Category Archives: China

Provenz Guangxi

img_20161026_021613

Vun der Stad Guilin hu mir net vill matkritt, well mer réischt an der Nuecht am Hotel waren an deen nächste Moien fréi erausgehait goufen, a mat eisem Guide eng Flosscroisière vu Guilin op Yangshuo gemaach hun. Et war liicht niwweleg an immens waarm.

img_20161026_160623

Di Streck um Floss Li, déi 63 km laang ass, fir déi mer bal 5 Stonne gebraucht hun, ass berühmt fir hir Kegel-Bierger aus Muschelkallék, déi a wonnerschéinen a bizarre Formatiounen lénks a riets vum Floss ze bewonnere sin. A well et do sou schéin ass, ware mir och net di eenzeg, déi dëst Naturspektakel wollte gesinn: Alleng zu Guilin waren 200 Schëffer à la Marie-Astrid prett, fir d’Touristen opzelueden, e puer Kilometer virdrun louchen der anscheinend nach eemol 150. De Floss ass nëmmen ongeféier sou breed wéi d’Sauer a grad sou déif. Wéi Pärelen un enger Ketten sin all di Schëffer zur selwechter Zäit de Floss erof gekroch, an sou huet d’Ëmgéigend vill vun hirem Charme agebéisst. Virun allem well op eisem Boot bal nëmmen Däitscher waren, déi sech géigesäiteg bal zerfleischt hun, wann een ze laang un Deck op der beschter Plaz wollt d’Landschaft genéissen: “Das ist doch kein Dauerparkplatz!!!” An da fanne mir d’Chinesen heiansdo onhéiflech!

img_20161025_102728img_20161026_021649

Dem Sophie a Yann war d’Zäit um Schëff och e bësse laang gin a mir waren eigentlech frou wéi mer zu Yangshuo ukomm sin.

img_20161026_021249

Mir sin net an der Stad bliwwen, mee eisen Hotel louch ausserhalb an do war et wonnerschéin!!

img_20161029_110310
Hausaufgabekontroll vun engem Hunn
20161025_170107
Eisen Hotel Moondance Resort
Yangshuo
Yangshuo

De Moondance Resort war iergendwéi guer net chinesesch, all d’Personal huet gutt englesch geschwat, mir goufe léif empfaangen, si hate chinesesch an och westlech Kichen a bal all d’Gäscht waren Europäer (vill Fransousen, och mat Kanner), also uff, kee Geglotz während 2 Deeg! An et gouf eng Schwämm dobaussen!!! D’Kanner sin natierlech direkt dra gesprongen fir sech ofzekillen, mir haten iwwer 30 Grad. D’Sophie schéngt awer vill Schluppe kritt gehat ze hun, well him war et an der Nuecht immens schlecht an hatt huet sech missten iwwergin. Deen aneren Dag war awer schon neess alles tiptop an hatt ass ronderëm gebëselt wéi ëmmer. Gottseidank. Dat war och fir d’éischt, dass ee vun eis e bësse krank war, pake mer Holz un dass dat sou weider geet.

img_20161026_161006

Mir hu moies eng Bambusfloossfahrt op engem Niewefloss vum Li Floss gemaach, och sou eng Touristefal, awer ganz witzeg!! Ech hat de Kanner Sprëtzrevolveren um Ufer kaaft a mir ware kuerz drop zappnaass! Leider huet dat Ganzt just eng déck hallef Stonn gedauert.

img_20161026_065456img_20161026_065307

Nomëttes si mer mam Guide eraus op d’Land gefuer. Eise Guide, den John, deen eis di nächst Deeg begleed huet, huet eis direkt gutt gefall: Hien hat a China Däitsch geléiert, mee huet den Rrrr liicht gerullt, well hien een éisterräichesche Professer hat. Hie konnt een alles froen, hien huet och eis Kultur gutt kannt, hat ee speziellen an agreablen Humor a wosst immens gutt iwwer vill Themen Bescheed. Hien huet probéiert eis verschidden chinesesch Marotten ze erkläeren (z.b. hiirt Virdrécken, wat mech oft immens béis gemaach huet) an huet och versicht politesch Usiichten vun eis ze relativiséiren an an de Kontext ze setzen. Hien huet eis endlech och e bëssen di “off-beaten-tracks” gewisen, wou eeben net schon 50 Touristebusse geparkt hun an Onmasse Leit duerchgeschleist gin. Di Leit di net vum Tourismus liewen, si kleng Baueren.

Tarzan country
Tarzan country
img_20161028_001159
Den John huet eis gesot, dass de Waasserbüffel dat eenzegt Déier ass, wat d’Chinesen net iessen. Schliesslech ësst ee jo net sain Aarbechtskolleeg!

Den John huet eis d’Felder an d’Planze gewisen an eis d’Landwirtschaft a China a graffen Zich erkläert. A China ploen sech d’Leit nach ëmmer eenorm op hire klenge Felder. Et gëtt nach alles vun Hand gemaach.

Den John huet eis och de chinesesche BMW gewisen: ee schmuele Plou aus Holz dee vun engem Waasserbüffel gezunn gëtt (Bauer Mit Wasserbüffel). “Eine Schale Reis, 3 Liter Schweiss”, huet hie verschmitzt gesot.

img_20161026_160916

p1100332
Brauchs de nach sou eng, Jang??

img_20161027_092238

p1100283

Owes stoung dunn nach eng grouss Show zu Yangshuo um Programm. Scho säit 9 Joer gëtt all Owend 1 bis 2mol, de Weekend souguer 3mol all Owend, eng bombastesch Show mat iwwer 600 Akteuren um Li Floss opgefouert. Den John huet eis virdrun e bëssen iwwert d’Handlung erzielt: Fëscher, Baueren, Liebesgeschicht, Frisör, Joreszäiten… Frisör?! Vun deem huet hien zimlech oft geschwat an ech souz op der Leitung an hu réischt spéit verstanen, dass hien eigentlech wollt “Regisseur” soen… Also et war dee selwechte Frisör, deen d’Eröffnungsfeier vun der Olympiad zu Beijing kreeéiert hat.p1100386

img_20161027_235028

p1100390
Super beliichte Bierger bei der Show. Bal grad sou hell hun 3800 Handien geliicht, déi eifreg gefilmt a photographéiert hun, obwuel dat natierlech strengstens verbuede war!

Also dat chinesescht Geséngs huet eis lo net sou gefall, mee soss war et wierklech phantastesch! D’Kuliss mat de beliichte Bierger ronderëm war atemberaubend an och di eenzel Choreographien um Waasser waren immens! Obwuel d’Kanner e bësse midd waren no deem laangen Dag, hat et och hinne ganz gutt gefall!

Den Dag drop ass de David moies mat engem Guide klotere gaangen an d’Kanner an ech hu misste léieren an hu vun der Schwämm an deem schéinen Hotel profitéiert. An d’Sophie an de Yann hu mol erëm de Lego ausgepaakt an ee risege Flughafe gebaut.

img_20161027_084151
Dem David sai Kloterfiels

Zu Yangshuo huet et eis am allerbeschte gefall a mir waren e bësse verdrësslech, dass mer net méi laang do bleiwe konnten, well do hätte mer nach ganz vill flott Saache maache kënnen…

Mee den John ass eis den 3. Moien fréi an den Hotel siche komm a mir sin zréck op Guilin gefuer, wou mer nach Schilfrohr-Flöten-Hiel kucke gaange sin. An déi war genial schéin: Si gouf réischt 1959 entdeckt an zitt sech iwwer 3 Etagen, wouvu mir just konnten dee mëttelste Stack besichen. Eenorm, mat ganz villen Zorten “Drëpssteng” a scho bal kitscheg schéin beliicht. Mir haten ee gudde Moment erwëscht, well knapps ware mer eraus, gouf et eng Bus-Invasioun, inklusive Jäiz-Guide an der Hiel.

img_20161028_151902
Chinesesche Schwanensee an der Hiel. Too much fir eise Goût, an awer…
img_20161028_151949
Dës Formatioun hun d’Chinesen ganz treffend “Theaterrido mat Bühn” genannt.
img_20161028_152113
Den David hällt drop ze preciséiren, dass dës Photoen net retouchéiert sin!

Lo ware 15 Deeg a China bal eriwwer. Mam TGV si mer op Guangzhou gefuer an den Dag drop mam Fliger op Hong Kong. Dorop huet de Yann scho säit Wochen ongedëlleg gewaart: Hien huet iwwermuer Gebuertsdag a mir hate scho viru Wochen, bei all Passage zu Hong Kong potentiell Gebuertsdagskadoen um Flughafen erausgesicht an all di Wochen gouf doriwwer geschwat an diskutéiert an dovu gedreemt. An elo, endlech, endlech, endlech…!!!

Eis Zäit a China ass awer iergendwéi versöhnlech op en Enn gaangen, obwuel eis éischt Impressiounen jo net immens waren. Virun allem dank dem John hu mer d’Chinesen mat all hire Macken an heiansdo nervegen Gewunnechten besser kenne geléiert a konnten och Aspekter vun deem risegen a vielfältegen, z.D. wonnerschéine Land wierklech appréciéiren.

Sou an elo freeën mer eis immens op Neiseeland!!

 

 

 

 

Provenz Yunnan

Lijiang

p1090554

Mir si géint Mëtternuecht zu Lijiang geland. Um Flughafen huet ee frëndleche Guide, den Jack, eis ofgeholl an an den Hotel bruecht. Hien huet englesch geschwat an eis erzielt, dass zu Lijiang 22 Minderheite liewen, vun deenen di meescht hir eege Gebräicher an eege Sprooch nach méi oder wéineger bäibehalen.p1090482 Di eenzel Volléksgruppen erkennt een un hire, meeschtens wonnerbar faarwegen, Truechten. Lijiang läit op 2500 Meter, wat ee richtege Genoss war: Wéi mer aus dem Fliger geklomme sin, hu mer direkt di frësch, kloer Biergloft gespuert. Mir sin definitiv keng Stadmënschen!img_20161022_120902

Am Hotel sin d’Sophie an de Yann neess an d’ Bett gefall. Mir haten erëm ee schéine Courtyard Hotel, wou d’Zëmmeren ronderëm ee Bannenhaff verdeelt sin, an deem d’ Kanner flott gespillt hun a wou mer 3 Nuechte bliwwe sin.

p1090443

Lo ware mer 5 Deeg alléng, ouni Guide ënnerwee an dat war heiansdo eng Erausfuerderung! Souguer an den Hotelen schwätzt keen englesch, d’Stroosseschëlder oder d’Stadpläng sin oft nëmmen op chinesesch oder esou glungen op englesch iwwersat, dass een meeschtens”lost in translation” ass.20161020_145209 Fir op eege Fauscht een Dagesausfluch ze plangen, huet sech als bal onméiglech erausgestallt: Et gëtt alles just fir Gruppen an net fir Eenzelpersounen organiséiert, an dat sin natierlech chinesesch Gruppen mat chineseschem Jäiz-Guide. Sou ass dem David säi Plang, fir d’Tiger-Sprong-Schlucht kucken ze goen, leider an d’Waasser gefall.

Mee d’Alstad vu Lijiang huet eis nawell ganz gutt gefall. Et ass effektiv, wéi meng Mamm gemengt huet, e bësse wéi Monschau, also immens touristesch, mat klenge Kanäl a Gässelcher voller Butticker. An iwwerall Blummen!!! Herrlech schéin! Opgefall ass, dass all d’Blummen a Blummendëppe waren an um ale Pavé vun der Stad, schéin arrangéiert, stoungen.img_20161026_052703

img_20161026_052531

20161020_144955
Just eppes trügt die Idylle: Wien huet dann do eng ugeknabbert Geess op d’Terrass vum Restaurant gehaangen?!

Zu Lijiang hu mer eis dunn 2 relax Deeg gemaach. Mir haten herrlecht Wieder! Mir sin erop op de view point vum Elephant Mountain gekraxelt (2800m) an haten eng schéi Vue op Lijiang an op den Jade Mountain vis-à-vis (5500 m).p1090513 A mir si gemittlech duerch d’Gaasse vun der Alstad flanéiert… Hei waren d’Leit iwwregens vill méi frëndlech, et krut een mol ee Lächelen an och wann se net verstanen hunn wat ee wollt, hu se sech awer oft Méi gin, engem ze hëllefen.

img_20161022_100922

img_20161022_101222

img_20161022_101049

 

 

img_20161022_100813

p1090439
Naxi Madammen an hirer traditioneller Truecht

 

Dali

img_20161022_100004

Vu Lijiang si mer mam Bus op Dali gefuer (4 Stonnen). Ech erspueren iech di detailléiert Beschreiwung vun den Toiletten op der Busgare zu Lijiang…ech soe just: Dem Tessy säin Alpdram gouf wäit iwwertraff!!img_20161022_100319

Op enger Raststätt goufe mer aus dem Bus geschäicht, well de Bus huet misste gewäsch gin, an de Yann huet 2 Yuan um Buedem fonnt a war glécklech an all d’chinesesch Madammen aus dem Bus hu sech futti gelaacht. No enger weiderer Stonn Fahrt si mer dunn matzen op der Schnellstrooss an der Pampa erausgehait gin. A wéi kënnt ee lo op Dali? Kee Probleem, ee jonke Mann huet eis fir 6 Euro iwwert eng hallef Stonn weider bis an den Hotel gefouert. Gottseidank hate mer d’Adress vum Hotel op chinesesch, soss géife mer lo nach op der Autobunn stoen…img_20161022_100125

Dali war zimlech ähnlech wéi Lijiang, mat enger schéiner Alstad, mat deene selwechte Butticker, just ouni Blummen. Mir hun eng däitsch Bäckerei fonnt, mat richtegem Brout an “normalem” Iessen an d’Sophie an de Yann waren déck zefridden.

img_20161022_100405

img_20161022_100054

Dali läit um Erhai Séi, op 1972m. Mat vill Méi hate mer et fäerdeg bruecht eng “Croisière” um Séi ze organiséiren. Mir si 4 Stonnen mat engem risegen Schëff an iwwer 600 Passagéier iwwert de Séi geschippert an hun 2mol op klengen Inselcher ugeluecht.

img_20161022_100706

Dës Madamm war besonnesch opdringlech. De Yann huet no der Photo vu Roserei gekrasch. Als Merci fir di wonnerschéi Photorn, huet d'Madamm eis dono 2 waarm Séissgromperen an enger Plastikstut geschenkt ☺
Dës Madamm war besonnesch opdringlech. De Yann huet no der Photo vu Roserei gekrasch. Als Merci fir di wonnerschéi Photoen, huet d’Madamm eis dono 2 waarm Séissgromperen an enger Plastikstut geschenkt ☺

 

 

D’Landschaft ronderëm war schéin an huet un de Garda Séi erënnert, mee virun allem neess dat tippescht chinesescht Treiben u Bord war interessant ze kucken. A mir waren di eenzeg Laangnuesen u Bord an natierlech neess eng Attraktioun…zum Sophie a Yann hirem Leidweesen…

img_20161022_141129
Vorher.
Nachher. D'Invasioun!
Nachher.
D’Invasioun!

 

 

 

 

 

 

 

img_20161022_095909
De Yann op der Klunsch op enger klenger Insel am Erhai Séi. Hannendrun eng flott Bronze-Skulptur am Waasser (an zwee Chineeeesen…).

img_20161022_141936

img_20161022_141348

 

 

 

No 2 Nuechten zu Dali si mer mam luesen Zuch a knapp 6 Stonnen op Kunming getuckert. Mir sin am Dag gefuer an haten trotzdeem ee Compartiment mat Couchetten, wat am Fong ganz kamoud a gemittlech war, och wann d’Sophie an de Yann di 6 Stonnen nëmmen op de Better geturnt hun…

img_20161024_014538p1090899

img_20161026_021057Zu Kunming, wou mer just 1 Nuecht bliwwe sin, stoung een Ausfluch mat Guide an de “Steen-Bësch” um Programm. Mir si bal 2 Stonne vu Kunming aus dohi gefuer, mee et war wierklech dowäert!!

img_20161026_021129
De Steen-Bësch

img_20161026_020512Herrlech Kallékfielsen, do huet et eis an de Fanger gekribbelt!!

20161024_124935
Do waren d’Sophie an de Yann an hirem Element!!

img_20161026_022510

No e puer flotte Stonnen, no deenen eis Guide gesot huet, si hätt d’An wéi vum ville Gekloters vum Sophie a Yann nokucken, si mir op de fuschneien Flughafen vu Kunming gefouert gin, wou mer owes de Vol eraus aus der Provenz Yunnan, fir op Guilin, an der Provenz Guangxi geholl hun. An um Flughafen: Di üblech Glotz-Attacken a Photoshootingen mam Sophie a Yann…img_20161026_123840

Beijing a Shanghai

Nihao aus China!

Mat enger Tréin am Knapplach si mer vu Kathmandu, via Hong Kong op Beijing gejet.p1090258

Eise Laptop huet an Tëschenzäit de Geescht opgin an et ass zimlech mühsam op der Tablet ze tippen, dofir faassen ech mech vläicht deemnächst méi kuerz…

Also d’Arrivée zu Beijing war net flott.  Mir ware ganz pünktlech, mee stoungen dunn an enger kilometerlaanger Schlaang fir duerch eng Onmass vu Kontrollen ze goen, grad dat Richtegt, well d’Sophie hat Mokrämp (war zum Gléck zwar e puer Minutte méi spéit erëm gutt!).

Bei der Sortie huet ee muffegen chinesesche Guide op eis gewaart, dee komescht Däitsch geschwat huet, wat e bësse befremdlech war. Mir haten déi 14-Deeg-laang Reess organiséiert gebucht, bei der éisterräichescher Agence Travelkid. De Bao, Ufank 50, hat an engem crash-course zu Dortmund Däitsch geléiert. Eenzege Sympathie-Punkt deen hie lo vu ville Frënn doheem kritt: Hie war grousse BVB Fan!

Mam Taxi hu mer iwwert 1 1/2 Stonn bis an eisen Hotel gebraucht, de Verkéier zu Peking ass nach 100mol méi schlëmm wéi eng journée noire op de franséischen Autobunnen! Di éischt Impressiounen vu Beijing: gro an trostlos. A leider ass déi Impressioun och di nächst Deeg bliwwen.

img_20161018_003246-1
Eisen Hotel Courtyard 7 zu Beijing
p1080694
D’Entrée vum Hotel

Eisen Hotel par contre war immens schéin: Een tippeschen ale Bau, iwwer 400 Joer al, mat Bannenhäff a roude Lanteren. Den Hotel war matzen an den hutongs, klenge verwénkelte Gaassen mat traditionelle Wunnhaiser, Butticken a “Friess-Stänn”.

Di Gaassen, oft Foussgängerzon, awer och mat Elektro-Motorrieder an E-Bikes déi ee bal net héiert wa se sech vun hannen eruschläichen, ware sou vollgestoppt mat v.a. jonke Leit, dass mer mat eisem Gepäck bal net doduerch komm sin. An 90% vun deene Leit waren am gaangen eppes ze knätschen.

p1090083-1
De Yann virun engem Police-Auto an den hutongs vu Beijing

Et ass onfassbar wat mir bis elo un “Iesswueren” hei entdeckt hun! Hei just eng kleng Kostprobe: Schildkröten, Fräschen, allerlee Geträips, Schwéngsrüsselen, Schwéngsféiss (minimum 1-2mol d’Woch ze consomméiren, dir Dammen, well déi maachen eng schéin Haut. Aha.), Jelliskäpp, agemaachen Lotuswuerzelen, Seegurken, faul Eeër, Hënn, Kazen, Héngerféiss, Intenzongen. Um Spiess gëtt och vill Exotesches ugebueden, dat ass sou praktesch fir an der Strooss während dem Goen ze verschléngen: Fritten um Spiess, glaséiert Schleeken, frittéiert Tëntefësch, Mueden, Heesprénger, Libellen, déck Beien, allméiglech ondefinéierbar creepy crawlies, Skorpiounen an nach Villes méi. Et gëtt natierlech och di méi normal Saachen, wéi beim Saui am Préizerdall! Mir sin sou langweileg, dass mir bis elo éischter bei deene Klassiker bliwwe sin…

Op alle Fall si mer deen nächsten Dag mam ondynamesche Bao, duerch vill Stauen, bei d’chinesesch Mauer gefuer.

Smog zu Beijing
Smog zu Beijing

Hien hat awer eng gutt Iddi, well hien huet eis bei een Abschnitt bruecht deen net vill besicht ass. Et war neess gro an niwweleg, de Bao sot, dat wier effektiv Smog, a mir hu scho gefaart, mir géifen d’ Mauer guer net ze gesi kréien. Dat war awer net de Fall: Op eemol war se do a si huet sech lénks a riets vun eis impressionant géi iwwert Bierg an Dall geschlängelt!

  • p1080711

Mir sin Dausende vun Trapen eropgeklotert. Deelweis war et wierklech immens steil, mee lénks a riets kann ee sech u Glänneren unhalen. Am Ufank waren nach méi Touristen drop, mee wat mer méi héich komm sin, wat mer manner Leit begéint hun a wat d’ Wieder an d’ Vue ëmmer besser gi sin. Et war wierklech beandrockend! p1080473Mir sin iwwer 300 Héichtemeter erop gaang, laanscht eng Rei Wuechttierm an et konnt een sech gutt virstellen wéi virun Honnerte vu Joren d’Wiechter do patrouilléiert sin fir hiirt Dall virum Dschingis Khan sengen Horden ze verteidegen. D’Mongolen sin op dëser Plaz zwar ni opgetaucht. No iwwert enger Stonn trap-op war et dunn eng Belounung all di Trapen neess erof ze lafen.p1080607

Eng Gottesanbeterin. Mengen net dass déi d’Trapen ze Fouss erop gaangen ass, si hat keng Schong un.

p1080731

p1080682

p1080657

Nodeems mer moies schon eng Jade-Fabrik kucke waren, si mer no der Mauer fir d’Mëttegiessen an eng Vase-Fabrik kutschéiert gin. Mir wossten iwwerhaapt näischt vun deem Programm, mee scheinbar ass dat sou ee Marketing Trick: Et gesäit ee wuel wéi di Saache vun Hand gemaach gin, an dat ass wierklech interessant, mee u sech ass et eng Zort Butterfahrt oder Verkaufsveranstaltung.p1080680

Gottseidank war dat dee läschten Dag mam onsympathesche Bao, deen Dag drop si mer op eege Fauscht Beijing exploréire gaang.

p1080758
Tiananmen Plaz
img_20161018_022516
Entrée vun der Verbuedener Stad

Mam Taxi hu mer eis op d’Tiananmen Plaz féire gelooss. Et war neess grot Wieder, wat gutt zu der steriler, groer Tiananmen Plaz gepasst huet. Et huet een direkt missten un d’Biller vun der Studenterevolutioun denken, un déi iwwerfëllte Plaz an un d’Panzeren. Wéi och schon den Dag virdrun ass eis di grouss Police- a Militärpräsenz a ganz Beijing opgefall. E puer mol hu mer missten eis Päss weisen an eis Poschen a Rucksäck sin duerchsicht gin.

Direkt bei der Tiananmen Plaz steet dem Mao sai risegt Mausoleum, wou ee sain abalsaméirte Kierper ka kucke goen – nee merci – an op der anerer Säit ass d’ Entrée fir an di Verbuede Stad, wat eist Zil war. A contrairement zur grousser Mauer den Dag virdrun, ware mir net alleng an der Verbuedener Stad: Onmasse vu chineseschen Touristegruppen hu sech eragedréckt, virdrun ass ee Guide mat Fändel gelaf an huet an ee Megaphon gebläert.p1080776-1 Richteg ongemittlech.

An der Entrée huet een iwwerdimensionale Portrait mam Mao senger ellener Binett meng Laun nach weider gedréckt.

Ech muss zouginn dass d’Bauwierker vun der Verbuedener Stad wierklech bombastesch a beandrockend sin. Mee di vill, a virun allem haart Leit dobannen, hu vill vum Charme ewech geholl.p1080779 An ech hun neess missten drun denken, dass dës total iwwerdimensional grouss Anlag just fir 1 Mënsch, de Kaiser, opgeriicht gouf. Während Jorhonnerten huet de Kaiser aus der Qin-an dono Ming-Dynastie, wéi an engem Elfenbeinturm an dëser Stad an der Stad gewunnt, an déi kee vu baussen huet dierfen eran.p1090077 Wéi 1911 dee läschte Kaiser verdriwwe gouf, ass de Persounekult an der Persoun vum Mao praktesch riicht viru gaangen.p1090059 A wat fir een onvirstellbare Misär dat mat sech bruecht huet ass gewosst. Dofir ass et fir eis ganz schwéier ze verstoen an ze akzeptéiren, dass de Mao nach sou omnipräsent zu Beijing (an a ganz China) ass. Den David huet probéiert Erklärungen dofir ze fannen, mee mech huet dat einfach nëmme schrecklech depriméiert.img_20161018_052928

Soit, net nëmmen d’Paläst vun der Verbuedener Stad goufe vun de chineseschenTouristen vill fotographéiert (ganz vill ganz dämlech Selfien…), mee eng Haaptattraktioun deen Dag waren… d’Sophie an de Yann!p1080944 Wéi schon am Nepal hu si missten enorm oft mat säuerlechem Lächelen fir Chinese poséiren, déi eis Laangnuesen (sou nenne si eis westlech Leit) anscheinend immens witzeg fonnt hun. Deelweis weisen d’Leit an de Stroosse wierklech mam Fanger op eis oder ruffe séier hir Kanner fir sech di kurios Mënschen ukucken ze kommen. Westlech Touriste falen op.img_20161018_001819

p1090051-2

No e puer Stonnen an der riseger Verbuedener Stad hate mer ëss genuch an hun eis bei der Sortie eng Rikscha gefrot, fir eis bei den Trommeltuerm féiren ze loossen. Ech hun haart misste verhandelen a krut de Präis fir eis Fahrt ëm d’Halschecht gedréckt. Jo, ech gi sou lues knallhaart am Feilschen! D’Rikschaen si klapprech E-Bikes, mat e puer Sëtzplazen fir Touristen hannendrop. Et ass keng Sklaventreiberei, well eise Rikscha-Mann huet keng eenzeg Kéier pedaléiert! Duerch d’hutongs si mer – natierlech mat Arrêt beim Schäiss-Mao sengem Haus – bis an d’Géigend vum Trommeltuerm gefouert gin.p1090045 Ech war den Dag virdrun schon alleng dohinner gaangen. Mir sin den Tuerm eropgeklommen, wou ëmmer um halwer eng Trommelvirféirung ass. Dës Trommen hate jorhonnertelaang di selwecht Funktioun wéi eis Kiercheklacken. 7 Leit hu rhythmesch op di riseg Trommelen agehummert, zimlech cool!p1090022

p1090037
Di géi Trap am Trommelturm
img_20161022_103511
Mat 304 km/h Richtung Shanghai

Den Dag dono war eis Zuchreess op Shanghai geplangt an den David an ech ware richteg frou aus dem groen, strengen an onfrëndlechen Beijing eraus ze kommen. Leider behale mer kee schéine Souvenir un dës Stad… Wa mer vläicht e puer Deeg méi laang hei gewierscht wären, hätte mer eis Meenung nach eventuell geännert, schliesslech hu mer just ee Brochdeel vun där riseger Stad erkundschaft.

Mat engem TTTGV (train très, très, grande vitesse) si mer mat iwwer 300km/h a knapp 5 Stonnen déi iwwer 1000km bis op Shanghai gedüst. Ënnerwee huet d’Landschaft enttäuscht: Platt, gro an trostlos.p1090091

Zu Shanghei, op der ultra-moderner Gare, huet eisen neie Guide, de Reo, eis empfaangen. Hie war jonk an dynamesch an huet och zimlech gutt verständlecht Däitsch geschwat. Hien huet eis erkläert, Shanghai wär Shanghai, an net China. Bei hinne géif weeder d’Vergaangenheet, nach d’Politik eng Roll spillen, mee eenzeg an alleng d’Zukunft a virun allem d’Suen. Si wéilten eng modern, westlech Stad sin an “wenn Chinesen kommen zu uns, aus andere Städten, wir verachten!” Hmmm, sympathesch. Och als westlech Touristen hate mir di 2 Deeg zu Shanghai (scho wéi zu Beijing) net d’Gefill wëllkomm ze sin: Kee Lächelen, kee Moien, keen Äddi oder Waschglift.

De Reo huet ALLES comptabiliséiert: Mir wësse lo wivill d’Chinesen an der Stad an um Land verdéngen, mir wësse wivill een importéierten Auto a wivill eng chinesesch Copie dovu kascht, een Nummereschëld fir op der Shanghai-Autobunn an der rush-hour ze fueren kascht 10 000 Euro (!), mir wësse wivill Yuan Steieren ee muss bei Aktie-Kaf a -Verkaf bezuelen, frot eis wann der wëllt wëssen wivill Punkten um Führerschäin a wivill Yuan ee verléiert bei engem Prottekoll, wéivill de Quadratmeter an der City an ausserhalb kascht, asw. asw. asw. Mir stoungen neess laang am Stau, dofir war alles ganz am Detail.img_20161022_103554 An d’Sophie an de Yann déi Zäit? Si haten sech et neess hannen am Taxi gemittlech gemaach an hu geronkt. Zu Shanghai wunne momentan ca. 23 Millioune Leit. Dat ass eng Zuel déi eenorm schwankt, well Millioune Wanderaarbechter do hausen, déi bleiwen soulaang si Aarbecht op engem Chantier hun a wann hire Chantier ofgeschloss ass, an di nächst Stad zéien. Fir d’Weltausstellung hu méi wéi 30 Milliounen (an eng Gëlle Fra) zu Shanghai geliewt, well do riseg Baustellen ee ganz neie Quartier aus dem Buedem entstoe gelooss hun. An ca. 10 Joer rechne se domatt, dass “just” nach en Populatioun vun ca. 17 Millioune Leit ze erwaarden ass, well Shanghai ass net méi an Expansioun an d’Chantieren gin ëmmer méi rar.

Nanjing Road
Nanjing Road

De Reo huet erzielt, dass d’Regierung decidéiert, wéi eng Stad oder Géigend a China wuesse soll an da gëtt extreem investéiert a massivst gebaut, och wann et net wierklech ee Grond dofir gëtt an d’Leit dat net gefrot hun oder brauchen. Mam Resultat dass Geeschterstied an eidel Quartieren entstinn.

p1090121
Bund by night

Am Hotel ukomm, sin d’Kanner an ech do bliwwen an den David ass e bëssen op Entdeckungstour gaangen.

p1090263
Kanäl vu Zhujiajiao

Deen nächste Moien si mer mam Reo an d’Waasserduerf Zhujiajiao, mam Stau iwwer 2 Stonne vum Hotel ewech, gefuer. Dës touristesch Stiedchen gëtt och Venedeg aus dem Osten genannt, mat Kanäl, Bréckelcher a “Gondelen”.

p1090200
Riets ënnen vum Stand: Ganz Fräschen, mjam.

De Reo huet eis verschidden “Delikatessen”, déi an den enke Gaasse verkaaft goufen, gewisen an erkläert. A verschiddenen Gässelcher huet et ganz eeeeekleg no Sténk-Tofu gemëffelt!

img_20161017_150449
De Yann op der Freilassungsbréck

Bei der “Freilassungsbrücke” krut ee Goldfësch a Schildkröten ze kafen, déi engem Gléck bréngen, wann een se do um Ufer fräi léisst.p1090211 Leider verpflicht een sech domatt och, während dem Räscht vu sengem Liewen déi Zort Fësch oder Schildkröt net méi ze iessen, well dat logescherweis d’Gléck géif zerstéieren. De Reo huet geroden Koi-Fësch fräi ze loossen, déi schmaachen net gutt. Hmmm, lo fällt mer an, dass hie vergiess huet eis ze soen, wat sou ee Fëschelche kascht!

D’Seidenspinnerei (neess sou eng Verkaufsveranstaltung) hu mer si gelooss a si fir d’Mëttegiessen zréck op Shanghai gekroch an d’Sophie an de Yann hun rëm eng Ronn am Taxi geschlof.

img_20161018_004343-1
Pudong Skyline, vis-à-vis vum Bund. Rot eemol wéi ee Wolkenkratzer “Flaschenöffner” genannt gëtt!

Nom Iessen an engem tippeschen Shanghai-Lokal, wou mer dem Reo äddi gesot hun, si mer alleng viru gaangen.

img_20161022_102725

Duerch d'”Groussgaass” si mer bis bei de Bund getrëppelt, di berühmste Plaz vu Shanghai, wou di eng Säit vum Floss Huangpu al Gebaier am Kolonial- a Art-déco-Stil stinn an di aner Säit di nei, blénkeg an impressionant Wolkenkratzer.

Den David hat dee Parcours iwwregens schon den Owend virdrun gemaach a krut do vu villen Dammen matzen am Gewulls op der Strooss zimlech eendäiteg Angeboter gemaach: “Helloooo, are you alone?” “If you want, you can have very beautiful, young woman to accompany you!” A wat sot dee gudden David?! “No, thank you.” Tjo, déi Chance kënnt ni méi rëm.

Um Bund si mer neess mat engem hop-on, hop-off Bus gefuer,p1090321 wou mer kamoud d’Stad a groussen Zich gewisen an neess a schwäbeschem Däitsch iwwer Kopfhörer erkläert kruten. Onerkläerlech war just di extreem haart kubanesch Musék tëschent den Erklärungen, déi sou iwwerhaapt net gepasst huet!

img_20161018_032038

Flaschenöffner riets

img_20161018_032540

D’Dämmerung huet ugefaangen an d’Liichtercher sin iwwerall ugaangen. Beim Busticket war eng Bootsfahrt vun 1 Stonn dobäi. Mir ware just zu 12 a sin bei engem Ponton an e klengt luxuriéist Motorboot geklommen. D’Fahrt am Däischteren iwwert den Huangpu war herrlech! Mir konnten eis sat kucken!img_20161018_001314

Dono war et spéit a mir hun eis gutt zerstruddelt a sin no relativ kuerzer Zäit mam Metro zréck beim Hotel ukomm. Et war ee laangen an intensiven Dag an d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si mat de Kleeder an d’Bett gefall sin.p1090391

Deen Dag drop si mer moies am Hotel bliwwen, hu gerascht, e bëssen geléiert a gepaakt a sin um 12 Auer op de Flughafe gefouert gin. Och dëst Gebai war fonkelnei a blénkeg. Mir hu ganz pünktlech geboard fir eise Vol op Lijiang, ganz am Weste vu China. An du souze mer 3 1/2 Stonn am sténkeg, waarme Fliger um Buedem a kee sot firwat et net lass gaangen ass. Ech war zimlech granzeg, mee d’Kanner hu sech beschäftegt an dat net sou wëll fonnt. Endlech si mer fort geflunn a réischt géint Mëtternuecht zu Lijiang geland.

_20161018_014608