Category Archives: Doheem

Epilog

Mir si lo säit 24 Stonnen neess doheem.

Ganz pünktlech si mer den 19. Dezember um 23.00 Auer erëm zu Lëtzebuerg geland. De Bopa war eis op de Findel siche komm an de Yann ass him an d’Äerm geflunn! Mir ware wierklech frou eis erëmzegesinn!

Mir sin heem an d’Réngbaach gefuer, wou d’Boma ongedëlleg op eis gewaart huet an alles ganz schéin fir eise Retour gemaach hat! Eis nepalesesch Gebietsfändelen hun eis wëllkomm geheescht, iwwerall hu Käerze gebrannt, d’Haus huet vu Wäitem schon heemeleg geliicht. Mir ware ganz geréiert!

Wéi mer erakomm sin, war et, wéi wa mer di éischte Kéier géifen erakommen: Alles nei an awer vertraut. A grouss!!! Wat vill Plaz! D’Sophie an de Yann sin nach bis no 2 Auer an der Nuecht ganz frou an opgedréit ronderëm gebëselt, hun hir grouss Legoskëschten ausgepaakt a sech 10mol anescht verkleed.

De Moien hun ech och nach alles heiheem mat ganz aneren An gesin: Sou vill Telleren am Tirang! Eis Douche geet richteg gutt! Moment, ech kann d’Krunnewaaser roueg drénken! An ech stoung eng hallef Stonn virum Kleederschaf bis ech mech decidéiert hat eng Jeans an ee Plover unzedin…

Mir hu mat eise Geschwëster telefonéiert a freeën eis fir si an deenen nächsten Deeg ze gesinn. De Mëtteg koume meng léif Frëndinnen Claudine a Betty spontan op Besuch fir op eise Retour ze prosten an dat war schéin! Ech sin och ganz frou meng aner Frënn a Kolleegen geschwënn erëmzegesinn fir deen neitsten Klaatsch und Traatsch gewuer ze gin!

Ech wollt awer och nach séier enger Rei Leit MERCI soen: All deenen, déi eis encouragéiert hun, eisem Dram ze realiséiren a mat eis geféiwert hun virun a während der Rees. Merci och menger Inspektesch, déi mir ganz selbstverständlech mai Congé an den enseigenement à domicile fir d’Kanner accordéiert huet. Merci menge léiwen Aarbechtskolleegen, déi heiheem d’Stellung gehalen hun, mir sin eng flott Equipe ?! Merci der Aktiounsschmëtt fir all topech Photo a Kommentar dee si geschéckt hun ?, ech war ëmmer live dobäi! Dee gréisste Merci geet awer u meng Geschwëster a virun allem meng Elteren: Si hun eis sécher net sou gär gesi fortgoen, mee si hun heiheem eis sou vill ënnerstëtzt, dass mir eis Zäit wierklech konnte genéissen! Si hu ganz selbstverständlech all di ondankbar Aufgaben iwwerholl, hu sech ëm d’Haus bannen a baussen bekëmmert, hu lästeg Paperassen, Korrespondenz a Rechnungen gereegelt an, an, an, an! Mir hu Chance iech ze hun! Hun iech gären! ?

Den Alldag wäert eis gläich zréck hun, mee trotzdeem wäert eis Reess ee markant Erliewnis an eisem Liewe bleiwen. Wat d’Sophie an de Yann dovu wäerte mathuelen weist eis d’Zäit. Mir brauchen sécher nach eng ganz Zäit fir di vill Andréck ze verschaffen.

Ëmmer erëm tauche Biller vun eisen exotesche Destinatiounen a mengem Kapp op an ech ka bal net gleewen dass mir di Saache wierklech gesinn an erliewt hun, an ech kann och bal net gleewen, dass eis Reess lo schon eriwwer ass. Mee sou ganz eriwwer ass se jo net, well mir wäerten nach laang dovun hun.

Lo fänkt dat un, fir dat den David ee schéint Wuert erfonnt huet: Nachfreude.

img_20161215_230902