









Zu Tengboche huet et di ganz Nuecht wéi mat Eemere gereent. Dat war net grad gutt dir d’Stëmmung, virun allem, well mer dun dem David äddi gesot hun, deen sech frou gemutt zesumme mam Ramsey an deem aarme klenge Porteur op säi Wee Richtung Imja Tse (Island Peak) gemaach huet.
De Rajees an den Ahmid si mam Sophie, Yann a mir neess zréck ca. 4 Stonnen op Namche Bazar getrëppelt. An dat war eng kleng Erausfuerderung, well mir ware knapps zum Hotel eraus, du ware mer wierklech scho bis op d’Haut naass a kal, trotz Händschen, Mutz, Schal a Reegezei.
Eise léiwe Päerdsmann
hat och dës Kéier neess matgeduecht an ee Plastik organiséiert fir iwwert de Kanner hir Been ze leeën wa se geridde sin, well si um Päerd nach méi naass gi sin, wéi beim Goen. Trotzdeem hu si no e puer Minutte scho vu Keelt geschlottert. Si sin dun ee groussen Deel biergop zu 2 um Päerd geridden an ech war erliichtert wéi mer ee groussen Deel vum Wee hannert eis haten an endlech an engem Teahouse Mëttespaus gemaach hun.
D’Kanner hun allenzwee vu Keelt gekrasch an ech hätt mech kënne verrauen, well hir Reejacketten (am Géigesatz zu menger) kee Fatz waasserdicht waren, obwuel ech se doheem nach eemol traitéiert hat an zu allem Iwwerfloss waren och nach bal all d’Ersatzkleeder, déi ech fir si a mengem Rucksak hat, naass.
Am Teahouse waren se immens léif an hun direkt den Uewen fir eis ugefaangen, Decken a waarmen Téi bruecht. De Yann krutt vun der Sherpa Madamm, déi mech zwar e bësse virwurfsvoll bekuckt huet, seng äiskal Féiss masséiert, hien hat richteg den Neelchen. Di naass Saachen hu mer bei den Uewe gehaangen, wat zwar och net vill bruecht huet. Mee wéi dat bei de Kanner gottseidank sou ass, war noch ca 15 Minutten neess alles gutt. Si haten sech erkritt an hunn neess Topechkeeten gemaach. No enger gudder Stonn Rascht a waarmem Iessen, wosste mer dass d’Yak-Autobunn an Namche Bazar net méi wäit ewech wieren, de Reen hat e bëssen nogelooss a mir sin ness voll motivéiert di läscht Kilometeren gaangen. Mee ech muss gestoen, dass ech wierklech frou war, wéi mer zu Namche an eisem Super-Deluxe-Hotel (no nepaleseschem Standard) ukomm sin (mat Heizdecken an heiansdo wootlechem Waasser).
No eisem resting day hu mer eis op Tengboche erop gemaach, déi schwéierst Etapp ca. 5 Stonnen, mat vill biergof an dono leider nach méi biergop bis op 3800m.
Eise léiwe Päerdsmann hat matgeduecht a sécher meng Bedenken iergendwéi gespuert, well hien hat ee klenge Baudrier organiséiert fir de Yann an d’Sophie um Suedel vum Päerd festzestrécken, sou dass si net méi konnten eroffalen. A wann d’Päerd mat de Kanner drop an eng Schlucht fällt oder d’Trapen eroffällt oder op der Hängebréck stolpert, oder ausrëtscht, oder….??! Aaargh, et ass net schéin wann een zevill eng lieweg Phantasie huet…!
D’Wieder war neess net extra. Mir hun haaptsächlech Wolleken gesin, dotëschent waren och Opklärungen an da waren d’Vuen eemoleg!
Am Ufank war de Wee immens breed a mir hun eis éischt richteg Yake gesin. Wann déi kommen muss een sech séier ewech maachen, well déi sin e bësse beschränkt (grad sou wéi d’Hybrid-Yaken) a gin einfach ëmmer stur weider, eegal op do een oder eppes an de Féiss steet oder net. Mir hun dee breeden a kamoute Wee “Yak-Autobunn” genannt.
Mir hun wéi di Deeg virdrun am Fong keng Pause gemaach, ausser fir d’Mëttegiessen. Dat hu mer bei der läschter Hängebréck gemaach an dono goung et zimlech steil 600 Héichtemeter erop. De Yann, aka Billy the kid, war zefridden um Päerd an ass de ganze Wee erop geridden. Ënnerwee hun d’Leit sech all no him ëmgedréint a gelaacht, Fotoen vun him gemaach oder Kommentare gemaach, wéi “Where can I get a horse like that?” “Can I ride?” “Hey little boy, take me with you!!” Et sin am Fong keng Kanner hei op den Trekken ënnerwee, dofir fale mir wierklech zimlech op.
Mee eigentlech war d’Sophie de Star! Hatt huet eis all absolut beandrockt!! Hatt ass de ganze Wee wéi eng Bierggeess eropgelaf. Ausser Otem? Nö. Been midd? Nö. Flemm? Nö. Ech hat d’Gefill, wat mir méi héich erop komm sin, wat hatt besser a Form war. An dee ganze Wee geschwat!!! Ech hat wierklech Krämpes nach matzehalen. Hatt ass dotëschent nach op Fielse ronderëm geklotert, ronderëm gesprongen an huet steil Ofkierzungen geholl, wou de Ramsey dunn hannendrun huet missten laatschen a bestëmmt e puermol geflucht huet. Mir hun neess vill midd Leit iwwerholl, déi net méi konnten. A si hun all ongleeweg gekuckt, wann d’Sophie do gespronge koum. Ech war sou houfreg, dass ech bal geplatzt sin!! Hatt krut di ganzen Zäit Komplimenter a souguer Applaus vun aneren Trekker an ech hun alt neess heemlech eng Tréinchen verdréckt, dës Kéier vu stolz a vun Erliichterung, dass alles sou phantastesch geklappt huet!
D’Arrivée zu Tengboche, wou mer extra higekraxelt waren fir dat berühmtent Klouschter an di legendär Vue ze gesinn, war net wierklech beandrockend, well mir hu vu lauter Niwwel just schemenhaft d’Klouschter gesinn a vun der phänomenaler Vue war natierlech och näischt ze gesinn. Schued. Oder wéi d’Sophie et formuléiert huet: “Firwat si mer iwwerhaapt heihi komm, wann ee souwisou näischt gesäit?” 20 Minutten vun Tengboche ewech war eise léiwe klengen Hotel (mat Heizdecken ;-), wou mir eemol geschlof hun.
Den Dag drop, nom Kaffi, hate mer méi eng ustrengend Etapp mat ugekënnegten 5-6 Stonnen an 800 Héichtemeter um Programm bis op Namche Bazar (3440m).
D’Wieder war ok, et huet vun Zäit zu Zäit e bësse gereent, d’Kanner hu sech ofgewiesselt mam Reiden. D’Sophie ass awer meeschtens zu Fouss gaangen an no neess fantastesche Landschaften hu mer schon no eppes iwwer 4 Stonnen Namche Bazar erreecht, grad dunn, wéi d’Sophie sou lues keng Loscht méi op biergop hat.
Ënnerwee si mer ëmmer neess u Gruppe vu westlechen Trekker laanscht komm, di absolut um läschte Lach gepaff hun. Deen Trek dee mir maachen ass den Ufank vum Trek bis op den Mount Everest Base Camp, a wann ee bedenkt, dass dat d’Zil vun deenen allermeeschten Wanderer ass, déi hei ënnerwee sin, da kann een sech just wonneren, wat Leit sech heiansdo awer iwwerschätzen. Wann een op knapp 3000m scho sou futti ass, Bloderen, Muskelkater a Krämpercher huet an d’Guiden scho richteg mat engem gehäit sin, da well ech guer net wëssen wéi se sech op iwwer 5000m opféieren. Ville Leit ass et zwar och net besonnesch gutt, well se entweeder d’Héicht oder d’Iessen net richteg verdroen. Gottseidank hate mir bis elo domatt kee Probleem. Ech muss zwar och soen, dass mir prophylaktesch d’Medikament Diamox geholl hun, wat vläicht och eng gutt Iddi war.
Zu Namche Bazar ware mer an engem schéinen Hotel mat souguer e bësse waarmem Waasser an HEIZDECKEN, där allerbeschter Erfindung ever!! Absolute Luxus!!
Hei si mer 2 Nuecht bliwwen. Mir haten den Dag drop ee resting day, wou d’Kanner an ech just op ee klenge Viewpoint getrëppelt sin fir eis den Niwwel unzekucken an den David ass mam Ramsey bei den Everest View Hotel spadséiert fir sech eebenfalls Wolleken an Niwwel unzekucken. Nix Everest, Ama Dablam, Lhotse, Nuptse a Kolleegen!
Zu Lukla huet et wéi mat Eemere gereent a mir waren deen éischten an och dee läschte Fliger, deen sech dee Moien getraut huet zu Lukla ze landen.
Mir sin zimlech aus dem Flughafen erausgehetzt gin an direkt ass eisen Trek ugaangen. Um Programm stoungen ca 3-4 Stonnen relativ einfachen Trek bis op Phakding. Mir hu wéi gesot 3 Guiden, déi zum Deel awer och Porteur waren. De Ramsey ass definitif de Chef a geet och mam David virun op den Imja Tse (Island Peak) während d’Sophie, de Yann an ech mam Rajees an Ahmid zu Namche Bazar bleiwen. Dann hate mer nach ee Jong dobäi, dee mir ëmmer richteg Leed gedoen huet, well hien als Porteur an der Hierarchie spürbar näischt ze radetten huet an och nach 2 vun eise Kierw huet misste schleefen, während den Amid just 1 gedroen huet.
Dunn hu mer eise “Päerdsmann” an eist Päerd kennegeléiert, wat mer eis extra fir dësen Trek gefrot haten a wat mat Sécherheet eng ganz gutt Decisioun war. Et war ee rouegt hellbrongt 3/4 Päerd wéi si dat nennen. Ronderëm den Hals hat et lauter kleng Schellen hänken, et huet ee gemengt de Kleeschen géif mat senge Renndéire kommen. D’Wieder huet sech lues a lues verbessert a mir si gedréchent.
De Yann an d’Sophie sin ca. 1 Stonn gutt matgaangen, d’Weeër sin zwar stengeg, awer breed an net geféierlech, mat herrleche Vuen, wou een och hikuckt! Dunn hat de Yann liicht d’Flemm an d’Päerd koum fir d’éischt an den Asaz. Stolz wéi Oskar souz de Yann ganz sécher um Päerd an hat verstanen wéi een sech misst beim biergop oder biergof unhalen. Ech war net sou relax, well ech ëmmer gefaart hun, hie géif hannerzéch erofkippen, wann d’Päerd d’Trapen eropgelaf ass. Jo, dat kënnen d’Päerd hei vom Feinsten! An Trap erof ass och kee Probleem. Zum Gléck ass d’Päerd sou schnell gaangen, dass ech souwisou net no koum, a wat een net gesäit fäert ee bekanntlech jo och net.
Mir sin engem Dall nogaangen, ëmmer erëm si mer duerch kleng Dierfercher komm, mat Teahouses a Guesthouses, mat schéine stengenen Haiser, mat faarwege Fënsteren. Gebietsfändelen sou wäit ee kucke kann, Chorten, wou ee muss lénks laanscht goen (mir sin ëmmer erëm un den Tintin au Tibet erënnert gin), Gebietsrullen, Waasserfäll an alles gréng, gréng, gréng. Wann mol d’Wollekendecken opgaangen ass, dann huet een wäiss Bierger iwwert deem Gréng gesinn, sou héich uewen, dass ech ëmmer neess ganz erstaunt war. An den Alpen brauch een de Kapp ni sou héich ze hiewen.
Du koum di 1. Hängebréck. Eng zimlech wackeleg Geschicht. D’Kanner ware begeeschtert. Ech net sou, mee ech konnt mer jo näischt umierke loossen. White-knuckled, sin ech mam Yann un der Hand driwwer gaangen. Dono sin der nach méi komm an et ass awer bal Routine gin, zum Schluss hun ech mech souguer getraut erof an de räissende Flooss oder no lénks an no riets ze kucken an hun net nëmmen all di Plaze gesin, wou de Maschendrot futti war, deen op de Säiten d’Bréck sollt méi sécher zou maachen.
Ënnerwee sin eis Herden mat schwéier bepaakten Hybrid-Yaken entgéint komm: D’Mamm ass eng Kou (jo, jo, immens witzeg, haha.) an de Papp ass ee Yak. De Yaken ass et op dëser Héicht vun ca. 2500m nach ze waarm an déi hu mer réischt méi spéit, op knapp 4000m gesinn, zum Yann senger grousser Freed (déck Beess an den Zikkel 1 op Bëschrued!! 😉 ).
A mir hu Leit gesin, déi onfassbar schwéier Saachen um Bockel geschleeft hun, dat kann een sech guer net virstellen.
No e puer Stonnen si mer zu Phakding ukomm. Do hate mer ee relativ spartaneschen Hotel, wou d’Sophie an ech an engem Zëmmer waren an op där enger Säit vun der Mauer dem David a Yann hir Topechkeeten héiren hun an op der anerer Säit vun der Mauer de Schnarchconcours vun de Porteuren konnten nolauschteren. An der Nuecht an och moies war et äiskal, mir hu voll ugedoen a mat Mutz a Schal geschlof, mee dat huet de Kanner guer näischt ausgemaach!
Deen Dag drop goufe mer neess duerch dee kriminelle Verkéier moies ganz fréi op de Flughafe gefouert. Et huet gereent a mir waren zimlech sécher, dass eise Vol op Lukla géif annuléiert gin. Wien dee legendäre Flughafen vu Lukla net kennt, ka sech e puer schéi Videoen op Youtube oder sou ukucke goen, gelldu Bopa…
Mir hun e puer Stonnen op dem ranzegen domestic-flights-Flughafen zu Kathmandu gewaart an effektiv sin di meescht Volen op Lukla als delayed oder cancelled ugewise gin. Mir hun erausfonnt, dass vill vun den Touristen, déi mer do begéint hun scho 4 oder 5 Deeg zu Kathmandu festsouzen, well d’Wieder zu Lukla keng Landungen erlaabt huet an alles di Deeg virdrun annuléiert gi war. An dun huet et natierlech awer nach geklappt: Mir sin bei de Gate geschäicht gin an dunn an de Bus. Mir waren zu 19 Passagéier, déi alleguer scheinbar op Youtube kucke waren an zimlech opgedréit waren an vill an haart geschwat hun, virun allem di 2 däitsch Madammen, déi probéiert hun, dem Monsieur aus Singapur ze erklären, wou Füssen wier, an zimlech skandaliséiert waren, dass deen net mol d'”Oktoberfescht” a Schloss Neuschwanstein kannt huet! Wat een Hohn! Da war nach ee granzegen Tipp aus Israel u Bord, eng Kanadierin an eng ganz Rei Guiden, dorënner och nach eis 3 Guiden, de Ramsey, de Rajees an den Ahmid. Mir sin an de klengen Propellerfliger geklommen wou mer Watt fir an d’Ouren an eng pecheg Kamell vun der Stewardess kruten an dun ass et lass gaangen. D’Vue op Kathmandu war fantastesch: Lauter kleng faarweg Lego-Haiser. Dono Bierger mat klengen Haisercher an Terrasse-Felder, dotëschent Flëss an d’Natur knallgréng a wonnerschéin!! Et ware puer Wolleken um Himmel, mee d’Siicht war dunn nach gutt, dat sollt sech awer änneren…
Wéi laang flitt een fir op Lukla? Ma dat dauert ganz genau 3 Rousekränz (mat all Gesetz an Ehre sei dem Vater!). Kee Witz. Ech hat extra menger Tatta Yvonne, déi schliesslech schon 104 Joer al ass, hire Rousekranz matgeholl fir dëse Vol an ech hun en och gebraucht. Well den Himmel ass zougaangen. Lénks a riets sin d’Bierger ëmmer méi héich gin, an d’Piloten, déi am Ufank nach lässeg am Cockpit souzen, hun ëmmer méi oft konzentréiert zur Fenster erausgekuckt. Souguer d’Stewardess ass opgestanen fir zur Fenster auszekucken a sech ee Bild vun der Situatioun ze maachen. Ech war sécher mir missten ëmdréinen an zréck op Kathmandu fléien. Den David war natierlech virum Start an de Fliger eragelaf fir op der lénker Säit eng Plaz ze ergatteren, fir d’Vue op Everest a co ze hun, mee ausser Wolleken an Niwwel huet hie leider näischt gesinn. Ech souz op der rietser Säit, hannert mer d’Sophie an de Yann an dunn hun ech se gesin: D’Landebunn, sou grouss wéi eng Plooschter. Een absolute Witz. Nach séier ee Gegrüssetseisdumaria an du ware mer scho geland. Knapps waren d’Rieder um Buedem huet de Flieger staark no riets gezunn fir et nach op d’Parkplaz ze packen. D’Leit hu frenetesch geklappt an ech hun alt mol rëm heemlech eng Tréinche verdréckt. Ech fléie gär, mee deen heite Vol hat ech gefaart. Den David war begeeschtert vun der Leeschtung vun de Piloten.
Namaste aus dem Nepal!
Mat enger gudder Stonn Avance si mer am spéiden Owend zu Kathmandu geland. Mir haten eng Tëschelandung zu Dhaka am Bangladesh gemaach, wou den David ganz frou driwwer war, well hien als Kand e puer Joer do gewunnt huet. Hie war iwwregens och entzückt iwwert di schéi Stewardessen vun Dragonair, déi wierklech ganz virdeelhaft Uniformen hun, net wéi bei verschiddenen Low-costen an Europa… De Yann huet de Bangladesh allerdéngs ganz verschlof.
Zu Kathmandu goufe mer fürstlech vum Ram, vun Alpine Eco Trek empfaangen an duerch di eidel Stroossen bis bei en onscheinbaart Gebai gefouert, mee wéi d’Paart opgemaach gouf, huet sech ee richtege Bijou vun engem Hotel dohannert verstoppt. Absolute Luxus, mat wonnerschéinem tibeteschen Dekor a super Holz-Schnëtzereien.
Deen aneren Dag ass den David mam Ram op Thamel nach fir seng Expeditioun shoppe gefuer an ech si mam Sophie a Yann di grouss Stupa kucke gaangen, déi just e puer honnert Meter vun eisem Hotel ewech war. Mee déi puer honnert Meter haten et a sech! Ech war schon op ville Plazen an der Welt an och schon a ville Groussstied, mee dat do…!!! Onfassbar! Dee Verkéier!! Absolut liewensgeféierlech: Net vill Autoen, just e puer kleng Tata-Taxien, mee vill kleng Bussen, Tuk-Tuken, nach méi Motoen a Veloen an dotëschent Leit, Hënn a Kéi matzen op der Strooss, wou an all Richtung 2-, 3-, 4- oder och mol 5-spuergeg gefuer gëtt, heiansdo och mol à contre-sens. Mir hun eis bal net getraut iwwert d’Strooss ze goen, mee haten et dun awer gepackt a sin bei der Stupa eragelooss gin. Do war et wesentlech méi roueg. Vun der Stupa selwer war net vill ze gesinn, well si ass nach amgaange renovéiert ze gin, nom Äerdbeeben. Et muss een clockwise ronderëm goen. Ronderëm ware kleng Souvenirs-Butticker di ganz schéi Saache verkaaft hun. Ee Guide wollt eis eng Visite guidée ubidden, hien huet souguer Lëtzebuerg kannt an huet sech zimlech drugehalen, mee et war esou eng Afenhëtzt, dass d’Kanner net vill Loscht haten…
Owes si mer dun mam Ram a mat engem vun eise Guiden, dem Ramsey, wat dem Ram säi “brother-cousin” ass, an ee spezielle Restaurant gefuer, wou souwuel Nepalien, wéi och Touristen traditionnell nepalesesch Musek an Dänz kënne gesinn a gutt lokal Spezialitéiten kënnen iessen. Mir hun eis Plazen bei niddregen Dëscher erausgesicht, wou een op Tapisen um Buedem sëtzt an dat war och eng gutt Iddi, well d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si sech direkt um Tapis ausgestreckt hun an direkt ageschlof waren. Mir hu giess an du koum den Héichpunkt mat hirem berühmten Peacock-dance, wou een Dänzer (oder eng Dänzerin?) als risegen, e bësse rëffegen a grujelegen Pohunn verkleed ronderëm danzt. De Schniewel ass eng Zort Klamer an d’Spectateuren musse sech dann e puer Geldschäiner op de Kapp leeën, déi deen onheemleche Pohunn da mat sengem Schniewel ewechpickt a séier sengem Kolleeg an d’Täsch stécht. Och dat hun d’Kanner leider verschlof.
Eng läschte Kéier ora te vun Tonga!
Gëschter hu mer een Island Tour gemaach, mat eisem lokale Guide Vea, deen eis direkt opgekläert huet wat di 2 wichtegste Saachen hei zu Tonga sin:
De Vea war wierklech witzeg. Hie wosst op all Fro eng Äntwert, heiansdo waren et zwar ganz eegesënneg Interpretatiounen, déi mir Owes beim Patt mam Paula an Tim vun eisem Guesthouse zimlech relativisiéiert kruten. Trotzdeem war et immens interessant wat hien sou iwwert d’Leit erzielt huet. Wat d’Sehenswürdegkeeten vun Tonga ugeet, huet ee wierklech an engem kuerzen Nomëtteg alles gesinn. Mee et ass unzeroden, mat engem Guide ze goen, well ee soss di puer Attraktiounen einfach net fënnt: Et gi keng Schëlter a fir ze wëssen bei wéi engem klengen Dirt-track ee muss ofbéien, muss een sech gutt auskennen.
Hufangalupe Land Bridge oder Coral Bridge
Obwuel Tonga sou platt ass wéi ee Sou, huet et beandrockend steil an héich Fielsküsten.
Fishing pigs
Un der Ost-Küst ass dat een heefegt Bild: Virun allem bei Ebbe wullen d’Schwäin am Miersand an iessen alles wat se erwëschen: Muschelen, Fësch, Algen, Kriibsen asw. Et heescht, dass dëst Schwéngefleesch och ee besonnesche Goût hätt…
Three-headed coconut-tree
Jo, hei bleiwen di puer Touriste stoen a mussen eng Foto maachen! Anscheindend déi eenzeg Kokospalm op der GANZER WELT mat 3 Käpp… sensationnell 😉
Ha’amonga Trilithon
Och Stonehenge aus dem Pazifik genannt. Di déck Steng goufen virun iwwer 3500 Joer vun enger anerer Insel op klenge Booter importéiert an aneneen gesat. Wéi, weess keen, well zu deem Zäitpunkt hun d’Menschen zu Tonga als häertsten Material Walschanken a Muschelen kannt. De Vea sot, den 21. Dezember, also op hirem längsten Dag, géif d’Sonn op een Zeeche schengen, wat dem VW Symbol gläicht a wat anscheindend uewen um horizontale Steen drop ass.
Tsunami Rock
Jo, wou kënnt deen décke Fiels do hier?? War et een Tsunami virun dausende vu Joren, deen de Fiels vun der Küst lass gerappt an op d’Festland geheit huet? Oder awer der Legend no ee Ris, deen Honger hat an dunn ee Steen vun der Nopesch-Insel Eua geholl huet fir ee Poulet ze fänken. Leider war en ausgerëtscht an de Steen ass heihinner gefall. De Vea huet awer och virsiichteg ze bedenken gin, dass een d’Aliens nimools ganz kann ausschléissen…
Flying Foxes
Soss Impressioune vun der Insel
Ora te!
Endlech si mer gutt zu Tonga ukomm, eiser 1. eegentlecher Etapp vun eisem Tour du Monde, wou mer 10 Deeg bleiwen.
Firwat dann hallef ronderëm d’Welt an ausgerechent DO ufänken?? (“Schlecht organiséiert!” géif mai léiwe Frënd Jaki aus der Steekaul soen!) Ganz einfach: Vu Juli bis Ufank Oktober gi sech hei all d’Bockelwalen Rendez-Vous fir “mate and breed” a si bleiwen mat hiren klenge Kaalwer hei, bis déi am Oktober grouss a staark genuch sin fir d’Reess weider no Süden an d’Antarktis unzetrieden. An hei zu Tonga ass eng vun deene ganz wéinege Plazen op der Welt, wou een dës riseg Déiren net nëmme ka gesinn, mee och nierwt hinne ka schnorchelen, wann ee Chance huet, an déi hate mer!! (Steet nach méi am Deel: Whale swimming)
Eis éischt Impressioune vun Tonga: Hei ass et anescht wéi doheem. Schon aus der Loft, virun der Landung huet ee gesinn, dass d’Insel zimlech flaach ass, mat Kokospalmen sou wäit wéi ee kucke kann! Mir sin op der Haaptinsel Tongatapu, mee et gehéiren nach vill aner Inselcher zum Kinnekräich Tonga, am ganzen huet d’Land awer just eppes iwwer 100 000 Awunner. Um Flughafen si mer vun enger Band, mat traditionneller tongaëscher Musik ëmpfaange gin, dat war schon zimlech flott! Mir si mam Taxi vum Flughafen bis op Ha’atafu am Nordwesten bei eist Guesthouse Holty’s Hideaway gefouert gin. Ënnerwee hu mer oft missten Muppen, Hinger an och groussen a klenge Schwäin tuten an auswäichen, déi hei iwwerall iwwert d’Strooss lafen.
Tonga ass relativ aarm: Di meeschte Leit hu keng Aarbecht a ganz Familjen, mat ville Kanner wunnen a klengen Hütten, méi kleng wéi eis Garage. Am Gaart viru bal all Haischen, leit immens vill Schrott a futtis Autoen an alles ass zimlech delabréiert. Mee d’Leit hun ëmmer ee léift Lächelen a soe ganz frëndlech moien, och d’Kanner kommen extra virun d’Dir gelaf fir ze wénken an Hello! ze ruffen, wann ee laanscht geet.
Mir wunnen hei zu Ha’atafu an engem klengen Haischen, just ca. 70 Meter vum Mier an enger herrlecher Plage ewech an et héiert een Dag an Nuecht d’Wellen donneren, déi sech méi wäit dobaussen um Riff briechen. An dat schéinst hei zu Tonga ass, dass d’Sophie an de Yann endlech konnten hire Lego auspaken!! Ganz Landschaften an all méiglech Haiser si schon opgeriicht!
BBQ um Sonndeg bei eis doheem, well Sonndes ass Tonga am Dornréische-Schlof: Alles ass zou, schaffen ass laut Gesetz verbueden, mat Ausnahm vun der Tourismus-Branche. Deen Dag fiert och keen öffentlech Transport an de Flughafen ass och zou. Sonndes fizen d’Leit sech eraus a gin an d’Kierch. An där gin et der hei an all klengem Duerf bal nach méi, wéi an der Gemeng Wahl! Et sin och di eenzeg Gebaier, déi richteg gutt ënnerhale sin. D’Männer an och oft d’Fraen sin hei nach ëmmer traditionnell gekleet, mat enger bloer oder schwaarzer Jupe, mat enger Zort geflechtenen Teppech ronderëm d’Hëften, heiansdo och mat engem richtegen Bast-Räckelchen. Dat gesäit flott aus. Opfalend ass, dass praktesch di ganz Populatioun relativ opulent ass, nom Motto vun engem fréieren Kinnik: Big is beautiful. Mir hun och schon Madammen erwëscht di getuschelt a gelaacht hun, wa mir mat eise Fixspéins-Been laanscht getrëppelt sin.
Bei eis zu Ha’atafu ass d’Surfer-Paradies vu ganz Tonga, mee näischt fir Ufänger… D’Welle briechen sech a wonnerschéinen turquoisen Tuben méi wäit dobaussen um Riff. Op der Plage selwer si bal keng Wellen an et ass flott do ze spillen. D’Sophie an de Yann hun direkt eng ganz Korallestad um Sand gebaut. Wann een de Kapp an d’Waasser streckt gesäit ee scho beim Ufer onendlech vill Fësch vun allen Zorten a Faarwen, déi do ganz beschäftegt ronderëm schwammen an un de Koralle knabberen. Et ass een absolut Schnorchel-Paradies an et kënnt een sech net zou, wéi schéin et ass, kristallkloert Waasser, helle Sand a Korallen a Fëschelcher wou een hikuckt! Et mengt een et géif een an engem risegen Aquarium tauchen! D’Sophie an de Yann gin och begeeschtert mat schnorchelen, deen eenzegen Hoken ass, dass d’Waasser zimlech kal ass, an och mat Neopren hält een et keng stonnelaang aus, v.a. wann een sou wéineg Speck huet wéi d’Sophie an de Yann.
Virun e puer Deeg si mer op Nuku’alofa gefuer, fir e bëssen anzekafen, well dat ass hei zu Tonga net sou einfach. Wann ee frou as mat Breakfast-Crackers a Corned beef, huet een et gutt hei, do gin et an all klengem Buttick an all Duerf 100 verschidden Zorten, Formen a Faarwen. De Räscht vun de gängegen Liewensmëttel ass méi schwéier ze fannen ausser Uebst a Geméis, dat kann een einfach um Bord vun der Strooss kafen.
Lunch zu Nuku’alofa, am Friends’ Café. Et huet kee gestéiert dass een décken Hunn mat séngen Dickelcher do iwwert d’Terrass gelaf ass.
Nuku’alofa ass ganz kleng an huet wierklech kee besonnesche Charme…
Um Wee fir op Nuku’alofa si mer bei de Blow holes stoe bliwwen, eng vun den Haaptattraktiounen vun der Insel. Zimlech spektakulär! D’Welle briechen sech ënnert Fielsen, wou ronn Lächer dra sin an d’Waasser strutzt dann uewen zu de Lächer fontainenaarteg eraus.
Gëschter ware mer mat engem klenge Boot een Dagesausfluch op d’Insel ‘Atata maachen, wou mer ee relaxen Dag haten. Déi Insel ass bekannt fir hir Rise-Muschelen a mir si mam Boot nach ee Stéck méi wäit erausgefuer fir ze schnorchelen an hun der tatsächlech och vill gesinn! Di meescht waren op, d.h. doud, mee verschiddener waren nach lieweg, an déi hun ee phantastescht Muster zwëschen deenen 2 Muschel-Halschechten! Di gréisste Muschelen déi mer gesinn hun, waren ongeféier sou grouss wéi eng Buedbidden!!