Vu Wahl bei d’Walen…
Mir sin un 2 verschiddenen Deeg mat dem klenge Motorboot vu “Whale swimming” erausgefuer.
U Bord war de Skipper an den George, eise Guide, dee mat an d’Waasser gaangen ass. Di 1. Kéier hate mer nach eng australesch Madamm dobäi, déi scho ganz oft mat erausgefuer war (an 2 zimlech kitscheg Bockelwal-Tatooen hat) Si selwer hat och schon eng gewëssen Ähnlechkeet mat engem Wal, zum David sengem grousse Verdross, well praktesch op all Ënnerwaasser-Film oder -Photo di den David vun de Walen wollt huelen och d’Madamm en gros plan ze gesinn ass… Di 2. Kéier hate mer nierft dem Skipper an dem George eng eeler däitsch Koppel vu München dobäi, déi sech awer net getraut huet an d’Waasser ze goen, mee vill schéi Fotoe gemaach huet. De Mann hat zwar direkt ee gudden Androck gemaach, well hie war relativ onelegant flatsch an d’Boot eragefall wéi hie wollt eraklammen… Mee eigentlech ware si eng gutt Gesellschaft.
Mir haten 2mol Chance: D’Mier war roueg, d’Wieder ok an d’Bockelwalen waren tatsächlech um Rendez-vous!! Mir si kilometerewäit erausgetuckert an dun huet een an all Himmelsrichtung Wal-Aktivitéit gesinn: Iwwerall huet een hir Fontäne gesinn, wa se opgetaucht sin fir Loft ze huelen. Heiansdo huet een och ee Schwanz oder eng Bauch-Floss gesinn erausluussen. Mir waren dunn awer nach wäit ewech vun den Déiren an dofir hu mer probéiert sou no wéi méiglech bei eng Grupp (bis zu 7 Walen) oder eenzel Déiren erunzefueren. Réischt wa mer ganz no waren, hat et ee Wäert an d’Waasser ze goen. Mir si laang hin an hier gefuer, mee d’Walen haten anscheinend keng Loscht op Besuch an hu sech ëmmer erëm aus dem Stëps gemaach. Mee op eemol hat et awer geklappt: “Get ready!” huet den Skipper geruff. “Go, go, go!” Séier, séier Neopren, Flossen, Taucherbrëll a Schnorchel undoen, a schon sin d’Sophie an de Yann an d’Waasser gepucht gin, eise Guide den George, den David an ech hannendrun a séier mam Kapp ënner Waasser an da waren se do!! Mir waren immens beandrockt. Si si riseg grouss, awer net bedrohlech. Si beweegen sech schwerelos a scheinbar an Zeitlupe.
Um éischten Dag waren d’Bockelwalen nach relativ wäit ewech, mee d’Waasser war deen Dag ganz kloer an et huet een all Detail erkannt. 4mol si mer deen Dag mat verschiddene Wal-Gruppen an d’Waasser gaangen. Et waren all Kéier kleng Gruppe vu Männercher oder jonke Walen. Wat mir awer ënnerschat haten, ass d’Vitesse, mat där di gentle giants sech beweegen: Eemol kuerz mat der Bauch- oder Schwanzfloss gewibbelt a scho ware se am endlose Blo verschwonnen. Mir haten och e puermol Mammen mat hire Bébéën gesicht, mee d’Mammen sin natierlech virsiichteg a loossen net gären een ze no erun. Mir hun awer héiren, wéi de Bébé-Wal mat senger Mamm geschwat huet a wéi seng Mamm geäntwert huet. Ganz flott!!
Di 2. Sortie, 3 Deeg méi spéit, war fir eis awer den absoluten Highlight! Mir haten ee jonke Männchen fonnt, dee geschlof huet. Hien ass gemittlech op der Plaz bliwwen an just vun Zäit zu Zäit eropgetaucht fir ze ootmen. Den George, den David an ech konnten sou no un hien eruschwammen, dass mer et bal net gleewe konnten!! (D’Sophie an de Yann waren um Boot bliwwen, well et hinne kal war no engem éischten Schwammen mat enger Grupp vun 3 Walen). Mir ware just nach ca. 4 Meter vum risegen Déier ewech. All Detail war ze gesinn, obwuel d’Waasser vill méi dréif war wi 3 Deeg virdrun. Mir hun all Fal a senger Schnuff, all “barnacle” (di Muschelen op hirem Kierper), all Muster op sengem Kierper a senge Flossen a seng An gesinn, déi zou waren, well hie jo geschlof huet. Hien ass e puermol just virun eis erop an erof getaucht an zu engem Moment huet hien sech säitlech gedréit an d’An opgemaacht fir ze kucken wien dann do géif iwwert him paddelen. Et war absolut phantastesch!! Mir waren iwwert 1/2 Stonn am Waasser mam Wal, bis deen ëss dunn awer genuch hat a sech mat enger eleganter Beweegung duerch d’Bascht gemaach huet. Wat eng eemoleg Erfahrung! Eis laang Reess op Tonga huet sech definitiv gelount!!
Mëttes sin d’Sophie, de Yann an ech op d’Insel Fafa gefouert gin, et war dem Sophie ee Moment net sou gutt am mir waren zimlech ënnerkillt. Mir hun eis do ee gemittlechen Nomëtteg op der paradisescher Plage gemaach an den David ass nach eemol mam Boot erausgefuer.
Hie konnt zwar net méi mat de Walen an d’Waasser goen, mee si hu vill Gruppe vu Wale gesinn, déi gespillt hun a mam ganze Kierper aus dem Waasser gespronge sin, an ee Panzschlag nom anere gemaach hun. Dat war och zimlech spektakulär.
(All d’Fotoen sin iwwregens ouni Zoom gemaach…)
