Category Archives: Round-the-world trip

Hong Kong II

p1060166
Vue vum viewing tower um Victoria Peak

Bon, dat hei ass zwar lo net chronologesch, mee mir haten nach e puer Photoen vun eisem 2. Openthalt zu Hong Kong vum 15. bis den 18. September, wou mer 3 Nuechte geschlof hun, éier mer an den Nepal geflunn sin.

p1060100
Temple Man Mo mam Yann

 

p1060268
Temple Man Mo

Een Dag ware mer ze Fouss ënnerwee mam Haaptzil den Tempel Man Mo zu Hong Kong Central. Leider war dësen Tempel vu baussen a vu bannen amgaange renovéiert ze gin, sou dass mer just ganz kuerz eragluusst hun…

Et war schrecklech waarm an d’Kanner hu relativ schnell kapituléiert, du sin ech zréck mat hinnen an den Hotel op Kowloon geschippert,

Tsim Sha Tsui Promenade
Tsim Sha Tsui Promenade

p1060199

während den David weider op Entdeckungsreess war, notamment nach eemol ze Fouss erop op de Victoria Peak, wou hie gewaart huet bis et däischter war.

p1060215
D’Vue vu Victoria Peak op Kowloon, mam héchste Gebai vun Hong Kong
p1060235
Star ferry
p1060244
Eng traditionnel Dschunke
p1060228
Hong Kong Central by night…

 

 

 

 

Deen Dag dono hate mer di gutt Iddi fir en Hop-on-hop-off-Bus ze huelen, ähnlech wéi déi, déi bei eis duerch d’Stad fueren. Mir hun neess d’Starferry bis op Hong Kong Central geholl a sin du kamoud an de Bus geklommen. Mir sin op Ocean Park gefouert gin, mat ënnerwee interessanten Explikatiounen a schwäbischem Deutsch 🙂p1060295

Ocean Park ass den Europapark am Groussen. Mir sin erausgeklommen an hun iwwerluecht ob mer an där Hëtzt sollen an di laang Schlaange stoe goen. Ech menge ganz Hong Kong war do, well et war Sonndeg. Gottseidank hu mer eis dogéint entscheed a sin neess an deen nächste Bus geklomm fir weider ze fueren, soss hätte mer nämlech vill verpasst!

D’Stroossen an d’Landschaften hun eis immens un d’Géigend rondrëm Nice, Saint-Tropez an och u Rio erënnert. Vill Kéiren, géi Stroossen a mediterranean Vegetatioun mat herrlechen Vuen op d’Mier. Ganz schéin!

Nächsten Arrêt wou mer rausgeklomme sin war Stanley. Do huet et eis ganz  gutt gefall. D’Croisette vun Hong Kong. Et gin e puer kleng Gaassen wou ëmmer Maart ass. D’Verkeefer sin onopdringlech an et ass agreabel doduerch ze goen a sech uschmieren ze loossen.

p1060366
Stanley
p1060352
Stanley mat Tempel
p1060345
Stanley Market wou mer endlech ee gréngt Seefeblosen-Laserschwert fir de Yann fonnt hun. Uff, den Dag war gerett!

Nächsten Halt fir eis Aberdeen. Vum Bus aus, ass een an ee klengt Boot ëmgeklommen, wou eng Madamm eis duerch den Hafen vun Aberdeen gefouert huet, dee virun allem fir seng vill Hausbooter a seng floating restaurants bekannt ass. D’Boma war virun 45 Joer schon eemol do gewiescht an hat eis Photoen dovu gewisen. Abee, et schéngt sech net sou vill geännert ze hun, de Restaurant ass nach ëmmer do a gesäit prachtvoll aus!

p1060438
Prett fir d’Hafenrundfahrt (mat Laserschwert!!)

p1060407

p1060416
Floating restaurant zu Aberdeen

p1060394

Tuk-tuk in Central
Tuk-tuk zu Hong Kong Central District
p1060125
Travhydro zu Hong Kong. Fir d’Aarbechten och op héiche Gebaier gi Bambus-Gerüster opgeriicht, wou Leit drop ronderëm kloteren!

 

 

 

 

 

 

 

 

Son et Lumière vun Hotel
Son et Lumière vum Hotel

Frankfurt – Hong Kong – Auckland

Sou, mir sin endlech fort!!

P1030756

De Bopa huet eis op de Findel gefouert, vun do aus si mir mam Flibco op Frankfurt op de Flughafen gefuer. Do si mir dunn éischt Zweifel komm, ob mer net awer e bësse vill Gepäck hätten, well mir hun eis futti geschleeft zu Frankfurt: Aus dem Flibco vum Terminal 2 mam Bus op den Terminal 1, vun do aus war et onméiglech ee Shuttle fir an eisen Hotel ze fannen an ausserdeem ware mer ëmzingelt vu verschweesstenen a granzegen Leit. Méi spéit hu mer erausfonnt, dass een Terminal evakuéiert gi war wéinst enger Aart Terror-Alarm an dowéinst hu ganz vill Leit hire Vol verpasst, wat déi schrecklech Stëmmung erklärt huet… Mee dono war alles ok a mëttlerweil si mer besser organiséiert mat eisem Gepäck an et geet am Fong.

Den 1. September, um David sengem 44. Gebuertsdag (an um Colline sengem 1. Gebuertsdag!!) si mir dun op Hong Kong geflunn mat Cathay Pacific. Et war ee laange Vol vun iwwer 10 Stonnen, mee d’Kanner waren super!

Den 2. September moies si mir zu Hong Kong ukomm a waren direkt begeeschtert. De Flughafen ass super modern a richteg futuristesch,  et ass iwwersiichtlech a gutt organiséiert, wéi alles zu Hong Kong, den Taxi huet eis a kuerzer Zäit bis an eisen Hotel op Kowloon bruecht.p1030781 Den David ass sech ës net zoukomm wéi changéiert Hong Kong ass. Hie war fir d’läscht viru 27 Joer do an deemools hu ganz Quartieren nach net bestanen a sin elo aus dem Buedem geschoss: D’Mier gouf verdrängt, de Buedem opgeschott an onzähleg nei Wolkenkratzer si bäikomm. Mir haten ee wonnerbaren Hotel zu Kowloon an aus eisem Hotelszëmmer um 10. Stack hu mer flatsch op d’Victoria Bay gesinn an Hong Kong City vis-à-vis.

P1030888

P1030845

Mir hun eng kleng Mëttesrascht gehalen a well et gereent huet, si mer nierft dem Hotel an den 3D-Kino gaangen an dono si mer nach e bëssen laanscht d’Promenade an duerch d’Nathan Road spadséiert an de Yann an d’Sophie hun iwwert di 100000 Bijouterien an Auerebutticker gestaunt. Owes um 8 Auer ass ëmmer Son et lumière iwwer Hong Kong City, wat mir vun eisem Hotelszëmmer aus gekuckt hun.

P1030904

P1030857

P1030963

P1030975

Deen aneren Dag hate mer nach bis 4 Auer Zäit éier mer hu missten op de Flughafe goen. Mir sin mat deP1050021r legendärer Star Ferry (fir 1 Euro pro Persoun, et war Samschdeg an dofir méi deier wéi an der Woch 🙂 ) vu Kowloon op Hong Kong City gefuer.

 

Et war fierchertlech waarm mat ganz héicher Loftfiichtegkeet a mir sin haaptsächlech duerch klimatiséiert, endlos grouss a schick “Belle-Etoilen” getrëppelt bis praktesch virun den Zuch, mat deem een op Victoria Peak erop fiert. Et war eebe Weekend a vill Leit ënnerwee an och beim Zichelchen laang Schlaangen. Mee et war dowäert, well d’Vue war wierklech schéin an dat bescht war, dass mer uewen an där Statioun SUSHI giess hunn, de Yann war am Himmel an dem Sophie hat et och exzellent geschmaacht!!

 

 

 

P1050056

Dono hu mer eis e bësse missten hetzen fir op de Flughafen a waren liicht an d’Schweesse komm. Am Check in souz eng schnësseg Hong Kong-Chinesin, déi eis laang a breed in schwer verständlichem Englisch erkläert huet, si wier och eemol zu Lëtzebuerg gewierscht. Si huet vun de Kasematten erzielt, mee ob se lo dra gaange war oder net konnt well se keng Mënz hat (???) wäert fir ëmmer ee Mysterium bleiwen, mir sin net ganz no komm bei hirer Story. Op alle Fall huet déi Tootz wéinst hirem Geschnëss vergiess eis Etiquetten op eis Valissen ze pechen. An esou ass et komm dass mir ouni eis 4 Valissen am Fliger op Auckland geflunn sin, grrrrr. Mir haten awer mat Zäit gemierkt, dass do eng Louche wier, well mer festgestallt hun, dass d’Ketti am Check in eis keng kleng Etiquetten matgin hat, mam Code barre, fir eist Gepäck ze tracken. Den David huet sech dunn dohannert geklemmt, ech hun alt e bëssen gepinscht an d’Ketti verbotzt, wat lo beim Gate souz an esou si mer als allerläscht an de Fliger geklommen, wou mer och nach net déi Plazen haten, déi ech reservéiert hat, mee dat war dunn och eegal. D’Stewardessen vun Air New Zealand ware ganz léif an hu sech dru gin a konnten eis schon ënnerwee matdeelen, dass eis Valissen zu Hong Kong erëmfonnt gi waren an eis géifen nofléien. De Vol war neess laang, mat 10 Stonnen, an d’Sophie an de Yann haten hir Been ganz midd a wéi an hun net vill geschlof. Ech och net, well et schléift sech net besonnesch wann een di eng Säit Féiss um Schouss leien huet an di aner Säit ee Kapp op der Schëller an engem dobäi och nach den Hënner aschléift (jo, deen huet wéinstens geschlof!).P1050088

Zu Auckland ukomm si mer dunn mit leichtem Gepäck erausgeklommen. Mee d’Areess an New Zealand ass net sou einfach: Mir wosste schon, dass ee keen Iessen dierf importéiren, mee dass eis Biergschong, wou nach e bëssen (Heemechts)Buedem dru war, ee Probleem wieren war awer e bëssen iwwerdriwwen. Mir goufen ausgesënnert a goufe verhéiert: Wou waart dir mat deene Schong? Weist se mol heihinn! Wou wunnt dir dann? Wat maacht dir dann am Bësch? Gin et Déiren an deene Bëscher? Ech hun e bëssen ongleewech gekuckt an di rabiat Madamm huet gefrot, ob ech si iwwerhaapt géif verstoen. Mee du konnte mer awer mat eise Bullis-Schong areesen. Auckland hu mer lo nach net gesin, well mer am Hotel bliwwe sin a gerascht hun an op d’Valisse gewaart hun, déi och tatsächlech an der Nuecht iwwer Ëmweeër ukomm sin!! Dem Yann säin Highlight war, dass hien eng GANZ knaschteg Ënneschtbox ënnert sengem Bett am Holiday Inn erausgefëscht huet (an ech halen drop ze preziséiren, dass se kengem vun eis gehéiert huet!!)

P1050087

Nach eemol gi mir schlofen…

P1030743 P1030749Säit Enn Juli hu mir mam Enseignement à domicile ugefaangen. D’Sophie an de Yann kooperéiren ganz gutt, och wann et net grad hir Lieblingsbeschäftegung ass an dee schéinste Moment ass ganz sécher wann no 90 Minutten den Wecker schellt!

P1030747

Endlech hun ech mech un d’Valissen erugetraut.  Aaargh!! An dat do ass nach net alles!! Ech mengen mir mussen definitiv mat der Cargolux fléien!! An dobäi huele mer dach just de Minimum an dat Allernéidegst mat, oder?? De Probleem ass, dass mer wierklech fir all Klimazon eppes brauchen, souwuel fir d’Tropen wéi fir den Himalaya… Ganz vill Plaz huele komescherweis eis Plage-Saachen ewech: Vu wegen just Bikini an Taucherbrëll!! D’Flossen a virun allem d’Neoprenen sin net grad handlech… Dem Sophie an dem Yann hir Schoulsaachen huelen och vill Plaz an och vill Gewiicht an, mee iergendwéi musse mer alles an eis Poschen an Rucksäck gedrätscht kréien! Den Equipement deen den David am Nepal brauch kafe mer réischt zu Kathmandu.P1030745

Di läscht Deeg lo si geprägt vun Äddi-Soen: Mir hu verschidde Frënn nach eemol gesinn an dat war schéin! Gëschter hu mer zu Heeschdrëf dem Diederich-Clan Äddi gesot an dat war mat e puer Tréine verbonnen.  Ech si frou wa mer muer dem Räscht vun der Famill Äddi gesot hun, well dat ass schwéier, och wann et just fir 4 Méint ass. An di riseg Virfreed mëscht sech eeben och eng gewëssen Melancholie an och e bësse Schiss…

Sou lo gëtt de Räscht gepaakt, di läscht Wäschen mussen nach gestreckt gin, am Gaart ass och nach e bëssen ze wurschtelen, an da gi mer op Randschelt an d’Kierch eng Käerz ufänken, dat schued jo sécher näischt. A muer maache mer eis op de Wee mam Bus op Frankfurt op de Flughafen. Do schlofe mer 1 Nuecht éier et dann definitv den 1. September lass geet. Mir fléien op Hong Kong, do schlofe mer 1 Nuecht. Den Dag dono fléie mer weider op Auckland wou mer och eemol schlofen. An den Dag drop fléie mer virun op Tonga, u sech eis 1. Etapp, wou mer 10 Deeg bleiwen. Also a 5 Deeg bis hallef ronderëm d’Welt… Mee dat erziele mer iech dann!

Gläich ass et sou wäit!!

Gläich ass et sou wäit! Di läscht Deeg vun de Preparatiounen fir eis kleng Weltreess lafen!

P1030737

Lo plange mer schon ee Joer un där Reess an trotzdeem sin et elo di läscht Momenter wou mer wierklech vill ze denken an ze maachen hun. Duerch d’ganzt Haus verdeelt leien To-do-Lëschten an hallef agepaaktent Geschier. Mee di wichtegst Saache si gereegelt: D’Congéeën sin ugefrot an accordéiert, den enseigenement à domicile leeft schon säit 3 Wochen, d’Fliger-Billjeeën an d’Reservatiounen vun de verschiddenen Destinatiounen si prett, d’Visaen fir an den Nepal a fir a China sin an der Rei, d’Impfungen erleedegt, d’Zeitung ass of- an d’Post ëmbestallt asw, asw…

Den 31. August maache mer eis dann op de Wee.