Zréck zu Kathmandu fir eise läschten Dag am Nepal, huet de Ram, vun Alpine Eco Trek, eis mat Bhaktapur geholl, wou mer eng kuerz Visite Guidée haten.
Di gréisste Pagoda aus dem Nepal, 32m héich
Wéi Kathmandu Durbar Square ass Bhaktapur eng Anlag vun Tempelen, Pagoden a Paläst, di eelst Deeler dovun sin 1200 Joer al. Et ass neess eng Plaz déi éischter vun der Hindu-Kultur geprägt ass, mee och vu Buddhisten veréiert gëtt, wat de Ram och net erstaunlech fënnt, well schliesslech waren dem Buddha (also dem Siddharta) seng Elteren, Hinduen. De Buddha gouf iwwregens am Nepal gebuer, säin Heemechtsduerf Lumbini ass eng Pilgerstätt am Süd-Westen.
De Palast vun de 55 Fensteren.Pottery Square. De roude Lehm gëtt e puer Meter nierwendrun aus dem Buedem geholl, divers Keramik-Utensilien gin op rustikalen Dréischeiwen geformt an dann an d’Sonn geluecht fir unzedréchnen. Dono gi se am Uewe gebrannt.Lehm-Uewen
Lunch mat vue op eng Pagoda. Wann een déi géif an der Mëtt duerchschneiden, géif een iwwregens di speziell Form vum nepalesesche Fändel kréien.
De Ram an d’Sangita♥♥♥
Sou. An elo nach eng kleng romantesch Geschicht, wéi Bollywood se net besser kéint schreiwen! All Bouwen an onromantesch Männer kënnen hei ophale mat liesen.
Also beim Lunch huet de Ram eis e bëssen aus sengem Liewen erzielt. Sai Cousin Ramsey, eise Guide am Himalaya, hat eis erzielt, dass hie selwer een “arranged marriage” hat. D.h. de Ramsey huet seng Fra virum Bestiednis net kannt, mee déi 2 Familjen haten de Partner erausgesicht, “suitable” fonnt an di Saach arrangéiert. Ech wosst net, dass dat nach ëmmer usus wier an den Hindu Familjen, mee scheinbar ass dat ganz normal. Et ass wichteg, dass een a senger Kast (op kee Fall ënnert sengem Stand) bestued gëtt an och d’Mitgift fir d’Braut ass net onerheblech.
Abee, beim Ram a Sangita war dat anescht.
De Ram kënnt aus engem klengen Duerf an de Bierger. Seng Famill gehéiert zu enger Mëttel-Kast, déi et sech awer net leeschte konnt, hire Jong op de College op Kathmandu ze schécken. De Ram huet dat awer iergendwéi, mat Prêten asw., fäerdeg bruecht. Am College zu Kathmandu huet hien d’Sangita getraff, ee Meedchen aus guddem Haus aus dem Flachland. D’Sangita huet zur Famill vun de Brahmanen gehéiert, also där allerhéichster Kast. Di zwee hu sech gutt verstanen, mee ausser heiansdo telefonéiren an smsen ass näischt geschitt. Och nom College si si sou a Kontakt bliwwen. De Ram huet missten direkt nom College schaffe goen, fir seng Studien zréck ze bezuelen, hien huet sech als Porteur a Guide kromm geschafft. D’Sangita hat eng Aarbecht als Rezeptionistin am Hyatt Hotel ***** zu Kathmandu fonnt.
Bis enges Dags, d’Sangita dem Ram geschriwwen huet, seng Famill hätt ee passende Mann fir hatt erausgesicht an hätt géif deemnächst bestued gin. De Ram huet net laang gezéckt an dem Sangita gesot, hie wéilt sech och deemnächst bestueden, ob hatt sech dann net léiwer géif mat him bestueden. D’Sangita war direkt d’accord, mee hatt huet natierlech missten seng Famill froen.
Dem Sangita seng Mamm war averstanen, mee säi Papp a seng Bridder waren zimlech opbruecht: Ee frieme Mann, aus enger méi niddreger Kast, iwwert dee si guer näischt wossten an och nach aus enger ärmlecher Regioun! Si waren dogéint. Och dem Ram seng Famill war skeptesch.
Also sin de Ram an d’Sangita ganz alleng enges Dags bei een Tempel gaangen. An der Entrée vum Tempel huet de Ram dem Sangita roude Pudder an d’Mëtt vum Kapp geträufelt an dat war d’Zeechen dass si bestued waren. D’Götter aus dem Tempel waren hir Zeien.
No der ufänglecher Roserei hu sech d’Familjen awer berouegt, an haut hun di 2 Familjen ee schéint Verhältnis a jiddereen ass frou a souguer houfreg iwwert de Ram an d’Sangita. Si hun 2 schéi Kanner kritt, e Meedchen an ee Jong. A wa se net gestuerwe sin…
De Ram ass iwwregens dee léiwe Mann lénks ënnen…
Aaaaah! (Schued dass ech keng Foto méi hun vun engem kitschegen Sonnenënnergang…)
Dat war dach mol ee schéinen Ofschloss fir eise Bericht aus Nepal. Mir haten eng wonnerbar Zäit hei a sin zimlech sécher dass mer net fir d’läscht hei waren. Merci Ram, Ramsey, Amid, Rajees an all deenen aneren léiwen a frëndlechen Leit, déi mer hei kenne geléiert hun!!
Mir haten nach e puer Deeg Zäit am Nepal an de Ram, de Chef vun Alpine Eco Trek, huet eis proposéiert nach spontan een Ausfluch vu 4 Deeg an den Chitwan Nationalpark ze maachen. Good choice!
Mam klenge Fliger si mer vu Kathmandu op Bharatpur an de Süden un di indesch Grenz geflunn (20 Minutten ouni Rousekranz, mee ganz kuerz Pist!). Mir waren di eenzeg Bleechgesiichter u Bord.
Räisfelder am Terai
Vum Flughafen goufe mer mat engem stattlechen Auto an eisen Hotel Parkland gefouert. Mir waren neess an enger anerer Welt: Et ass ganz flaach am Terai, mat Räisfelder sou wäit ee kucke kann! Mir sin no kuerzer Zäit duerch kleng Dierfer komm, wou d’Haiser nach traditionnell gebaut sin, mat Elefantegras-Maueren, déi mat enger Mëschung aus Lehm an Koudréck verbotzt sin. Den Daach ass mat Gras gedeckt. Di Häiser bleiwe bannen schéi kill, wat och net vu Muttwëll an där Géigend ass, well mir haten wäit iwwer 30 Grad! Op der Strooss si mer am Zick-Zack laanscht Inten, Geessen, Waasserbüffelen, Veloen, Mënschen, Motoen, Hinger an ELEFANTEN gefuer! Genial!
Chicken-bike Nach lieweg!Ställ mat Elefanten direkt nierft dem Hotel
Eisen Hotel war ganz schéin mat engem immense Gaart dobäi. D’Sophie an de Yann hu stonnelaang do gespillt a geturnt a sin op Beem geklommen.
Mir haten ee flotte Programm am Nationalpark, mat eisem lëschtege Guide Babu. Heiansdo ware mer alleng mat him, heiansdo mat aneren Touristen aus Kanada, Däitschland an Australien, ee flotte Grupp!
Deen 1. Dag war ee klengen Trëppeltour duerch d’Duerf Sauraha geplangt. Mir kruten di traditionnell Haiser gewisen an erkläert, déi natierlech och hei um Ausstierwe sin.
Dat ass schued, mee och verständlech, well d’Zäit bleiwt jo och hei net stoen an et kann een de Leit net verdenken, dass se léiwer an engem Zillenhaus wunnen mat Stroum, Klimaanlag, fléissendem Waasser an anerem Confort. An all Duerf gëtt zur Festival-Zäit eng riseg Klunsch opgeriicht aus Bambus gebaut a mat engem décken Afeseel als Schaukel. Mir hu vu moies Kanner op deene Klunsche gesinn schaukelen, laachen, sprangen an turnen. Mir hu se natierlech och eemol dierften ausprobéiren.
De Yann an den David op der Rise-SchaukelAchtung, die Bullen kommen!!
Dono si mer bei d'”Police-Elefante” gaangen. D’Arméi ass omnipräsent hei am Nationalpark a si hun 5 Elefante-Bullen fir duerch den Dschungel ze patrouilléiren an no Braconnéier ze sichen, déi nach ëmmer Nashörner fir hiirt Har op der Nues ofschluechten a mengen si kéinten doraus eng wäertvoll Medizin maachen. D’Elefanten sin di eenzeg Méiglechkeet duerch den dichten Dschungel ze kommen. D’Bullen (also d’Elefanten, an net d’Polizisten…) si méi grouss a méi onberechenbar wéi di weiblech asiatesch Elefante-Kéi. Si hun am Normalfall Stousszänn an d’Weibercher net. De Babu huet virgeschwärmt wéi gutt d’Elefanten hei alleguer behandelt gin, all Elefant huet seng 3 perséinlech Pfleeger, si gi mam Iesse richteg verwinnt, si schaffe just 2-3mol an der Woch an all di aner Deeg hu si stonnelaang Ausgang an den Dschungel fir sech sat ze friessen, si gin all Dag liebevoll gebued a geschrubbt asw. Trotzdeem hat ech kee sou ee gutt Gefill, wéi ech se un hire kuerze Ketten um Fouss ugestréckt gesinn hun. Mee si sin hei eeben een Notzdeier, wéi bei eis och Dausende vun Déiren, déi iergendwou a Ställ stinn.
Mir sin dono bei de Floss getrëppelt fir de Sonnenënnergang ze kucken an dun zréck an den Hotel.
Den Dag drop si mer scho moies fréi nom Kaffi bei de Floss gefuer an hun een Tour mam Einbaum gemaach, dee wierklech nach aus 1 Bamstamm erausgeschnidde gëtt. Si huelen dofir d’Holz vun engem Bam (weess den Numm net méi) dee ganz séier wiisst a ganz mëllt Holz huet. Di Kanue si ganz schmuel an et ass eng wackleg Geschicht, virun allem wann een zu 12 gedrätscht dra sëtzt. Hannen steet ee Mann mat enger laanger Bambusstaang, deen d’Boot weiderdréckt. De Floss ass net déif an de Fong ass ganz bullizéch.
Am “dug-out-canoe”
Et war eng herrlech roueg Atmosphär, just de Floss huet e bësse geplätschert an et huet een d’Geräischer vum Dschungel nierft dem Floss héiren: Villercher, Afen..
Mir hu schon no e puer Sekonnen di éischt Krokodillen am Floss an um Ufer gesinn: Di relativ heefeg Mugger- crocodile an och Freshwater-crocoldile (Gavial) déi extreem selte sin a vum Ausstierwe bedroht. Si erkennt ee gutt un hirer schmueler Schnëss.
Mugger-Krokodil
Séisswaasser-Krokodil mat der schmueler Schnuff
Pallas fish eagle
Mir hun och Honnerte vu Villercher a Storche gesinn.
Black IbisDarter oder Schlangenvogel, well hien am Waasser mam Kierper ënnert dem Waasser schwëmmt a just dee laangen Hals mam Schniewel erausluusst!
Dono hate mer eng Visite vum Elephant Breeding Center. Hei gin Elefante-Kéi mat hire Klengen gehalen. No ca. 2 Joer gin di Kleng vun der Mamm getrennt an entweeder neess ausgewëllert (ech denken virun allem Bullen) oder trainéiert fir ze schaffen oder Touristen ronderëm ze kutschéiren. Di kleng Elefanten si wierklech fir ze Friessen!!
Di asiatesch Elefanten hun un hirem Rüssel ee klenge “Fanger” mat deem se ganz präzis Saachen kënne huelen oder oprafen.
Embarquement!
Nomëttes war dunn ee vun den Highlights: Den Elephant-Riding tour. Ok, dat war zwar immens touristesch, mee trotzdeem eng ganz flott Erfahrung! 2 1/2 Stonn um Elefanteréck duerch den Dschungel.
“Final call for Passengers boarding elephant ride number 203, gate B2…”
De Mahout (de “Chauffeur”) huet eisen Elefant Basanthi duerch de Floss guidéiert an do hu mer direkt een Nashorn erbléckst! Direkt um Ufer! Mir sin dohi geridden a well mer d’Kéier um schmuelen Ufer net méi kruten, hu mer missten direkt laanscht d’Nashorn goen, wat awer net beandrockt war a weider gefriess huet.
Vum Ausstierwe bedroht: 1-Horn-Nashorn
Weider ass et duerch den Dschungel gaangen, oft krut een Äscht an d’Gesiicht oder d’Schong vum Gestrüpp ënnert eis bal ausgedoen. Eise Mahout sot, hie géif scho säit 10 Joer mam Basanthi schaffen an d’Elefante-Kou hätt 35 Joer (si gin zwësche 60 an 80 Joer al).
A mir hate scheinbar ee gudden Dag erwëscht: Mir hun IMMENS vill Nashörner gesinn, Mammen mat Klengen, Eenzelgänger, riseg Badettien, di ausgesinn, wéi wann se aus verschiddene Stécker uneneengebitzt gi wieren. Mir sin onfassbar no erukomm an d’Rhinoen hu sech iwwerhaapt net doru gestéiert. Souguer eise Mahout huet missten oft laachen, well mir sou eng Chance haten a sot ëmmer neess: “You very lucky. We come many, many times, not see rhino!”
De Basanthi kroopt sech d’Drénkgeld fir säi MeeschterAn d’Belounung fir d’Basanthi: Eng Kludder Banannen
De läschten Dag zu Chitwan si mer moies d’Elefante buede gaangen. Ech hun aus sécherer Distanz nogekuckt a Photoe gemaach an d’Sophie, de Yann an den David sin an der Schwammbox mam Elefant an de Floss gaangen.
Colonel Hahti
Ei, dat war flott! De Yann war richteg rosen, wéi et eriwwer war. Hie wollt nach am Floss schwammen an et huet vill Iwwerzeechung kascht hien dovun ofzebréngen. Grad sou gutt, well just 50 Meter ewech, huet deen hei op eng gutt Schlabäitzche gewaart:
Nomëttes si mer op Jeep Safari duerch den Dschungel gaang. Et hat kräfteg an der Nuecht gereent, well d’Monsunsaison ass hei nach net grad eriwwer, an de Yann an d’Sophie ware begeeschtert vun de Bullislächer duerch déi mer mat eiser oppener Jeep gebraust sin.
Mir hun neess eng Rei Afen, Krokodilen a Réi an Hirsche gesinn an eng hellewull Villercher a Papageien bei klenge Séien am Dschungel.
Domatt ass eis Rees op Chitwan och sou lues op en Enn gaangen an deen nächsten Dag si mer zréck vu Bharatpur op Kathmandu geflunn. Et war een Ausfluch deen sech wierklech gelount hat!
De mytheschen, wonnerschéinen Ama Dablam, vun der Südsäit mat sengem “hängende Gletscher” deen 2008 op ee Camp vu Biergsteiger gefall ass (Dat huet den David mer diktéiert.)
Sou lues ass eis Zäit an der Everest Regioun op en Enn gaangen. Mir sin nach e puermol moies fréi bei Sonnenopgang erop op de Viewing Point iwwer Namche Bazar getrëppelt an hun och wierklech enges Moies während e puer Sekonnen d’Vue op Everest, Lhotse an Ama Dablam gehat. Den David gouf méi räich belount, well hien nach méi fréi eropgelaf war. éier d’Wollécke komm sin, an eng besser Vue hat.
Khumbu Valley mat Everest a Lhotse lénks hannert de Wollécken a riets dem Lieblingsbierg Ama Dablam
Ufank Oktober hu mer eis dun neess op de Wee erof op Phakding gemaach. Eise léiwe Päerdsmann war neess um Rendez-vous. Zu Phakding hu mer neess 1 Nuecht geschlof a sin den Dag drop zréck op Lukla gaangen. Mir ware schon e bësse verdrësslech, de Bierger mussen äddi ze soen. Deen Trekking hat wierklech all eis Erwaardungen iwwertraff (ausser d’Wieder hätt kéinten e bësse besser sin, mee da wier et zevill perfekt gewierscht!).
Scho bal kitscheg!Wëll Beien un engem Fiels
Ze Lukla hate mer neess sou richteg verschassent Wieder. Knapps ware mer am Hotel ukomm, sin de Rajees an den Amid ganz opgedréint gelaf komm, si haten nach 2 Flugbilljeeën fir dee Mëtteg ergattert a konnten tatsächlech zréck op Kathmandu fléien, grad mat Zäit fir de Festival Dashain. Mir sollten si nach eemol zu Kathmandu erëmgesinn, mee dat huet awer net geklappt. Vläicht grad sou gutt, soss wier et vläicht e bëssen emotionaaaal gin, well de Yann war schrecklech frou mam Amid.
De Ramsey a mir suzen dee ganzen nächsten Dag um klitzegklenge Flughafen zu Lukla an hu Kaarte gespillt (glécklecherweis huet de Ramsey eis een neit Kaartespill geléiert, well heiansdo hun ech d’Gefill, wann ech nach eemol UNO spille muss, dann…. kann ech fir näischt méi garantéiren!!). Leider sin d’Luucht an de Flughafen zou bliwwen a géint 15.00 war kloer, dass mer deen nächsten Dag nach eemol missten eist Gléck probéiren.
Iergenzwousch tëschent den Haiser ass de Flughafen vu LuklaDe Yann iwwerwaacht d’Reparatioun vun engem landing gear, deen den Dag virdrun bei der Landung vun engem Fliger (net eisem!) futti gaange war. Jiddereen konnt mat der Nues dobäi kucke goen a seng Meenung dozou zum Beschte gin. Souguer een Hond war dobäi. Mee den nächsten Dag ass de Fliger neess geflunn!
Dunn huet et och geklappt an no iwwer
Dornier overtaking us
2 Wochen ouni een Auto, Moto, Camion oder soss motoriséiert Gefier gesinn ze hun, a minimum 6 Dagesmärsch vun där nächster Strooss ewech, si mer mam Fliger zréck an d'”Zivilisatioun” vu Kathmandu katapultéiert gin. De Vol vu Lukla zréck war iwwregens net sou scary, ech hat kee Rousekranz gebraucht.
Zu Kathmandu hate mer 2 Deeg Zäit an hu profitéiert e bësse Sightseeing ze maachen. Mir waren eis Kathmandu Durbar Square a Swayambhunath Stupa (aka Monkey Temple) ukucken.
Kathmandu Dunbar Square ass ee vun 3 Durbar Square vun der Stad.Et ass eng grouss Palastanlag mat ville klengen a groussen Tempelen. Dat wat nach steet gouf nom Äerdbeeben ofgestäipt.
Kathmandu Durbar Square war vum Äerdbeeben ganz vill beschiedegt an z.D. souguer zerstéiert gin. Wéi de Ram eis sot, sin d’Suen wuel do fir alles neess ze flécken an opzeriichten, mee e puer Leit schéngen weiderhin vun de sëllechen Donen profitéiren ze wëllen a loossen dat Ganzt mol nach eng Zäit mautschen.
Kathmandu Durbar Square mat senge villen Dauwen, déi hei net verjot oder vergëft, mee veréiert a gefiddert gin.
Swayambhunath Stupa oder Monkey Temple läit op enger klenger Kopp vu wou aus een eng schéi Vue op Kathmandu Valley huet. Et ass ee buddhisteschen Tempel, deen awer och eng grouss Bedeitung fir d’Hinduen huet. Firwat heescht dee wuel Monkey Temple??
De Moment ass de grousse Festival Dashain fir d’Hinduen, dee bal 3 Wochen dauert. Et ass dat gréisste Fest am Nepal, mat eisem Chrëschtdag ze vergläichen. D’Schoulen sin zou, zu Kathmandu leeft et méi roueg während de 4 Haaptdeeg vum Fest an all d’Leit reesen bei hir Familjen, di meeschtens ausserhalb vun der Haaptstad wunnen. Do gëtt eng Geess geschluecht an zesumme gefeiert.
Monkey TempleWéi wann ee géIf mam Auto an der Stad Nationalfeierdag duerch d’Groussgaass fueren…
Vill méi roueg huet Kathmandu mir elo nach net geschéngt. Mam Taxi ware mer am Ganze bal 2 Stonnen ënnerwee, obwuel déi Sehenswürdegkeete just ongeféier 15 Kilometer vum Hotel ewech waren. Chapeau fir di verréckten Taxi-Chauffeuren, déi sech dat all Dag undinn.
Mir hun owes kuerz nach eemol de Ramsey gesinn, Hien hat missten ee Fliger no eis vu Lukla heem huelen, well keng Plaz méi war. De Yann huet sech op hie gestierzt! De Ramsey ass deen aneren Dag op eng ganz grouss Expeditioun an den Dolpo gaangen: 1 Mount am Zelt, logistestesch eng Erausfuerderung, mat 5 Leit, 3 Guiden a Käch an 20 Mauldéieren. Ech war liicht melancholesch beim Äddi-soen, mir haten sou eng schéin Zäit an de Bierger. Mee wee weess…
Ëmmer lénks laanscht de Chorten, gelldu, Kapitän Haddock!
Di ganz Everest Regioun ass kulturell einfach immens!
Di Leit di hei wunnen si bal all Sherpaen, déi virun e puer Jorhonnerten aus dem Tibet eriwwer an den Nepal komm sin an do sesshaft gi sin.
Si hun hir ganz Kultur matbruecht, d.h. si si Buddhisten, si hun hir eege Sprooch an och an eisem Zäitalter ass hir Traditioun an hir Liewensaart nach bal intakt: Obwuel och all Sherpa-Boomchen am traditionelle Gewand op der Strooss haart an hiren Handy bläert, iwwerall den Internet a Wifi ugebuede gëtt an all Porteur d’Kopfhörer un huet a sech (traditionnell nepalesesch!) Musék eranzitt, bleiwt hir al Kultur omnipräsent.
D’Gebietsfändelen, d’Kléischter, d’Chorten, d’Gebietsrullen a Gebietstafelen gin net fir d’Touristen ausgestallt, mee gehéiren zu hirem Alldag. Och Ritualer zur Gebuert, zum Bestiednis an zum Begriefnis gin nach ëmmer zelebréiert. Iergendwéi packen si dee Spagat.
108 Gebietsziedelen am Klouschter vun Namche di just zu spezielle Fester vu Mönchen firgelies gin.
Ech muss soen, dass
d’Sherpa-Vollek mech immens beandrockt: Och wann ee gesäit dass d’Everest Regioun zu deene räichste Géigenden am Nepal zielt, well d’Touristen gären vill Suen hei hänke loossen, hun ech mech oft an der Zäit zeréckversat gefillt an hun méi wéi eemol un den Neye Jang an d’Betty an hir schéin Thillenvogtei geduecht: D’Felder gin hei nach vun Hand bestallt, all klenge Bauer ka frou sin, wann en nach e puer Kéi an Hénger huet, d’Wäsch gëtt nach ëmmer um Wäschbuer gewäsch, waarmt Waasser gëtt et nëmme fir d’Touristen, an och just wann d’Sonn geschéngt huet.
Khumjung mam Tramserku hannendrun
An d’Sherpaen si fläisseg. Beim Äerdbeeben viru just 1 1/2 Joer war ganz vill futti hei an der Géigend. Haut gesäit ee praktesch guer näischt méi vun där Katastroph: D’stengen Haiser goufe gefléckt oder neess opgebaut, si si schéin an der Rei, mat faarwegen Fënsteren a faarwegem Wellblech-Daach. An de Gäert, ronderëm déi stenge Maueren sin, stinn Blummen, déi och bei eis bléien: Ringelblumen, Dahlien, Schwertlilien, Kapuzinercresson a sténkegen Houfert. Felder gin et op all Quadratzentimeter deen net zevill géi ass. Wéi bei eis goufen de Moment d’Gromperen erausgeholl, dat läscht Hee nach mühsam vun Hand a sou Schlaange gedréint an ënnert eng Baatsch getesselt an d’Stécker fir de Wanter prett gemaach, mat engem Spezial-Dünger aus Bëschbuedem, animaleschen a mënschlechen Exkrementer a kleng geschniddenem Farn oder aneren Planzen. Ech hun de Sherpaen hir Léift zum Detail an hire Sënn fir Ästhetik ganz erfrëschend fonnt, virun allem no deem zimlech delabréierten an iergendwéi desillusionéierten Tonga.
Et war och interessant fir d’Sophie an de Yann, fir ze gesinn, dass et eeben Plaze gin, wou een d’Waasser aus dem Krunn net kann drénken, wou d’Haiser net geheizt sin a wann een deen aneren Dag keng fiicht a kal Kleeder well hun, dann hält een se un fir ze schlofen oder leet se ënnert seng fiicht Decken. A westlech Toiletten sin eng Ausnahm. An déi Toiletten dierf een och kee Pobeier geheien, dat geet alles an een Eemer nierwendrun. All Colasfläsch, all Fënster, all Schrauw, all Gasfläsch, all Këssen, all Frigo an all Fotell gouf mühsam vun engem Yak oder engem Mënsch op iwwer 3000m eropgedroen, meeschtens just fir de Confort vun iergendengem Tourist, deen sech dann nach beklot, wann d’Elektresch erëm ausfällt oder d’Waasser am Guesthouse net waarm ass. Dat setzt dach mol rëm alles a Proportioun a léisst een e bëssen deemüteg gin.
Sou, elo zum Yeti.
Mir haten eis vun Namche Bazar aus ca. 2 Stonnen op Khumjung op de Wee gemaach. Well do ass en! Dem Yeti säi Schädel! Dach, wierklech, doudeescht, hei gëtt net doriwwer gelaacht a mol net geschmunzelt!
Op der grousser Plaz zu Khumjung, bei der Hillary School, spillen d’Kanner mat selwer gebastelten Draachen. Ee ganz heeftegt Bild, virun allem elo, well et ass Schoulvakanz!
De Wee op Khumjung ass vill biergop gaangen, laanscht den Everest View Hotel, wou mer een exzellente Schocki gedronk hun, mee leider neess keen Everest gesinn hun. Dono ass et biergof gaangen a mir haten eng wonnerbar Vue op dat klengt Duerf wat an enger relativ flaacher Senk läit, vu Wisen a stenge Maueren ëmgin.
Do si mer dun bei d’Klouschter getrëppelt an e bëssen erféiert, well d’Klouschter war ganz futti gewierscht nom Äerdbeeben a si ware grad am Gaangen et neess opzeriichten. War de Wee ëmsoss??
Nee, een ale Mann huet eis eng Dir opgemaach, do stoung eng riseg Gebietsrull an een alen onscheinbaren metallenen Schaf dran, dee fir mech wéi eng elektresch Këscht ausgesinn huet. Dunn hu mer missten 500 Nepalesesch Rupien bezuelen a kruten een offiziellen Entréesticket, an deen deen ale Mann nach gewëssenhaft mat engem Locher Lächer drageknipst huet. Et kéint jo mol een op d’Iddi kommen fir 2mol mam selwechten Ticket dem Yeti säi Kapp kucken ze goen! Dunn huet hien ganz onzeremoniell dee komeschen Metallschaf opgemaach: “There. Yeti skull.”
Eppes steet fest: De Yeti sténkt! Ech weess net wat fir ee Pelz se an di gliese Këscht getesselt haten, mee si huet anstänneg gemëffelt. Ech hat de Verdacht, dass et sech ëm ee Geessepelz gehandelt huet. D’Sophie an de Yann ware guer net beandrockt a hu léiwer 100mol un der riseger Gebietsrull gedréint. De Mann huet de Schaf, knapps hate mer e puer Fotoe gemaach, neess zougespaart an dat war et dunn.
Dee ganze Yeti (mam Kapp) steet iwwregens zu Pokhara, an der Anapurna Regioun, an engem Musee. De Rajees hat en do scho gesinn an huet mer mat verstengerter Minn eng Photo dovu gewisen. Dee Yeti huet verdächteg deene groussen Afen geglach, déi bei eis op der Schueberfouer virun de Geeschterbunne stin: Grad sou verfilztenen Pelz an rëffeg Schnëss a Patten. Ass vläicht ee Cousin…
Zu Namche Bazar sin d’Kanner an ech eng Rei Deeg alleng bliwwen, während den David mam Ramsey a mat eisem klenge Porteur Norbu op Expeditioun op den Island Peak (oder Imja Tse) gaangen ass. Wéi laang dat genee géif daueren wosste mer net, well dat eeben och vill vum Wieder ofhänkt. Mir waren awer ganz gutt zu Namche opgehuewen, an engem schéinen Hotel, mat Vue erof op Namche. Mir haten och 2 Babysitter dogelooss kritt: Den Amid an de Rajees si bei eis bliwwen. Och do ass d’Hierarchie allerdéngs héichgehale gin: Virdrun huet just de Ramsey mat eis um Dësch dierften iessen. Lo huet de Rajees déi Plaz ageholl an den Amid huet weiderhin missten an der Kichen iessen. Dat ass fir eis iergendwéi schwéier ze verstoen, mee bei hinnen ass dat einfach sou. Jiddereen soll sech eropschaffen. A bis dohinner dierf een eeben net zevill pipeg sin.
Yaken lafen d’Trap op an der “Haaptstrooss” zu Namche
Namche ass eng kleng Stiedchen, déi offensichtlech op Touriste spezialiséiert ass, déi do während der Saison en masse defiléiren. Et kritt een ALLES zu Namche: Vum Toilettepobeier, iwwert Mutzen, Toblerone a souguer NUTELLA!!! Deen ass zwar e puer Deeg méi spéit ofgelaf, a war och zimlech grimmeleg, mee dat war ganz eegal!
Mam Rajees an dem Amid op engem Ausfluch mat Vue op Namche Bazar erof.D’Sophie an de Yann raschten bei engem Fiels mat tibetaneschen Gebieder
Mir hu séier eng kleng Routine zu Namche entwéckelt, mat moies homeschooling, mëttes Lunch zu Namche an engem klengen Ausfluch entweeder an d’tibetanescht Klouschter, an de Musée oder einfach een Trëppeltour. Mir ware bal di ganzen Zäit di eenzeg Gäscht am Hotel a goufe schéi verwinnt!
Am Endeffekt ware mer guer net sou laang alleng zu Namche wéi gemengt. Ech hat mat ca 10 Deeg gerechent, déi den David fir säi Sommet aller-retour géif brauchen, mee am Endeffekt hat hien a Rekordzäit de Sommet erreecht a war schon no 6 Deeg frou a monter neess bei eis. Bis dohinner haten d’Sophie a virun allem de Yann sech ganz gutt mat eisen 2 Guiden amséiert. Virun allem den näischnotzegen Amid war wierklech witzeg. Hien huet zwar bal kee Wuert englesch geschwat, mee trotzdeem sin de Yann an hien stonnelaang Hand an Hand do getrëppelt an hu mateneen geschnësst an Dommheete gemaach. 100 000mol hun de Rajees an den Ahmid de Kanner missten op ee klenge Fiels erop noklammen oder si hu sech mat Bängelen bekämpft.
Owes beim Nuechtiessen huet de Rajees mer a gefilltener Echtzäit di ganz geo-politesch Situatioun vum Nepal vun de läschten 200 Joer erzielt. War ganz interessant! Deen eenzegen klengen Hoken war, dass de Rajees (an och de Ramsey an den Amid) Hinduen vu Kathmandu sin, a wierklech alles iwwert di interessant Hindu-Kultur wossten, mee leider net grad sou vill iwwert d’Géigend hei, d’Sherpa-Kultur an de Buddhismus aus dëser Regioun wossten.
Zu Tengboche huet et di ganz Nuecht wéi mat Eemere gereent. Dat war net grad gutt dir d’Stëmmung, virun allem, well mer dun dem David äddi gesot hun, deen sech frou gemutt zesumme mam Ramsey an deem aarme klenge Porteur op säi Wee Richtung Imja Tse (Island Peak) gemaach huet.
De Rajees an den Ahmid si mam Sophie, Yann a mir neess zréck ca. 4 Stonnen op Namche Bazar getrëppelt. An dat war eng kleng Erausfuerderung, well mir ware knapps zum Hotel eraus, du ware mer wierklech scho bis op d’Haut naass a kal, trotz Händschen, Mutz, Schal a Reegezei.
Eise léiwe Päerdsmann
De Yann gëtt um Päerd agemockelt. Mir si lo schon naass!
hat och dës Kéier neess matgeduecht an ee Plastik organiséiert fir iwwert de Kanner hir Been ze leeën wa se geridde sin, well si um Päerd nach méi naass gi sin, wéi beim Goen. Trotzdeem hu si no e puer Minutte scho vu Keelt geschlottert. Si sin dun ee groussen Deel biergop zu 2 um Päerd geridden an ech war erliichtert wéi mer ee groussen Deel vum Wee hannert eis haten an endlech an engem Teahouse Mëttespaus gemaach hun.
D’Kanner hun allenzwee vu Keelt gekrasch an ech hätt mech kënne verrauen, well hir Reejacketten (am Géigesatz zu menger) kee Fatz waasserdicht waren, obwuel ech se doheem nach eemol traitéiert hat an zu allem Iwwerfloss waren och nach bal all d’Ersatzkleeder, déi ech fir si a mengem Rucksak hat, naass.
De Rajees wiermt dem Yann seng äiskal Féiss…
Am Teahouse waren se immens léif an hun direkt den Uewen fir eis ugefaangen, Decken a waarmen Téi bruecht. De Yann krutt vun der Sherpa Madamm, déi mech zwar e bësse virwurfsvoll bekuckt huet, seng äiskal Féiss masséiert, hien hat richteg den Neelchen. Di naass Saachen hu mer bei den Uewe gehaangen, wat zwar och net vill bruecht huet. Mee wéi dat bei de Kanner gottseidank sou ass, war noch ca 15 Minutten neess alles gutt. Si haten sech erkritt an hunn neess Topechkeeten gemaach. No enger gudder Stonn Rascht a waarmem Iessen, wosste mer dass d’Yak-Autobunn an Namche Bazar net méi wäit ewech wieren, de Reen hat e bëssen nogelooss a mir sin ness voll motivéiert di läscht Kilometeren gaangen. Mee ech muss gestoen, dass ech wierklech frou war, wéi mer zu Namche an eisem Super-Deluxe-Hotel (no nepaleseschem Standard) ukomm sin (mat Heizdecken an heiansdo wootlechem Waasser).
D’Wieder gëtt liicht besser a mir sin neess op der Yak-Autobunn an net méi wäit vun Namche ewech!
No eisem resting day hu mer eis op Tengboche erop gemaach, déi schwéierst Etapp ca. 5 Stonnen, mat vill biergof an dono leider nach méi biergop bis op 3800m.
Eise léiwe Päerdsmann hat matgeduecht a sécher meng Bedenken iergendwéi gespuert, well hien hat ee klenge Baudrier organiséiert fir de Yann an d’Sophie um Suedel vum Päerd festzestrécken, sou dass si net méi konnten eroffalen. A wann d’Päerd mat de Kanner drop an eng Schlucht fällt oder d’Trapen eroffällt oder op der Hängebréck stolpert, oder ausrëtscht, oder….??! Aaargh, et ass net schéin wann een zevill eng lieweg Phantasie huet…!
D'”Yak-Autobunn”
D’Wieder war neess net extra. Mir hun haaptsächlech Wolleken gesin, dotëschent waren och Opklärungen an da waren d’Vuen eemoleg!
Am Ufank war de Wee immens breed a mir hun eis éischt richteg Yake gesin. Wann déi kommen muss een sech séier ewech maachen, well déi sin e bësse beschränkt (grad sou wéi d’Hybrid-Yaken) a gin einfach ëmmer stur weider, eegal op do een oder eppes an de Féiss steet oder net. Mir hun dee breeden a kamoute Wee “Yak-Autobunn” genannt.
Mir hun wéi di Deeg virdrun am Fong keng Pause gemaach, ausser fir d’Mëttegiessen. Dat hu mer bei der läschter Hängebréck gemaach an dono goung et zimlech steil 600 Héichtemeter erop. De Yann, aka Billy the kid, war zefridden um Päerd an ass de ganze Wee erop geridden. Ënnerwee hun d’Leit sech all no him ëmgedréint a gelaacht, Fotoen vun him gemaach oder Kommentare gemaach, wéi “Where can I get a horse like that?” “Can I ride?” “Hey little boy, take me with you!!” Et sin am Fong keng Kanner hei op den Trekken ënnerwee, dofir fale mir wierklech zimlech op.
Mee eigentlech war d’Sophie de Star! Hatt huet eis all absolut beandrockt!! Hatt ass de ganze Wee wéi eng Bierggeess eropgelaf. Ausser Otem? Nö. Been midd? Nö. Flemm? Nö. Ech hat d’Gefill, wat mir méi héich erop komm sin, wat hatt besser a Form war. An dee ganze Wee geschwat!!! Ech hat wierklech Krämpes nach matzehalen. Hatt ass dotëschent nach op Fielse ronderëm geklotert, ronderëm gesprongen an huet steil Ofkierzungen geholl, wou de Ramsey dunn hannendrun huet missten laatschen a bestëmmt e puermol geflucht huet. Mir hun neess vill midd Leit iwwerholl, déi net méi konnten. A si hun all ongleeweg gekuckt, wann d’Sophie do gespronge koum. Ech war sou houfreg, dass ech bal geplatzt sin!! Hatt krut di ganzen Zäit Komplimenter a souguer Applaus vun aneren Trekker an ech hun alt neess heemlech eng Tréinchen verdréckt, dës Kéier vu stolz a vun Erliichterung, dass alles sou phantastesch geklappt huet!
Arrivée am Niwwel zu Tengboche
D’Arrivée zu Tengboche, wou mer extra higekraxelt waren fir dat berühmtent Klouschter an di legendär Vue ze gesinn, war net wierklech beandrockend, well mir hu vu lauter Niwwel just schemenhaft d’Klouschter gesinn a vun der phänomenaler Vue war natierlech och näischt ze gesinn. Schued. Oder wéi d’Sophie et formuléiert huet: “Firwat si mer iwwerhaapt heihi komm, wann ee souwisou näischt gesäit?” 20 Minutten vun Tengboche ewech war eise léiwe klengen Hotel (mat Heizdecken ;-), wou mir eemol geschlof hun.