Category Archives: Nepal

Trek Phakding- Namche Bazar

p1060806

Den Dag drop, nom Kaffi, hate mer méi eng ustrengend Etapp mat ugekënnegten 5-6 Stonnen an 800 Héichtemeter um Programm bis op Namche Bazar (3440m).

p1060759

D’Wieder war ok, et huet vun Zäit zu Zäit e bësse gereent, d’Kanner hu sech ofgewiesselt mam Reiden. D’Sophie ass awer meeschtens zu Fouss gaangen an no neess fantastesche Landschaften hu mer schon no eppes iwwer 4 Stonnen Namche Bazar erreecht, grad dunn, wéi d’Sophie sou lues keng Loscht méi op biergop hat.

Ënnerwee si mer ëmmer neess u Gruppe vu westlechen Trekker laanscht komm, p1060848di absolut um läschte Lach gepaff hun. Deen Trek dee mir maachen ass den Ufank vum Trek bis op den Mount Everest Base Camp, a wann ee bedenkt, dass dat d’Zil vun deenen allermeeschten Wanderer ass, déi hei ënnerwee sin, da kann een sech just wonneren, wat Leit sech heiansdo awer iwwerschätzen. Wann een op knapp 3000m scho sou futti ass, Bloderen, Muskelkater a Krämpercher huet an d’Guiden scho richteg mat engem gehäit sin, da well ech guer net wëssen wéi se sech op iwwer 5000m opféieren. Ville Leit ass et zwar och net besonnesch gutt, well se entweeder d’Héicht oder d’Iessen net richteg verdroen. Gottseidank hate mir bis elo domatt kee Probleem. Ech muss zwar och soen, dass mir prophylaktesch d’Medikament Diamox geholl hun, wat vläicht och eng gutt Iddi war.

p1060767

Zu Namche Bazar ware mer an engem schéinen Hotel mat souguer e bësse waarmem Waasser an HEIZDECKEN, där allerbeschter Erfindung ever!! Absolute Luxus!!
Hei si mer 2 Nuecht bliwwen. Mir haten den Dag drop ee resting day, wou d’Kanner an ech just op ee klenge Viewpoint getrëppelt sin fir eis den Niwwel unzekucken an den David ass mam Ramsey bei den Everest View Hotel spadséiert fir sech eebenfalls Wolleken an Niwwel unzekucken. Nix Everest, Ama Dablam, Lhotse,  Nuptse a Kolleegen!

p1060769

p1060843

p1060821
Arrivée zu Namche Bazar!!

p1060842

Trek Lukla – Phakding

Zu Lukla huet et wéi mat Eemere gereent a mir waren deen éischten an och dee läschte Fliger, deen sech dee Moien getraut huet zu Lukla ze landen.

Mir sin zimlech aus dem Flughafen erausgehetzt gin an direkt ass eisen Trek ugaangen. Um Programm stoungen ca 3-4 Stonnen relativ einfachen Trek bis op Phakding. Mir hu wéi gesot 3 Guiden, déi zum Deel awer och Porteur waren. De Ramsey ass definitif de Chef a geet och mam David virun op den Imja Tse (Island Peak) während d’Sophie, de Yann an ech mam Rajees an Ahmid zu Namche Bazar bleiwen.  Dann hate mer nach ee Jong dobäi, dee mir ëmmer richteg Leed gedoen huet, well hien als Porteur an der Hierarchie spürbar näischt ze radetten huet an och nach 2 vun eise Kierw huet misste p1060687schleefen, während den Amid just 1 gedroen huet.

p1060727

Dunn hu mer eise “Päerdsmann” an eist Päerd kennegeléiert, wat mer eis extra fir dësen Trek gefrot haten a wat mat Sécherheet eng ganz gutt Decisioun war. Et war ee rouegt hellbrongt 3/4 Päerd wéi si dat nennen. Ronderëm den Hals hat et lauter kleng Schellen hänken, et huet ee gemengt de Kleeschen géif mat senge Renndéire kommen. D’Wieder huet sech lues a lues verbessert a mir si gedréchent.

p1060851

De Yann an d’Sophie sin ca. 1 Stonn gutt matgaangen, d’Weeër sin zwar stengeg, awer breed an net geféierlech, mat herrleche Vuen, wou een och hikuckt! Dunn hat de Yann liicht d’Flemm an d’Päerd koum fir d’éischt an den Asaz. Stolz wéi Oskar souz de Yann ganz sécher um Päerd an hat verstanen wéi een sech misst beim biergop oder biergof unhalen. Ech war net sou relax, well ech ëmmer gefaart hun, hie géif hannerzéch erofkippen, wann d’Päerd d’Trapen eropgelaf ass. Jo, dat kënnen d’Päerd p1060731hei vom Feinsten! An Trap erof ass och kee Probleem. Zum Gléck ass d’Päerd sou schnell gaangen, dass ech souwisou net no koum, a wat een net gesäit fäert ee bekanntlech jo och net.

Mir sin engem Dall nogaangen, ëmmer erëm si mer duerch kleng Dierfercher komm, mat Teahouses a Guesthouses, mat schéine stengenen Haiser, mat faarwege Fënsteren. Gebietsfändelen sou wäit ee kucke kann, Chorten, wou ee muss lénks laanscht goen (mir sin ëmmer erëm un den Tintin au Tibet erënnert gin), Gebietsrullen, Waasserfäll an alles gréng, gréng, gréng. Wann mol d’Wollekendecken opgaangen ass, dann huet een wäiss Bierger iwwert deem Gréng gesinn, sou héich uewen, dass ech ëmmer neess ganz erstaunt war. An den Alpen brauch een de Kapp ni sou héich ze hiewen.

Du koum di 1. Hängebréck. Eng zimlech wackeleg Geschicht. D’Kanner ware begeeschtert. Ech net sou, mee ech konnt mer jo näischt umierke loossen. White-knuckled, sin ech mam Yann un der Hand driwwer gaangen. Dono sin der nach méi komm an et ass awer bal Routine gin, zum Schluss hun ech mech souguer getraut erof an de räissende Flooss oder no lénks an no riets ze kucken an hun net nëmmen all di Plaze gesin, wou de Maschendrot futti war, deen op de Säiten d’Bréck sollt méi sécher zou maachen.

Ënnerwee sin eis Herden mat schwéier bepaakten Hybrid-Yaken entgéint komm: D’Mamm ass eng Kou (jo, jo, immens witzeg, haha.) an de Papp ass ee Yak. De Yaken ass et op dëser Héicht vun ca. 2500m nach ze waarm an déi hu merp1060665 réischt méi spéit, op knapp 4000m gesinn, zum Yann senger grousser Freed (déck Beess an den Zikkel 1 op Bëschrued!! 😉 ).

A mir hu Leit gesin, déi onfassbar schwéier Saachen um Bockel geschleeft hun, dat kann een sech guer net virstellen.

No e puer Stonnen si mer zu Phakding ukomm. Do hate mer ee relativ spartaneschen Hotel, wou d’Sophie an ech an engem Zëmmer waren an op där enger Säit vun der Mauer dem David a Yann hir Topechkeeten héiren hun an op der anerer Säit vun der Mauer de Schnarchconcours vun de Porteuren konnten nolauschteren. An der Nuecht an och moies war et äiskal, mir hu voll ugedoen a mat Mutz a Schal geschlof, mee dat huet de Kanner guer näischt ausgemaach!

De Vol op Lukla – olala!!

Deen Dag drop goufe mer neess duerch dee kriminelle Verkéier moies ganz fréi op de Flughafe gefouert. Et huet gereent a mir waren zimlech sécher, dass eise Vol op Lukla géif annuléiert gin. Wien dee legendäre Flughafen vu Lukla net kennt, ka sech e puer schéi Videoen op Youtube oder sou ukucke goen, gelldu Bopa…

p1060634

Mir hun e puer Stonnen op dem ranzegen domestic-flights-Flughafen zu Kathmandu gewaart an effektiv sin di meescht Volen op Lukla als delayed oder cancelled ugewise gin. Mir hun erausfonnt, dass vill vun den Touristen, déi mer do begéint hun scho 4 oder 5 Deeg zu Kathmandu festsouzen, well d’Wieder zu Lukla keng Landungen erlaabt huet an alles di Deeg virdrun annuléiert gi war. An dun huet et natierlech awer nach geklappt: Mir sin bei de Gate geschäicht gin an dunn an de Bus. Mir waren zu 19 Passagéier, déi alleguer scheinbar op Youtube kucke waren an zimlech opgedréit waren an vill an haart geschwat hun, virun allem di 2 däitsch Madammen, déi probéiert hun, dem Monsieur aus Singapur ze erklären, wou Füssen wier, an zimlech skandaliséiert waren, dass deen net mol d'”Oktoberfescht” a Schloss Neuschwanstein kannt huet! Wat een Hohn! Da war nach ee granzegen Tipp aus Israel u Bord, eng Kanadierin an eng ganz Rei Guiden, dorënner och nach eis 3 Guiden, de Ramsey, de Rajees an den Ahmid. Mir sin an de klengen Propellerfliger geklommen wou mer Watt fir an d’Ouren an eng pecheg Kamell vun der Stewardess kruten an dun ass et lass gaangen. D’Vue op Kathmandu war fantastesch: Lauter kleng faarweg Lego-Haiser. Dono Bierger mat klengen Haisercher an Terrasse-Felder, dotëschent Flëss an d’Natur knallgréng a wonnerschéin!! Et ware puer Wolleken um Himmel, mee d’Siicht war dunn nach gutt, dat sollt sech awer änneren…

p1060628

Wéi laang flitt een fir op Lukla? Ma dat dauert ganz genau 3 Rousekränz (mat all Gesetz an Ehre sei dem Vater!). Kee Witz. Ech hat extra menger Tatta Yvonne, déi schliesslech schon 104 Joer al ass, hire Rousekranz matgeholl fir dëse Vol an ech hun en och gebraucht. Well den Himmel ass zougaangen. Lénks a riets sin d’Bierger ëmmer méi héich gin, an d’Piloten, déi am Ufank nach lässeg am Cockpit souzen, hun ëmmer méi oft konzentréiert zur Fenster erausgekuckt. Souguer d’Stewardess ass opgestanen fir zur Fenster auszekucken a sech ee Bild vun der Situatioun ze maachen. Ech war sécher mir missten ëmdréinen an zréck op Kathmandu fléien. Den David war natierlech virum Start an de Fliger eragelaf fir op der lénker Säit eng Plaz ze ergatteren, fir d’Vue op Everest a co ze hun, mee ausser Wolleken an Niwwel huet hie leider näischt gesinn. Ech souz op der rietser Säit, hannert mer d’Sophie an de Yann an dunn hun ech se gesin: D’Landebunn, sou grouss wéi eng Plooschter. Een absolute Witz. Nach séier ee Gegrüssetseisdumaria an du ware mer scho geland. Knapps waren d’Rieder um Buedem huet de Flieger staark no riets gezunn fir et nach op d’Parkplaz ze packen. D’Leit hu frenetesch geklappt an ech hun alt mol rëm heemlech eng Tréinche verdréckt. Ech fléie gär, mee deen heite Vol hat ech gefaart. Den David war begeeschtert vun der Leeschtung vun de Piloten.

p1060641

Kathmandu

Namaste aus dem Nepal!

Mat enger gudder Stonn Avance si mer am spéiden Owend zu Kathmandu geland. Mir haten eng Tëschelandung zu Dhaka am Bangladesh gemaach, wou den David ganz frou driwwer war, well hien als Kand e puer Joer do gewunnt huet. Hie war iwwregens och entzückt iwwert di schéi Stewardessen vun Dragonair, déi wierklech ganz virdeelhaft Uniformen hun, net wéi bei verschiddenen Low-costen an Europa… De Yann huet de Bangladesh allerdéngs ganz verschlof.

p1060563
D’Vue vun der Daach-Terrass vun eisem Hotel

Zu Kathmandu goufe mer fürstlech vum Ram, vun Alpine Eco Trek empfaangen an duerch di eidel Stroossen bis bei en onscheinbaart Gebai gefouert, mee wéi d’Paart opgemaach gouf, huet sech ee richtege Bijou vun engem Hotel dohannert verstoppt. Absolute Luxus, mat wonnerschéinem tibeteschen Dekor a super Holz-Schnëtzereien.

p1060570
Nach eng Vue vun der Daach-Terrass…

Deen aneren Dag ass den David mam Ram op Thamel nach fir seng Expeditioun shoppe gefuer an ech si mam Sophie a Yann di grouss Stupa kucke gaangen, déi just e puer honnert Meter vun eisem Hotel ewech war. Mee déi puer honnert Meter haten et a sech! Ech war schon op ville Plazen an der Welt an och schon a ville Groussstied, mee dat do…!!! Onfassbar! Dee Verkéier!! Absolut liewensgeféierlech: Net vill Autoen, just e puer kleng Tata-Taxien, mee vill kleng Bussen, Tuk-Tuken, nach méi Motoen a Veloen an dotëschent Leit, Hënn a Kéi matzen op der Strooss, wou an all Richtung 2-, 3-, 4- oder och mol 5-spuergeg gefuer gëtt, heiansdo och mol à contre-sens. Mir hun eis bal net getraut iwwert d’Strooss ze goen, mee haten et dun awer gepackt a sin bei der Stupa eragelooss gin. Do war et wesentlech méi roueg. Vun der Stupa selwer war net vill ze gesinn, well si ass nach amgaange renovéiert ze gin, nom Äerdbeeben. Et muss een clockwise ronderëm goen. Ronderëm ware kleng Souvenirs-Butticker di ganz schéi Saache verkaaft hun. Ee Guide wollt eis eng Visite guidée ubidden, hien huet souguer Lëtzebuerg kannt an huet sech zimlech drugehalen, mee et war esou eng Afenhëtzt, dass d’Kanner net vill Loscht haten…

20160920_130542     20160920_130550

Owes si mer dun mam Ram a mat engem vun eise Guiden, dem Ramsey, wat dem Ram säi “brother-cousin” ass, an ee spezielle Restaurant gefuer, wou souwuel Nepalien, wéi och Touristen traditionnell nepalesesch Musek an Dänz kënne gesinn a gutt lokal Spezialitéiten kënnen iessen. Mir hun eis Plazen bei niddregen Dëscher erausgesicht, wou een op Tapisen um Buedem sëtzt an dat war och eng gutt Iddi, well d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si sech direkt um Tapis ausgestreckt hun an direkt ageschlof waren. Mir hu giess an du koum den Héichpunkt mat hirem berühmten Peacock-dance, wou een Dänzer (oder eng Dänzerin?) als risegen, e bësse rëffegen a grujelegen Pohunn verkleed ronderëm danzt. De Schniewel ass eng Zort Klamer an d’Spectateuren musse sech dann e puer Geldschäiner op de Kapp leeën, déi deen onheemleche Pohunn da mat sengem Schniewel ewechpickt a séier sengem Kolleeg an d’Täsch stécht. Och dat hun d’Kanner leider verschlof.