer grad dru waren.
Lo wou sain highlight, also sai Gebuertsdag, laanscht ass, huet hien et méi schwéier. All Dag seet hien e puermol ganz wehmühteg: “Wéini si mer neess doheem?” “Oh, wat wier ech lo gären doheem oder zu Heeschdrëf!” Hien huet ugefaangen d’Deeg ze zielen. Virun allem d’Boma, de Bopa, de Jonas, den Arno an d’Anna feelen him. Och vum Jenny an all deenen aneren Monnien, Tattaen a Cousinen dierf een net zevill schwätzen. Den David kann dat net verstoen, d’Sophie an ech kënnen et wuel novollzéien, mee ech muss soen, ech verlaangeren nach guer net. Beim Sophie weess ech et net richteg, hatt seet zwar, hatt géif net verlaangeren, mee ob dat sou ass…?!
Mir freeën eis sécher fir herno neess heem, ech liesen och mat Interesse a Freed all Mail, WhatsApp oder Message vu Famill, Frënn an Aarbechtskolleegen, mee ech hun nach guer net d’Bedürfnis zevill un doheem oder d’Aarbecht ze denken, hehehe…
Hei verschidden Etappen an highlights vun der Südinsel:
Kaikoura an e puer Deeg mi spéit… d’Äerdbeeben!
Kaikoura ass eng flott kleng Touriste-Stiedchen un der Ost-Küst. Si ass virun allem bekannt wéinst hirem whale-watching. Jonk Pottwal-Bullen sin d’ganzt Joer do ze fannen, well et bei der Küst virun Kaikoura direkt e puer Kilometer déif ratschteg erof geet. Perfekt Konditiounen fir d’Pottwalen fir 2-3km erof ze tauchen an no Kraken, hirem Lieblingsschmaus ze sichen.
Mir hun decidéiert, dëse whale-watching aus der Loft ze maachen. Den Helikopter, deen dat normalerweis mécht, war futti, dofir goufe mer bei Air Kaikoura geschéckt. D’Piloten hun eis gesot, et géif dee Moien zwar net gutt ausgesinn; bei hire Vole virdrun hate si “just” Delfine gesinn. Mir waren trotzdeem interesséiert. Ganz onkomplizéiert konnten d’Sophie, de Yann an den David dunn eng knapp Stonn mat engem Piper PA28 iwwert d’Mier dréien. Wéi de Pilot héiren huet, dass den David am selwechte Metier wier, huet hien insistéiert, dass den David op der Chef-Plaz sollt sëtzen a selwer sollt fléien. Hien huet dat och souverain gemaach, obwuel hien nach ni op deem Tipp Fliger geflu war an och seng läscht Stonnen op der Cessna si schon eng Zäit hier… Leider waren tatsächlech keng Walen um Rendezvous, trotzdeem sin di 3 ganz zefridden dono aus dem klenge Fliger geklommen!
Eng Woch mi spéit war Kaikoura jo och bei eis doheem an de Schlagzeilen, wéinst deem staarken Äerdbeeben vu 7,5 vum 14. November. Mir hate weeder vum Äerdbeeben, nach vun Tsunami-Warnungen a scho guer näischt vun der grousser Opreegung doheem wéinst eiser eppes matkritt, well mir grad dunn déck 2 Deeg vun der Baussewelt ofgeschnidde waren a gemittlech, ouni Radio, Réseau oder Internet am Milford Sound ënnerwee waren… Et deet eis sou Leed, dass v.a. eis Famill a Geschwëster bal 2 Deeg wéi op waarme Kuele souzen, well mir eis net gemellt haten!
Et huet eis och zimlech erféiert, well mir effektiv genau do wou et am meeschte gerabbelt hat ënnerwee gewierscht waren: Mir haten direkt nierft dem Mier an nierft där Strooss, déi duerch Äerdrutschen komplett zerstéiert gouf, geschlof. Et hat eis wonnerbar do gefall. Dem Sophie sain éischte Gedanken, wéi hatt vum Äerdbeeben erfuer huet, huet de Séihënn vu Kaikoura gegollt: Et goufen do riseg Séihënn-Kolonien, déi effektiv vum Bieben betraff waren, well d.D. hir Fielsen vum Bulli an de Steng begruewe goufen. Wéivill Déiren dobäi gestuerwe sin ass schwéier soen, Spezialiste mengen, dass zu deem Moment, also Punkt Mëtternuecht, vill Séihënn am oppene Mier op der Juegd waren.
Och Deeg nom Äerdbeeben souzen nach ëmmer iwwer 1000 Touristen zu Kaikoura fest, ouni Stroum a fléissend Waasser. D’Situatioun huet sech och laang net verbessert, well d’Wieder di Deeg dono ganz schlecht war, mat extreemem Reen a Stuerm. Och Wellington war zimlech betraff, awer éischter wéinst engem Stuerm deen zäitgläich mam Äerdbeeben iwwert d’Stad geblosen a vill Schued gemaach huet.
Gottseidank hu mir no eisem Tour op der Südinsel net méi missten op d’Nordinsel zréck fueren, mee just bis op Christchurch, wat südlech vu Kaikoura lait an accessibel war. Eisen Timing war alt erëm richteg gutt!
Ashburton
Dem Sophie sai Fräiliicht-Musée
Also Ashburton selwer, südlech vu Christchurch, ass keen Ausfluch wäert… Mee mir haten do op enger Plaasch geschlof, wou mer deen anere Moien dem neiselänneschen Kinniksjang begéint sin: Engem frëndlechen, schnëssegen Hobby-Fëscher a senger Schwëster, eeeh nee, senger Madamm.
Hien huet eis erkläert wat mer nach alles vu sight-seeing missten an der Géigend maachen, wiem wéi eng Roulotte um Camping vu Mount Somers gehéiert, dass do een Deel vu Lord of the Rings gedréint gouf, dass dem Dichter, deen do an der Kéier, bei de Schinnen, hannert der Stad riets vun XY wunnt, maja, deem seng Fra, also seng 2. Fra, déi heescht och Anne Marie an huet eis alles iwwert d’Fëscherei erzielt.
De Kinniksjang lénks, de powerful fisherman an der Mëtt a “my partner Gaye” riets
An dun huet seng Aangel gewibbelt an et hat een ugebass! De Kinniksjang huet insistéiert, dass den David de Fësch sollt eraus zéien. Och dat huet den David souverain gemaach an esou säin 1. Fësch u Land gezunn: Ee klengen Haifësch ouni Zänn!
D’Sophie an de Yann sin zu Ashburton souguer e puermol an d’Mier gesprongen. Ech stoung mat Fleece-Jackett a Mutz nierwendrun an den David huet och just di déck Zéif dra gezappt an hat direkt den Neeeeelchen!
Lake Tekapo a Lake Pukaki an de Wee weider no Süden
Deen eenzegen Observatoire aus Neiseeland beim Lake Tekapo
An dëser Géigend huet et eis extra gutt gefall. Et war zimlech waarm a schéint Wieder. Um Lake Tekapo ware mer erop bei een Observatoire gefuer, wou een am Dag eng herrlech Vue op d’Géigend ronderëm huet an an der Nuecht dee klore Stärenhimmel ka bewonneren, well d’Loft net dréif vu Luuchten ass, well et wäit a breed keng Stied ronderëm gëtt.
Duerch den Teleskop konnte mer Eruptiounen op der Sonn erkennen.
Mir hun öfter den David eng Rei Kilometeren virun eiser Destinatioun erausgeheit an hien ass dann de Räscht mam Velo gefuer.
Um Lake Pukaki hu mir 2 Nuechte geschlof. Den David huet profitéiert fir Velo ze fueren an d’Kanner hu flott gespillt!
D’Waasser vun dëse Séien ass komplett turquoise, well um Fong iergend een hellt Sediment ass, wat dem Waasser dës Faarw gëtt.
Bei eiser Campplaz um Lake Pukaki war souguer ee Minigolf (à la Sophie ? )
Mount CookHerrlech Vuen vun eiser Schlofplaz op d’Alpen an de Mount Cook a Mount Sefton
Vun do aus si mer weider Richtung Süde gefuer…
Neiseeland – d’Land vun de Schof.
Bei Cardona: Out of the blue hounge lauter “Buseverstopper”, wéi d’Sophie an de Yann ëmmer soen, vun alle Gréissten, Formen a Faarwen un engem Zonk. Witzeg Aktioun, mat awer eeschtem Hannergrond: Et kann een net nëmme sai Soutien do ophänken, mee och e puer Dollar an eng Béchs fir d’breast-cancer-foundation geheien. (Ech hun di zweet Optioun gewielt, well wann ee just 2 Soutienen op der Reess dobäi huet…)
Obelix
Bei Wanaka hu mer 2 Nuechte bei engem klenge Floss geschlof. Net wäit ewech war ee flotte klenge Musée “Puzzling World” voller optëscher Illusiounen, witzegen Experimenter an engem onméigleche Labyrinth, wou awer just d’Sophie an den David den Ausgang fonnt haten. De Yann an ech sin no iwwert enger Stonn heemlech zum Noutausgang erausgeschlach, soss géife mer lo nach dran ronderëm irren…
Honey, I shrunk my dad!
Bei Queenstown hate mer eng phantastesch Campplaz beim Séi fonnt. Mee schon no enger Stonn si mer geflücht, well et eng Invasioun vu Sandflies gouf. Dës lästeg Zäitgenossen, wahrscheinlech Cousinen vun de schotteschen midgets, hun eis d’Liewen méi wéi eemol schwéier gemaach. Si stinn moies bei Sonnenopgang op a gi mat der Sonn schlofen, also gëtt et keen Entrinnen!
Meeschtens sin ech gefuer, mee heiansdo hu me eis och ofgewiesselt…
Milford Sound, dat 8. Weltwonner!
Mir hate laang hin an hier iwwerluecht, ob mer wierklech sollten dee groussen Ëmwee fir op Milford Sound woen. Mir hun eis dofir entscheed an dat war di beschten Decisioun déi mer huele konnten!! Et ass magesch do, och wann een natierlech dat Naturspektakel net alleng erliewt, mee mat enger Rei aneren Touristen zesummen…
D’Strooss fir dohinner ass scho phänomenal!
The DivideDem David säin éischte Bléck op de legendäre Mitre Peak!Juhuu, just nach 8km biergop bis bei den Homer Tunnel! Dono biergof bis op Milford Sound.
Virun allem den David huet richteg gutt dovu profitéiert, well hien ass genau 100km mam Velo vun Te Anau, vun eisem Camping aus, dohinner gefuer. Dat war sain absoluten Highlight an Neiseeland an hie war glécklech an euphoresch wéi hien ukoum. (Ech war och erliichtert, well ënnerwee gëtt et ee gräisslechen Tunnel an ech hat mer awer e bësse Gedanke gemaach, v.a. well ech réischt um Camping vu Milford Sound gemierkt hun, dass een am Ëmkreess vu méi wéi 100km keen Handysnetz huet…)
Ech hat gemengt, dat leegendäert Milford Sound wier eng gréisser Uertschaft, mee neen, et ass sou grouss wéi Randschelt, ouni Kierch mee dofir mat Hafen a Flughafen. Di meeschten Touristen – an dat sin der vill – komme mam Bus moies dohinn a fueren no hirer 2-Stonne Croisière neess mam Bus zréck.
Moies fréi…Vue op dat wëllt an onberechenbaart Tasmanescht Mier, war um 45. Breedegrad läit, déi Breedegraden si gefaart a gi vun de Séimänner “roaring 40ies” genannt.
Mir hun eng Nuecht um latzege Camping do geschlof an deen anere Moien eng wonnerschéin Kreuzfahrt duerch de Fjord gemaach, mat interessanten an agreablen Erklärungen vum Kapitän. D’Wieder war ok, et huet net gereent, wat am Milford Sound éischter schued ass, well beim Reen entstinn spontan op alle Säite vum Fjord beandrockend Waasserfäll.
Kayakfuerer ënnert de Fielsen
Mir haten awer immens Chance, well mir hu vill Delfinen vu ganz no erbléckst, déi ronderëm eist Schëff gespronge sin. Déi gesäit een do éischter selten.
Bottlenose DelfinenAn d’fur seals waren och neess um Rendezvous
152m Gletscherwaasser
Mir sin ënnert dee Waasserfall gefuer. Dat war cool!Mystesch Ambience. An ëmmer dominéiert am Hannergrond de Mitre Peak, dee sai Numm senger Form ze verdanken huet, en erënnert tatsächlech e bëssen un eng Kleeschensmutz.Um Wee fir zréck, virun deem gräisslechen Homer-Tunnel, wou ee laang bei enger rouder Luucht waarde muss, laueren d’Keaen. Si schrauwen engem de Velo méi séier auserneen wéi ee kucke kann!
Nom Milford Sound hu mer eis neess op de Wee no Norde gemaach. Mir sin duerch d’Land an dunn laanscht d’Ostküst eropgefuer. Mir sin duerch verschlofe kleng Uertschafte komm, wou mer guer keng aner Camperen begéint hun.
Alldag am Campervan:
Eng super Campplaz bei der Surfer Plaasch vu Port Chalmers.
Oamaru
Eng interessant Decouverte war di kleng Stad Oamaru, “Capital of Steampunk”. Hei huet et vu skurile Personnagen, Vehikelen a Kreatiounen nëmme sou gewimmelt!
Steampunk HQ, ee genialen, verréckte Musée!
Born to be wild!
Souguer d’Spillplaz war net alldeeglech!
Moeraki boulders, ronn Steng op der Plaasch…
An dunn waren eis 3 Wochen Neiseeland eriwwer. Mir hun eise gudde Campervan zréck op Christchurch bruecht (mat enger riseger Schréips laanscht di ganz Säit; keng Ahnung wéi oder wéini dat soll passéiert sin, ech war et net. Éierlech net.), a si mam Fliger zréck erop op d’Nordinsel, op Auckland geflunn.
Fazit: Wonnerschéin! D’Leit alleguer immens frëndlech a “laid back”. Mir si schon um Plange fir eemol zréck ze kommen!
Mee haut maache mer eis lo mol op eng kleng Zäitreess: Mir fléien de Mëtteg op Tahiti a komme gëschter owend un. HÄÄÄH????
Herrlech approach op Auckland an engem fuschneien Airbus A350
Mir sin erstaunlech schnell duerch all d’Kontrollen um Flughafen zu Auckland komm, trotz eise verseuchten Biergschong.
D’Kerstin, eng ganz léif Madamm vu Wilderness, dem Camper-Verleih ass eis op de Flughafe siche komm. Si war eng Däitsch a war viru 16 Joer wéinst der Léift an Neiseeland ausgewandert an huet och bal keen Däitsch méi konnt. Mat hir hu mer all Formalitéiten erleedegt, si huet eis interessant Tipps und Tricks verroden a wat eis besonnesch gutt gefall huet, war, wéi onkomplizéiert dat alles war. Keng laang “Passt-nëmmen-op-” a Verbuedslëschten, mee au contraire, si sot si wieren bei Wilderness am frousten, wann d’Leit de Camper sou richteg verdreckst géifen zréck bréngen, “so we know you had fun!”.
Mir krute vun hinnen och 3 wäertvoll Bicher mat, mat ultra Geheimtipps fir sightseeing a mat wëllen campsites. Dofir hate mer eis d’Firma Wilderness eraus gesicht, well si eeben éischter d’Philosophie vum fräien campéiren, wat z. D. an Neiseeland nach méiglech ass, ënnerstëtzen. All Campervan dee “self-contained” ass, d.h. wou all knaschtegt Waasser vu Kichen, Dusch an Toilette opgefaange gëtt, dierf op deene meeschte Plazen freedom camping maachen. An dat war 100%eg di richteg Entscheedung fir eis!
Neiseeland huet eis op den 1. Bléck richteg begeeschtert! Mir hate Chance mam Wieder, d’Leit sin onkomplizéiert, interesséiert a ganz frëndlech. An alles ass sou schéin an der Rei an iergendwéi mat Léift gemaach an ënnerhalen. Di meeschten Haiser si Bungalowen mat Wellblechdaach an zimlech groussem Gaart ronderëm, dee perfekt geméint ass a wou de Moment di herrlechste Blummen an Hecken dra bléien, schliesslech ass Fréijoer. Ronderëm d’Stroossen bléien iwwerall Gënz a wëll Lupinien an alle Faarwen, et ass ee Genoss!!
Coromandel Biergketten am hannergrond
Mir hun eise Camper an Empfang geholl an ech sin am Ufank nach virsiichteg an ëmmer zevill no beim Trottoir, op der lénkser Stroossesäit, lass getuckert.
Mir hate just 4 Deeg op der Nordinsel firgesinn, éier mer mat der Fähr vu Wellington eriwwer op d’Südinsel géife fueren. Dat huet eis scho bal leed gedoen, well op der Nordinsel huet et mir virun allem, schon immens gutt gefall!
Eis 1. Campplaz direkt beim Mier. Herrlecht Wieder! Flott dass mer och 4 Veloen dobäi haten!
Mee no eiser éischter Nuecht, op der Plage, net wäit vun Auckland ewech, war et lo ENDLECH ENDLECH ENDLECH ENDLECH ENDLECH sou wäit: De Yann hat bal ee ganzt Joer dovu geschwat a gedreemt, endlech war säi Gebuertsdag do!!!!!
Happy birthday léiwe Yann-Yann! Alles Gutts fir deng 7 Joer!!!!Lego, Lego, Lego!!!
Mir si gemittlech d’Südinsel erof gecruised, mat méi oder manner laangen Deeg am Auto, mat ville phantastesche Landschaften an ëmmer schéinen a rouegen Campplazen owes. Eise Camper war wierklech gemittlech a ganz gutt equipéiert a mir hun di grouss Fräiheet no deem éischter ustrengende China immens genoss!
An de Gënz bléit op den Häng, iwwerall an Neiseeland…
D’Géigend zwëschen Rotorua an Taupo ass berühmt fir hir geothermesch Aktivitéiten: Geysiren, sténkeg hot pools, a Blubber-Bulli…
Matzen an der klenger Stad Rotorua spruddelt et, blubbert et a sténkt et iwwerall!
Bääääh, watt dat mippst!!Mud pools!Owes op der 3. Campplaz: Eng Etappe-Course vun 30 Etappen! Den Dezimeter hat gewonnen, mee hie war gedoppt!D’Sophie fillt sech bal wéi doheem mat deem ville Gemäääähs hei!
Nuecht am Stuerm beim héchste Vulkan vun der Nordinsel (2797m) RuapehuMars Rover oder sunrise beim Ruapehu? Roude vulkanesche Buedem + Liicht vum Sonnenopgang = kitscheg an net gephotoshoppt Photo
Mount RuapehuVive la Petite Reine!Wellington hat een aussergewéinlech schéine botanesche Gaart, wou ee mat sou engem Tram erop fuere kann. Hei hu mer eis e bëssen Zäit verdriwwen, bis et Zäit war d’Ferry ze huelen.
Mir si bis op Wellington gefuer ganz an de Süden vun der Nordinsel. An 3 Stonne si mer mat der Fähr op d’Südinsel gefuer. D’Mier war roueg an d’Vue wonnerschéin!
Vun der Stad Guilin hu mir net vill matkritt, well mer réischt an der Nuecht am Hotel waren an deen nächste Moien fréi erausgehait goufen, a mat eisem Guide eng Flosscroisière vu Guilin op Yangshuo gemaach hun. Et war liicht niwweleg an immens waarm.
Di Streck um Floss Li, déi 63 km laang ass, fir déi mer bal 5 Stonne gebraucht hun, ass berühmt fir hir Kegel-Bierger aus Muschelkallék, déi a wonnerschéinen a bizarre Formatiounen lénks a riets vum Floss ze bewonnere sin. A well et do sou schéin ass, ware mir och net di eenzeg, déi dëst Naturspektakel wollte gesinn: Alleng zu Guilin waren 200 Schëffer à la Marie-Astrid prett, fir d’Touristen opzelueden, e puer Kilometer virdrun louchen der anscheinend nach eemol 150. De Floss ass nëmmen ongeféier sou breed wéi d’Sauer a grad sou déif. Wéi Pärelen un enger Ketten sin all di Schëffer zur selwechter Zäit de Floss erof gekroch, an sou huet d’Ëmgéigend vill vun hirem Charme agebéisst. Virun allem well op eisem Boot bal nëmmen Däitscher waren, déi sech géigesäiteg bal zerfleischt hun, wann een ze laang un Deck op der beschter Plaz wollt d’Landschaft genéissen: “Das ist doch kein Dauerparkplatz!!!” An da fanne mir d’Chinesen heiansdo onhéiflech!
Dem Sophie a Yann war d’Zäit um Schëff och e bësse laang gin a mir waren eigentlech frou wéi mer zu Yangshuo ukomm sin.
Mir sin net an der Stad bliwwen, mee eisen Hotel louch ausserhalb an do war et wonnerschéin!!
Hausaufgabekontroll vun engem HunnEisen Hotel Moondance ResortYangshuo
De Moondance Resort war iergendwéi guer net chinesesch, all d’Personal huet gutt englesch geschwat, mir goufe léif empfaangen, si hate chinesesch an och westlech Kichen a bal all d’Gäscht waren Europäer (vill Fransousen, och mat Kanner), also uff, kee Geglotz während 2 Deeg! An et gouf eng Schwämm dobaussen!!! D’Kanner sin natierlech direkt dra gesprongen fir sech ofzekillen, mir haten iwwer 30 Grad. D’Sophie schéngt awer vill Schluppe kritt gehat ze hun, well him war et an der Nuecht immens schlecht an hatt huet sech missten iwwergin. Deen aneren Dag war awer schon neess alles tiptop an hatt ass ronderëm gebëselt wéi ëmmer. Gottseidank. Dat war och fir d’éischt, dass ee vun eis e bësse krank war, pake mer Holz un dass dat sou weider geet.
Mir hu moies eng Bambusfloossfahrt op engem Niewefloss vum Li Floss gemaach, och sou eng Touristefal, awer ganz witzeg!! Ech hat de Kanner Sprëtzrevolveren um Ufer kaaft a mir ware kuerz drop zappnaass! Leider huet dat Ganzt just eng déck hallef Stonn gedauert.
Nomëttes si mer mam Guide eraus op d’Land gefuer. Eise Guide, den John, deen eis di nächst Deeg begleed huet, huet eis direkt gutt gefall: Hien hat a China Däitsch geléiert, mee huet den Rrrr liicht gerullt, well hien een éisterräichesche Professer hat. Hie konnt een alles froen, hien huet och eis Kultur gutt kannt, hat ee speziellen an agreablen Humor a wosst immens gutt iwwer vill Themen Bescheed. Hien huet probéiert eis verschidden chinesesch Marotten ze erkläeren (z.b. hiirt Virdrécken, wat mech oft immens béis gemaach huet) an huet och versicht politesch Usiichten vun eis ze relativiséiren an an de Kontext ze setzen. Hien huet eis endlech och e bëssen di “off-beaten-tracks” gewisen, wou eeben net schon 50 Touristebusse geparkt hun an Onmasse Leit duerchgeschleist gin. Di Leit di net vum Tourismus liewen, si kleng Baueren.
Tarzan countryDen John huet eis gesot, dass de Waasserbüffel dat eenzegt Déier ass, wat d’Chinesen net iessen. Schliesslech ësst ee jo net sain Aarbechtskolleeg!
Den John huet eis d’Felder an d’Planze gewisen an eis d’Landwirtschaft a China a graffen Zich erkläert. A China ploen sech d’Leit nach ëmmer eenorm op hire klenge Felder. Et gëtt nach alles vun Hand gemaach.
Den John huet eis och de chinesesche BMW gewisen: ee schmuele Plou aus Holz dee vun engem Waasserbüffel gezunn gëtt (Bauer Mit Wasserbüffel). “Eine Schale Reis, 3 Liter Schweiss”, huet hie verschmitzt gesot.
Brauchs de nach sou eng, Jang??
Owes stoung dunn nach eng grouss Show zu Yangshuo um Programm. Scho säit 9 Joer gëtt all Owend 1 bis 2mol, de Weekend souguer 3mol all Owend, eng bombastesch Show mat iwwer 600 Akteuren um Li Floss opgefouert. Den John huet eis virdrun e bëssen iwwert d’Handlung erzielt: Fëscher, Baueren, Liebesgeschicht, Frisör, Joreszäiten… Frisör?! Vun deem huet hien zimlech oft geschwat an ech souz op der Leitung an hu réischt spéit verstanen, dass hien eigentlech wollt “Regisseur” soen… Also et war dee selwechte Frisör, deen d’Eröffnungsfeier vun der Olympiad zu Beijing kreeéiert hat.
Super beliichte Bierger bei der Show. Bal grad sou hell hun 3800 Handien geliicht, déi eifreg gefilmt a photographéiert hun, obwuel dat natierlech strengstens verbuede war!
Also dat chinesescht Geséngs huet eis lo net sou gefall, mee soss war et wierklech phantastesch! D’Kuliss mat de beliichte Bierger ronderëm war atemberaubend an och di eenzel Choreographien um Waasser waren immens! Obwuel d’Kanner e bësse midd waren no deem laangen Dag, hat et och hinne ganz gutt gefall!
Den Dag drop ass de David moies mat engem Guide klotere gaangen an d’Kanner an ech hu misste léieren an hu vun der Schwämm an deem schéinen Hotel profitéiert. An d’Sophie an de Yann hu mol erëm de Lego ausgepaakt an ee risege Flughafe gebaut.
Dem David sai Kloterfiels
Zu Yangshuo huet et eis am allerbeschte gefall a mir waren e bësse verdrësslech, dass mer net méi laang do bleiwe konnten, well do hätte mer nach ganz vill flott Saache maache kënnen…
Mee den John ass eis den 3. Moien fréi an den Hotel siche komm a mir sin zréck op Guilin gefuer, wou mer nach Schilfrohr-Flöten-Hiel kucke gaange sin. An déi war genial schéin: Si gouf réischt 1959 entdeckt an zitt sech iwwer 3 Etagen, wouvu mir just konnten dee mëttelste Stack besichen. Eenorm, mat ganz villen Zorten “Drëpssteng” a scho bal kitscheg schéin beliicht. Mir haten ee gudde Moment erwëscht, well knapps ware mer eraus, gouf et eng Bus-Invasioun, inklusive Jäiz-Guide an der Hiel.
Chinesesche Schwanensee an der Hiel. Too much fir eise Goût, an awer…Dës Formatioun hun d’Chinesen ganz treffend “Theaterrido mat Bühn” genannt.Den David hällt drop ze preciséiren, dass dës Photoen net retouchéiert sin!
Lo ware 15 Deeg a China bal eriwwer. Mam TGV si mer op Guangzhou gefuer an den Dag drop mam Fliger op Hong Kong. Dorop huet de Yann scho säit Wochen ongedëlleg gewaart: Hien huet iwwermuer Gebuertsdag a mir hate scho viru Wochen, bei all Passage zu Hong Kong potentiell Gebuertsdagskadoen um Flughafen erausgesicht an all di Wochen gouf doriwwer geschwat an diskutéiert an dovu gedreemt. An elo, endlech, endlech, endlech…!!!
Eis Zäit a China ass awer iergendwéi versöhnlech op en Enn gaangen, obwuel eis éischt Impressiounen jo net immens waren. Virun allem dank dem John hu mer d’Chinesen mat all hire Macken an heiansdo nervegen Gewunnechten besser kenne geléiert a konnten och Aspekter vun deem risegen a vielfältegen, z.D. wonnerschéine Land wierklech appréciéiren.