Provenz Yunnan

Lijiang

p1090554

Mir si géint Mëtternuecht zu Lijiang geland. Um Flughafen huet ee frëndleche Guide, den Jack, eis ofgeholl an an den Hotel bruecht. Hien huet englesch geschwat an eis erzielt, dass zu Lijiang 22 Minderheite liewen, vun deenen di meescht hir eege Gebräicher an eege Sprooch nach méi oder wéineger bäibehalen.p1090482 Di eenzel Volléksgruppen erkennt een un hire, meeschtens wonnerbar faarwegen, Truechten. Lijiang läit op 2500 Meter, wat ee richtege Genoss war: Wéi mer aus dem Fliger geklomme sin, hu mer direkt di frësch, kloer Biergloft gespuert. Mir sin definitiv keng Stadmënschen!img_20161022_120902

Am Hotel sin d’Sophie an de Yann neess an d’ Bett gefall. Mir haten erëm ee schéine Courtyard Hotel, wou d’Zëmmeren ronderëm ee Bannenhaff verdeelt sin, an deem d’ Kanner flott gespillt hun a wou mer 3 Nuechte bliwwe sin.

p1090443

Lo ware mer 5 Deeg alléng, ouni Guide ënnerwee an dat war heiansdo eng Erausfuerderung! Souguer an den Hotelen schwätzt keen englesch, d’Stroosseschëlder oder d’Stadpläng sin oft nëmmen op chinesesch oder esou glungen op englesch iwwersat, dass een meeschtens”lost in translation” ass.20161020_145209 Fir op eege Fauscht een Dagesausfluch ze plangen, huet sech als bal onméiglech erausgestallt: Et gëtt alles just fir Gruppen an net fir Eenzelpersounen organiséiert, an dat sin natierlech chinesesch Gruppen mat chineseschem Jäiz-Guide. Sou ass dem David säi Plang, fir d’Tiger-Sprong-Schlucht kucken ze goen, leider an d’Waasser gefall.

Mee d’Alstad vu Lijiang huet eis nawell ganz gutt gefall. Et ass effektiv, wéi meng Mamm gemengt huet, e bësse wéi Monschau, also immens touristesch, mat klenge Kanäl a Gässelcher voller Butticker. An iwwerall Blummen!!! Herrlech schéin! Opgefall ass, dass all d’Blummen a Blummendëppe waren an um ale Pavé vun der Stad, schéin arrangéiert, stoungen.img_20161026_052703

img_20161026_052531

20161020_144955
Just eppes trügt die Idylle: Wien huet dann do eng ugeknabbert Geess op d’Terrass vum Restaurant gehaangen?!

Zu Lijiang hu mer eis dunn 2 relax Deeg gemaach. Mir haten herrlecht Wieder! Mir sin erop op de view point vum Elephant Mountain gekraxelt (2800m) an haten eng schéi Vue op Lijiang an op den Jade Mountain vis-à-vis (5500 m).p1090513 A mir si gemittlech duerch d’Gaasse vun der Alstad flanéiert… Hei waren d’Leit iwwregens vill méi frëndlech, et krut een mol ee Lächelen an och wann se net verstanen hunn wat ee wollt, hu se sech awer oft Méi gin, engem ze hëllefen.

img_20161022_100922

img_20161022_101222

img_20161022_101049

 

 

img_20161022_100813

p1090439
Naxi Madammen an hirer traditioneller Truecht

 

Dali

img_20161022_100004

Vu Lijiang si mer mam Bus op Dali gefuer (4 Stonnen). Ech erspueren iech di detailléiert Beschreiwung vun den Toiletten op der Busgare zu Lijiang…ech soe just: Dem Tessy säin Alpdram gouf wäit iwwertraff!!img_20161022_100319

Op enger Raststätt goufe mer aus dem Bus geschäicht, well de Bus huet misste gewäsch gin, an de Yann huet 2 Yuan um Buedem fonnt a war glécklech an all d’chinesesch Madammen aus dem Bus hu sech futti gelaacht. No enger weiderer Stonn Fahrt si mer dunn matzen op der Schnellstrooss an der Pampa erausgehait gin. A wéi kënnt ee lo op Dali? Kee Probleem, ee jonke Mann huet eis fir 6 Euro iwwert eng hallef Stonn weider bis an den Hotel gefouert. Gottseidank hate mer d’Adress vum Hotel op chinesesch, soss géife mer lo nach op der Autobunn stoen…img_20161022_100125

Dali war zimlech ähnlech wéi Lijiang, mat enger schéiner Alstad, mat deene selwechte Butticker, just ouni Blummen. Mir hun eng däitsch Bäckerei fonnt, mat richtegem Brout an “normalem” Iessen an d’Sophie an de Yann waren déck zefridden.

img_20161022_100405

img_20161022_100054

Dali läit um Erhai Séi, op 1972m. Mat vill Méi hate mer et fäerdeg bruecht eng “Croisière” um Séi ze organiséiren. Mir si 4 Stonnen mat engem risegen Schëff an iwwer 600 Passagéier iwwert de Séi geschippert an hun 2mol op klengen Inselcher ugeluecht.

img_20161022_100706

Dës Madamm war besonnesch opdringlech. De Yann huet no der Photo vu Roserei gekrasch. Als Merci fir di wonnerschéi Photorn, huet d'Madamm eis dono 2 waarm Séissgromperen an enger Plastikstut geschenkt ☺
Dës Madamm war besonnesch opdringlech. De Yann huet no der Photo vu Roserei gekrasch. Als Merci fir di wonnerschéi Photoen, huet d’Madamm eis dono 2 waarm Séissgromperen an enger Plastikstut geschenkt ☺

 

 

D’Landschaft ronderëm war schéin an huet un de Garda Séi erënnert, mee virun allem neess dat tippescht chinesescht Treiben u Bord war interessant ze kucken. A mir waren di eenzeg Laangnuesen u Bord an natierlech neess eng Attraktioun…zum Sophie a Yann hirem Leidweesen…

img_20161022_141129
Vorher.
Nachher. D'Invasioun!
Nachher.
D’Invasioun!

 

 

 

 

 

 

 

img_20161022_095909
De Yann op der Klunsch op enger klenger Insel am Erhai Séi. Hannendrun eng flott Bronze-Skulptur am Waasser (an zwee Chineeeesen…).

img_20161022_141936

img_20161022_141348

 

 

 

No 2 Nuechten zu Dali si mer mam luesen Zuch a knapp 6 Stonnen op Kunming getuckert. Mir sin am Dag gefuer an haten trotzdeem ee Compartiment mat Couchetten, wat am Fong ganz kamoud a gemittlech war, och wann d’Sophie an de Yann di 6 Stonnen nëmmen op de Better geturnt hun…

img_20161024_014538p1090899

img_20161026_021057Zu Kunming, wou mer just 1 Nuecht bliwwe sin, stoung een Ausfluch mat Guide an de “Steen-Bësch” um Programm. Mir si bal 2 Stonne vu Kunming aus dohi gefuer, mee et war wierklech dowäert!!

img_20161026_021129
De Steen-Bësch

img_20161026_020512Herrlech Kallékfielsen, do huet et eis an de Fanger gekribbelt!!

20161024_124935
Do waren d’Sophie an de Yann an hirem Element!!

img_20161026_022510

No e puer flotte Stonnen, no deenen eis Guide gesot huet, si hätt d’An wéi vum ville Gekloters vum Sophie a Yann nokucken, si mir op de fuschneien Flughafen vu Kunming gefouert gin, wou mer owes de Vol eraus aus der Provenz Yunnan, fir op Guilin, an der Provenz Guangxi geholl hun. An um Flughafen: Di üblech Glotz-Attacken a Photoshootingen mam Sophie a Yann…img_20161026_123840

Beijing a Shanghai

Nihao aus China!

Mat enger Tréin am Knapplach si mer vu Kathmandu, via Hong Kong op Beijing gejet.p1090258

Eise Laptop huet an Tëschenzäit de Geescht opgin an et ass zimlech mühsam op der Tablet ze tippen, dofir faassen ech mech vläicht deemnächst méi kuerz…

Also d’Arrivée zu Beijing war net flott.  Mir ware ganz pünktlech, mee stoungen dunn an enger kilometerlaanger Schlaang fir duerch eng Onmass vu Kontrollen ze goen, grad dat Richtegt, well d’Sophie hat Mokrämp (war zum Gléck zwar e puer Minutte méi spéit erëm gutt!).

Bei der Sortie huet ee muffegen chinesesche Guide op eis gewaart, dee komescht Däitsch geschwat huet, wat e bësse befremdlech war. Mir haten déi 14-Deeg-laang Reess organiséiert gebucht, bei der éisterräichescher Agence Travelkid. De Bao, Ufank 50, hat an engem crash-course zu Dortmund Däitsch geléiert. Eenzege Sympathie-Punkt deen hie lo vu ville Frënn doheem kritt: Hie war grousse BVB Fan!

Mam Taxi hu mer iwwert 1 1/2 Stonn bis an eisen Hotel gebraucht, de Verkéier zu Peking ass nach 100mol méi schlëmm wéi eng journée noire op de franséischen Autobunnen! Di éischt Impressiounen vu Beijing: gro an trostlos. A leider ass déi Impressioun och di nächst Deeg bliwwen.

img_20161018_003246-1
Eisen Hotel Courtyard 7 zu Beijing
p1080694
D’Entrée vum Hotel

Eisen Hotel par contre war immens schéin: Een tippeschen ale Bau, iwwer 400 Joer al, mat Bannenhäff a roude Lanteren. Den Hotel war matzen an den hutongs, klenge verwénkelte Gaassen mat traditionelle Wunnhaiser, Butticken a “Friess-Stänn”.

Di Gaassen, oft Foussgängerzon, awer och mat Elektro-Motorrieder an E-Bikes déi ee bal net héiert wa se sech vun hannen eruschläichen, ware sou vollgestoppt mat v.a. jonke Leit, dass mer mat eisem Gepäck bal net doduerch komm sin. An 90% vun deene Leit waren am gaangen eppes ze knätschen.

p1090083-1
De Yann virun engem Police-Auto an den hutongs vu Beijing

Et ass onfassbar wat mir bis elo un “Iesswueren” hei entdeckt hun! Hei just eng kleng Kostprobe: Schildkröten, Fräschen, allerlee Geträips, Schwéngsrüsselen, Schwéngsféiss (minimum 1-2mol d’Woch ze consomméiren, dir Dammen, well déi maachen eng schéin Haut. Aha.), Jelliskäpp, agemaachen Lotuswuerzelen, Seegurken, faul Eeër, Hënn, Kazen, Héngerféiss, Intenzongen. Um Spiess gëtt och vill Exotesches ugebueden, dat ass sou praktesch fir an der Strooss während dem Goen ze verschléngen: Fritten um Spiess, glaséiert Schleeken, frittéiert Tëntefësch, Mueden, Heesprénger, Libellen, déck Beien, allméiglech ondefinéierbar creepy crawlies, Skorpiounen an nach Villes méi. Et gëtt natierlech och di méi normal Saachen, wéi beim Saui am Préizerdall! Mir sin sou langweileg, dass mir bis elo éischter bei deene Klassiker bliwwe sin…

Op alle Fall si mer deen nächsten Dag mam ondynamesche Bao, duerch vill Stauen, bei d’chinesesch Mauer gefuer.

Smog zu Beijing
Smog zu Beijing

Hien hat awer eng gutt Iddi, well hien huet eis bei een Abschnitt bruecht deen net vill besicht ass. Et war neess gro an niwweleg, de Bao sot, dat wier effektiv Smog, a mir hu scho gefaart, mir géifen d’ Mauer guer net ze gesi kréien. Dat war awer net de Fall: Op eemol war se do a si huet sech lénks a riets vun eis impressionant géi iwwert Bierg an Dall geschlängelt!

  • p1080711

Mir sin Dausende vun Trapen eropgeklotert. Deelweis war et wierklech immens steil, mee lénks a riets kann ee sech u Glänneren unhalen. Am Ufank waren nach méi Touristen drop, mee wat mer méi héich komm sin, wat mer manner Leit begéint hun a wat d’ Wieder an d’ Vue ëmmer besser gi sin. Et war wierklech beandrockend! p1080473Mir sin iwwer 300 Héichtemeter erop gaang, laanscht eng Rei Wuechttierm an et konnt een sech gutt virstellen wéi virun Honnerte vu Joren d’Wiechter do patrouilléiert sin fir hiirt Dall virum Dschingis Khan sengen Horden ze verteidegen. D’Mongolen sin op dëser Plaz zwar ni opgetaucht. No iwwert enger Stonn trap-op war et dunn eng Belounung all di Trapen neess erof ze lafen.p1080607

Eng Gottesanbeterin. Mengen net dass déi d’Trapen ze Fouss erop gaangen ass, si hat keng Schong un.

p1080731

p1080682

p1080657

Nodeems mer moies schon eng Jade-Fabrik kucke waren, si mer no der Mauer fir d’Mëttegiessen an eng Vase-Fabrik kutschéiert gin. Mir wossten iwwerhaapt näischt vun deem Programm, mee scheinbar ass dat sou ee Marketing Trick: Et gesäit ee wuel wéi di Saache vun Hand gemaach gin, an dat ass wierklech interessant, mee u sech ass et eng Zort Butterfahrt oder Verkaufsveranstaltung.p1080680

Gottseidank war dat dee läschten Dag mam onsympathesche Bao, deen Dag drop si mer op eege Fauscht Beijing exploréire gaang.

p1080758
Tiananmen Plaz
img_20161018_022516
Entrée vun der Verbuedener Stad

Mam Taxi hu mer eis op d’Tiananmen Plaz féire gelooss. Et war neess grot Wieder, wat gutt zu der steriler, groer Tiananmen Plaz gepasst huet. Et huet een direkt missten un d’Biller vun der Studenterevolutioun denken, un déi iwwerfëllte Plaz an un d’Panzeren. Wéi och schon den Dag virdrun ass eis di grouss Police- a Militärpräsenz a ganz Beijing opgefall. E puer mol hu mer missten eis Päss weisen an eis Poschen a Rucksäck sin duerchsicht gin.

Direkt bei der Tiananmen Plaz steet dem Mao sai risegt Mausoleum, wou ee sain abalsaméirte Kierper ka kucke goen – nee merci – an op der anerer Säit ass d’ Entrée fir an di Verbuede Stad, wat eist Zil war. A contrairement zur grousser Mauer den Dag virdrun, ware mir net alleng an der Verbuedener Stad: Onmasse vu chineseschen Touristegruppen hu sech eragedréckt, virdrun ass ee Guide mat Fändel gelaf an huet an ee Megaphon gebläert.p1080776-1 Richteg ongemittlech.

An der Entrée huet een iwwerdimensionale Portrait mam Mao senger ellener Binett meng Laun nach weider gedréckt.

Ech muss zouginn dass d’Bauwierker vun der Verbuedener Stad wierklech bombastesch a beandrockend sin. Mee di vill, a virun allem haart Leit dobannen, hu vill vum Charme ewech geholl.p1080779 An ech hun neess missten drun denken, dass dës total iwwerdimensional grouss Anlag just fir 1 Mënsch, de Kaiser, opgeriicht gouf. Während Jorhonnerten huet de Kaiser aus der Qin-an dono Ming-Dynastie, wéi an engem Elfenbeinturm an dëser Stad an der Stad gewunnt, an déi kee vu baussen huet dierfen eran.p1090077 Wéi 1911 dee läschte Kaiser verdriwwe gouf, ass de Persounekult an der Persoun vum Mao praktesch riicht viru gaangen.p1090059 A wat fir een onvirstellbare Misär dat mat sech bruecht huet ass gewosst. Dofir ass et fir eis ganz schwéier ze verstoen an ze akzeptéiren, dass de Mao nach sou omnipräsent zu Beijing (an a ganz China) ass. Den David huet probéiert Erklärungen dofir ze fannen, mee mech huet dat einfach nëmme schrecklech depriméiert.img_20161018_052928

Soit, net nëmmen d’Paläst vun der Verbuedener Stad goufe vun de chineseschenTouristen vill fotographéiert (ganz vill ganz dämlech Selfien…), mee eng Haaptattraktioun deen Dag waren… d’Sophie an de Yann!p1080944 Wéi schon am Nepal hu si missten enorm oft mat säuerlechem Lächelen fir Chinese poséiren, déi eis Laangnuesen (sou nenne si eis westlech Leit) anscheinend immens witzeg fonnt hun. Deelweis weisen d’Leit an de Stroosse wierklech mam Fanger op eis oder ruffe séier hir Kanner fir sech di kurios Mënschen ukucken ze kommen. Westlech Touriste falen op.img_20161018_001819

p1090051-2

No e puer Stonnen an der riseger Verbuedener Stad hate mer ëss genuch an hun eis bei der Sortie eng Rikscha gefrot, fir eis bei den Trommeltuerm féiren ze loossen. Ech hun haart misste verhandelen a krut de Präis fir eis Fahrt ëm d’Halschecht gedréckt. Jo, ech gi sou lues knallhaart am Feilschen! D’Rikschaen si klapprech E-Bikes, mat e puer Sëtzplazen fir Touristen hannendrop. Et ass keng Sklaventreiberei, well eise Rikscha-Mann huet keng eenzeg Kéier pedaléiert! Duerch d’hutongs si mer – natierlech mat Arrêt beim Schäiss-Mao sengem Haus – bis an d’Géigend vum Trommeltuerm gefouert gin.p1090045 Ech war den Dag virdrun schon alleng dohinner gaangen. Mir sin den Tuerm eropgeklommen, wou ëmmer um halwer eng Trommelvirféirung ass. Dës Trommen hate jorhonnertelaang di selwecht Funktioun wéi eis Kiercheklacken. 7 Leit hu rhythmesch op di riseg Trommelen agehummert, zimlech cool!p1090022

p1090037
Di géi Trap am Trommelturm
img_20161022_103511
Mat 304 km/h Richtung Shanghai

Den Dag dono war eis Zuchreess op Shanghai geplangt an den David an ech ware richteg frou aus dem groen, strengen an onfrëndlechen Beijing eraus ze kommen. Leider behale mer kee schéine Souvenir un dës Stad… Wa mer vläicht e puer Deeg méi laang hei gewierscht wären, hätte mer eis Meenung nach eventuell geännert, schliesslech hu mer just ee Brochdeel vun där riseger Stad erkundschaft.

Mat engem TTTGV (train très, très, grande vitesse) si mer mat iwwer 300km/h a knapp 5 Stonnen déi iwwer 1000km bis op Shanghai gedüst. Ënnerwee huet d’Landschaft enttäuscht: Platt, gro an trostlos.p1090091

Zu Shanghei, op der ultra-moderner Gare, huet eisen neie Guide, de Reo, eis empfaangen. Hie war jonk an dynamesch an huet och zimlech gutt verständlecht Däitsch geschwat. Hien huet eis erkläert, Shanghai wär Shanghai, an net China. Bei hinne géif weeder d’Vergaangenheet, nach d’Politik eng Roll spillen, mee eenzeg an alleng d’Zukunft a virun allem d’Suen. Si wéilten eng modern, westlech Stad sin an “wenn Chinesen kommen zu uns, aus andere Städten, wir verachten!” Hmmm, sympathesch. Och als westlech Touristen hate mir di 2 Deeg zu Shanghai (scho wéi zu Beijing) net d’Gefill wëllkomm ze sin: Kee Lächelen, kee Moien, keen Äddi oder Waschglift.

De Reo huet ALLES comptabiliséiert: Mir wësse lo wivill d’Chinesen an der Stad an um Land verdéngen, mir wësse wivill een importéierten Auto a wivill eng chinesesch Copie dovu kascht, een Nummereschëld fir op der Shanghai-Autobunn an der rush-hour ze fueren kascht 10 000 Euro (!), mir wësse wivill Yuan Steieren ee muss bei Aktie-Kaf a -Verkaf bezuelen, frot eis wann der wëllt wëssen wivill Punkten um Führerschäin a wivill Yuan ee verléiert bei engem Prottekoll, wéivill de Quadratmeter an der City an ausserhalb kascht, asw. asw. asw. Mir stoungen neess laang am Stau, dofir war alles ganz am Detail.img_20161022_103554 An d’Sophie an de Yann déi Zäit? Si haten sech et neess hannen am Taxi gemittlech gemaach an hu geronkt. Zu Shanghai wunne momentan ca. 23 Millioune Leit. Dat ass eng Zuel déi eenorm schwankt, well Millioune Wanderaarbechter do hausen, déi bleiwen soulaang si Aarbecht op engem Chantier hun a wann hire Chantier ofgeschloss ass, an di nächst Stad zéien. Fir d’Weltausstellung hu méi wéi 30 Milliounen (an eng Gëlle Fra) zu Shanghai geliewt, well do riseg Baustellen ee ganz neie Quartier aus dem Buedem entstoe gelooss hun. An ca. 10 Joer rechne se domatt, dass “just” nach en Populatioun vun ca. 17 Millioune Leit ze erwaarden ass, well Shanghai ass net méi an Expansioun an d’Chantieren gin ëmmer méi rar.

Nanjing Road
Nanjing Road

De Reo huet erzielt, dass d’Regierung decidéiert, wéi eng Stad oder Géigend a China wuesse soll an da gëtt extreem investéiert a massivst gebaut, och wann et net wierklech ee Grond dofir gëtt an d’Leit dat net gefrot hun oder brauchen. Mam Resultat dass Geeschterstied an eidel Quartieren entstinn.

p1090121
Bund by night

Am Hotel ukomm, sin d’Kanner an ech do bliwwen an den David ass e bëssen op Entdeckungstour gaangen.

p1090263
Kanäl vu Zhujiajiao

Deen nächste Moien si mer mam Reo an d’Waasserduerf Zhujiajiao, mam Stau iwwer 2 Stonne vum Hotel ewech, gefuer. Dës touristesch Stiedchen gëtt och Venedeg aus dem Osten genannt, mat Kanäl, Bréckelcher a “Gondelen”.

p1090200
Riets ënnen vum Stand: Ganz Fräschen, mjam.

De Reo huet eis verschidden “Delikatessen”, déi an den enke Gaasse verkaaft goufen, gewisen an erkläert. A verschiddenen Gässelcher huet et ganz eeeeekleg no Sténk-Tofu gemëffelt!

img_20161017_150449
De Yann op der Freilassungsbréck

Bei der “Freilassungsbrücke” krut ee Goldfësch a Schildkröten ze kafen, déi engem Gléck bréngen, wann een se do um Ufer fräi léisst.p1090211 Leider verpflicht een sech domatt och, während dem Räscht vu sengem Liewen déi Zort Fësch oder Schildkröt net méi ze iessen, well dat logescherweis d’Gléck géif zerstéieren. De Reo huet geroden Koi-Fësch fräi ze loossen, déi schmaachen net gutt. Hmmm, lo fällt mer an, dass hie vergiess huet eis ze soen, wat sou ee Fëschelche kascht!

D’Seidenspinnerei (neess sou eng Verkaufsveranstaltung) hu mer si gelooss a si fir d’Mëttegiessen zréck op Shanghai gekroch an d’Sophie an de Yann hun rëm eng Ronn am Taxi geschlof.

img_20161018_004343-1
Pudong Skyline, vis-à-vis vum Bund. Rot eemol wéi ee Wolkenkratzer “Flaschenöffner” genannt gëtt!

Nom Iessen an engem tippeschen Shanghai-Lokal, wou mer dem Reo äddi gesot hun, si mer alleng viru gaangen.

img_20161022_102725

Duerch d'”Groussgaass” si mer bis bei de Bund getrëppelt, di berühmste Plaz vu Shanghai, wou di eng Säit vum Floss Huangpu al Gebaier am Kolonial- a Art-déco-Stil stinn an di aner Säit di nei, blénkeg an impressionant Wolkenkratzer.

Den David hat dee Parcours iwwregens schon den Owend virdrun gemaach a krut do vu villen Dammen matzen am Gewulls op der Strooss zimlech eendäiteg Angeboter gemaach: “Helloooo, are you alone?” “If you want, you can have very beautiful, young woman to accompany you!” A wat sot dee gudden David?! “No, thank you.” Tjo, déi Chance kënnt ni méi rëm.

Um Bund si mer neess mat engem hop-on, hop-off Bus gefuer,p1090321 wou mer kamoud d’Stad a groussen Zich gewisen an neess a schwäbeschem Däitsch iwwer Kopfhörer erkläert kruten. Onerkläerlech war just di extreem haart kubanesch Musék tëschent den Erklärungen, déi sou iwwerhaapt net gepasst huet!

img_20161018_032038

Flaschenöffner riets

img_20161018_032540

D’Dämmerung huet ugefaangen an d’Liichtercher sin iwwerall ugaangen. Beim Busticket war eng Bootsfahrt vun 1 Stonn dobäi. Mir ware just zu 12 a sin bei engem Ponton an e klengt luxuriéist Motorboot geklommen. D’Fahrt am Däischteren iwwert den Huangpu war herrlech! Mir konnten eis sat kucken!img_20161018_001314

Dono war et spéit a mir hun eis gutt zerstruddelt a sin no relativ kuerzer Zäit mam Metro zréck beim Hotel ukomm. Et war ee laangen an intensiven Dag an d’Sophie an de Yann ware sou midd, dass si mat de Kleeder an d’Bett gefall sin.p1090391

Deen Dag drop si mer moies am Hotel bliwwen, hu gerascht, e bëssen geléiert a gepaakt a sin um 12 Auer op de Flughafe gefouert gin. Och dëst Gebai war fonkelnei a blénkeg. Mir hu ganz pünktlech geboard fir eise Vol op Lijiang, ganz am Weste vu China. An du souze mer 3 1/2 Stonn am sténkeg, waarme Fliger um Buedem a kee sot firwat et net lass gaangen ass. Ech war zimlech granzeg, mee d’Kanner hu sech beschäftegt an dat net sou wëll fonnt. Endlech si mer fort geflunn a réischt géint Mëtternuecht zu Lijiang geland.

_20161018_014608

 

Kathmandu, Bhatktapur City an eng kleng Liebesgeschicht zum Schluss…

Zréck zu Kathmandu fir eise läschten Dag am Nepal, huet de Ram, vun Alpine Eco Trek, eis mat Bhaktapur geholl, wou mer eng kuerz Visite Guidée haten.

20161012_122028
Di gréisste Pagoda aus dem Nepal, 32m héich

Wéi Kathmandu Durbar Square ass Bhaktapur eng Anlag vun Tempelen, Pagoden a Paläst, di eelst Deeler dovun sin 1200 Joer al. Et ass neess eng Plaz déi éischter vun der Hindu-Kultur geprägt ass, mee och vu Buddhisten veréiert gëtt, wat de Ram och net erstaunlech fënnt, well schliesslech waren dem Buddha (also dem Siddharta) seng Elteren, Hinduen. De Buddha gouf iwwregens am Nepal gebuer, säin Heemechtsduerf Lumbini ass eng Pilgerstätt am Süd-Westen.

20161012_123208
De Palast vun de 55 Fensteren.
20161012_121513
Pottery Square. De roude Lehm gëtt e puer Meter nierwendrun aus dem Buedem geholl, divers Keramik-Utensilien gin op rustikalen Dréischeiwen geformt an dann an d’Sonn geluecht fir unzedréchnen. Dono gi se am Uewe gebrannt.
20161012_121419
Lehm-Uewen

 

 

 

 

 

Lunch mat vue op eng Pagoda. Wann een déi géif an der Mëtt duerchschneiden, géif een iwwregens di speziell Form vum nepalesesche Fändel kréien.
Lunch mat vue op eng Pagoda. Wann een déi géif an der Mëtt duerchschneiden, géif een iwwregens di speziell Form vum nepalesesche Fändel kréien.

De Ram an d’Sangita♥♥♥

Sou. An elo nach eng kleng romantesch Geschicht, wéi Bollywood se net besser kéint schreiwen! All Bouwen an onromantesch Männer kënnen hei ophale mat liesen.

Also beim Lunch huet de Ram eis e bëssen aus sengem Liewen erzielt. Sai Cousin Ramsey, eise Guide am Himalaya, hat eis erzielt, dass hie selwer een “arranged marriage” hat. D.h. de Ramsey huet seng Fra virum Bestiednis net kannt, mee déi 2 Familjen haten de Partner  erausgesicht, “suitable” fonnt an di Saach arrangéiert. Ech wosst net, dass dat nach ëmmer usus wier an den Hindu Familjen, mee scheinbar ass dat ganz normal. Et ass wichteg, dass een a senger Kast (op kee Fall ënnert sengem Stand) bestued gëtt an och d’Mitgift fir d’Braut ass net onerheblech.

Abee, beim Ram a Sangita war dat anescht.

De Ram kënnt aus engem klengen Duerf an de Bierger. Seng Famill gehéiert zu enger Mëttel-Kast, déi et sech awer net leeschte konnt, hire Jong op de College op Kathmandu ze schécken. De Ram huet dat awer iergendwéi, mat Prêten asw., fäerdeg bruecht. Am College zu Kathmandu huet hien d’Sangita getraff, ee Meedchen aus guddem Haus aus dem Flachland. D’Sangita huet zur Famill vun de Brahmanen gehéiert, also där allerhéichster Kast. Di zwee hu sech gutt verstanen, mee ausser heiansdo telefonéiren an smsen ass näischt geschitt. Och nom College si si sou a Kontakt bliwwen. De Ram huet missten direkt nom College schaffe goen, fir seng Studien zréck ze bezuelen, hien huet sech als Porteur a Guide kromm geschafft. D’Sangita hat eng Aarbecht als Rezeptionistin am Hyatt Hotel ***** zu Kathmandu fonnt.

Bis enges Dags, d’Sangita dem Ram geschriwwen huet, seng Famill hätt ee passende Mann fir hatt erausgesicht an hätt géif deemnächst bestued gin. De Ram huet net laang gezéckt an dem Sangita gesot, hie wéilt sech och deemnächst bestueden, ob hatt sech dann net léiwer géif mat him bestueden. D’Sangita war direkt d’accord, mee hatt huet natierlech missten seng Famill froen.

Dem Sangita seng Mamm war averstanen, mee säi Papp a seng Bridder waren zimlech opbruecht: Ee frieme Mann, aus enger méi niddreger Kast, iwwert dee si guer näischt wossten an och nach aus enger ärmlecher Regioun! Si waren dogéint. Och dem Ram seng Famill war skeptesch.

Also sin de Ram an d’Sangita ganz alleng enges Dags bei een Tempel gaangen. An der Entrée vum Tempel huet de Ram dem Sangita roude Pudder an d’Mëtt vum Kapp geträufelt an dat war d’Zeechen dass si bestued waren. D’Götter aus dem Tempel waren hir Zeien.

No der ufänglecher Roserei hu sech d’Familjen awer berouegt, an haut hun di 2 Familjen ee schéint Verhältnis a jiddereen ass frou a souguer houfreg iwwert de Ram an d’Sangita. Si hun 2 schéi Kanner kritt, e Meedchen an ee Jong. A wa se net gestuerwe sin…

20161012_122510
De Ram ass iwwregens dee léiwe Mann lénks ënnen…

Aaaaah! (Schued dass ech keng Foto méi hun vun engem kitschegen Sonnenënnergang…)

Dat war dach mol ee schéinen Ofschloss fir eise Bericht aus Nepal. Mir haten eng wonnerbar Zäit hei a sin zimlech sécher dass mer net fir d’läscht hei waren. Merci Ram, Ramsey, Amid, Rajees an all deenen aneren léiwen a frëndlechen Leit, déi mer hei kenne geléiert hun!!

Chitwan Nationalpark

Mir haten nach e puer Deeg Zäit am Nepal an de Ram, de Chef vun Alpine Eco Trek, huet eis proposéiert nach spontan een Ausfluch vu 4 Deeg an den Chitwan Nationalpark ze maachen. Good choice!p1080394

Mam klenge Fliger si mer vu Kathmandu op Bharatpur an de Süden un di indesch Grenz geflunn (20 Minutten ouni Rousekranz, mee ganz kuerz Pist!). Mir waren di eenzeg Bleechgesiichter u Bord.

p1080367
Räisfelder am Terai

p1070914

Vum Flughafen goufe mer mat engem stattlechen Auto an eisen Hotel Parkland gefouert. Mir waren neess an enger anerer Welt: Et ass ganz flaach am Terai, mat Räisfelder sou wäit ee kucke kann! Mir sin no kuerzer Zäit duerch kleng Dierfer komm, wou d’Haiser nach traditionnell gebaut sin, mat Elefantegras-Maueren, déi mat enger Mëschung aus Lehm an Koudréck verbotzt sin.
p1070916 Den Daach ass mat Gras gedeckt. Di Häiser bleiwe bannen schéi kill, wat och net vu Muttwëll an där Géigend ass, well mir haten wäit iwwer 30 Grad! Op der Strooss si mer am Zick-Zack laanscht Inten, Geessen, Waasserbüffelen, Veloen, Mënschen, Motoen, Hinger an ELEFANTEN gefuer! Genial!

"ils sont frais mes poulets, ils sont frais!..."
Chicken-bike Nach lieweg!
p1080198
Ställ mat Elefanten direkt nierft dem Hotel

Eisen Hotel war ganz schéin mat engem immense Gaart dobäi. D’Sophie an de Yann hu stonnelaang do gespillt a geturnt a sin op Beem geklommen.

Mir haten ee flotte Programm am Nationalpark, mat eisem lëschtege Guide Babu. Heiansdo ware mer alleng mat him, heiansdo mat aneren Touristen aus Kanada, Däitschland an Australien, ee flotte Grupp!

Deen 1. Dag war ee klengen Trëppeltour duerch d’Duerf Sauraha geplangt. Mir kruten di traditionnell Haiser gewisen an erkläert, déi natierlech och hei um Ausstierwe sin.
Dat ass schued, mee och verständlech, well d’Zäit bleiwt jo och hei net stoen an et kann een de Leit net verdenken, dass se léiwer an engem Zillenhaus wunnen mat Stroum, Klimaanlag, fléissendem Waasser an anerem Confort. An all Duerf gëtt zur Festival-Zäit eng riseg Klunsch opgeriicht aus Bambus gebaut a mat engem décken Afeseel als Schaukel. Mir hu vu moies Kanner op deene Klunsche gesinn schaukelen, laachen, sprangen an turnen. Mir hu se natierlech och eemol dierften ausprobéiren.p1070919

p1070912
De Yann an den David op der Rise-Schaukel
p1070924
Achtung, die Bullen kommen!!

Dono si mer bei d'”Police-Elefante” gaangen. D’Arméi ass omnipräsent hei am Nationalpark a si hun 5 Elefante-Bullen  fir duerch den Dschungel ze patrouilléiren an no Braconnéier ze sichen, déi nach ëmmer Nashörner fir hiirt Har op der Nues ofschluechten a mengen si kéinten doraus eng wäertvoll Medizin maachen. D’Elefanten sin di eenzeg Méiglechkeet duerch den dichten Dschungel ze kommen. D’Bullen (also d’Elefanten, an net d’Polizisten…) si méi grouss a méi onberechenbar wéi di weiblech asiatesch Elefante-Kéi. Si hun am Normalfall Stousszänn an d’Weibercher net. De Babu huet virgeschwärmt wéi gutt d’Elefanten hei alleguer behandelt gin, all Elefant huet seng 3 perséinlech Pfleeger, si gi mam Iesse richteg verwinnt, si schaffe just 2-3mol an der Woch an all di aner Deeg hu si stonnelaang Ausgang an den Dschungel fir sech sat ze friessen, si gin all Dag liebevoll gebued a geschrubbt asw. Trotzdeem hat ech kee sou ee gutt Gefill, wéi ech se un hire kuerze Ketten um Fouss ugestréckt gesinn hun. Mee si sin hei eeben een Notzdeier, wéi bei eis och Dausende vun Déiren, déi iergendwou a Ställ stinn.

Mir sin dono bei de Floss getrëppelt fir de Sonnenënnergang ze kucken an dun zréck an den Hotel.20161008_175453

Den Dag drop si mer scho moies fréi nom Kaffi bei de Floss gefuer an hun een Tour mam Einbaum gemaach, dee wierklech nach aus 1 Bamstamm erausgeschnidde gëtt. Si huelen dofir d’Holz vun engem Bam (weess den Numm net méi) dee ganz séier wiisst a ganz mëllt Holz huet. Di Kanue si ganz schmuel an et ass eng wackleg Geschicht, virun allem wann een zu 12 gedrätscht dra sëtzt. Hannen steet ee Mann mat enger laanger Bambusstaang, deen d’Boot weiderdréckt. De Floss ass net déif an de Fong ass ganz bullizéch.

p1070948
Am “dug-out-canoe”

Et war eng herrlech roueg Atmosphär, just de Floss huet e bësse geplätschert an et huet een d’Geräischer vum Dschungel nierft dem Floss héiren: Villercher, Afen..

Mir hu schon no e puer Sekonnen di éischt Krokodillen am Floss an um Ufer gesinn: Di relativ heefeg Mugger- crocodile an och Freshwater-crocoldile (Gavial) déi extreem selte sin a vum Ausstierwe bedroht. Si erkennt ee gutt un hirer schmueler Schnëss.

p1080297
Mugger-Krokodil

p1080069

p1080071
Séisswaasser-Krokodil mat der schmueler Schnuff

 

p1080067
Pallas fish eagle

 

 

Mir hun och Honnerte vu Villercher a Storche gesinn.

p1070987
Black Ibis
Darter oder Schlangenvogel, well hien am Waasser mam Kierper ënnert dem Waasser schwëmmt a just dee laangen Hals mam Schniewel erausluusst!
Darter oder Schlangenvogel, well hien am Waasser mam Kierper ënnert dem Waasser schwëmmt a just dee laangen Hals mam Schniewel erausluusst!

Dono hate mer eng Visite vum Elephant Breeding Center. Hei gin Elefante-Kéi mat hire Klengen gehalen. No ca. 2 Joer gin di Kleng vun der Mamm getrennt an entweeder neess ausgewëllert (ech denken virun allem Bullen) oder trainéiert fir ze schaffen oder Touristen ronderëm ze kutschéiren. Di kleng Elefanten si wierklech fir ze Friessen!!

p1080024

p1070994
Di asiatesch Elefanten hun un hirem Rüssel ee klenge “Fanger” mat deem se ganz präzis Saachen kënne huelen oder oprafen.

p1080017

p1080065p1070990

p1080079
Embarquement!

Nomëttes war dunn ee vun den Highlights: Den Elephant-Riding tour. Ok, dat war zwar immens touristesch, mee trotzdeem eng ganz flott Erfahrung! 2 1/2 Stonn um Elefanteréck duerch den Dschungel.

"Final call for Passengers boarding elephant ride number 203, gate B2..."
“Final call for Passengers boarding elephant ride number 203, gate B2…”

p1080076

De Mahout (de “Chauffeur”) huet eisen Elefant Basanthi duerch de Floss guidéiert an do hu mer direkt een Nashorn erbléckst! Direkt um Ufer! Mir sin dohi geridden a well mer d’Kéier um schmuelen Ufer net méi kruten, hu mer missten direkt laanscht d’Nashorn goen, wat awer net beandrockt war a weider gefriess huet.

p1080109
Vum Ausstierwe bedroht: 1-Horn-Nashorn

p1080111

Weider ass et duerch den Dschungel gaangen, oft krut een Äscht an d’Gesiicht oder d’Schong vum Gestrüpp ënnert eis bal ausgedoen. Eise Mahout sot, hie géif scho säit 10 Joer mam Basanthi schaffen an d’Elefante-Kou hätt 35 Joer (si gin zwësche 60 an 80 Joer al).20161009_163403

A mir hate scheinbar ee gudden Dag erwëscht: Mir hun IMMENS vill Nashörner gesinn, Mammen mat Klengen, Eenzelgänger, riseg Badettien, di ausgesinn, wéi wann se aus verschiddene Stécker uneneengebitzt gi wieren. Mir sin onfassbar no erukomm an d’Rhinoen hu sech iwwerhaapt net doru gestéiert. Souguer eise Mahout huet missten oft laachen, well mir sou eng Chance haten a sot ëmmer neess: “You very lucky. We come many, many times, not see rhino!”p1080159

p1080094

p1080194
De Basanthi kroopt sech d’Drénkgeld fir säi Meeschter
p1080193
An d’Belounung fir d’Basanthi: Eng Kludder Banannen

p1080191

De läschten Dag zu Chitwan si mer moies d’Elefante buede gaangen. Ech hun aus sécherer Distanz nogekuckt a Photoe gemaach an d’Sophie, de Yann an den David sin an der Schwammbox mam Elefant an de Floss gaangen.

Colonel Hahti
Colonel Hahti

p1080222

p1080250

p1080269

Ei, dat war flott! De Yann war richteg rosen, wéi et eriwwer war. Hie wollt nach am Floss schwammen an et huet vill Iwwerzeechung kascht hien dovun ofzebréngen. Grad sou gutt, well just 50 Meter ewech, huet deen hei op eng gutt Schlabäitzche gewaart:

p1080289

Nomëttes si mer op Jeep Safari duerch den Dschungel gaang. Et hat kräfteg an der Nuecht gereent, well d’Monsunsaison ass hei nach net grad eriwwer, an de Yann an d’Sophie ware begeeschtert vun de Bullislächer duerch déi mer mat eiser oppener Jeep gebraust sin.

p1080370 p1080339Mir hun neess eng Rei Afen, Krokodilen a Réi an Hirsche gesinn an eng hellewull Villercher a Papageien bei klenge Séien am Dschungel.

Domatt ass eis Rees op Chitwan och sou lues op en Enn gaangen an deen nächsten Dag si mer zréck vu Bharatpur op Kathmandu geflunn. Et war een Ausfluch deen sech wierklech gelount hat!p1080338

20161010_153510

p1080373

Retour Namche Bazar bis Kathmandu

p1070615
Endlech, de Mount Everest!

 

 

 

 

 

 

p1070600

 

 

p1070469
De mytheschen, wonnerschéinen Ama Dablam, vun der Südsäit mat sengem “hängende Gletscher” deen 2008 op ee Camp vu Biergsteiger gefall ass (Dat huet den David mer diktéiert.)

Sou lues ass eis Zäit an der Everest Regioun op en Enn gaangen. Mir sin nach e puermol moies fréi bei Sonnenopgang erop op de Viewing Point iwwer Namche Bazar getrëppelt an hun och wierklech enges Moies während e puer Sekonnen d’Vue op Everest, Lhotse an Ama Dablam gehat. Den David gouf méi räich belount, well hien nach méi fréi eropgelaf war. éier d’Wollécke komm sin, an eng besser Vue hat.

p1070471
Khumbu Valley mat Everest a Lhotse lénks hannert de Wollécken a riets dem Lieblingsbierg Ama Dablam

 

 

 

 

Ufank Oktober hu mer eis dun neess op de Wee erof op Phakding gemaach. Eise léiwe Päerdsmann war neess um Rendez-vous. Zu Phakding hu mer neess 1 Nuecht geschlof a sin den Dag drop zréck op Lukla gaangen. Mir ware schon e bësse verdrësslech, de Bierger mussen äddi ze soen. Deen Trekking hat wierklech all eis Erwaardungen iwwertraff (ausser d’Wieder hätt kéinten e bësse besser sin, mee da wier et zevill perfekt gewierscht!). p1070645

p1070758

 

 

 

 

Kitscischen Shangri-La
Scho bal kitscheg!
p1070652
Wëll Beien un engem Fiels

Ze Lukla hate mer neess sou richteg verschassent Wieder. Knapps ware mer am Hotel ukomm, sin de Rajees an den Amid ganz opgedréint gelaf komm, si haten nach 2 Flugbilljeeën fir dee Mëtteg ergattert a konnten tatsächlech zréck op Kathmandu fléien, grad mat Zäit fir de Festival Dashain.  Mir sollten si nach eemol zu Kathmandu erëmgesinn, mee dat huet awer net geklappt. Vläicht grad sou gutt, soss wier et vläicht e bëssen emotionaaaal gin, well de Yann war schrecklech frou mam Amid.

De Ramsey a mir suzen dee ganzen nächsten Dag um klitzegklenge Flughafen zu Lukla an hu Kaarte gespillt (glécklecherweis huet de Ramsey eis een neit Kaartespill geléiert, well heiansdo hun ech d’Gefill, wann ech nach eemol UNO spille muss, dann…. kann ech fir näischt méi garantéiren!!). Leider sin d’Luucht an de Flughafen zou bliwwen a géint 15.00 war kloer, dass mer deen nächsten Dag nach eemol missten eist Gléck probéiren.

p1070738
Iergenzwousch tëschent den Haiser ass de Flughafen vu Lukla
p1070744
De Yann iwwerwaacht d’Reparatioun vun engem landing gear, deen den Dag virdrun bei der Landung vun engem Fliger (net eisem!) futti gaange war. Jiddereen konnt mat der Nues dobäi kucke goen a seng Meenung dozou zum Beschte gin. Souguer een Hond war dobäi. Mee den nächsten Dag ass de Fliger neess geflunn!

Dunn huet et och geklappt an no iwwer

p1070794
Dornier overtaking us

2 Wochen ouni een Auto, Moto, Camion oder soss motoriséiert Gefier gesinn ze hun, a minimum 6 Dagesmärsch vun där nächster Strooss ewech, si mer mam Fliger zréck an d'”Zivilisatioun” vu Kathmandu katapultéiert gin. De Vol vu Lukla zréck war iwwregens net sou scary, ech hat kee Rousekranz gebraucht.

Zu Kathmandu hate mer 2 Deeg Zäit an hu profitéiert e bësse Sightseeing ze maachen. Mir waren eis Kathmandu Durbar Square a Swayambhunath Stupa (aka Monkey Temple) ukucken.

p1070833
Kathmandu Dunbar Square ass ee vun 3 Durbar Square vun der Stad.
p1070828
Et ass eng grouss Palastanlag mat ville klengen a groussen Tempelen. Dat wat nach steet gouf nom Äerdbeeben ofgestäipt.

Kathmandu Durbar Square war vum Äerdbeeben ganz vill beschiedegt an z.D. souguer zerstéiert gin. Wéi de Ram eis sot, sin d’Suen wuel do fir alles neess ze flécken an opzeriichten, mee e puer Leit schéngen weiderhin vun de sëllechen Donen profitéiren ze wëllen a loossen dat Ganzt mol nach eng Zäit mautschen.

p1070837
Kathmandu Durbar Square mat senge villen Dauwen, déi hei net verjot oder vergëft, mee veréiert a gefiddert gin.

Swayambhunath Stupa oder Monkey Temple läit op enger klenger Kopp vu wou aus een eng schéi Vue op Kathmandu Valley huet. Et ass ee buddhisteschen Tempel, deen awer och eng grouss Bedeitung fir d’Hinduen huet. Firwat heescht dee wuel Monkey Temple??

p1070890

p1070894

p1070860

p1070852

De Moment ass de grousse Festival Dashain fir d’Hinduen, dee bal 3 Wochen dauert. Et ass dat gréisste Fest am Nepal, mat eisem Chrëschtdag ze vergläichen. D’Schoulen sin zou, zu Kathmandu leeft et méi roueg während de 4 Haaptdeeg vum Fest an all d’Leit reesen bei hir Familjen, di meeschtens ausserhalb vun der Haaptstad wunnen. Do gëtt eng Geess geschluecht an zesumme gefeiert.

p1070864
Monkey Temple
p1070906
Wéi wann ee géIf mam Auto an der Stad Nationalfeierdag duerch d’Groussgaass fueren…

Vill méi roueg huet Kathmandu mir elo nach net geschéngt. Mam Taxi ware mer am Ganze bal 2 Stonnen ënnerwee, obwuel déi Sehenswürdegkeete just ongeféier  15 Kilometer vum Hotel ewech waren. Chapeau fir di verréckten Taxi-Chauffeuren, déi sech dat all Dag undinn.

Mir hun owes kuerz nach eemol de Ramsey gesinn, Hien hat missten ee Fliger no eis vu Lukla heem huelen, well keng Plaz méi war. De Yann huet sech op hie gestierzt! De Ramsey ass deen aneren Dag op eng ganz grouss Expeditioun an den Dolpo gaangen: 1 Mount am Zelt, logistestesch eng Erausfuerderung, mat 5 Leit, 3 Guiden a Käch an 20 Mauldéieren. Ech war liicht melancholesch beim Äddi-soen, mir haten sou eng schéin Zäit an de Bierger. Mee wee weess…

Hong Kong II

p1060166
Vue vum viewing tower um Victoria Peak

Bon, dat hei ass zwar lo net chronologesch, mee mir haten nach e puer Photoen vun eisem 2. Openthalt zu Hong Kong vum 15. bis den 18. September, wou mer 3 Nuechte geschlof hun, éier mer an den Nepal geflunn sin.

p1060100
Temple Man Mo mam Yann

 

p1060268
Temple Man Mo

Een Dag ware mer ze Fouss ënnerwee mam Haaptzil den Tempel Man Mo zu Hong Kong Central. Leider war dësen Tempel vu baussen a vu bannen amgaange renovéiert ze gin, sou dass mer just ganz kuerz eragluusst hun…

Et war schrecklech waarm an d’Kanner hu relativ schnell kapituléiert, du sin ech zréck mat hinnen an den Hotel op Kowloon geschippert,

Tsim Sha Tsui Promenade
Tsim Sha Tsui Promenade

p1060199

während den David weider op Entdeckungsreess war, notamment nach eemol ze Fouss erop op de Victoria Peak, wou hie gewaart huet bis et däischter war.

p1060215
D’Vue vu Victoria Peak op Kowloon, mam héchste Gebai vun Hong Kong
p1060235
Star ferry
p1060244
Eng traditionnel Dschunke
p1060228
Hong Kong Central by night…

 

 

 

 

Deen Dag dono hate mer di gutt Iddi fir en Hop-on-hop-off-Bus ze huelen, ähnlech wéi déi, déi bei eis duerch d’Stad fueren. Mir hun neess d’Starferry bis op Hong Kong Central geholl a sin du kamoud an de Bus geklommen. Mir sin op Ocean Park gefouert gin, mat ënnerwee interessanten Explikatiounen a schwäbischem Deutsch 🙂p1060295

Ocean Park ass den Europapark am Groussen. Mir sin erausgeklommen an hun iwwerluecht ob mer an där Hëtzt sollen an di laang Schlaange stoe goen. Ech menge ganz Hong Kong war do, well et war Sonndeg. Gottseidank hu mer eis dogéint entscheed a sin neess an deen nächste Bus geklomm fir weider ze fueren, soss hätte mer nämlech vill verpasst!

D’Stroossen an d’Landschaften hun eis immens un d’Géigend rondrëm Nice, Saint-Tropez an och u Rio erënnert. Vill Kéiren, géi Stroossen a mediterranean Vegetatioun mat herrlechen Vuen op d’Mier. Ganz schéin!

Nächsten Arrêt wou mer rausgeklomme sin war Stanley. Do huet et eis ganz  gutt gefall. D’Croisette vun Hong Kong. Et gin e puer kleng Gaassen wou ëmmer Maart ass. D’Verkeefer sin onopdringlech an et ass agreabel doduerch ze goen a sech uschmieren ze loossen.

p1060366
Stanley
p1060352
Stanley mat Tempel
p1060345
Stanley Market wou mer endlech ee gréngt Seefeblosen-Laserschwert fir de Yann fonnt hun. Uff, den Dag war gerett!

Nächsten Halt fir eis Aberdeen. Vum Bus aus, ass een an ee klengt Boot ëmgeklommen, wou eng Madamm eis duerch den Hafen vun Aberdeen gefouert huet, dee virun allem fir seng vill Hausbooter a seng floating restaurants bekannt ass. D’Boma war virun 45 Joer schon eemol do gewiescht an hat eis Photoen dovu gewisen. Abee, et schéngt sech net sou vill geännert ze hun, de Restaurant ass nach ëmmer do a gesäit prachtvoll aus!

p1060438
Prett fir d’Hafenrundfahrt (mat Laserschwert!!)

p1060407

p1060416
Floating restaurant zu Aberdeen

p1060394

Tuk-tuk in Central
Tuk-tuk zu Hong Kong Central District
p1060125
Travhydro zu Hong Kong. Fir d’Aarbechten och op héiche Gebaier gi Bambus-Gerüster opgeriicht, wou Leit drop ronderëm kloteren!

 

 

 

 

 

 

 

 

Son et Lumière vun Hotel
Son et Lumière vum Hotel

Vu Land a Leit a vum Yeti!

p1060851
Ëmmer lénks laanscht de Chorten, gelldu, Kapitän Haddock!

Di ganz Everest Regioun ass kulturell einfach immens!

Di Leit di hei wunnen si bal all Sherpaen, déi virun e puer Jorhonnerten aus dem Tibet eriwwer an den Nepal komm sin an do sesshaft gi sin.

Si hun hir ganz Kultur matbruecht, d.h. si si Buddhisten, si hun hir eege Sprooch an och an eisem Zäitalter ass hir Traditioun an hir Liewensaart nach bal intakt: Obwuel och all Sherpa-Boomchen am traditionelle Gewand op der Strooss haart an hiren Handy bläert, iwwerall den Internet a Wifi ugebuede gëtt an all Porteur d’Kopfhörer un huet a sech (traditionnell nepalesesch!) Musék eranzitt, bleiwt hir al Kultur omnipräsent.p1060687

D’Gebietsfändelen, d’Kléischter, d’Chorten, d’Gebietsrullen a Gebietstafelen gin net fir d’Touristen ausgestallt, mee gehéiren zu hirem Alldag. Och Ritualer zur Gebuert, zum Bestiednis an zum Begriefnis gin nach ëmmer zelebréiert. Iergendwéi packen si dee Spagat.p1070680

20160926_124736
108 Gebietsziedelen am Klouschter vun Namche di just zu spezielle Fester vu Mönchen firgelies gin.

Ech muss soen, dass
d’Sherpa-Vollek mech immens beandrockt: Och wann ee gesäit dass d’Everest Regioun zu deene räichste Géigenden am Nepal zielt, well d’Touristen gären vill Suen hei hänke loossen, hun ech mech oft an der Zäit zeréckversat gefillt an hun méi wéi eemol un den Neye Jang an d’Betty an hir schéin Thillenvogtei geduecht: D’Felder gin hei nach vun Hand bestallt, all klenge Bauer ka frou sin, wann en nach e puer Kéi an Hénger huet, d’Wäsch gëtt nach ëmmer um Wäschbuer gewäsch, waarmt Waasser gëtt et nëmme fir d’Touristen, an och just wann d’Sonn geschéngt huet.

p1070545
Khumjung mam Tramserku hannendrun

An d’Sherpaen si fläisseg. Beim Äerdbeeben viru just 1 1/2 Joer war ganz vill futti hei an der Géigend. Haut gesäit ee praktesch guer näischt méi vun där Katastroph: D’stengen Haiser goufe gefléckt oder neess opgebaut, si si schéin an der Rei, mat faarwegen Fënsteren a faarwegem Wellblech-Daach. An de Gäert, ronderëm déi stenge Maueren sin, stinn Blummen, déi och bei eis bléien: Ringelblumen, Dahlien, Schwertlilien,  Kapuzinercresson a sténkegen Houfert. Felder gin et op all Quadratzentimeter deen net zevill géi ass. Wéi bei eis goufen de Moment d’Gromperen erausgeholl, dat läscht Hee nach mühsam vun Hand a sou Schlaange gedréint an ënnert eng Baatsch getesselt an d’Stécker fir de Wanter prett gemaach, mat engem Spezial-Dünger aus Bëschbuedem, animaleschen a mënschlechen Exkrementer a kleng geschniddenem Farn oder aneren Planzen. Ech hun de Sherpaen hir Léift zum Detail an hire Sënn fir Ästhetik ganz erfrëschend fonnt, virun allem no deem zimlech delabréierten an iergendwéi desillusionéierten Tonga.

Et war och interessant fir d’Sophie an de Yann, fir ze gesinn, dass et eeben Plaze gin, wou een d’Waasser aus dem Krunn net kann drénken, wou d’Haiser net geheizt sin a wann een deen aneren Dag keng fiicht a kal Kleeder well hun, dann hält een se un fir ze schlofen oder leet se ënnert seng fiicht Decken. A westlech Toiletten sin eng Ausnahm. An déi Toiletten dierf een och kee Pobeier geheien, dat geet alles an een Eemer nierwendrun.p1070520 All Colasfläsch, all Fënster, all Schrauw, all Gasfläsch, all Këssen, all Frigo an all Fotell gouf mühsam vun engem Yak oder engem Mënsch op iwwer 3000m eropgedroen, meeschtens just fir de Confort vun iergendengem Tourist, deen sech dann nach beklot, wann d’Elektresch erëm ausfällt oder d’Waasser am Guesthouse net waarm ass. Dat setzt dach mol rëm alles a Proportioun a léisst een e bëssen deemüteg gin.

Sou, elo zum Yeti.

Mir haten eis vun Namche Bazar aus ca. 2 Stonnen op Khumjung op de Wee gemaach. Well do ass en! Dem Yeti säi Schädel! Dach, wierklech, doudeescht, hei gëtt net doriwwer gelaacht a mol net geschmunzelt!p1070578

p1070554
Op der grousser Plaz zu Khumjung, bei der Hillary School, spillen d’Kanner mat selwer gebastelten Draachen. Ee ganz heeftegt Bild, virun allem elo, well et ass Schoulvakanz!

De Wee op Khumjung ass vill biergop gaangen, laanscht den Everest View Hotel, wou mer een exzellente Schocki gedronk hun, mee leider neess keen Everest gesinn hun. Dono ass et biergof gaangen a mir haten eng wonnerbar Vue op dat klengt Duerf wat an enger relativ flaacher Senk läit, vu Wisen a stenge Maueren ëmgin.

Do si mer dun bei d’Klouschter getrëppelt an e bëssen erféiert, well d’Klouschter war ganz futti gewierscht nom Äerdbeeben a si ware grad am Gaangen et neess opzeriichten. War de Wee ëmsoss??

p1070771

Nee, een ale Mann huet eis eng Dir opgemaach, do stoung eng riseg Gebietsrull an een alen onscheinbaren metallenen Schaf dran, dee fir mech wéi eng elektresch Këscht ausgesinn huet. Dunn hu mer missten 500 Nepalesesch Rupien bezuelen a kruten een offiziellen Entréesticket, an deen deen ale Mann nach gewëssenhaft mat engem Locher Lächer drageknipst huet. Et kéint jo mol een op d’Iddi kommen fir 2mol mam selwechten Ticket dem Yeti säi Kapp kucken ze goen! Dunn huet hien ganz onzeremoniell dee komeschen Metallschaf opgemaach: “There. Yeti skull.”p1070537

Eppes steet fest: De Yeti sténkt! Ech weess net wat fir ee Pelz se an di gliese Këscht getesselt haten, mee si huet anstänneg gemëffelt. Ech hat de Verdacht, dass et sech ëm ee Geessepelz gehandelt huet. D’Sophie an de Yann ware guer net beandrockt a hu léiwer 100mol un der riseger Gebietsrull gedréint. De Mann huet de Schaf, knapps hate mer e puer Fotoe gemaach, neess zougespaart an dat war et dunn.p1070542

Dee ganze Yeti (mam Kapp) steet iwwregens zu Pokhara, an der Anapurna Regioun, an engem Musee. De Rajees hat en do scho gesinn an huet mer mat verstengerter Minn eng Photo dovu gewisen. Dee Yeti huet verdächteg deene groussen Afen geglach, déi bei eis op der Schueberfouer virun de Geeschterbunne stin: Grad sou verfilztenen Pelz an rëffeg Schnëss a Patten. Ass vläicht ee Cousin…

Namche Bazar

Zu Namche Bazar sin d’Kanner an ech eng Rei Deeg alleng bliwwen, während den David mam Ramsey a mat eisem klenge Porteur Norbu op Expeditioun op den Island Peak (oder Imja Tse) gaangen ass. Wéi laang dat genee géif daueren wosste mer net, well dat eeben och vill vum Wieder ofhänkt. Mir waren awer ganz gutt zu Namche opgehuewen, an engem schéinen Hotel, mat Vue erof op Namche. Mir haten och 2 Babysitter dogelooss kritt: Den Amid an de Rajees si bei eis bliwwen. Och do ass d’Hierarchie allerdéngs héichgehale gin: Virdrun huet just de Ramsey mat eis um Dësch dierften iessen. Lo huet de Rajees déi Plaz ageholl an den Amid huet weiderhin missten an der Kichen iessen. Dat ass fir eis iergendwéi schwéier ze verstoen, mee bei hinnen ass dat einfach sou. Jiddereen soll sech eropschaffen. A bis dohinner dierf een eeben net zevill pipeg sin.

p1070406

Yaken lafen d’Trap op an der “Haaptstrooss” zu Namche

Namche ass eng kleng Stiedchen, déi offensichtlech op Touriste spezialiséiert ass, déi do während der Saison en masse defiléiren. Et kritt een ALLES zu Namche: Vum Toilettepobeier, iwwert Mutzen, Toblerone a souguer NUTELLA!!! Deen ass zwar e puer Deeg méi spéit ofgelaf, a war och zimlech grimmeleg, mee dat war ganz eegal!

 

 

20160930_112255
Mam Rajees an dem Amid op engem Ausfluch mat Vue op Namche Bazar erof.
20160930_122245
D’Sophie an de Yann raschten bei engem Fiels mat tibetaneschen Gebieder

Mir hu séier eng kleng Routine zu Namche entwéckelt, mat moies homeschooling, mëttes Lunch zu Namche an engem klengen Ausfluch entweeder an d’tibetanescht Klouschter, an de Musée oder einfach een Trëppeltour. Mir ware bal di ganzen Zäit di eenzeg Gäscht am Hotel a goufe schéi verwinnt!

Am Endeffekt ware mer guer net sou laang alleng zu Namche wéi gemengt. Ech hat mat ca 10 Deeg gerechent, déi den David fir säi Sommet aller-retour géif brauchen, mee am Endeffekt hat hien a Rekordzäit de Sommet erreecht a war schon no 6 Deeg frou a monter neess bei eis. Bis dohinner haten d’Sophie a virun allem de Yann sech ganz gutt mat eisen 2 Guiden amséiert. Virun allem den näischnotzegen Amid war wierklech witzeg. Hien huet zwar bal kee Wuert englesch geschwat, mee trotzdeem sin de Yann an hien stonnelaang Hand an Hand do getrëppelt an hu mateneen geschnësst an Dommheete gemaach. 100 000mol hun de Rajees an den Ahmid de Kanner missten op ee klenge Fiels erop noklammen oder si hu sech mat Bängelen bekämpft.

Owes beim Nuechtiessen huet de Rajees mer a gefilltener Echtzäit di ganz geo-politesch Situatioun vum Nepal vun de läschten 200 Joer erzielt. War ganz interessant! Deen eenzegen klengen Hoken war, dass de Rajees (an och de Ramsey an den Amid) Hinduen vu Kathmandu sin, a wierklech alles iwwert di interessant Hindu-Kultur wossten, mee leider net grad sou vill iwwert d’Géigend hei, d’Sherpa-Kultur an de Buddhismus aus dëser Regioun wossten.